Ried vum Fraktiounspresident Lucien Weiler an der Debatt zum Staatsbudget fir 2003

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ee vun de Leitartikele vun der Lëtzebuerger

Press huet virun e puer Wochen, wéi en déi verännert Wirtschafts- a Finanzsituatioun vum Land kommentéiert huet, tituléiert: Zréck an d’Normalitéit. Mäi Fraktiounskolleeg, de Claude Wiseler, huet haut de Moien an engem Interview gesot: “Mir si gutt preparéiert fir déi Zäit, wa se méi schwiereg gëtt.”

Ënner anerem, Här President, ëm dës zwee Stéchwierder wäert ech meng Interventioun haut de Mëtten zum Budget aktéieren. De Beweis ass, Här President, haut do, datt Lëtzebuerg keng Insel ass, keng Wuelstandsinsel, wéi se ëmmer beschriwwe ginn ass. Et gouf zwar ëmmer gewarnt, datt eist Land keng esou eng Insel wär an datt, wann et ronderëm eis méi kräfteg a méi stiermesch géif zougoen, mir eis deem net kéinten entzéien. Mä keen huet esou richteg am Laf vun der Zäit dru gegleeft. Mir haten eis gewinnt u vill Wuesstum, un eng Wirtschaft där et gutt gaangen ass, déi floréiert huet, u stattlech Recettë vum Stat. Elo wësse mer, datt dat eng Situatioun war, déi mer net fir op éiweg gepacht haten. Mir wëssen et haut besser.

Virun engem Joer hu Verschiddener scho gemengt ze spieren, datt alles kéint méi lues goen. Mä deemools war dat nach en diffust Gefill, op Basis vun deem ee keng Politik konnt maachen. Haut ass et zu enger Gewëssheet ginn. Zu Lëtzebuerg geet et méi lues. Et geet vill méi lues, wéi mer dat nach viru kuerzer Zäit geduecht hätten. D’Ausflëss an d’Konsequenze vun der Welt- a vun der europäescher Wirtschaftskris hunn d’Grenze vun eisem Land erreecht. D’Situatioun ass eescht, mä si ass net dramatesch. Et dämpt, mä et gëtt kee Feier.

Dat si Formelen, Här President, mat deenen an deene leschten Deeg oft, a vu ville Responsabelen hei am Land, d’Situatioun beschriwwe ginn ass. Ech denken och, datt dat eng korrekt Beschreiwung ass vun deem, wat sech de Moment hei ofdeet. A well dat esou ass, well d’Situatioun net dramatesch ass, denken ech – an dat ass och gesot ginn -, gëtt et keng Ursaach, fir a Panik ze verfalen. Et gëtt keng Ursaach, fir Ängschten ze schüren, et gëtt keng Ursaach, fir oniwwerluecht an hektesch ze reagéieren.

Mä d’Zäit ass komm, fir mat rouegem Kapp an zolitter Hand ze versichen, fir d’Schëff ze steieren, et gutt ze steieren an esou ze reagéieren, datt mer eis net selwer aus der Kéier geheien. Zënter méi wéi zwee Joer, Här President, huet déi allgemeng wirtschaftlech Morositéit an deene meeschte Länner vun der OECD, zesumme mat dem Drock op de Boursen a mat enger wuessender Onsécherheet iwwer Entwécklungen an der Welt, zu engem ganz verhalenen, fir et emol frëndlech auszedrécken, wirtschaftleche Wuesstum weltwäit a virun allem och an der Europäescher Unioun gefouert.

Hei zu Lëtzebuerg huet dat laang Zäit geschéngt anescht ze sinn. Prognosen, net nëmme vum Statec, mä och vun aneren Instituter, waren ëmmer erëm nach positiv. D’Agäng, déi d’Steierverwaltunge verzeechent huet, hunn och keng extra Revirementer ugedeit. Dat esouguer nach am éischte Semester vun dësem Joer. Mä dunn hunn d’Wuesstumsprognose sech awer am Hierscht vun dësem Joer drastesch geännert. De Statec war am Fréijoer nach vun engem Wuesstum vu 6% ausgaange fir d’nächst Joer, a vun 3,5% fir dat lafend Joer. D’OECD an d’Europäesch Kommissioun waren zwar méi virsiichteg an hire Prognosen, allerdéngs hu se ëmmer erëm op eng Reprise higewisen. Fir d’éischt wat 2001 ubelaangt, du wat 2002 ubelaangt. An elo gëtt eis da gesot, datt déi wirtschaftlech Reprise sech soll am zweete Semester vum nächste Joer ofspillen.

D’Regierung huet am Juli d’Eckdate vun engem Budget fir 2003 presentéiert, déi op enger méi virsiichteger Wuesstumsrat vu 5% tabléieren, vum Statec ware jo 6% prognostizéiert. An dat, well et deemools scho kloer geschéngt huet, datt fir d’nächst Joer e Wuesstum vu 6% net kënnt erreecht ginn.

