Ried vum Laurent Mosar zur Renégociatioun vum GATS-Accord: fir de fräien Handel mat kommerziellen Dingschtleeschtungen, fir d’Erhalung vun eisem service public!
Här President, Dir Dammen an dir Hären,
Den General Agreement on Trade in Services vun der Welthandelsorganisatioun ass wuel derwäert, datt mer eis hei méi agoend dermat befaassen. Duerfir ass d’Iddi vun engem Débat d’orientation jo och am Prinzip ze begréissen. D’Aart a Weis allerdings, wéi mat der Ufro vun dëser Debatt verfuer gouf, an déi absolut onzoulänglech Preparatioun vun der zoustänneger Chamberkommissioun, verdéngen et och, hei ernimmt ze ginn.
En débat d’orientation fënnt statt no enger ausféierlecher Behandlung vun engem bestëmmte Sujet an däer zoustänneger Chamberkommissioun. An dëem Fall, an dogéint misst een eigentlech energesch protestéieren, huet d’Aussepolitesch Kommissioun eng ganz Kéier zum GATS getagt. D’Kommissioun huet keng Menung zum Thema – an dat ass bei enger Orientéirungsdebatt, déi dacks genuch op Basis vun engem ëmfangräiche Rapport stattfannen, nu wiirklech pour le moins speziell. An och wann et kann esou Debatten ouni Rapport ginn, da sollte mer eis deen Zoustand net allzedacks leeschten.
Sou eng Evolutioun wir de Géigendeel vun engem Bäitrag zu enger qualitativ héichwäerteger parlamentarescher Aarbecht.
Här President,De GATS ass kee Sujet, deem een op Schrëtt an Trëtt begéint. Wéi bei der Handelspolitik am allgemengen ass et och bei der Liberaliséirung vun de Servicer am Kader vun der WTO esou, datt de Sujet wéint senger Technicitéit virun allem Experten beschäftegt. Mee selbstverständlech ass Handelsliberaliséirung vum Wiesen hier e politesche Sujet, well et ëm politesch Choixë geet, déi geholl an ëmgesaat ginn. Well awer leider de Sujet, opgrond vu senger Technicitéit, vu ville falsch oder net verstane get, ass d’Diskussioun eng ganz schwiereg, well ee fir d’éischt emol muss eng ganz Rei Klischeën a Viruurteler aus de Féiss raumen, ier ee kann de Virgank u sech debattéieren.
De GATS get et sou laang wéi d’OMC, hien huet also 1994 d’Liicht vun der Welt erbléckt, a muss all zeng Joer verlängert ginn. Aus deem Grond fënnt am September vun dësem Joer zu Cancun en Treffe vun der WTO statt, bei deem soll iwer déi grouss Linne vum neien Accord iwer den Handel mat Dengschtleeschtunge berode ginn. Et geet also, anescht wéi am Ufank vun der Aktivitéit vun der WTO, net méi ëm Gidder, mee ëm Servicer. An am Géigesaz zu de Gidder, däer hir Zirkulatioun meeschtens just vun Douanestariffer a Kontingentéirunge begrenzt war an ass – also vu reng wirtschaftlech a monetär begrënnte Considératiounen – sinn d’Servicer an hir Reglementéirung Deel vun enger Staatsopfaassung, si hunn eppes dermat ze dinn, waat e Staat senge Biirger wëllt garantéieren, a waat ën der Wirtschaft wëllt iwerloossen. Natiirlech sinn déi zwee Beräicher och matenee verbonnen – sou garantéieren duerchlässeg Servicen zum Beispill och déi optimal Verdelung vun de Gidder. Duerfir sinn déi zwee natiirleche Bestanddeel vun enger globaler Organisatioun vum Welthandel, an duerfir stellt d’Schafung vun engem Kader fir den Handel mat Servicer och eng noutwenneg Fortsetzung, deelweis suguer eng Konsequenz, aus der globaler Regelung vum Gidderhandel duer.
Wann ech hei soen, global Regelung, da mengen ech net, global Reguléirung. Weder d’WTO als sollech, nach de GATS-Accord, verfügen iwer ege Reguléirungskompetenzen. Hir Membere bestëmmen, wat se reguléieren, a wéi – d’Regulatioun bleiwt also dem Handlungsermoosse vun de WTO-Memberen a GATS-Signatairen iwerlooss.
