De Luss Clement zum Thema Héichwaasser

Ried vum Deputéierte Luss Clement am Kontext vun der Interpellatioun vum Fraktiounspresident Lucien Weiler zum Héichwaasser
Här President, dir Dammen, dir Hären,

Mein Fractiounschef, den Här Weiler, deen och den Interpellant as, huet sech, an et as och normal, méi mat dem Héichwaasser vun der Sauer beschäftegt. Ech well him vun diser Plaatz aus Merci soen fir dis Initiative. Mee , Héichwaasser betrefft all Fless, ergo och all Regiounen, wou ee Floss leeft, egal op grouss oder kleng.

Och wann Héichwaasser op der Musel aneren Kritären ennerleit, ewéi zum Beispill d’Héichwaasser op der Sauer, op der Our, oder vun der Uelzecht, sou muss een awer feststellen, dat de Schued deen esou Héichwaasser hannerloossen op där enger Plaatz genee esou schlemm as ewéi op där aanerer.

Mat aaneren Kritären, well ech soen, dat d’Héichwaasser op der Musel éischter mat Annonce kënnt, ewéi op der Sauer, oder soss wou. No Schnéischmelzen an de Vogesen, no undauerndem starkem Reen, as direkt a ganz secher Héichwaasser ugesoot. Mee d’Musel kennt net iwer Nuecht, wéi daat bei aanere Flëss awer de Fall ka sin.

Héichwaasserprognosen fir dee gréisste Floss aus éisem Land, sin, dank eem dach schons performantem Informatiounssystem als relativ fiabel un ze gesinn, obschons se iewel nach kënne verbessert gin. Et as net esou, dat een owes schloofe geet, a muerges steet Musel am Haus, ouni dat Prognosen daat virausgesoot hätten.

Bei der Sauer. Uelzecht oder aanere nach méi klenge Flëss, ass daat awer no enger Nuecht zoliddem Reen, duerch aus am Bereich vum Méiglechem.

Daat ännert allerdengs neischt un der Tatsaach dat Musel trotz allem Schéine waat se mat sech brengt, ech denken hei besonnesch un den Tourismus, awer och schons vill negativ Spueren hanner looss huet.

Dofir as et un der Zeit dat Politik sech sérieux em dise Problem kemmert. All Héichwaasser as als nationale Problem un ze gesin, egal op daat op der Sauer, op der Musel, op der Our, op der Uelzecht oder soss wou as. De Reen dee fällt, an deen an deene meeschte Fäll als Deelursach muss ugesin gin, fällt am ganze Land, an der ganzer Régioun, a net nemmen do wou et ee Floss gëtt.

Déi aaner Deelursaach as mat Secherheet duerch de Mensch erbei gefouert gin. Ech denken hei un d’Versigelung vum Buedem, un d’Kanalnetzer, déi d’Waasser schnell, fir net ze soen, ze schnell deenen eenzelne Flëss zouféieren. Net dax genoug gett hei, wa gréisser Bauprojéen ustinn, dru geduecht, fir Iwerflächewaasser a Rétentiounsbecken of ze féieren. Derbei könnt nach dat op ville Platzen am Land an der Zeit op deene falsche Plaatzen gebaut gouf. Eréischt d’Kopplung vun all dise Méchanismen féiert zu engem bestemmten Moment zu Héichwaasser, ergo och zu Héichwaasserschied.

Well awer bal iwerall am Land, dis vu Menschen hand ervirgeroufe Fehler, gemacht goufen, a well de Reen och am ganze Land fällt, dofir geet d’Héichwaasserproblematik éis alleguer eppes un, an dofir musse mir och alleguer zesummen no Léisungen séichen.

Alleguer, daat heescht de Staat, d’Gemengen, a virun allem as och d’Responsabilitéit vun all eenzelne hei gefuedert.

Här President, et gett Léisungen, zwar keng honnert prozenteg, mee et gett der. D’Méiglechkeeten, dem Héichwaasser mat Menschenhand entgéint ze wierken, sin zwar begrenzt, mee daat dierf dofir net heeschen, dat een se net soll notzen.

