D’Zukunft vun der europäescher Agrarpolitik

Interventioun vum Luss Clement am Kader vun der Aktualitéitsstonn zur Zukunft vun der Gemeinsamer Agrarpolitik – der Kommissioun hir Virschléi stelle Lëtzebuerg net zefridden!
Här Präsident,Dir Dammen an dir Hären,

Ech denken daat d’Virschléi vum Agrarkommissar Franz Fischler an desem Haus hinlänglech bekannt sinn. Déi Leit , déi Member vun der Agrarkommissioun sin, kruten vum Landwirtschaftsminister Fernand Boden, en long et large déi néideg Explicatiounen. D’Diskussiounen ronderem déi gemeinsam europäesch Agrarpolitik huet a bal alle EU-Memberstaaten fir vill Wirbel gesuergt, an zur Zäit sinn d’Fronten am EU-Agrarministerrôt nach emmer verhärt.

Et steet fir eis als CSV-Fraktioun haut ausser Zweifel, daat déi kommend EU-Erweiderung déi gemeinsam Agrarpolitik virun grondlégend Erausfuerderungen stellt. Et ass awer fir eis grad esou kloer, daat déi préconiséiert Reformen, déi elo um Dësch leien, nemmen als Diskussiounsgrondlaag déngen sollen. Deemno soll een se net als finaliséierten Mossnahmenkatalog gesinn, deen bannend ass esou wuel fir déi aktuell wéi och fir déi zukünfteg EU-Memberstaaten.

Här Präsident,

Bedauernswert as an disem Kontext, daat den Kalenner, wéi en 1999 um EU-Sommet zu Berlin festgeluecht ginn ass, matt dem Virstouss vum EU-Kommissar Fischler ennergruewen gouf. D’Propositiounen beschränken sech nämlech net nëmmen op e puer Korrekturen oder Ajustementer, mä setzen elo schons déi vermeintlech Jalonen fir eng grondlégend Reform vun der EU-Agrarpolitik. Et ass net akzeptabel, d’EU-Agrarpolitik, an relativ kuerzen Zäitraim vun en puer Joer, engem fundamentalen Wandel ze ennerzéien. Neiorientéirungen, virun allem am Agrarberäich, sinn nämlech ëmmer matt groussen Käschten, Emstellungen an engem riesegen administrativem Opwand, fir de Bauer verbonnen, an duervir kuerzfristeg einfach net ze réaliséiren.

D’Auswirkungen vun der AGENDA 2000 hun sech op d’Moartentwécklungen an op d’Agrarausgaben duerchaus positiv entwéckelt. Statt op dis positiv Entwécklungen matt liichten Korrekturen an Ajustementer ze réagéiren, schéisst d’EU-Kommissioun awer wäit iwwert d’Mandat vum Berliner Sommet vun 1999 eraus. Aus desen Grënn deelt d’CSV-Fraktioun zu engem groussen Deel d’Suergen, déi vun den Lëtzebuerger Baueren zum Ausdrock bruecht gi sinn.

Virum Hannergrond vun den Liewensmëttelskandaler aus den läschten Joeren an Méint, kann an muss déi Gemeinsam Agrarpolitik als iewescht Ziel hun, gesond an onbedenklech ze produzéiren. D’Produktioun muss deemno an Aklang sinn matt der natiirlecher Emwelt a matt den Prémissen vum Bien-être des animaux. Desweideren geet et drem den ländlechen Raum op eng nôhalteg Art an Weis weider ze entwécklen. Ech denken iwwert des Zieler sinn sech Verbraucher, Produzenten an d’Politik eens. Mëttel-wéi laangfristeg stëmmen d’Interessen vun den Bauren an den Verbraucher iwwert eneen, an daat aus diverse Grënn.

Liewensmëttelsëcherheet bei der Produktioun, Emweltschutz, ländlech Entwécklung kënnen awer zu engem groussen Deel nëmmen vum Bauer selwer en musique gesaat ginn. D’Politik, souwuel déi europäesch ewéi déi national ass hei gefuedert fir Instrumenter ze schafen déi fir Bauer selwer akzeptabel an praktikabel sinn.

Ennerschiddlech Opfaassungen bestinn awer doriwwer, wéi dis Instrumenter sollen ausgesinn, matt denen dis Zieler erreecht solle ginn. Déi vun der Kommissioun virgeschloen Moossnahmen, wéi d’Entkopplung an d’Kiirzung vun den Hëllefen stoussen duervir an disem Moment och an der CSV-Fraktioun op gréisser Skepsis. An et huet sech erausgestallt, dat Lëtzebuerg net alléng matt séngen Bedenken do steet. Ech wëll op en puer vun disen Bedenken angoen.

