De Fred Sunnen zur Landesplanung – aus der Konsultatiounsdebatt an der Chamber

Ried vum CSV-Spriecher Fred Sunnen am Kader vun der Konsultatiounsdebatt iwer d’Landesplanung, den 20. März an der Chamber
Débat de consultation sur le Programme Directeur d’Aménagement du Territoire

20/3/2003

Här Präsident,Dir Dammen an dir Hären,

Mir haten déi läscht Woch eng Interpellatioun vum Här Zanussi um Ordre du jour vun der Châmber, wou mer iwwert d’Verkéiersproblematik débattéiert hun, an wou mer den Schwéierpunkt op den Bassin Minier geluecht hun. Net manner wéi gëschter huet sech d’Châmber mam Logement beschäftegt an versicht en puer Pisten opzezeechnen fir der prékärer Situatioun um Wunnéngsmaart Meeschter ze ginn. Virun néng Méint hun mer eis matt der Thematik vun der Nôhaltegkeet auserneen gesaat.

An haut schwätzen mer iwwert d’Raumuerdnung, wou en Programm vun der Regiirung virgeluecht gouf, fir an Zukunft eisen Territoire op eng nôhalteg Art an Weis ze erschléissen. D’Débatt résuméiert op eng gewëss Art an Weis déi Thematiken déi an den viirecht zitéierten Debatten ungeschnidden goufen.

Et geet hei also em kruzial Froen, déi d’Liewensqualitéit an eisem Land beréieren. Et sinn Froen déi an der Politik, souwuel um nationalen, wéi och regionalen an kommunalen Niveau emmer méi wichteg ginn. Et sinn Sujeten, wou sech d’Zivilgesellschaft méi wéi je anmëscht, sief et dest um Niveau vun Organisatiounen wéi beispillsweis Gewerkschaften oder um Niveau vun Biirgerinitiativen, an denen sech den Lëtzebuerger Biirger emmer méi besuergt weist, iwwert d’Dégradatioun vun hierer Liewensqualitéit.

Den Programm deen elo virläit, ass also d’Referenzdokument vun der Regiirung an Saachen Landesplanung. Den Marco Schank huet an senger Interventioun op d’Haaptpunkten aus dem Programm hingewisen. Ech wollt vun mengen Minutten profitéiren, fir kuerz op den Süden vum Land anzegoen, deen matt der Reconversioun vun den Industriebroochen en neien an innovativen Charakter kritt.

Här Präsident,

Den Programm weist an sengen Ausféirungen op d’Wichtegkeet vun der Zesummenarbecht op nationalem, regionalem an kommunalen Niveau hin. Daat ass net nemmen wichteg um Niveau vun der Ausschaffung vun dem virleienden Programm, mä och bei der Mise en oeuvre. Eng regional Approche ass inhérent bei der Koordinéirung vum Aménagement du Territoire, an déi dem Critère vun der Nôhaltegkeet Rechnung droen muss. Et ass grad an deser Approche wou een den Interessenkonflikt zweschent der ékonomescher Entwécklung an der Ekologie muss matteneen verbannen. An et ass och an deser Approche, wou een d’Prioritéiten an d’Propositiounen déi um lokalen, wéi och um nationalem Plang ungefouert ginn, muss matteneen koordinéiren an zu enger nôhalteger Regionalpolitik emformen. Déi regional Approche généréiert och eng gewëssen Eegendynamik um kommunalen Plang, wou d’Geméngen matteneen Konzepter ausschaffen an hier Politiken matteneen ôfstëmmen mussen.

Här Präsident,

Et ass grad am Süden wou sech um landesplanereschen Niveau eng ganz Partie vun Froen opdrängen. Mir hun zum engen en Bevölkerungszouwuess an den Geméngen ronderem d’Stied Esch/Uelzecht, Déifferdang an Diddeléng ze verzeechnen. Et sinn virun allem an den Geméngen Monnerech an Suessem, wou et zu engem bedeitenden démographeschen Zouwuess komm ass. Et sinn virun allem auslännesch Mattbierger an Biirger aus aneren lëtzebuerger Régiounen déi an den Süden komm sinn. Et ass der Wirtschaftspolitik vun der läschter an och dëser Regiirung ze verdanken, daat den Süden erem eng Unzéiung huet, an dest net zu Läscht well eng ganz Reih vun Entreprisen virun allem aus der Baubranche hun sech am Süden vum Land néiergelooss hun.

D’Entwécklung vun der Bevölkerung an, an seng Verdeelung innerhalb vun enger Régioun sinn déterminant fir d’Weiderentwécklung vum Wunn-an Baulandmaart, vun der Infrastruktur, vum Arbechtsmaart an net zu läscht fir d’Verännerung vun der Sozialstruktur an enger Regioun, déi sech duerch en héigen Auslännerundeel auszeechent. Eng gesond Bevölkerungsentwécklung haucht der wirtschaftlecher Entwécklung neit Liewen an.

Wann sech déi démographesch Entwécklung och positiv entwéckelt huet, sou muss een dach awer soen, daat et um Niveau vun der Raumuerdnung un koordinativen Unsätz gefeelt huet. Et ass virun allem eng Raumuerdnung, déi virun allem duerch eng onge-uerdnet Entwécklung vun den bauleschen Strukturen an hierer raimlecher Ausdehnung gezeechent ass. Sou hun mer haut an verschidden Uertschaften eng tentakelarteg Ausdehnung vun Wunngebidder laanscht Haaptverkéiersaxen am Süden, oder Wunngebidder déi éischter Exklaven ausserhalb vun den Uertschaften gläichen.