Ech well net am Détail op déi verschidde Méiglechkeeten agoen, daat iwerloosse ech gären de Spezialisten oder deene Leit déi d’Etude iwert d’Héichwaasserproblematique op der Musel ausschaffen. Dis Etude huet de Minister Michel Wolter an Optrag gin, an ech soen him vun diser Plaatz aus dofir ausdrecklech Merci. Ech sin awer och gespaant op d’Resultat vun diser Etude. Zesummen mat der Etude iwert d’Sauer, déi jo schons virleit, mussen hei déi richteg Conclusioune gezu gin.

Ech hu gesoot, Héichwaasserschutz, siew et duerch Wäll, Maueren, déi gebaut oder mobil sin, Deicher oder Rétentiounsbecken, as nie en 100% Schutz. Daat soll een de Leit soen, an et soll een hinne och kee Geféil vun absoluter Secherheet hannert de Maueren vermettelen.

Ech woar selwer 3mol an Daitschland op déi verschiddenste Plaatzen, fir mech ze renseignéiere a fir mech ze informéieren, waat an disem Domaine alles machbar as.

De Minister Michel Wolter woar eng Kéier mat, fir sech d’Heichwaasserschutzmoosnahmen an Daitschland unzekucken.

Et muss een neidlos zougestoen , dat déi Daitsch iis an disem Domaine e puer Joar viraus sin.

Hire Viraussoesysthem zu Trier as séier performant, mee do funktionnéiert Zesummen arbecht mat Letzebuerg schons iwert Joaren ganz zefriddestellend. Fir op all Détail an ze goen giff hei ze weit féieren, mee et as mat Secherheet kengem heibannen verbueden, sech daat eng Kéier un ze kucken.

Natirlechen Héichwaasserschutz, ewéi Rétentiounsbecken, as jiddefalls waat d’Musel ugeet, nemme grenziwerschreident machbar, aus deem einfache Grond, well Letzebuerg wéineg Flaachland op seiner Seit laanscht Musel op ze weisen huet. Souwisou, sin ech der Meenung, dat op der Musel eng aaner Zort vu Schutz muss opgebaut gin, ewéi bei aanere Flëss.

Bei der Sauer oder Uelzecht, wärten richteg Rétentiounsbecken, eventuell d’Ausbaggere vum Barrage Rosport, oder aaner Mesüren, schons zolidd Wierkung weisen.

Op der Musel, scheint et mir ewéi wann ee mobilen oder techneschen Héichwaasseschutz, esou wéi en an Daitschland gebaut gëtt, méi efficace wier, ewéi ee Rétentiousbecken. Laut Etuden haat d’Musel, bei deene jeweilegen Héichwaasser, 1993 a 95, ee Surplus u Waasser vun 3000 Mio m3.

Et as dofir wichteg, dat déi eenzel Etuden ofgewoart gin. D’Mesuren, déi da getraff gin, mussen deenen eenzelnen Situatioune Rechnung droen.

Héichwaasserschutzmoossnahmen, si mat Secherheet ze begréissen, mee daat verhennert awer net, dat d’Art a Weis fir ze bauen hannert engem Schutz, emmer nach méiglechen Héichwaasseren muss Rechnung droen. Et dierf net sin, dat kostspieleg Installatiounen, direct hannert engem Schutz stin, an esou emmer nach Gefoar laafen, irgendwann iwerschwemmt ze gin.

Mir hu gesinn dat, Maueren oder natirlech Wäll déi eng Ortschaft schütze sollen sech relativ goud an d’Bild vun der Landschaft integréieren. Mee et as net nemmen daat, waat ee vum Wall geseit, waat vill Suen kascht, de Gros vum Käschtepunkt leit nämlech am Buedem selwer.

Et sin daat Pallplanchen, déi an de Buedem musse gerammt gin, fir daat natierlecht Grondwaasser vum Floss ze éliminéieren. De ganze Kanalréseau muss mat Drockklappen ausgestatt gin fir den Ooffloss ze garantéieren, an de Reckfloss ze verhënneren.

