Ried vum Deputéierte Patrick Santer an der Debatt iwer Stierwbegledung

Jo zur Palliativbetreiung als Recht vun all Patient, jo zur abstention thérapeutique, nee zur aktiver Stierwhëllef
Här President, Dir Dammen an dir Hären,

Mir debattéieren haut hei iwer en Themekomplex, dee wéi kaum en anere sensibel ass. Sensibel net, well en sech an enger Logik vun Ausernanersetzung tëschent Parteien aschreiwt – grad dat soll en net. Mee sensibel, well d’Froe vum Liewen a vum Doud, ëm déi et an der Thematik vun der Stierwbegledung geet, jidderengem ganz perséinlech noginn. Mir hunn et hei mat engem Sujet ze dinn, wou et keng Parteidisziplin ka ginn. Et get just perséinlech Menungen an Iwerzegungen, et get Gewëssensentscheder, déi jidderee fir sech selwer muss huelen – och Deputéierter a Regirungsmemberen.

Et ass net fir d’éischt, datt d’Chamber sech mat dëser Thematik befaasst, a grad wéi bei eiser leschter Debatt 1999 gesi mer och dës Kéier nees, datt d’Iwerzegungen, déi artikuléiert ginn, sech net un den Trennlinnen tëschent Parteien orientéieren. Ech sinn doriwer zimlech zefridden, well dat a mengen Aen dem Eescht vum Sujet Rechnung dréit. Mat e puer Ausnahmen huet nämlech keen hei am Haus versicht, aus der Stierwbegledung e Politikum ze maachen, wat sech fir parteipolitesch Polemik oder suguer fir e Wahlkampf soll eegnen.

Stierwbegledung ass keen ideologesche Sujet. Si léisst sech net an e Clivage tëschent riets a lénks, tëschent progressiv a konservativ aspäeren. Et get kee fortschrëttlechen Doud, an et get kee reaktionären Doud : et kann alleng e würdegen Doud ginn, op deen all Mënsch e Recht huet.

Här President,Eng vun de Charakteristike vun der Stierwbegledungsdebatt ass d’Schwieregkeet vum Ëmgank mat de Begrëffer. Wat genee zum Beispill Euthanasie ass, muss geklärt sinn, ier een driwer diskutéiert, an ier ee Sondagen derzou organiséiert. Wann zum Beispill grouss Majoritéiten sech schéngen der Euthanasie géigeniwer positiv ze artikuléieren, da muss een d’Fro stellen, wat dann dës Leit mat Euthanasie gemengt hunn. Wa mer iwer Palliativmedizin an acharnement thérapeutique schwätzen, da musse mer wëssen, wou dat eent ufänkt an dat anert ophält, da mussen d’Ënnerscheder tëschent de Notioune kloer sinn, an da muss déi gesamt Tragweit vun denen eenzele Wieder bekannt sinn. Ouni dat féiere mer eng Debatt op Käschte vun den intimen Ängscht vun de Leit.

Wa verschiddentlech aus dem politesche Raum haart no aktiver Stierwhëllef geruff get, an deem Ruff schléisse sech da Biirger am Kader vu Sondagen un, da sinn ech perséinlech dervun iwerzeecht, datt et enger grousser Zuel vu Befroten net kloer ass, wéi am politesche Milieu iwer dëse Sujet diskutéiert get. D’Leit hunn Angscht virun engem qualvollen Doud mat vill Peng. Si fäerten, eventuell just nach vun enger Maschinn um Liewe gehalen ze ginn, un engem Liewen, wat awer fir si keent méi ass, well se et net méi matkréien. An da get gemaach, wéi wann d’Euthanasie, Stierwhëllef am eigentleche Sënn vum Wuert, dat eenzegt Mëttel wir, wat ënner allen Ëmstänn e wiirdegen Doud géif erméiglechen. Déi fréier däitsch Justizministerin Herta Däubler-Gmelin huet emol gesot, fir si géif et eng kloer Trennungslinn tëschent dem Akzeptablen an dem Inakzeptablen. Si huet gesot, si géif sech Hëllef beim Stierwe wënschen, awer nimols Hëllef fir ze stierwen. Dat ass eng Konzeptioun, déi ech delen, a mat mir vill Kollegen heibannen, net nëmmen op de Bänke vu menger Fraktioun. Wat dëst konkret bedeit, huet d’Ethikskommissioun an de Konklusioune vun hirem Rapport festgehalen, deen sech och un dëser Konzeptioun orientéiert.