Mir kritiséiren virun allem d’Festschreiwen vun sougenannten ?historeschen? Virdeeler fir verschidden Bauren. Et besteet virun allem den Risiko dat sech eng Kluft zweschent aktiven an net aktiven Bauren opdeet. Prioritärt Ziel fir d’Politik muss sinn, dat den aktiven Bauer ennerstëtzt gëtt. Matt dem System vun der Entkopplung vun den Prime, déi einfach op d’Land iwwerdroe soll ginn, gett en fin de compte den Verpächter an den Propriétaire vun Aakerbauflächen bevirdeelegt. Et ass also en System deen d’Präisser fir d’Pachtland an Kaafpraisser fir Ackerland an d’Luucht dreiwt, an den Pensionnéierten quasi eng Zousaatzpensioun verschaaft.

Et kann ee wuel d’Ziel vum Här Fischler sengen Entkopplungsvirschléi, fir d’Primen vun der Produktioun lasszekopplen novollzéien. Et kréit een doduerch d’Produktioun wahrscheinlech besser an den Grëff, well den Bauer eng Iwwerproduktioun net méi als éischt Geldquell unzegesinn brauch. Mä den Modell fir d’Geld an der Landwirtschaft ze halen an deems een d’Primen uniquement op den Terrain leet ass net akzeptabel. Hei missten nach aner Facteuren wéi beispillsweis Arbechtskräften pro Betriib mattspillen. Den Terrain dierft maximal 20-30 % berücksichtegt ginn. Mir schaafe mat esou engem Modell wahrscheinlech méi nei Problemer ewéi mir der dermat léisen.

D’Entkopplung vun den Direkthellefen vun der Produktioun, soll un d’Anhalen vun Kritèren an den Beräicher Emwelt, Liewensmëttelsecherheet oder Déirenschutz gebonnen ginn. Daat ass op den éischten Moment als positiv unzegesinn, zu Letzebuerg besteet daat zu engem groussen Deel schons, mä virun allem sinn et d’Standard’en an disen Beräicher, déi ganz schwéier ze kontrolléiren sinn an déi en enormen administrativen Opwand matt sech bréngen.

Et ass kloar, dat mir als CSV-Fraktioun enger Politik fir d’Entwécklung vum ländlechen Raum nemmen eis Zoustëmmung kënnen ginn. Si provozéiert duerch gezielten Programmer déi multifunktional Roll vun der Landwirtschaft an déi qualitéitsorientéiert Produktioun vun Agrarproduits’en. Fir dat de Bauer awer diser Zielsetzung ka gerecht ginn, muss et zu engem substantiellen Ôfbau vun den administrativen Barrieren kommen an zu méi Subsidiaritéit um Niveau vun den eenzelnen Memberstaaten.

Ech erënneren nach eng Kéier drun, dat eis Baueren elo schons d’Critèren an punkto Emwelt, Déirenschutz an nôhalteg Entwécklung zu engem groussen Deel erfëllen, an daat no den Virgaben vun eisen nationalen Programmen. Schons haut fléissen 35% vun den nationalen Ausgaben am Agrarberäich an d’Entwécklung vum ländlechen Raum. No den Reformen, wéi se vum éisträicheschen EU-Kommissar virgeschloen ginn, riskéieren déi lëtzebuerger Programmer net méi an deem Mooss ennerstëtzt ze ginn. Doduerch geet insgesamt gesinn der lëtzebueger Agrarwirtschaft Geld verluer. D’Argument vum Här Fischler, dat ee Groussdeel vun den agespuerten Direkthëllefen zeréck an déi ländlech Entwécklung fléisst, muss een awer unzweifelen, well d’Geld nô engem Schlëssel verdeelt gëtt, deen net onbedéngt favorabel fir Lëtzebuerg ass.

Waat Mellechquoten betrefft, as d’letzebuerger Positioun kloar. Mir si fir d’Beibehaalen vum Quotesysthem iwert 2008 eraus, daat huet de Fernand Boden iis an der Kommissioun confirméiert. Et ass fir d’CSV-Fraktioun kloar, dat eng qualitéits- an emweltorientéiert Agrarpolitik matt enger nôhalteger ländlecher Entwécklung kompatibel muss sinn. Et ass awer zu gläicher Zäit kloar, dat et duerch nei Moossnahmen net zu substantiellen finanziellen Abrëch vum Akommes bei den Baueren dierf kommen.

Här Präsident,Dir Dammen an dir Hären,

Ech hoffen dat den Landwirtschaftsminister Fernand Boden disen Bedenken nokënnt, an se bei den unstoenden Verhandlungen op europäeschen Plang zur Geltung bréngt. Daat gesoot schléissen ech meng Interventioun an soen Merci fir d’Nolauschteren.