De Statsminister huet d’lescht Woch hei e Réckbléck gemaach iwwert déi Konjunkturprognose vun deenen zwee leschte Joren. En huet beschriwwen a gesot, wéi sech dës Prognose gejot hunn. En huet festgestallt, datt et engem kéint dronke gi bei engem Réckbléck op dee Prognosekarussell, dee sech virun eisen Aen an deene leschten zwee Joer ofgespillt huet. D’Europäesch Kommissioun, d’OECD, den FMI, de Statec, si hunn all periodesch prognostizéiert, si hu revidéiert, si hunn estiméiert, si hunn ajustéiert, a virun allem ass ëmmer erëm eng wirtschaftlech Reprise ugekënnegt ginn. Fir d’éischt fir d’Joer 2001, du fir 2002. Well se bis elo nach net komm ass, gëtt gehofft, datt déi am zweete Semester vum Joer 2003 sech géif astellen.

An där Prognoselandschaft, Här President, sinn d’Budgete fir 2002 an 2003 opgestallt ginn an et war eréischt am Hierscht, wéi de Statec an du schliesslech och d’Europäesch Kommissioun mat hiren drastesche Revisiounen, wat de Wuesstum ubelaangt, komm sinn. En halwe Prozent, 0,1% bei der Europäescher Kommissioun, Här President, dat huet erniichtert. Dat huet deelweis schockéiert. Et war en Ausgangspunkt zum Retour an d’Normalitéit hei zu Lëtzebuerg.

Wéi ech virdru gesot hunn, eppes wat all Mënsch ëmmer erëm ugemahnt huet, mä dat déi meescht net wollte gleewen, datt et eng Kéier kéint antrieden. Wat bedeit dat dann elo alles? Wat bedeiten déi Chifferen? Wat bedeit déi Situatioun, an där mer eis befannen?

Ech hunn et virdru gesot, et gëtt keng Ursaach, fir a Panik ze verfalen. Et gëtt keng Ursaach, fir Vollbremsunge virzehuelen. Et gëtt keng Ursaach, fir zu drasteschen Aschnëtter an deem engen oder an deem anere Politikberäich an dësem Moment ze kommen. Et muss ee jo gesinn, wann een d’wirtschaftlech Situatioun kuckt, datt mer et virun allem am Bankesecteur, am Finanzsecteur, mat seriöse Réckbildungen ze dinn hunn. Net an alle Beräicher, mä a verschiddenen, a wichtege Beräicher, währenddeems de Rescht vun der Lëtzebuerger Ekonomie nach ëmmer gewuess ass, iwwer 3%. Eis Ekonomie ausserhalb vum Finanzsecteur wiisst nach, ass nach gewuess.

Dëst fënnt statt an engem Kontext, an deem déi finanziell Situatioun vum Stat souwisou gesond ass. Mir hunn eng minimal Verschëldung. Déi kleng Verschëldung, déi mer hunn, ass zum Deel nach provisionéiert. Mir hunn op der anerer Säit Reserven, déi extrem héich sinn, 3 Milliarden Euro u Reserve plus ou moins. Dann hu mer déi schlummernd Reserven. Et sinn dat déi Steierréckstänn, déi nach ausstinn, mä déi bis elo nach net ofgeruff gi sinn.

Wann een dat alles gesäit, op där enger Säit wéi eis Wirtschaft evoluéiert, an op där anerer Säit wéi d’finanziell Situatioun vum Stat ass, dann denke mir als CSV – mä ech denken, datt dat fir déi ganz Koalitioun gëllt, och fir d’Demokratesch Partei -, datt ee soll iwwerluegt a roueg reagéiere, keng Iwwerreaktioune maachen an net a Panik verfalen. Alles deit drop hin, datt mer déi ganz Situatioun ouni gréisser Blessurë kënnen iwwerstoen. Dat, well mer besser gerüst sinn, wéi all aner Länner, déi mat eis an der europäescher Gemeinschaft sinn. Kuckt nëmmen, wéi d’Situatioun an Däitschland ass. Ech hunn haut de Moien héieren, datt de Bundeskanzler gedroht hätt mat Récktrëtt. “Wann anerer mengen, si géifen Däitschland besser aus där schwiereger Situatioun erausféieren, an där et ass, da solle se et maachen”, schéngt den Här Schroeder haut de Moie gesot ze hunn.

Mir si glécklecherweis, Här President, a kenger Situatioun wéi eis däitsch Frënn, au contraire, mir sinn, wann een déi Situatioune matenee vergläicht, an enger wierklech beneidenswäerter Situatioun.

D’Reaktiounen, Här President, op all déi aktuell Wirtschaftsdonnéeë sinn net ausbliwwen a si ware ganz ënnerschiddlech. De Grondtoun vun dëse Reaktiounen éiert déi eng a beleet op där anerer Säit deenen hir Hëllefslosegkeet, déi aus dëser Situatioun, wéi mer se ewell kennen, wëlle Kapital schloen, aus enger Situatioun aus där kee Kapital ze schloen ass. Et sinn d’Reaktioune vun de Patronatsorganisatiounen. Et sinn d’Reaktioune vun de Gewerkschaften. Et sinn och d’Reaktioune vun de Beruffschamberen, déi an engem duerchwees rouegen a ponderéierten Toun zur Kenntnis huelen, datt sech zu Lëtzebuerg zwar eppes ännert, mä duerfir awer net lamentéieren et géif alles d’Baach ofgoen.