D’Majoritéit vun de Memberen vun der Ethikskommissioun sinn zur Iwerzegung gelaangt, datt eng Positioun misst fonnt ginn, déi engersäits e wiirdegen Doud als Recht vun all Mënsch festhält, a sech anerersäits enk un deem uleent, wat d’Dokteren an hiren Avisen zu dësem Thema ausgesot hunn. Schliesslech ass et de corps médical, dee net nëmme konstant mat konkrete Fäll konfrontéiert ass, wou e Mënsch amgaang ass ze stierwen, a si e bis zum Enn begleden. Et sinn och d’Dokteren, déi d’Verantwortung droen a mussen op sech huelen, fir dat, wat se mat engem Patient maachen, deem therapeutesch a kurativ net méi ze hëllefen ass. Sech iwer d’Menung vun den Dokteren ewech ze setzen, hätt Konsequenze gehat, déi der Saach an erhiewlechem Mooss geschued hätten. Eischtens regelt ee keng Virgäng am medizinesche Beräich géint d’Mediziner. An zwetens kann een e Beruffsstand, deen sech a sengem Amtseed derzou verpflicht, nimols e Mënsch doud ze maachen, net an d’Lag versetzen, dat quasi opgrond vun engem Gesetz awer mussen ze maachen.

Déi immens Retizenz vu ganz groussen Deler vum corps médical an Holland, fir Euthanasie ze praktizéieren, beleet dat op androcksvoll Manéier. Nëmmen eng ganz kleng Minoritéit vu Mediziner hu sech do fanne gelooss, fir aktiv Stierwhëllef ze administréieren. Elo geet et mer beileiwen net drëms, dës Leit ze verurteelen. Wa mer vu Gewëssensfroe schwätzen, dann hu mer d’Gewësse vun all Mënsch ze respektéieren, selbstverständlech och dat vu Leit, déi Stierwhëllef froen a vun denen, déi se ginn. Mee doraus kann ee keng allgemeng gülteg a verpflichtend Regel ofleden.

Schliesslech besoen Texter vun der europäescher an internationaler medizinescher Deontologi eigentlech alles, wat mer an dësem Zesummenhank brauchen. Dës Texter riichte sech géint acharnement thérapeutique, fuerderen d’Erhalung vun enger maximaler Liewesqualitéit fir stierwend Patienten, a lenen déi aktiv Stierwhëllef als contraire zum hippokrateschen Eed of. Dëst geschitt net zoufälleg : och de Corps médical ass sech jo selbstverständlech de Mëssbrauchsméiglechkete vun engem weider goende Aktiounsradius bewosst. Wat vun denen Engen zwar nach kéint als en Akt vu Gnod, deen op wiirklecher Kompassioun berout an engem explizite Patientewonsch entsprécht, praktizéiert ginn, daat kéint vun engem aneren ze fréi, mat de falsche Mëttelen an ouni explizite Patientewonsch administréiert ginn – d’Kontrollméiglechkete sinn hei begrenzt. D’Mediziner wëssen ëm de Mëssbrauchsrisiko bei aktiver Stierwhëllef – an d’Politiker sollte sech an dëser kriddlecher Matière net allze wäit vun deem entfernen, waat d’Doktere selwer fir richteg fannen.

D’Kommissioun huet an hirer Majoritéit eng Léisung preconiséiert, an dat ass am Rapport, deen de Kolleg Jean-Paul Rippinger présentéiert huet, festgehalen, déi der eigentlecher Suerg vun de Leit begéint. An dës Suerg ass, e wiirdegen Doud ouni Peng kënnen ze erwaarden, dorop e Recht ze hunn, an dat Recht och kënnen anzefuerderen.

Duerfir hu mer d’Konklusioune vun der Kommissioun rondrëm dräi Axen orientéiert. Et sinn dëst déi dräi Axen, déi et erlaben, genee däer Angscht ze begéinen, déi vill Leit am Zesummenhank mat engem Doud duerch schwéier Krankheet oder Akzident hunn.

Mir hunn eis éischtens derfir ausgeschwat, den Usproch op palliativ medizinesch Betreiung ze generaliséieren. Ech ginn dorop net weider an, well meng Fraktiounskollegin Marie-Josée Meyers-Frank dat herno am Detail wäert maachen – schliesslech ass palliativ Betreiung vun engem kranke Mënsch eng komplex Ugelegenheet, déi sech net an der Administratioun vu Morphium erschöpft. Tatsaach ass awer, datt se drop oofzilt, e Liewensenn ouni Peng ze erméiglechen – e fundamentale Rechtsusproch vun engem Patient, deen net méi ze helen ass, an deem säi Stierwprozess ageleet ass.