Dat gesot, wéilt ech iwergoen zu de konkrete Virgäng an den aktuelle GATS-Verhandlungen. Fest steet fir mech elo schon eent, och wann der Kommissioun hir Offer nach net vollstänneg bekannt ass : déi héichsensibel Sujeten, déi hei vun oppositioneller Säit monéiert ginn, stinn iwerhaapt net zur Debatt – op d’mannst net um europäesche Plang.
Et ass jo esou, datt hei net Lëtzebuerg verhandelt, mee d’europäesch Kommissioun. Wann déi daat mëcht, dann hëlt se selbstverständlech Rücksicht op déi national Uleis vun de Memberstaaten, a fir daat kënnen ze maachen, get en interne Konsultatiounsprozess virgeholl, ier d’Kommissioun hir Offer formuléiert. Wéi gesot, déi Offer ass nach net fäerdeg, mee hir Orientatioune sinn awer kloer.
Contrairement zu deem, waat vun dene grénge Kollege gemengt get, gesinn ech wiirklech net, wou am Kader vun den aktuellen an zukünftege Verhandlunge vum Doha-Round eng Gefoer fir eis services publics kéint bestoen. Déi sinn nämlech am Kader vu GATS iwerhaapt net disponibel, iwer si kann net verhandelt ginn.
Wat de Moment geschitt, geschitt jo am Respekt vun de Regele vum GATS. Déi besoen ënner anerem, datt all Dingschtleeschtungen, déi net am Commerce sinn, an déi net konkurentiell funktionéieren, och net liberaliséiert ginn. Dës Regele besoe weider, datt et ausschliesslech ëm Liberaliséirung, a net ëm Privatiséirung oder Dereguléirung geet. Si soen och, fir dëse Kader weider ofzestiechen, datt de GATS-Prozess e fakultative Prozess ass, an datt kee Land eppes opgezwonge kritt – d’Europäesch Gemeinschaft, déi fir eis verhandelt, iwregens och net, wat et net selwer wëllt liberaliséieren. Waat heescht daat genee ?
Et heescht genee, datt Länner an international Strukture wéi der EG Offere formuléieren, esou wéi se och Erwaardungen un d’Partner formuléieren. Dës Offeren an Erwaardunge berouen net op Géigesäitegkeet – mir kënnen also ganz gutt eng Liberaliséirung am Telekom-Beräich ubidden, an eng am Beräich vun der Landwirtschaft an d’Plaz kréien. Wa mir eis en oppene Beräich bei engem Partner wënschen, da musse mir dee selwechte Beräich net noutgedrongen och opmaachen.
Ech soen, en oppene Beräich. Well op näischt anescht bezitt sech d’Liberaliséirung. Et geet ëm den Zougank zu engem bestëmmte Maart, ee Maart, dee bis elo sou geregelt ass, datt e keng oder net ausreechend international Konkurrenz zouléisst. Länner an Organisatiounen maachen Offeren zur Liberaliséirung vu solleche Beräicher vun der Servicenaktivitéit, an denen se e Virdeel vun der Liberaliséirung erwaarden – et ass hei also kee Prozess um Wierk, dee Länner géif opgezwonge ginn an ënner deem se ze leiden hätten.
Wourëms et net geet, innerhalb vu GATS guer net däerf goen, ass d’Privatiséirung vu Secteuren, déi e Land als ëffentleche Secteur funktionéiere léisst, fir e service public ze gewährleeschten. Privatiséirung oder Dereguléirung sinn net Objet vum Accord, iwer dee mer hei diskutéieren. Et geet just ëm Maartzougank, an also nëmmen ëm Aktivitéiten, déi op engem Maart am kommerzielle Sënn vum Wuert stattfannen. Waasserversuergung, Schoulwiesen, sozial Dingschtleeschtungen an esou weider si bei eis net um Maart. A si kommen och net drop. Duerfir solle verschidden intresséiert Kreesser och ophalen, de Leit wëlle wäiszemaachen, hei wire mer drop an drun, fir Haus an Haff um Altar vun enger total neoliberaler Welt ze afferen. Dat ass net de Fall, an et get och net de Fall. Iwregens huet nach keen, net een Memberstaat vum Accord bis elo ugebueden, seng Drénkwaasserversuergung ze privatiséieren an total de Regele vum Commerce ënnerzeuerdnen. Nëmmen ee Staat huet entspriechend Intentiounen am Héichschoulberäich – dat sinn déi Verenegt Staten, an nach nëmme bei de privaten Héichschoulen. Lëtzebuerg spillt kee sou e Spill, Europa spillt kee sou e Spill, an et wir gutt fir d’Eierlechkeet vun der Debatt, wann net permanent géife Schreckgespenster gemoolt ginn, déi nëmmen an der Fantasie vun hire Moler existéieren. Schliesslech huet d’Kommissioun keng eenzeg Offer am Beräich vu Waasser an Energie fomuléiert. Dat sollt hei déi korrekt Berücksichtegung fannen.