Déi Reaktiounen, Här President, beleeën, datt d’Forces vives, wéi mer se hei am Land nennen, verënnerlecht hunn, datt et net drëm geet, fir elo Panik ze maachen a Scholdzouweisungen, mä datt et drëm geet, fir d’Schëff op Kurs ze halen. Et éiert se, well et en däitleche Beweis vun hirem Responsabilitéitsgefill ass. Anescht, ech géif soe ganz anescht, waren d’Reaktiounen am politesche Raum. Hei, wéi wär et anescht méiglech an ze erklären, virun allem bei der parlamentarescher Oppositioun. Ech komme spéiderhin dorobber zréck.

Här President, wéi déi leschten Zuelen um Dësch lungen, hunn déi zwou Majoritéitsfraktioune sech beroden a sech mat der Regierung zesummegesat. Mir hunn der Regierung eis Vuen duergeluegt, wéi ee sollt reagéieren, budgetär gesinn – well mir diskutéiere jo haut iwwert de Budget -, well et gouf jo eng Rei vu Méiglechkeeten, wéi een hätt kënnen op déi Situatioun hei reagéieren.

Et wär fir d’éischt emol d’Méiglechkeet gewiescht, fir de Budget esou ze loossen, wéi d’Regierung en Enn Juli arrêtéiert hat an den halwe September hei an der Chamber déposéiert hat. Dat wär awer opgrond vun deene revidéierte Prognosen, och opgrond vun deene revidéierten Aschätzungen, virun allem vun der Steierverwaltung, der Véridicité budgétaire net gerecht ginn. Duerfir war et normal, datt een hei zu Adaptatioune komm ass.

Da wär eng zweet Optioun déi gewiescht, fir en offiziellen Defizit am Budget unzehuelen, sou datt d’Regierung hätt kënnen d’Recetten adaptéieren, mä d’Dépensen onverännert loossen. Or, et huet eis awer geschéngt, an enger Situatioun, wou et méiglech ass ouni gréisser Schwieregkeeten e Budget an den Equiliber ze kréien, wou nach all déi normal Dépensë kënne getätegt ginn, een net sollt e Budget mat engem Defizit virleeën. Virun allem denken ech, datt et kee gutt Zeechen no bausse gewiescht wär vis-à-vis vum Land an de Leit, wa mer op där enger Säit wëssen, datt et méi lues geet, an datt mer manner erakréien, an op där anerer Säit maache mer op der Dépensësäit, wéi wann näischt geschitt wär. Ech mengen, dat wär kee gutt Zeeche gewiescht. Duerfir ass déi Solutioun net zréckbehale ginn.

Da wär déi drëtt Méiglechkeet gewiescht, déi vu Verschiddenen an d’A gefaasst ginn ass, fir Schold ze maachen. Mir denken, datt mer awer net an enger Situatioun sinn, wou een heirobber sollt zréckgräifen. Mir kënnen ouni Schold ze maache weiderhin en zolidde Sozialbudget presentéieren, eis Investitiounen op engem héijen Niveau halen, eis international Verflichtungen erfëllen an d’Sécherheet hei am Land garantéieren. An esou enger Situatioun ass et net noutwenneg, fir op Emprunten zréckzegräifen. Wann eng weider Verschëldung sech dann zu engem spéideren Zäitpunkt sollt als noutwenneg erausstellen, da kënne mer ëmmer nach op deen dote Wee goen, well d’Verscholdungskapazitéit vum Stat ass intakt.

Mir hu schlussendlech zesummen zréckbehalen – an ech ënnersträichen dat – d’Fraktioune vun der Majoritéit mat der Regierung, fir op dee Wee ze goen, deen elo beschratt ginn ass, nämlech op där enger Säit d’Recetten esou ze ajustéieren, wéi d’Previsiounen eis dat noutwenneg erschénge loossen, an op där anerer Säit d’Dépensen och no ënnen unzepassen.

Mir konnten op deenen zwou Säiten, Här President, vum Budget schneiden, well den Zoustand vun de Finanzen dat erlaabt, well den Zoustand vun eise Fonge gëtt doduerch net negativ beréiert, hir Alimentatioun geet weider, wann och net an deem massive Mooss, wéi dat virdrun de Fall war. An de Fonge leien – ech hunn et virdrun ugedeit – bal dräi Milliarden Euro als Reserv fir déi öffentlech Investitiounen, déi mer eis virgeholl hunn. Mir kënnen, wéi scho gesot, ewell e Budget hei ficeléieren, deen awer ëmmerhin nach eng Steigerungsrat vu 5% huet. Dat sinn net méi déi Steigerungsraten, déi mer an der Vergaangenheet kannt hunn, mä ëmmerhi 5% ass nach e ganz appréciable Prozentsaz. All wichteg Dépensë si geséchert.