Zwetens hu mer eis kloer an däitlech géint den acharnement thérapeutique ausgeschwat. Hie soll formell depenaliséiert ginn – dat ass en zwar scho wäitgoend zënter dem Spidolsgesetz vun 1998, mee mir wëllen eng weider Klärung vun der Strooffräistellung vun Dokteren, déi zu engem bestëmmte Moment decidéieren, op medizinesch Akten zugonschte vun engem onheelbare kranke Mënsch ze verzichten. Well genee dat ass de Refus vum acharnement thérapeutique : et geet drëms, fir ze verhënneren, datt reng liewensverlängernd Mëttelen agesaat ginn, wa keng Aussiicht op Helung oder Besserung vum Zoustand vun engem Patient méi besteet. Dann also, wann den Doud bevirsteet, wann de Stierwprozess vun engem Mënsch amgaang ass, si mer derfir, dëse Prozess säi natiirleche Verlaf huelen ze loossen. Mir sinn dergéint, datt e Liewen, wat sech just nach op e puer vegetativ Funktioune begrenzt, an iwer deen Zoustand net méi wäert ewechkommen, kënschtlech verlängert get.

An der Vergaangenheet ass am Bezuch op d’Ooflenung vum acharnement thérapeutique och vu passiver Euthanasie geschwat ginn. D’Kommissioun huet dëse Begrëff net méi opgegraff, well en der Problematik net gerecht get. Mir wollten trennen tëschent stierwe loossen, an zum Stierwe bréngen. All Akt, duerch dee just en natiirleche Stierwprozess a sengem Verlaf gewäerde gelooss get, soll am haudegen Zoustand vun der Debatt net als Euthanasie gezeechent ginn – dëse Begrëff soll sech alleng op Akte bezéien, déi eng Hëllef FIR ZE stierwen duerstellen.

Den acharnement thérapeutique huet vill Facetten, a seng Ooflenung deementspriechend och. Et geet virun allem ëm de Vericht op all medizinesch Akten, déi keng kurativ Bedeitung méi hunn. Et get Situatiounen, an dene keen Akt méi e kurativen Effekt kann hunn, an et get sollecher, an denen eenzel Démarche vun der Medizin näischt Kuratives méi kënnen als Wiirkung entfalen. Je nodeem, ëm wat et genee geet, wéi sech e Krankheetsbild genee duerstellt, wéi et präzis ëm e Mënsch bestallt ass, bedeit d’Ooflenung vum therapeuteschen Acharnement net dat selwecht. Et kann eemol de Verzicht op bestëmmten Zousazmedikamenter ginn, eng aner Kéier deen op Bluttwäschen oder op bestëmmte Vitaminen – et kann och d’Oofschalte vun der Häerz-Longe-Maschinn sinn.

An all dëse Fäll awer geet et ëm dat selwecht. Et geet drëms, engem Patient keng Traitementer méi zouzemudden, déi ëm net méi hëllefen. Et geet drëms, e Mënsch, deen um Stierwe läit, stierwen ze loossen. Et geet, wéi ech et virdru schon zitéiert hunn, ëm eng Hëllef beim Stierwen – eng Hëllef, déi dora besteet, e Liewen net kënschtlech iwer seng natiirlech Spaan eraus ze verlängeren.

An dann, Här President, hu mer d’Stierwtestament zréckbehalen, wat et ënner verschiddene Begrëffer get – och dee vun den dispositions de fin de vie. Dëst Instrument ass wichteg fir d’Artikulatioun vum Wonsch vun engem Patient hisiichtlech senger Behandlung, a fir de Respekt vun dësem Wonsch. Mat dispositions de fin de vie schafe mer e Guidage, eng Orientéirung fir d’Dokteren, déi e Mënsch zum Enn vu sengem Liewe betreien.

