Kee Mënsch wëll Krich

Aus enger Radiosemissioun vum CSV-Fraktiounspräsident Lucien Weiler, de 24 Februar 2003.

Léif Nolauschterer,

D’Kris ëm den Irak an d’Suerg ëm de Fridden hu virun e puer Deeg Milliounen vu Mënschen op der ganzer Welt op d’Strooss gedriwwen. Och hei zu Lëtzebuerg gouf et eng impressionant Manifestatioun vu Fridden a géint Krich.

Kee Mënsch wëll Krich. E verstännege Mënsch wëll nie Krich. Net am Irak, net am Noen Osten, néirens op dëser Welt. Dofir hunn och d’Regierung an d’Majoritéitsparteien eng Haltung ageholl, déi sech resolut un enger Friddenslogik orientéiert. Dës Haltung resuméiert sech folgendermoossen:

1. Den irakeschen Diktator, de Saddam Hussein, huet de Schlëssel fir de Fridden an der Hand. Wann hien sech muer un d’Fuerderungen vun den UN-Resolutiounen hällt, wann hien dat, wat den Irak un verbuedene Waffen huet offeleet, a wann den Irak dann ofrëscht, dann ass d’Fro vun engem Krich geklärt.

Dann behale mer Fridden.

2. D’UNO-Inspekteure mussen hir Inspektioune weiderféieren. Fir dass se awer zu schlëssegen a klore Resultater kënne kommen, muss den Irak kollaboréieren, aktiv matschaffen, an zwar vill méi aktiv matschaffen wéi dat bis elo de Fall war.

3. Mir stinn hannert dem Décisiounsmonopol vun der UNO a vum Weltsécherheetsrot. Mir sinn dergéint, datt e Land oder e puer Länner zesummen hiren eegene Wee ginn a sech iwwert de Weltsécherheetsrot ewechsetzen.

De Staatsminister sot an der Chamber: “Mir mussen der Emsetzung vun der Resolutioun 1441 all hir Chance ginn. Wa se vum Saddam Hussein net ergraff ginn, da muss de Weltsécherheetsrot décidéieren.”

An de Weltsécherheetsrot muss decidéieren.

4. D’Gewaltuwendung géint den Irak, décidéiert duerch de Weltsécherheetsrot, kann nëmmen déi allerleeschte Méiglechkeet sinn, d’ultima ratio wéi d’Europäesch Unioun gesot huet.

Mir sinn der Meenung, datt näischt däerf onversicht bleiwen fir dës ultim Sanktioun nët mussen ze ergräifen.

Dat ass d’Haltung vun der Lëtzebuerger Regierung a vun deenen zwou Majoritéits-Parteien, der CSV an der DP.

An dat ass net nëmmen d’Haltung vun eiser Regierung, mä et ass och d’Haltung vun der ganzer Europäescher Unioun.

Haut virun acht Deeg hunn déi europäesch Staats- a Regierungscheffen eng Resolutioun zum Irak ugeholl, eng Resolutioun, déi deckungsgläich ass mat der Haltung vun eiser Regierung.

Mir befannen eis also a gudder Gesellschaft.

E Punkt bleift nach ervirzesträichen, an et ass e Punkt, dee mir zu déifst bedaueren.

D’Lëtzebuerger Sozialistesch Partei huet séch net gepackt a gemengt, si misst d’Irakkris fir innenpolitesch a parteipolitesch Polemik mëssbrauchen.

D’Regierung an d’Majoritéit aus CSV an DP vertrieden zanter Wochen däitlech a kloer déi Haltung, déi ech virdrun duergeluet hunn.

D’Sozialistesch Partei an hire Präsident

huelen dat awer einfach net zur Kenntnis

si stellen sech daw

a si maachen ewéi wann et keng Positioun vun eis géif ginn

an hire Präsident behaapt, an datt ass dat schlëmmst, d’Regierung hätt de Camp gewielt vun deenen, déi jhust an enger militärescher Interventioun eng Léisung am Irak gesinn.

Dëst ass net nëmmen total Desinformatioun vu Säite vun der LSAP, mee et beweist eng politesch Onéierlechkeet, déi erschreckend ass.

D’Ënnerstellunge vun den Sozialiste si grad esou falsch, ewéi se an héichstem Mooss beleidigend sinn.

Et ass e politesche Stil, deen der LSAP a virun allem och hirem Präsident onwürdig ass.

(aus enger Radiosemissioun mat dem CSV-Fraktiounspräsident Lucien Weiler op RTL Radio Lëtzebuerg)