Zum Ultimatum vum President Bush – de Marcel Glesener an der Chamber

D’Reaktioun vun der CSV-Fraktioun op d’Krichsukënnegung vum George W. Bush
Här President, Dir Dammen an dir Hären,

Duerch déi rezent Evenementer am a rondrëm den Irak erliewe mer de Moment Stonnen, vun dene mer net wëssen, wat se eis genee wäerte bréngen. Mir all maachen eis Suergen iwer déi zukünfteg Entwécklung vun deem Konflikt, an duerfir musse mer och hei an elo driwer schwätzen. Mir begréissen och, datt d’Regirung dem Wonsch vun der Chamber entsprach huet, an de Moien schon an déi zoustänneg Kommissioun komm ass, fir eis iwer den Detail vun den Evenementer a Kenntnis ze setzen.

D’Regirung vun de Verenegte Staten huet gëschter moien d’Waffeninspekteren opgefuerdert, den Irak ze verloossen.

E puer Stonnen duerno huet den UNO-Generalsekretär se aus dem Irak erausbeuerdert. D’Zäit vun den diplomateschen Efforten fir eng friddlech Ofrüstung vum Irak ass domat op en Enn gaangen. De President vun de Verenegte Staten huet an der Ried, déi en hënnt u seng Natioun gehalen huet, keen Zweiwel dru gelooss, datt Amerika mat e puer aneren, virun allem europäesche Staten entschloss ass, am Irak mat militäresche Mëttelen e Regimewiessel erbäi ze féieren. En huet dem Saddam Hussein a senge Filsen 48 Stonne ginn, fir d’Land ze verloossen, ier se sech der militärescher Gewalt mussen aussetzen. Dësen Ultimatum leeft an der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg of.

Meng Fraktioun an ech selwer bedaueren dës Décisioun vun de Verenegte Staten, well se ausserhalb vun deem Gremium ugesiddelt ass, deem de weltwäite Gewaltmonopol gehéiert, nämlech dem Sëcherheetsrot vun de Vereenten Natiounen.

Mir bedaueren esou, datt engem Broch vum Vëlkerrecht duerch en anere Broch vum Vëlkerrecht soll geäntwert ginn, an datt haut nees eng Kéier de Wëlle vun eenzelen Natioune kann iwer de kollektive Wëlle vun der Weltgemeinschaft an der Weltëffentlechkeet gestallt ginn.

Tatsaach ass, datt den Irak sech nach ëmmer net u seng Obligatiounen hält. Tatsaach ass, datt do e brutalen, tyrannesche Régime un der Muecht ass, deen doutsëcher keng Beräicherung fir d’Weltgemeinschaft ass. Tatsaach ass, datt den Irak e Krich hätt kënne verhënneren, am Intressi vu sengem egene Vollek de Krich hätt misse verhënneren – an et verpasst huet, daat ze maachen. Et get elo Krich gefouert, och wa Lëtzebuerg an d’Lëtzebuerger de Krich esou net wollten. Mir waren zu ganz vill der Menung, datt mer zwar d’Analis delen, eis awer net iwer d’Konsequenzen eens sinn, déi sech heiraus mussen erginn. Anerer hunn elo fir d’éischt gehandelt. Dee Krich, dee wäert gefouert ginn, bleiwt net ouni Konsequenzen op eist Land. Zum engen déi, déi sech aus engem Krich erginn, dee kann Attacken no sech zéien, déi net vum Irak ausginn, mee déi individuell Dote vun Terroriste sinn, an déi sech an Nordamerika oder an Europa kéinten ofspillen.

Zum aneren awer déi Konsequenzen, déi sech fir e Land doraus erginn, datt e Bündnispartner, en Alliéierten an de Krich zitt. Dat beréiert eis direkt, well een Alliéierte muss een ënnerstëtzen. Sou wéi een och engem Frend hëlleft, mat deem een an enger wichteger Fro net d’Accord ass. Sou wéi dës Fro net d’Frëndschaft tëschent zwou Persounen opléist, sou léist sech och keng Frëndschaft tëschent Natiounen a Staten dann op, wann een dervun an engem Moment wéi deem heiten dem Wëlle vum Frënd an Alliéierten net entsprécht. Mir wëssen nach all, datt d’Hëllef vun hinnen un eis Adress an dene schwéierste Stonne vun eisem Land méi wéi wëllkomm war – mir vergiessen dat och an dësem Moment net.

Fir eis ass kloer, datt wa mer och d’Décisioun vun eisen amerikanesche Frënn net approuvéieren, mer en awer d’Hëllef net verweigeren, déi se vun eis kënnen a wäerte froen.

Wéi dat am Detail geschitt, kläere mer net haut, an net op dëser Plaz. Mir sinn un d’Verenegt Staten duerch bilateral Instrumenter gebonnen, déi esou Situtioune regelen, ouni awer denen zwee Partner all Spillraum ze huelen, wann et eescht get. D’Regirung wäert domat ëmzegoe wëssen.

Natiirlech musse mir eis selwer schützen, a natiirlech muss och d’Ariichtunge vun eisen Alliéierten zu Lëtzebuerg geschützt ginn. Dat muss geschéien, well et hei ëm d’Sëcherheet am Land geet, déi mer wëlle garantéieren. Mee iwer Sëcherheet soll een net esou schwätzen, datt déi, déi se kéinte bedrohen, duerno besser kënnen handelen – also schwätzt een doriwer net an der Ëffentlechkeet.

Mir stellen haut fest, datt et keng eenheetlech europäesch Menung zum Ëmgank mam Irak an deem Moment get, wou d’Verenegt Staten e Krichsbeschloss virbereden. Net an der Unioun, wéi mer se haut kennen, a net an däer Unioun, déi mer no der Erweiderung wëllen. Dat ass net nëmmen an héchstem Mooss bedauerlech, et werft och wäitreechend Froe fir d’Zukunft vun enger europäescher Aussepolitik op. Virun allem ass et en Trauerspill sonnergläichen, wéi hei am Fegfeier vun den nationalstaatlechen Eitelketen eng vläicht historesch Chance verpasst get, fir zesummenzestoen, gemeinsam Positioun ze ergräifen, eenheetlech ze handelen. An enger Situatioun wéi däer heiter hätt et eng Stëmm vun Europa musse ginn. Dës Stëmm ass net erklongen. Ech hoffen, datt se elo net fir ganz lang arascht a verstommt.

Här President,Mir hunn dës Situatioun net gewollt. Eis Regirung huet se net gewollt. Mee si ass elo do, an däer Form, déi mer kennen an déi vu Stonn zu Stonn méi däitlech get, a mir mussen elo mat hir eens ginn. Mir hoffen, datt dëse Krich säin augesprachent Zil erfëllt, ouni datt zevill onschëlleg Leit ënner der Démarche ze leiden hunn. Gläichzäiteg kenne mer eis Verpflichtungen, a mir wësse, wou mer stinn.

1