Avis Mortuaire

D’CSV-Chamberfraktioun an de Nationalkomitee vun der CSV hunn déi traureg Flicht den Doud vun hirem laangjäeregen a verdéngschtvolle Member

Willy BOURG

Deputéierten, fréiere Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg a fréiere Generalsekretär vun der CSV

matzedeelen.

Säin onermiddlechen Asaz am Déngscht vun sengen Matbierger, säi couragéiert Schaffen am Interessi vun der CSV an hire Memberen waren fir eis ëmmer en Beispill.

Seng Kompetenz an seng Frëndschaft wäerten eis feelen.

Mir drécke senger Famill eist häerzlechst Bäileed aus.