Sëcherheet bedeit entscheeden

Fräi Tribün vum Deputéierte Laurent Mosar op RTL 92,5 de 14. Abrëll 2003
Sëcherheet an eisem Land intresséiert eis all. Ëmmer an iwerall, well mer wëllen a Sëcherheet liewen. Sëcherheet ass e Biergerrecht – jiddereen an eisem Land huet e Recht drop, sech sëcher ze fillen. Doheem, op der Strooss, ënnerwee, an iwerall. Duerfir duerge mer och. Sëcherheetspolitik heescht, datt mer eis an der Regirung, der Chamber, de Gemengeréit, op all dene Plazen, wou mer Verantwortung an der Politik droen, fir d’Sëcherheet asetzen.

Dat heescht och, datt mer eis bewosst sinn, wou et gëllt ze handelen, an datt mer eis eens sinn iwer d’Ziler vun däer Politik. Mir hunn dëser Deeg erliewt, datt eis Police ugetrueden ass, fir am islamistesche Milieu fir Rou an Uerdnung ze suergen. Fir derfir ze suergen, datt zu Lëtzebuerg keen an der Angscht muss liewen, datt säin Egentum bedroht wir, oder datt en op ëffentleche Plazen a Gefoer wir. Vill politesch Stëmmen hunn dee Virgank kommentéiert, a meeschtens net op déi bescht Manéier.

Eis Fachleit hu keen einfachen Job, wann se versichen, eis Sëcherheet ze garantéieren. Vill vun hinne mussen sech dacks Virwërf gefale loossen, a bal ëmmer no enger gréisserer Aktioun vun der Police stelle mer fest, datt d’Virgoe vun eise Sëcherheetskräften an der publizéierter ëffentlecher Menung net nëmme mat Freed opgefaasst get. Mee wien ass dann eigentlech déi ëffentlech Menung do, a wuerfir ginn eis Policebeamte kontestéiert?

Déi, déi ëmmer erëm mengen, alles missen ze kontestéieren, wat eis Uerdnungskräfte maachen, hunn an denen allermeeschte Fäll net déi komplett Iwersiicht, wat d’Problemer an d’Riskike betrëfft, déi eis Polizisten ze behandelen hunn. An de Grond, wuerfir eis Police geleeëntlech a Fro gestallt get, wann se eng Aktioun duerchféiert, déi mat sëcherheetspolitesche Problemer ze doen huet, ass deen, datt an der breeder Ëffentlechkeet allze selen d’Gefore kloer duergestallt ginn, denen mer all Dag ausgesat sinn.

Et ass einfach, Mëttelen a Weeër a Fro ze stellen. Et ass aawer guer a glat net einfach, alternativ Äntwerten op déi Froen ze fannen, déi eis Sëcherheet am Land betreffen. Natiirlech kann och de Justizminister, oder den Innenminister net einfach esou virun e Mikro trieden, an all Detailer vun enger Polizeiaktioun präisginn – doriwer géifen sech just déi freeën, déi eiser Sëcherheet géigeniwer selwer eng Bedrohung duerstellen, a frou wiren, wann eis Institutiounen hinnen och nach géife soen, wou mer eis wëlle schützen, a wéi. Tatsaach ass: mir sinn zu Lëtzebuerg gutt geschützt, an eis Spezialiste weisen sech genee do, wou et gëllt. Eis Police huet och virun e puer Deeg nëmmen do gehandelt, wou mer gutt Grënn haten, fir eis Sëcherheetskräften optrieden ze loossen.

Wann déi Lëtzebuerger Police Perquisitiounen an engem Milieu mëcht, dee geféierlech an onbrechenbar ass, da fënnt hir Démarche ganz sëcher d’Ennerstëtzung vun der CSV. Mir mussen einfach wëssen, datt et och an eisem Land geféierlech Elementer get, déi eist Liewen a d’Aart a Weis, wéi mir zu Lëtzebuerg wunnen, schaffen a mateneen ëmginn, net akzeptéieren. Dës Leit sinn ënert eis. Si wunnen hei am Land, a si begéinen eis all Dag op der Strooss. Kaum ee kéint se erkennen – an dach si se ënnert eis. D’Police huet dëser Deeg an deem Milieu, deen eis Liewensaart net wëllt a net akzeptéiert, eng Aktioun duerchgefouert. An si huet villes fonnt an entdeckt, wat drop schléisse léisst, datt mer och hei ënner Beobachtung stinn. Vu solleche Leit, Ideen a Regimer, déi mat eiser fräier, oppener, participativer Gesellschaft näischt unzefänke wëssen.

Mir wëssen dat, a mir stellen eis drop an, datt mer och zu Lëtzebuerg musse preparéiert sinn op eng Zort vu Schléi géint eist Land, déi eis all géifen traumatiséieren, well mer nach näischt vergläichbares erliewt hunn. Mir wëssen, datt merk eng Insel sinn, an datt mer musse Wuecht halen. Genee dat mëcht eis Police. An duerfir verdingt se eise Respekt, an eis Unerkennung.

Mir wëllen e sëchert Lëtzebuerg. An duerfir schaffe mer all Dag. An der Politik, mee och um Terrain. An do steet eis Police an der viischter Rei. Si muss hir Aarbecht maachen, an déi mëcht se och, mat eiser Ënnerstëtzung. Well vun hir hänkt of, op mer kënne roueg schlofen. Eng staark Police, eng aktiv Police, ang Police, déi d’Gefore kennt a wiirksam dergéint vigeet, ass am Intressi vun eis all.