Interview mam Justizminister Luc Frieden op RTL Télé Lëtzebuerg mat der Journalistin Mariette Zenners vum 17 Mäerz 2003.
Mariette Zenners: Am Studio begréissen ech de Justizminister Luc Frieden. Gudden Owend.
Luc Frieden: Gudden Owend.
Mariette Zenners: Et war virauszegesinn, datt sou eppes géif och hei zu Lëtzebuerg geschéien, dat soen déi Leit déi am Prisong all Dag schaffen, d’Giischtercher. No dem schroen Tëschefall am Frankräich, goufen do präventiv Mesuren hei am Land geholl?
Luc Frieden: Eng Evasioun ass ëmmer anescht an ass am Fong net virauszegesinn, well e Prisong ass do fir ze kucken, datt déi Leit déi doran sëtzen net erauskommen an där Zäit, wou se mussen do sëtzen a selbstverständlech iwwerkucke mir regelméisseg de Sécherheetsdispositiv. Deen Ausbroch den am Frankräich déi leschte Woch war, den ass op eng ganz aner Fassong geschitt, wéi den, den haut zu Schraasseg geschitt ass.
Mariette Zenners: Loosse mer soen, no ähnlechem Szenario, trotzdem manner brutal den hei zu Lëtzebuerg.
Luc Frieden: Dat ass richteg, mä och den, dee mir hei zu Lëtzebuerg haten haut, ass op eng Fassong geschitt, wéi nie ee virdru geschitt ass. Ech weisen Iech drop hin, datt déi lescht siewe Joer zu Schraasseg keen ausgebrach ass an dofir muss een ëmmer rëm kucken, no allem wat geschitt, ob dee Sécherheetsdispositiv, den ee lo huet guet ass. Ech hunn och virun e puer Méint Experte gefrot, fir eis de Sécherheetsdispositiv nach eng Kéier z’iwwerkucken an dat mécht een net eng Kéier. Dat hunn ech wëlles an dat hunn ech och an der Vergaangenheet gemaach fir dat systematesch z’iwwerkucken.
Mariette Zenners: Virauszesoen mengen d’Giischtercher warscheinlech, well se scho jorelaang op Mängel opmierksam maachen, wou an hieren Aen näischt geschitt. Ech denken do u Personalmangel, un eben och Sécherheetsmängel. Beim Neibau war jo vun Ufank u gewosst, datt et do effektiv géif Schwaachpunkte ginn. Dann och Problemer bei der elektronescher Iwwerwaachung. Déi Mängel, déi sinn Iech bekannt. Sie sinn och der Direktioun bekannt. Geschitt dann do näischt?
Luc Frieden: Dofir hu mer eppes gemaach. Ech hunn, zum Beispill, wéi ech komm sinn 1998 goufen et 210 Leit déi am Prisong geschafft hunn. Haut ginn et der eppes 290 an och mäi Virgänger huet Leit ëmmer rëm agestalt. Dat heescht, do geschitt ganz vill. Wann 80 Leit a 5 Joer bäikommen da kann een net soen et ass näischt geschitt.
Mariette Zenners: Et komme jo och ëmmer vill Prisonéier bäi.
Luc Frieden: Et kommen selbstverständlech och Prisonnéier bäi. Et ass jo och een Neibau opgaangen. Och deen Neibau ëntsprëcht rëm neie Sécherheetsmesuren. Mir hunn och dee ganzen Dispositiv vu Kameraen muss regelméisseg iwwerkuckt ginn. Mä et muss een ëmmer kucken, och an dëser Situatioun, wat dat geännert hätt. Wann och eng Kamera méi do gewiescht wier oder 3 Kameraen méi oder 3 Gardiene méi, hätten déi an dëser Situatioun näischt kënne maachen, wann uewen op der Mauer op emol ee steet mat der Kalaschnikow, da kann een näischt maachen. Da muss ee versichen sou gutt wéi méiglech déi Leit ewech vun deene Maueren ze halen, sou gutt wéi méiglech ze versichen, datt se keng Kommunikatioun no baussen hunn. Dir hutt mat Recht virdrun an Äerem Reportage gesot, datt déi Leit keen Telefonrecht haten, konnten also net permanent telefonéieren.
Mariette Zenners: Dat schéngt awer kee Problem ze sinn aus dem Prisong raus ze telefonéieren.
Luc Frieden: Dat sot Dir. Et muss nach bewise ginn, wein da konnt a wéi enger Kommunikatioun sinn. Déi Leit hunn och Visiterecht, zwar ganz ageschränkt, wat den Untersuchungsriichter muss erlaben. Mä an dem Fall komme meeschtens just Familjememberen. D’Kommunikatioun ass bei engem, den zanter 2001 do sëtzt, net total ausgeschloss. Mir haten iwwregens ee vun denen Détenuen do eng Zäitchen an Isolatiounshaft sëtzen, iwwregens schaarf kritiséiert vu ville Mënscherechtsorganisatiounen, dem Comité contre la torture zu Stroossbuerg, d’UNO zu Genève. Mir hunn dat trotzdeem gemaach. Mir hunn och ee Prozess gewonnen an där Hinsicht. Et kann een och net een an Isolatiounshaft wärend Joren halen. Mä mir maachen also vill, fir datt sou mann wéi méiglech Evasioune kommen.