Ee Wuert iwer den ëffentlechen Transport. Dëse Beräich ass, bei deem, wat hei am Land d’Gewerkschaften intresséiert, selbstverständlech net an der Offer vun der Kommissioun am Kader vum GATS. Eisebunn a Bustransport sinn iwerhaapt net viséiert. Waat de Moment viséiert ass, si ledeglech Befrachtungsaktivitéiten an der Schëffart, an de Ground Handling op Flughäfen. Vu Bus a Bunn schwätzt kee Mënsch !
Datt et aner Enceinte get, wou d’Liberaliséirung vum ëffentlechen Transport zur Debatt steet, wësse mer och. Mee daat huet dann zum Beispill mat der Europäescher Gemeinschaft ze dinn, a net mat GATS. D’EG kann – ech hunn et scho gesot – keng Beräich fir eng Öffnung offréieren, déi guer net kommerziell sinn – an an deem gréissten Deel vun der Unioun ass den ëffentlechen Transport dat net ! Ech sinn zesumme mat menger Fraktioun der Menung, datt mer an deem heie Beräich mussen oppassen, wéi déi weider Entwécklung an Europa leeft – mee duerfir GATS ze diaboliséieren, ass ongerecht. Deen Accord huet, waat Europa betrëfft, glat näischt mat der Liberaliséirung vum ëffentleche Verkéier ze dinn !
Här President,Ech fannen, mir schwätze generell am Kontext vu GATS vill zevill iwer negativ, a bal guer net iwer déi sëllech positiv Aspekter, déi en oppenen Handel mat Dingschtleeschtungen huet. Am Lëtzebuerger Aussenhandel maachen d’Servicer 85% aus – mir hunn also all Intérêt drunn, eis Dingschter kënnen ofzesetzen, an dat iwer d’Grenze vun der Europäescher Unioun an dem Europäesche Wirtschaftsraum ewech.
Vill vun dene Beräicher, déi an der provisorescher Liberaliséirungsoffer vun der Kommissioun opgefouert sinn, beinhalte Chance fir Lëtzebuerg, a Chance fir Europa. Kaum een dervun, a mengen Aen guer keen, stellt e besonnesche Risiko duer – wéi gesot, eis Konzeptioun vum service public steet iwerhaapt net zur Debatt.
Sou zum Beispill sollen d’Beräicher Telekom, Kommunikatiounstechnologien, Finanzdingschtleeschtungen – déi bei eis souwisou scho ganz wäit op sinn – sn déi sougenannte Mode-4 Mobilitéit vu physesche Persounen.
Mat Ausnam vun de Finandingschtleeschtungen, wou mer hei zu Lëtzebuerg jo scho ganz wäitgoend en oppene Maart hunn – soulaang objektiv Konditiounen erfëllt sinn, ka jiddereen, egal wou en hierkënnt, seng finanziell Servicer hei ubidden – hänken déi dräi aner Secteuren am Fong zesummen.
De Mode 4 bei der Mobilitéit vu physesche Persoune viséiert am Fong keng permanent Immigratioun, mee ëm en zäiweilegen Openthalt innerhalb vun der Unioun, respektiv zu Lëtzebuerg, fir 6 Méint oder ee Joer. Domat stelle mer d’préférence communautaire fir den Aarbechtsmaart vun de Résidents net a Fro, an domat beréiere mer och net d’Aarbechtsrecht, respektiv d’Sozialversëcherungsrecht vun de Gemeinschaftsbierger, déi weiderhinn vun enger spezieller Gesetzgebung – Entsenderichtlinnen an esou weider – regléiert ginn. Mode 4 ass also e Konzept, mat deem d’Weiderbildung vu Kaderen an déi berufflech Erfarung solle gefördert ginn, a gläichzäiteg kann domat jo och engem residente Betrib, an de Beräicher Telekom a Kommunikatioun zum Beispill, mat bestëmmte Qualifikatiounen op Zäit ënner d’Äerm gegraff ginn.
Beim Mode 4 sinn d’Diskussiounen iwer déi präzis Modalitéite vun der Fräigab nach am Gaang, duerfir ass et och nach ze fréi, sech do definitiv festzeleën. Mir ass awer dru geleën, fir einfach ze ënnersträichen, datt mer eis mat der Liberaliséirung vun der Wëssensekonomi beispillsweis eppes Gutts dinn – soulaang mer de positive Fallout vun der Präsenz vun net-communautairen Dingschtleeschter op eisem Territoire richteg anzesetzen an ze notze wëssen.