Här President, déi dote Situatioun an déi doten Aart a Weis, fir e Budget fir d’Joer 2003 hei kënnen ze presentéieren, beweist op eng androcksvoll Aart a Weis wéi richteg a wéi néideg déi Politik war, déi virsiichteg Ausgabepolitik, déi net nëmme vun dëser Regierung, mä virun allem och vun deene Regierunge virdrun, ech géif soe vun der leschter Koalitioun a vun dëser Koalitioun, gemaach ginn ass.

Et gouf jo laang Zäit ëmmer erëm hei am Parlament driwwer diskutéiert, ob et dann noutwenneg wär, fir esou vill Geld, wéi genannt ginn ass, ze horten an de Leit net zoukommen ze loossen. Mir erënneren eis drun, wéi vun dëser Tribün aus vill Fuerderunge komm sinn, wou gesot ginn ass: Wat maacht Dir mat deene villen Erspuernisser? Firwat gitt Der de Leit net dat Geld zréck, wat iwwert de Steierwee erakomm ass? Et sinn hei allméiglech Zorte vu Politiken ugemahnt ginn, déi sollten, missten a kënnte gemaach ginn an noutwenneg wären, mä awer net dat, wat déi lescht an dës Regierung während laange Jore gemaach hunn, nämlech dat, wat se ëmmer genannt hunn: en Apel fir den Duuscht op d’Säit leeën. Dat ass gemaach ginn. Et ass an der Zäit op vill Onverständnis gestouss. Haut sinn déi, bei deenen et deemools op Onverständnis gestouss ass, frou, datt mer an där finanzieller Situatioun dra sinn, an där mer haut sinn.

Ech erënneren hei drun: Virun engem oder zwee Joer huet de Spriecher vun der sozialistescher Fraktioun vun dëser Tribün aus d’Chambre des Employés privés zitéiert, déi geschriwwen hat an hirem Avis, datt et scho bal immoralesch wär, wéi vill Geld, datt de Stat géif op d’Säit leeën, net direkt investéieren, respektiv net a gewësse Politikberäicher direkt afléisse loossen. Et ass als praktesch immoralesch dohinner gestallt ginn an et ass hei zitéiert gi vun de Sozialisten. Ech weess net, ob et gemengt war, fir eng Thes ze ënnermaueren, ëmmerhi war et mat zimlechem Genoss op dëser Tribün gesot ginn.

Ech wëll soen, Här President, datt meng Fraktioun haut net a Freed doriwwer verfält, datt mer Recht hunn an datt mer Recht haten, datt d’Regierung an déi zoustänneg Ministeren, déi responsabel si fir d’öffentlech Finanzen hei am Land, an deene leschten zéng Joer, wéi et dem Land gutt gaang ass, wou mer extrem héich Recetten haten, op dee Wee gaange sinn, dee mer gaange sinn, en Apel, fir den Duuscht unzeleeën. Et ass en zolidden Apel. Et ass en décken Apel. Mir kënne laang dovun zieren. Et ass en Apel fir den Duuscht. Wéi gouf gesot: Anerer hunn Duuscht an et sinn der vill ronderëm eis, déi Duuscht hunn, mä déi hu weder en Apel nach emol e Batz vun engem Apel, fir dran ze bäissen. Mir hunn de Moment en Apel a mir wäerte mat deem Apel den Duuscht vun deenen nächste Jore kënne stëllen.

Här President, ech hunn et virdru gesot, mir brauche keng ziddereg Hand ze hunn. Eng ziddereg Hand ass geféierlech, net nëmmen am Verkéier, mä och an der Finanzpolitik. D’Regierung brauch net, d’Majoritéit och net, an ech menge mir alleguerte brauchen net an Hektik ze verfalen. Mir wëssen, Här President, datt mer eis op engem verminnten Terrain befannen, an datt äusserst virsiichteg Bewegungen ubruecht sinn. A well et net sécher ass, datt dee Konjunkturopschwong, deen eis elo vun allen Instituter fir d’zweet Semester vum nächste Joer virausgesot gëtt, datt dee sech an der zweeter Halschent vum nächste Joer presentéiert, musse mer virsiichteg sinn a bleiwen. A wann deen dann net sollt kommen, da musse mer zu anere Mëttel gräifen, fir de Patient ze heelen, wann dat sollt noutwenneg sinn.

Ech kommen zum Schluss vu mengen Interventiounen nach eng Kéier gär dorobber zréck.

Här President, de Rapporteur huet a sengem schrëftleche Rapport an och a senger Ried d’lescht Woch op dëser Tribün duergeluegt, wéi hien déi finanziell Situatioun vum Land aschätzt, an et ass eng Aschätzung, déi vun der Majoritéit heibanne gedeelt gëtt. Hien huet drop verwisen, datt et kann noutwendeg sinn, ënner Ëmstänn, datt et zu méi substantielle Korrekturen an de staatlechen Dépensë ka komme wéi déi, déi fir dëst Joer virgesi sinn, wann et net zu enger schneller wirtschaftlecher Erhuelung kënnt.