Daat alles kascht vill Geld, esou vill Geld dat eng eenzel Gemeng déi betraff ass, daat onméiglech eleng opbrenge kann. Dofir as et wichteg, dat éier een iwert Héichwaasserschutzmoossnahmen discutéiert, ee zolidde Finanzplang mat enger Prioritéitelescht stoen huet.

Dofir ennerstetzen ech ausdrecklech, daat waat den Här Weiler iwert de Finanzement gesoot huet. Hei wärt sech ganz séier erausstellen, wéi grouss d’Solidaritéit ennert de Gemengen ass. Eng , denken ech, interessant Aufgab fir de Syvicol an de Conseil supérieur des Finances Communales.

Egal wéi elo de Finanzéierungsmodell ausgeseit, sin ech der Meenung dat déi concernéiert Gemeng op kee Fall méi ewéi 10% vun de Fraien droe kann. All aner Modeller sin fir déi kleng Ortschaften laanscht d’ Flëss finanziell net tragbar.

Wichteg, scheint mir awer och, dat eng Kostennutzungsrechnung opgestallt gett. D’Frô muss heschen, waat kann ech mat wivill Geld schützen. Et as sennlos fir en eenzel Haus vun enger Ortschaft wellen ze schützen, an d’Schutzmoossnahmen kaschten 3 mol esou vill wéi d’Haus selwer wert as. Bei diser Discussioun muss de Facteur minimum 1 zu 1 sin. Daat heescht , wann 10Mio € investéiert gin, mussen domat minimum 10 Mio € Bausubstanz geschützt gin. Et brauch een net weit ze fuere, fir sech een effikasse Héichwaasserschutz un ze kucken. Hei fir an Daitschland, zu Saarburg, kann een daat gesin. De Buurgermeeschter vu Saarburg, huet éis och gewisen waat fir ee Liewen sech erem hannert esou engem Héichwaasserschutz nei entweckelt.

Kleng a pittoresque Gaassen a Gässelcher, déi all Joar zwee bis drai mol iwerschwemmt goufe , a wou d’Heiser sech an engem vétusten Zoustand befonnt hunn, sin seit dem Héichwaasserschutz erem zu neiem Liewen operstaanen. Nei Aktivitéiten hu sech hei entweckelt, kleng Geschäfter sin hei entstanen, Künstler hun hir Atelieren an dise klengen flotte Fescherheiser installéiert. Haut gehéiert dise Quartier zu deem schéinsten Deel vu Saarburg.

Hei si Moossnahmen getraff gin, déi Liewensqualitéit an de Image vun där Stadt zolidd augmentéiert hun.

Et as sech hei, waat d’Héicht vum Héichwaasserschutz ugeet op ee 50jähregt Héichwaasser baséiert gin. Mee ee 50jähregt Héichwaasser kann och 2mol a 5 Joar kommen, an da villeicht 100 Joar net méi.

Nach eemol, een 100 prozentegen Schutz gett et net, egal ewéi héich de Wall oder den Héichwaasserschutz as.

Als Conclusioun wier ze soen.

Et mussa m Virfeld eng Verbesserung vun allen Zieler an allen Handlungen erbeigefouert gin. Ech denken do un d’Bauen ,un d’Versigelung, un Rétentiounsbecken, un d’Kanalnetzer.

Ech hun ugangs gesoot, mir sin alleguer concernéiert. Dozou gehéiert och dat d’öffentlech Hand, déi Terraien och ze käfe kréit déi se brauch fir Rétentiounsbecken ze aménagéieren. Et kann also net sin , dat verschidde Projeten un esou Problemer scheiteren.

All dis Moossnahmen dierfen net nëmmen fir d’Anzugsgebieter vun de Flëss gëlle, si mussen iwerall durchgesaat gin. D’Devise ” Alles soll besser gin, mee neischt därf sech änneren ” féiert och beim Héichwaasser a beim Héichwaasserschutz mat Secherheet net zu deem erhofften Ziel.

Ech soe Merci fir d’Nolauschteren