Fir de Rescht, Häer President, ass et och esou, datt klassesch europäesch geschützte Secteuren och net vun der GATS-Offer vun der Kommissioun wäerte betraff sinn. Notamment de Beräich vun der audiovisueller Produktioun an de Medien ass net op fir en Ofbau vu Schutzbestëmmungen, a get daat och zu Cancun net. D’EG bleiwt bei hirer Iwerzegung – wat jo och déi vu Lëtzebuerg ass – datt de Schutz vun der Pluralitéit an der Diversitéit am audiovisuelle Beräich an Europa Viirrang hunn. Op engem Kontinent, dee mëttlerweil, a senger ganzer Etendue, aus 53 Staate besteet, mat bal grad esou ville verschiddene Sproochen a kulturellen Identitéiten, do kann een d’Produktioun vu Film, Fernseh an Tounträger net vollstänneg dem Ustuerm vun engem unikulturellen Eenheetsprodukt fräiginn. D’State vun Europa musse fräi bleiwen, hir entspriechend Mäert esou ze schützen, wéi se dat fir richteg halen. Dat geschitt och – wourun och déi zoustänneg EU-Kommissärin, wat bekanntlech eng Lëtzebuergerin ass, hiren Undeel huet.
Dee selwechte Prinzip gëlt am Beräich vun den kulturellen Dingschtleeschtungen. Dës ginn och op europäeschem Niveau net am Kader vun der Liberaliséierung berouert, well och si – an eigentlech ganz besonnesch si – d’Wiesen an d’Séil vun de Länner an Natioune betreffen. Do gehéiert d’Sprooch u viischter Front derzou, a grad esou d’Identitéit. Sou Domaine si net am Commerce, an duerfir si se vun de Verhandlungen an den Offere vun der Kommissioun net betraff.
Zum Schluss, Här President, den Aspekt vum fairen Handel, vun der Handelsgerechtegkeet, den terms of trade. Och dësen Aspekt get ze dacks falsch, oder soll ech soen, pauschal falsch, ageschaat.
Et ass a mengen Ae kloer, datt Entwécklungslänner, an och déi mannst entwéckelt Länner, Intérêt un enger Erweiderung vun hiren Ofsazmäert hunn. Daat muss mat Mülldeponien oder aneren, wiirklech zweiwelhaften, Deelberäicher guer näischt ze dinn hunn. Wann Indien zum Beispill IT-Dingschter exportéiere wëll, da brauch et duerfir Mäert – op sengem egene get et net all seng ” Produktioun ” lass, a well déi en héige Méiwäert huet, bréngt se Indien och zousätzlech Mëttelen, déi et kann a seng staatlech Strukturen a Leeschtungen investéieren. Loosse mer d’Mäert zou, da schaffe mer fir esou Länner iwerhaapt näischt.
Selbsverständlech muss mer oppassen, datt net déi äermste Länner aus blanker Nout eraus genee do opmaachen, wou se wëssen, datt e Gefällegkeetsbesoin an der entwéckelter Welt besteet, a wou se entspriechend séier, awer leider zimlech knaschtegt Geld kéinte verdingen. D’Beispill vun der Müllentsuergung spréngt do ëmmer erëm an d’A. Mee och eenzel Stied an der drëtter Welt, déi hir Waasserversuergung privatiséiert hunn – wourunn net GATS schold war – hunn sech am Konzept veriirt. Wéi gesoot, loosse mer versichen, Mëssbräich entgéintzewiirken, ouni awer de Prinzip vum fräien Handel mat Dingschtleeschtungen an d’Entwécklungslänner an aus hinnen eraus a Fro ze stellen. Vun deem profitéiert nämlech leschtendlech jiddereen.
Voilà, Här President, dat waren e puer Iwerleeungen an Iwerzegungen, déi ech wollt am Kontext vun dëser Debatt ubréngen. Mir sollten heit net defensiv, mee offensiv optrieden, well sech och fir eis aus dësen Diskussioune munneches kann erginn. Fir eis, fir Europa, an och fir d’drëtt Welt.
Ech mengen, datt d’Regirung a Saache GATS net villes falsch mëcht, wann se den aktuelle Verhandlungsverlaf mat Serenitéit kuckt, a säi Resultat ofwaart. Ech sinn dervun iwerzeegt, datt dat wäert, och fir Lëtzebuerg, e positivt sinn.