An esou engem Dokument leet e Mënsch duer, waat en sech am Fall vun de Fäll erwaart. E formuléiert seng Erwaardungen un d’Medizin, an un säin egent, perséinlecht Ëmfeld, wat sengem Wonsch grad esou soll entspriechen, wéi déi behandelnd Dokteren. Et ass e wichtegt Instrument fir d’Hierstellung vun enger grousser Patientenautonomi. Mee dës Autonomi huet Grenzen. Si hält do op, wou mer kee Recht op Stierwen aféieren, waat a contrario vum Recht op Liewen oofgeleet wir. Dëst ass eng Décisioun, déi all Land muss selwer huelen. Den europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff huet an der Affär Pretty festgehalen, datt e Recht op Stierwen net international kéint a contrario vum Recht op Liewen ofgeleet ginn, daat déi europäesch Mënscherechtskonventioun an hirem Artikel 2 consacréiert. Domat huet dëst Geriicht, deem seng moralesch Autoritéit wuel vu kengem an Zweiwel gezu get, kloer duergeluecht, datt et keng prinzipiell, keng international oder europäesch Verpflichtend Rechtsnorm ka ginn, déi een aus dem Recht op Liewe ka konstruéieren. D’Majoritéit vun der Ethikskommissioun war der Iwerzegung, datt een dem europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff och fir eis intern Gesetzgebung hei sollt nogoen. Duerfir schafe mer kee Recht op stierwen, mee mir schafe séier wuel e Recht op e wiirdegen Doud. Dozou dréit och d’Aféirung vun dispositions de fin de vie wesentlech bäi.

Här President,D’Kommissioun ass net méi wäit gaangen, well se der Menung war, an hirer Majoritéit, datt e wiirklecht Recht op Stierwen, an eng domat verbonnen Depenaliséirung vun der Euthanasie, d’Diren zu Mëssbräich ze wäit géif opstoussen. Mir waren der Usiicht, datt mer net wéissten, wou mer genee géifen hikommen, wa mer d’Euthanasie am eigentleche Sënn vum Wuert géifen erlaben. Mir haten d’Befiirchtung, datt Situatioune géifen entstoen, an denen engem Mënsch kéint eng medizinesch optimal Betreiung versot bleiwen, well ze fréi un aktiv Stierwhëllef géif geduecht ginn. Mir wollte verhënneren, datt e Mënsch muss Anscht hunn, wann e no engem Akzident oder wéint schwéierer Krankheet géif an e Spidol ageliwert ginn – Angscht, datt net säi Liewen, mee säin Doud do kéint prioritär viséiert sinn.

A mir wollte virun allem de Bedenke suwuel vum Collège médical wéi och vun der AMMD Rechnung droen, déi sech alle béid géint Euthanasie ausgeschwat hunn. An zwar aus Grënn, déi ech scho genannt hunn, an déi mat der Perspektiv vun Abus grad esou vill ze dinn huet, wéi mat der Tatsaach, datt nëmme ganz wéineg Dokteren sech an der Lag geséichen, wëllentlech a wëssentlech den Doud vun engem Patient erbäizeféieren. Also en net ganz einfach antrieden ze loossen, mee e bewosst, duerch eng bestëmmten Handlung, erbäizeféieren. Esou enger Perspektiv hu mer eis widdersat, zesumme mat den Dokteren, a mir sinn dervun iwerzeecht, datt dës Démarche richteg ass. Dat huet näischt mat der CSV ze doen, et huet näischt mat Konservatismus ze doen, et huet eenzeg an alleng mat Respekt virum mënschleche Liewen ze doen, a mat Respekt virun der Haltung vum corps médical, dee jo schliesslech immediat vun deem concernéiert ass, wat mer hei décidéieren.

Här President,A mengen Aen, an an dene vun de Kollegen a menger Fraktioun, entspriechen d’Konklusioune vun der Kommissioun exakt deem, waat eng grouss Majoritéit vun de Leit am Land och wëllen. Si entspriechen etheschen Iwerleeungen, déi mam Respekt vum Liewen ze dinn hunn, a si sinn op e wiirdegen Doud als Recht vun all Mënsch ausgeriicht.

D’Liewen ass ze grouss fir jidderee vun eis. Den Doud och. Wann d’Liewen op en Enn geet, a sech dem Doud nähert, dann ass daat e Viirgank, an deen en eenzele Mënsch net soll agräifen. Net hie selwer, an och net déi, déi en a senge leschte Momenter begleden. Daat ass d’Konzeptioun, déi d’Kommissioun festgehalen huet, an déi soll an e Gesetz ageschriwe ginn, fir datt se Verbindlechkeet kritt. Mir sinn der Iwerzegung, datt mer esou daat richtegt maachen, a mir erwaarden eis, datt d’Konklusioune vun der Ethikskommissioun an hirem richtege Liicht opgeholl ginn, als Garantie vun engem Doud an Dignitéit.