Ech wëll dem Kolleeg Emile Calmes merci soen, fir déi Éierlechkeet, mat där hie säi Rapport verfaasst huet a fir déi Energie, mat där en ënner schwieregen Ëmstänn, a si waren dëst Joer schwiereg, si ware selten esou schwiereg fir e Budgetsrapporteur wéi dëst Joer, trotzdeem e Budgetsrapport erstallt huet, an deem ee vill fënnt an e Rapport, dee vill seet. Dëse Rapport weist, datt d’Majoritéit sech duerchaus de Schwieregkeete bewosst ass an datt se deementspriechend gewëllt ass ze handelen.

Här President, fir an deene kommende Joren an engem wirtschaftlech méi rouegen Ëmfeld Finanz- a Budgetspolitik kënnen ze bedreiwen, ass et noutwendeg, datt mer eis ekonomesch op eng méi breet Basis stellen. Mir hunn et nach ëmmer gesinn, mä mir gesinn et haut apart däitlech, datt wann de Finanzsecteur hei zu Lëtzebuerg de Schnapp kritt, datt dann d’ganzt Land un d’Houschte kënnt. De Finanzsecteur mécht bal d’Halschent vun eise Recetten aus. Dat gëtt eis dëst Joer méi wéi jee erëm däitlech, an d’Ofhängegkeet vum Finanzsecteur, an där eis Finanzen eigentlech agespaart sinn, ass, an dat muss ee gesinn, an et soll een et och net esou dohinner stellen, wéi wann dat eng Gäissel wär, ënnert där mer nëmmen ze leiden hätten. Et ass eng gutt Situatioun, wa mer niewent eiser Finanzplaz et awer och fäerdeg bréngen, fir d’wirtschaftlech Diversifikatioun esou ze maachen, wéi se noutwendeg ass.

An da sinn ech bei engem Reizthema, wat jo an deene leschte Woche méi oft vun dëser Tribün a vun aneren Tribünen aus beméit ginn ass. Ech wëll e Wuert dozou soen.

Et gëtt der Regierung virgeworf, a virun allem dem Wirtschaftsminister, dem Här Grethen, hien hätt déi wirtschaftlech Diversifikatioun hei am Land net richteg viru gedriwwen, hie géif sech ausrouen op de Lorbeere vun deem, wat seng Virgänger gemaach hunn. Ech hunn et virun aacht Deeg schonn eng Kéier vun dëser Tribün aus gesot, Här President, mir sinn net där Meenung. Wann een d’Zuele kuckt, an et geet jo net duer, fir generell hei e Statement ze maachen, et muss ee jo awer och kucken, wéi d’Zuelen déi effektiv Situatioun kënne beleeën.

Zënter 1999 ass eng ganz Rei vun neie Betriber hei zu Lëtzebuerg ugesidelt ginn. Et si bestehend Aktivitéiten ausgebaut ginn. Et sinn esou vill Aarbechtsplaze geschafe ginn an ass Kapital investéiert ginn an deene leschten dräi Joer, wéi dat am Duerchschnëtt an deene Jore virdrun de Fall war, an dobäi muss ee gesinn, datt dëse Wirtschaftsminister konfrontéiert war mat méi enger schwiereger Situatioun, mat méi engem schwierege wirtschaftlechen Ëmfeld, wéi dat an deene Joren an notamment och an där leschter Koalitioun de Fall war.

Kuckt Iech emol Amerika un. Zanter enger Rei vu Joren dréit et lues do, an an esou engem schwieregen Ëmfeld ass et natierlech och méi schwiereg, fir nei Betriber unzezéien, wéi an Zäite wou et boomt a wou et fluppt. Et muss een där Situatioun an deem Facteur Rechnung droen, wann een d’Diversifikatiounseffortë vun dem Wirtschaftsminister hei wëllt considéréieren. An da wëll ech nëmmen d’Fédération des Industriels als Beispill zitéieren. Déi schreift, datt se absolut zefridden ass mat där Politik, déi de Wirtschaftsminister an dësem Beräich gemaach huet, datt se keng Ursaach huet, fir sech iwwert hien ze bekloen. Da selwecht huet iwwregens d’lescht Woch de Statsminister op dëser Tribün gesot an dofir géif ech mengen, mat deene Reprochen do soll ee virsiichteg ëmgoen, well d’Zuelen an d’Fakte beleeën eppes aneschtes wéi dat, wat ëmmer erëm hei gesot gëtt.