… Reportage iwwert vergaangen Evasiounen …
Mariette Zenners: D’Zäit vun de Läindicher, déi uneneegestréckt ginn, schéngt eriwwer ze sinn. Et gëtt méi haart verfuer. A wéi wäit fillt Dir Iech eigentlech do als Justizminister responsabel wann do eng geschitt? De Mueren hätt jo do kënnen e Gardien erschoss ginn.
Luc Frieden: Ech menge mol, de Mueren, datt déi Leit, d’Gardienen, extrem gutt a professionell gehandelt hunn. Den ee Gardien, dee war sou schnell wéi méiglech do, well e war jo nach do éier deen aneren iwwert d’Mauer geklommen ass. Mir si responsabel fir datt de Prisong an enger optimaler Fassong fonktionnéiert. Mir versichen do dat Bescht ze maachen, mä et muss een ëmmer Moyenën hunn, déi realistesch sinn. An ech mengen, déi verschidden organiséiert Kriminialitéiten mat där mir et hei ze doen hunn, déi Détenuen déi do waren, dat sinn déi schlëmmsten Zort an déi hunn och Komplizen dobaussen an do ass et schwiereg fir Moyenën ze fannen, fir an aller Hinsicht denen hier Evasiounen ze verhënneren.
Mariette Zenners: Dat heescht och, wa bei sou enger Evasioun eppes geschitt, loosse mer soen et gëtt e Mënscheliewe getraff, fillt Dir Iech lo net als Justizminister responabel?
Luc Frieden: Wann am Ausland all Kéier de Justizminister géing seng Responsabilitéit gefrot ginn wann ee géing fortlafen, da misst een all Dag en neie Justizminister am Ausland nennen. Ech si responsabel fir dat wat am Prisong geschitt. Wann ech e Fehlverhale feststellen, e Fehlverhalen ass an dëser Fassong, nodeem dat wat ech haut gesinn hunn, vu kengem bis elo festgestalt ginn.
Mariette Zenners: Mä wann ee lo zum Beispill héiert, datt déi elektronesch Systemer net ëmmer fonktionéieren, Dieren déi net zouginn. Huele mer lo mol un, et ass ee Feier am Prisong, et si Visiteuren do, et si Prisonéier do, et si Giischtercher do déi net erauskommen, mat sou enger Hypothèse, wéi liewt Dir domadder?
Luc Frieden: Déi Hypothèse déi gëtt et net, well déi Diere wann se technesch net ginn, wann se elektronesch net ginn, da ginn se nach ëmmer manuell.
Mariette Zenners: Dat ass dat wat vun de Giischtercher gesot gëtt.
Luc Frieden: Déi Dieren, déi ginn op. Ech si keen Expert vun Dieren. Ech si politesch responsabel fir de Prisong. Ech kennen awer net et all Knäppchen am Prisong. Jiddwerfalls ass et sou, datt déi Technik muss, wann se net geet, mussen d’Techniker se flécken an dat gëllt och fir d’Kameraën. An ech soen och nach eng Kéier: Och eng Kamera méi hätt eng Evasioun net évitéiert, dat heescht net datt een do net sollt versichen ëmmer rëm déi nei Technik unzewenden. Dat ass mäin Ziel, dat maache mer. Dat hunn ech net haut réischt décidéiert, mä et muss een ëmmer erëm mat neie Gewalte sech ofginn an hei hu mer haut eng Zort vu graver Kriminalitéit gesinn, déi mer och bei deenen Iwwerfäll, déi déi gemaach hunn och schonn eng Kéier begéint hunn, a géint déi musse mer villäicht lo nei Methoden uwenden.
Mariette Zenners: D’Sécherheet lo ass een Deel. A ganz kuerz: d’Liewen am Pirsong. Och do ëmmer rëm an de leschte Joren och Kloe vun de Prisonnéier, vu medezinescher, psychologescher Betreiung. Et huet een d’Gefill et geschéie Verbesserungen, ponktueller awer keng substaniel. Ass et do einfach de politesche Wëllen dee feelt oder kënnt dat falsch eriwwer?
Luc Frieden: Dat ass just ee Gefill, well et si vill Problemer an enger Gesellschaft wou et forcément kontradiktoresch Intérête ginn tëschent Prisonnéier a Gardienen, mä mer hunn déi medezinesch Betreiung enorm verbessert, duerch Accorde mat Spideeler. Mir hunn d’Sécherheet verbessert duerch méi Personal a mir hunn nei Technik erabruecht an dat muss esou weidergoen. Mä ech mengen och, datt substantiell Progresë gemaach ginn. Et geet ni duer an dofir si mir jo och do.
Mariette Zenners: Ech soen Iech merci.
Luc Frieden: Merci och.
(Service Information et Presse / 17.03.2003 / Source: RTL Télé Lëtzebuerg Datum: 17.Mäerz ëm 19.35 Auer)