Den Bevölkerungszouwuess stellt och d’Geméngen virun Problemer déi d’Infrastrukturen an den Geméngen betreffen , an déi iwwert den Logement erausginn. Nei Infrastrukturen bedeiten Investitiounen fir d’Geméngen, déi awer oftmols virun finanziellen Engpäss stinn.

Duerch den héigen Auslännerundeel kënnt an den Südgeméngen zu Integratiounsproblemer. Innerhalb vun den Uertschaften kënnt et zu enger raimlecher Polariséirung vun denen Bevölkerungsdeeler, déi manner gudd gestallt sinn, an déi an den Stied verweilen, an denen déi et besser geet déi an den Südgeméngen matt engem héigen Undeel vun Eng-Familljenhaiser wunnen. Doriwwer eraus ass bannent den Uertschaften, daat heescht do wou oftmols den Stadkär nach net integral an Stand gesaat an moderniséiert ginn ass, den Undeel vun den méi sozial schwaachen Mattbiirger méi grouss.

Ech wéilt des Schwächen nemmen als Beispiller zitéiren. Et sinn Beispiller, déi beléen, daat sech des Problemer nemmen am Zesummenschloss vun den eenzelnen Geméngen am Süden kënnen geléist ginn. Dest sinn sech d’Südgemengen bewosst, an kucken duervir iwwert hier jeweileg Geméngengrenzen eraus, fir zesummen d’Äerm erop ze strëppen.

Här Präsident,

1999 hun 12 Südgeméngen hieren Wëllen bekräftegt fir zesummen mam Staat en Régionalplang fir den Süden auszeschaffen. Säitdeem sinn eng ganz Reih vun Initiativen geholl ginn, fir desen Plang esou schnell wéi méiglech opzestellen. Eng éischt Etapp hun mer geholl matt der zweeter Oplaag vun der Etüd, déi November 1999 d’Schwächten an d’Stärkten vun der Südrégioun opzeechent. Säit dem Juli 1999 besteet den Projet ORESUD um Niveau vun den 12 Geméngen an dem Innenministère. ORESUD verfügt iwwert Datenbanken zu statisteschen Donnéen aus der Südrégioun, déi onerlässlech sinn beim Erstellen vun engem régionalen Entwécklungsplang. Am Dezember 1999 huet den Innenministère eng éischt régional Konferenz matt den Geméngen an der Kulturfabrik zu Esch organiséiert fir iwwert den Dossier ze diskutéiren. Am Mé 2000 ass déi global Stratégie fir d’Reconversioun vun den Industriebrochen virgestallt ginn.

Am Joer 2001 huet den Syndicat PROSUD en éischten Projet fir seng Statuten virgeluecht. PROSUD wärt en performant Instrument duerstellen, fir eng ganz Reih vun Objectiver an der Régioun ze définéiren an ze réaliséiren:

* D’Stärkung vun der Identitéit an der Nôhalteger Entwécklung am Süden;

* D’Verwiirklechung vun zukunftsorientéierte Projetsën duerch eng geziilten régional Zesummenarbecht;

* D’Emsetzung vum Plan régional Sud nom Gesetz vum 21.Mé 1999 iwwert den ?Aménagement du Territoire?;

* D’Konzeptioun an d’Planifikatioun vun grenziwwerschreidende Projetsën matt engem Impakt op d’Groussrégioun;

* D’Uspriechpartner vun der Régioun bei den öffentlechen Instanzen fir d’Neinotzung vun den Industriebrochen;

* D’Iwwerdroë vun konkreten Missiounen un den ?Observatoire Régional Sud? fir d’Objektiver vun der Südrégioun besser ze koordinéiren.

Den neien Syndicat setzt sech d’Ziel, d’Régioun an hiere ganzer Bandbreet ze erfaassen. Et soll sech net alles am Zentrum konzentréiren, mee d’Entwécklung vun eisem Land muss verschidde Schwéierpunkten kréien, fir fälleg Strukturen ze schafen.

Den PROSUD kann den Strukturwandel steiren an den négativen Image, deen der Régioun matt grousser Industrieaktivitéit emmer ungehaange gouf, emdréinen an duervir nei Akzenter fir eng positiv Duerstellung setzen. De Süden vum Land muss sech aus der Ôfhängegkeet vun der Haptstad an dem Zentrum lassléisen, eng Vielfalt vun Arbechtsplaze schafen an genuch Wunnengsbau fir all Portmonni erschléissen.

Den PROSUD soll dozou bäidroen Liewensqualitéit ze erhalen an auszebauen. Et ass un den politeschen Vertrieder aus dem Süden, zesummen matt der Regiirung, duervir ze suergen, daat d’Südrégioun déi Qualitéit kritt, déi an anere Landesdeeler schon längst eng Selbstverständlechkeet ass.

Här Präsident,Dir Dammen an dir Hären,

D’Geméngen stinn haut net nemmen an der Verantwortung fir Geméngenpolitik ze maachen. Well d’Problemer déi sech haut stellen, stellen sech geméngeniwwergräifend. Dest ass besonnesch den Fall am Minett, wou sech fir all Geméng identesch Erausfuederungen stellen um Niveau vum Logement, vum Verkéier, vun der Emwelt, vun der Intégratioun vun eisen auslänneschen Mattbiirger, oder och nach um Niveau vun den Frontalieren. Geméngenpolitik ass haut Régionalpolitik, déi sech den ugeschniddenen Problemer muss unhuelen, an daat op eng nôhalteg Art an Weis. Duerch esou en Syndikat wéi den PROSUD kënnen mer daat erreechen.