An dann, Här President, gëtt gesot, de Finanzsecteur misst och diversifiéiert ginn. Ech muss Iech soen, datt et nach eng Rei vun Elementer gëtt, d’Titrisatioun an den Trust. Dat sinn Elementer, wou mer de Moment nach keng Texter hunn, déi awer an dëser Legislaturperiod gesetzlech wäerten an dëser Chamber behandelt ginn. Mä doriwwer eraus muss een dach awer gesinnn, wat an deene leschten zéng Joer am Finanzsecteur gemaach ginn ass un Diversifikatioun. Mir hunn eng Produktpalett hei zu Lëtzebuerg an deem Secteur, déi esou breet gefächert ass, wéi ee se praktesch néierens an Europa fënnt. Déi heiteg Regierung an och déi lescht Regierung hunn all Kéiers reagéiert, fir esou schnell ewéi méiglech dat wat noutwendeg war fir eis Finanzplaz ze konsolidéieren a fir se ze diversifiéieren. An deen neiste Projet, dee mer d’nächst Woch hei an der Chamber diskutéiere wäerten, deen iwwert d’OPCen, ass ee Projet, deen de Summer vun der Regierung abruecht ginn ass. Et ass e Projet de substance, dee vum Conseil d’Etat aviséiert ginn ass a wou den honorabelen Här Santer eis d’nächst Woch e komplette Rapport doriwwer presentéiere wäert, esou datt mer esou schnell wéi keen aneren nees eng Kéier an deem Beräich reagéieren.

An dofir, wa vun de Sozialisten aus déi ultimativ Opfuerderung un d’Regierung geet, fir hei eppes ze ënnerhuelen, da muss ech Iech soen, Här President, da rennen d’Sozialisten domat oppen Dieren an. De Gros, an domat si sech all d’Observateuren an och d’Leit vun der Finanzplaz eens, an deem dote Beräich ass gemaach. Eis Finanzplaz ass zefridde mat deem, wat gemaach ginn ass. Datt mer selbstverständlech zu all Moment musse weiderfueren, wa sech nei Elementer an nei Chancë bidden, da wäerte mer maachen.

Virun allem, Här President, freet et eis, datt d’Kolleege Sozialisten haut esou eng grouss Léift fir de Finanzsecteur entdecken. Dat war jo an der Vergaangenheet net ëmmer esou de Fall. Ech hunn d’lescht Woch mat ganz vill Opmierksamkeet an och mat vill Freed der Gebuertsdagsfeier vun der Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei bäigewunnt. Et war eng ganz würdeg Feier fir eng eeler Damm, déi hire Geburtsdaag gefeiert huet. Ech hunn och mat vill Interesse dem Här Asselborn sengen Ausféierungen, déi ganz interessant waren, nogelauschtert.

Ech verstinn, datt op esou enger Feier d’Sozialisten natierlech déi méi positiv Säiten ervirsträichen. Bei engem Gebuertsdag muss ee jo déi méi negativ Säiten net onbedéngt virun engem Public étaléieren. Ech wëll awer soen, Här President, och d’Lëtzebuerger sozialistesch Partei huet net nëmmen där gudder Momenter an deene leschten honnert Joer gehat. Erlaabt mer, datt ech vun dëser Tribün aus och soen, datt et Momenter gouf, wou et net esou ganz glécklech war a wann d’Land haut an där Situatioun ass, wou mer sinn, mat enger Finanzplaz, déi jo de Räichtum vun dësem Land konsolidéiert huet, da well ech soen, datt d’Sozialisten, wéi d’Wéi dovunner gestanen huet, net derbäi waren an net Pätter an och net Giedel gespillt hunn. Si hunn deemools eng aner Roll gespillt. Dofir freet et eis, datt se déi Roll, déi se deemools gespillt hunn, haut ofgesträift hunn, an den Här Krecké mat ganz vill Energie a mat ganz vill Enthusiasmus hei d’Lëtzebuerger Finanzplaz verdeedegt, contrairement zu deem wat emol eng Rei vu senge Virgänger gemaach hunn.

An dann, Här President, wat à propos Finanzplaz – an ech wëll nëmmen ee Saz doriwwer soen – décisiv wäert sinn, vläicht muer, vläicht och eréischt zu engem spéideren Datum: Wat geschitt a puncto Accore vu Feira. Ech si frou, datt wéinegstens déi grouss Fraktiounen hei an dësem Parlament eng grouss Unanimitéit un den Dag leeën, fir d’Regierung ze ënnerstëtzen an deem, wat déi offiziell Politik vun der Regierung an deem dote Beräich ass. Ech wëll haut nëmme vun dëser Plaz aus – well muer wësse mer vläicht méi, haut wësse mer et net – der Regierung eng glécklech Hand an deem doten Dossier wënschen, well ouni glécklech Hand wäerte mer nach Zäite kréien, wou mer ganz anescht wäerten ze diskutéiere kréien, wéi mer haut diskutéieren.

Här President, et freet mech, datt niewent deene grousse Fraktiounen och eng vun deene klenge Fraktiounen am Parlament ass, fir an engem allgemenge Konsens der Regierung eng glécklech Hand ze wënschen. Ech wëll awer soen, Här President, fir de Volet vun der Bewäertung vun der Finanzplaz an der wirtschaftlecher Diversifikatioun ofzeschléissen, datt et och nach Secteure gëtt, wou mer eis mussen dru ginn, wou mer eis musse Méi ginn, fir anstänneg Rahmebedéngungen ze schafen an ze légiféréieren. Dat betrëfft virun allem de Beräich vun de Biotechnologien, wou mer nach guer keng legislativ Instrumenter hunn, fir dee Secteur kënnen attraktiv ze maachen. Et gëllt och fir de Beräich vun de Medien an der Kommunikatioun, och dem elektroneschen Handel. Do hu mer Usätz vun enger Législatioun, déi awer onbedéngt muss ausgebaut ginn.

Da wëll ech soen, Här President, wa mir Diversifikatioun schwätzen, dann hunn ech vill Versteesdemech fir dat, wat vun de Kolleege vun där grénger Säit gefuerdert gëtt. Ethesch Investitiounsfongen oder Hightechbetriber am Ëmweltberäich, dat si wichteg Saachen, Här President, mä et geet awer net domadder duer, mir brauchen och eng industriell Diversifikatioun.

Den Här Castegnaro huet viru 14 Deeg en Interview ginn, wou en dorobber higewisen huet – mat Bléck op eisen Aarbechtsmaart a mat Bléck op d’Main-d’oeuvre, déi mir hei am Land hunn -, datt mir och Aarbechtsplazen an deem Beräich brauchen, allerdéngs net op Käschte vun egal wat. An an deem Punkt sinn ech net mam President vum OGB-L d’accord, wann e mengt, Ëmwelt kënnte mir hei an déi drëtt Rei op de Balkon stellen, wann et ëm esou Aarbechtsplaze geet. Neen, selbstverständlech muss d’Ëmwelt mat am Virdergrond stoen. Nohaltegkeet jo, mä datt mir awer och Aarbechtsplazen an deem Beräich brauchen a musse schafen, dat schéngt mir evident ze sinn, eleng iwwer ethesch Investitiounsfongen oder iwwer ëmweltschounend Betriber an dem ganzen Ëmweltberäich – Hightechbetriber, selbstverständlech -, mä donieft muss eng Rei vun aneren Elementer dobäi kommen.

Här President, ee Wuert nach zum Budget, dee mir jo haut hei sollen diskutéieren. Ënnert dem Stréch ass et e Budget, deen den dräi Haaptcharakteristiken, déi d’Lëtzebuerger Budgeten an deene leschte Joren haten, gerecht gëtt.

Ënnert dem Stréch hu mir e Budget, deen am Equiliber ass, deen an enger Rei vu Beräicher och Akzenter setzt, ob dat d’Sécherheet ass, ob et d’Educatioun ass, ob et d’Recherche ass oder den öffentlechen Transport. An et ass e Budget, dee wiisst, ëmmerhin nach ëm 5%, sou wéi ech dat virdrun dohinner gestallt hunn, wat, wann een dat mat eise Nopere vergläicht, ganz erhieflech ass, a wat in etwa och der Norm entsprécht no där mir an deene leschte Joren – net méi zënter 2000, mä déi Jore virdrun -, eis Budgeten uwuesse gelooss hunn.

Här President, ech hu virdru gesot, datt keng nervös Hektik, mä e kloren a kille Kapp a keng spektakulär Reaktiounen, mä iwwerluechtend Handelen, datt dat d’Reaktioune vu bal, awer och nëmme vu bal all deene waren, déi sech zu deene verännerte Wirtschaft- a Finanzdate geäussert hunn: Gewerkschaften, Patronat, Chambres professionnelles. Dofir gouf et jo och am Kader vun der Tripartite e groussen a breeden Accord a Konsens fir déi Modifikatiounen, déi d’Regierung un hirem Budget fir d’Joer 2003 virgeholl huet, eng Adaptatioun vun de Recetten un déi Schätzungen, déi de Moment virleien, an deementspriechend och eng Adaptatioun vun den Dépensen. Ech stelle fest: E groussen Accord an der Tripartite.

Mä ech hu virdru gesot bal, well et och Beräicher gëtt, an ech hat se schonn ugedeit, notamment bei der parlamentarescher Oppositioun hei am Parlament an och dobaussen, wou déi Approche, déi d’Koalitioun gewielt huet, net gedeelt gëtt. An do gëtt et e puer duerchaus novollzéibar Iwwerleeungen, déi hei geäussert gi sinn, notamment vun de Kolleege vun dem grénge Bord, déi sech hirer Linn trei bliwwe sinn. Déi Gréng hunn, wéi mir d’Steierreformen, d’Steierreduktioune virun zwee an engem halwe Joer hei décidéiert hunn, gesot, si géife mengen, datt dat alles géif zevill wäit goen. Haut soe se, gesi Dir, mir hunn et gewosst, mir hunn Iech et deemools scho gesot, dat ass ze wäit gaangen. Mir sinn net där Meenung, datt dat ze wäit gaangen ass, mä ëmmerhi bleiwen d’Kolleege ronderëm den Här Bausch där Linn trei, déi se scho viru Joren hei vertrueden hunn.

Et si virun allem, Här President, d’Kolleege vun der sozialistescher Säit, déi sech, wat déi Situatioun an där mir eis haut befannen ugeet, ervirgedoen hunn, an dat op eng Aart a Weis – an ech wëll dat ganz däitlech am Numm vu menger Fraktioun soen -, déi weder fir eis an der Form nach am Fong akzeptabel ass.

Et huet een, Här President, zäiteweis d’Impressioun gehat – an ech erënnere mech un déi memorabel Pressekonferenz vum 18. November -, wéi wann d’Sozialisten net méi wéissten, wou se dru wären. Si hu sech op onzählege Pressekonferenzen zu Interviewen, Communiquéen an Artikele geäussert a gemaach, wéi wann elo eppes hei am Land geschitt wär, en Accident, ähnlech wéi dee vum 11. September.

Or, dat ass jo net de Fall, ech zitéieren: “De Lack ass erof, den Uewen aus, d’Iddie fort, alles geet d’Baach erof, iwwreg bleift en décke Koup Schierbelen, als eng Zort vun Ierfschaft, vun e puer plakegen Dilettanten.”

Dat war d’Tounlag, Här President, vun der Pressekonferenz vun de Sozialisten den 18. November. An, Här President, zu dëser Tounlag hunn net nëmme mir, mä och aner Leit, sech d’Fro gestallt, wat lass wär bei de Sozialisten. Wou ass de Sérieux bliwwen, mat deem si, bis elo wéinegstens, versicht hunn, hir Roll hei am Parlament als Oppositiounspartei ze spillen? Wou ass déi konstruktiv Oppositioun, mat där de honorabelen Här Krecké versicht huet, senger Aufgab als Chef vun der Oppositioun hei am Parlament gerecht ze ginn? Ass dem Fraktiounschef vun de Sozialisten, dee jo net nëmme vum Statsminister geschätzt gëtt, d’Ruder aus der Hand gelaf, oder sinn d’Segelen ëm agebrach? Huet d’Virwahlféiwer d’Sozialisten elo schonn esou am Grëff, datt déi verschidde Leaderen, déi verschidde Chefen a potentiell Spëtzekandidaten et fäerdeg bréngen, fir hiren éischte Mann zu Doten ze dreiwen, déi guer net zu him passen?

Här President, den Här Asselborn huet am Kader vun dem Gebuertsdag vu senger Partei e Saz gesot, dee mir gefall huet: “D’Demokratie verdréit keng Monotonie”. Ech deelen, Här President, déi Appréciatioun. Effektiv, an enger Demokratie soll et a muss et lieweg zougoen, mä et muss een natierlech awer nach wëssen, wat een dann ënnert Net-Monotonie versteet. Ech denke mol, datt ech do mam President vun de Lëtzebuerger Sozialisten eens leien, wa mir dodrënner eng gesond a konstruktiv Sträitkultur verstinn.

Mä da stellen ech mir awer d’Fro, wéi gesäit dann déi Sträitkultur en fait aus, wann ech se elo mol kucken an deem Kader an deem mir eis elo bewegen: Budget, Finanzsituatioun, wirtschaftlech Situatioun?

Fir d’éischt, wat d’Form ubelaangt, e Koup Schierbelen hannerlooss vun Dilettanten. Also ech muss jo soen, et muss een net frou si mam Här Juncker, an et sinn der jo vill, déi net frou mat him sinn, grad esou wéi eng Partie net frou si mam Här Asselborn, et muss een net frou mat him sinn, mä fir en awer als Dilettant a Finanzfroen dohinner ze stellen, do muss ech awer ganz éierlech soen, dat fannen ech awer e relativ staarkt Stéck. Ech mengen, de Finanzminister huet an deene leschten zéng Joer, bei all deene Reformen, déi en hei am Parlament abruecht huet, bewisen, datt en net dilettantesch virgeet. Wann d’Sozialisten dat mengen, dann ass dat hiert gutt Recht. Op jidde Fall gleewen ech net, datt et vill Leit dobaussen am Land gëtt, déi déi doten Impressioun deelen.

An dann de Koup Schierbelen, wéi gesäit dann de Koup Schierbelen aus, déi dës Koalitioun elo am Hierscht 2002 dem Land hannerléisst? Woura besteet en dann? E besteet an enger Statsschold, déi inexistent ass. E besteet a Reservë vun iwwer 120 Milliarden ale Lëtzebuerger Frang. E besteet an héije schlummernde Reserven, déi nach net ofgeruff sinn. E besteet an enger Finanzsituatioun, déi gesond ass, eng Finanzsituatioun, déi awer net nëmme mä awer och, vun dëser Koalitioun erbäi gefouert ginn ass. Ech hunn d’Budgetsrieden nogelies. Ech hunn nogelies, wéi den Här Bodry am Joer 2000 an 2001 och ëmmer erëm op déi gutt Finanzsituatioun higewisen huet, an op d’Efforte vun där leschter Koalitioun fir dës Finanzsituatioun.

Déi lescht Koalitioun, Här President, déi huet en Apel un d’Wuesse kritt gehat, deen, wéi se ofgaangen ass am Joer 1999, ronn 70 Milliarden al Lëtzebuerger Frang beinhalt huet. Haut sinn aus deene 70 Milliarden 120 Milliarde Reservë ginn. Ech ginn net dem Här Frieden an dem Här Juncker an dëser Regierung de Mérite, et ass well et gutt gedréint huet, mä et ass awer och well mir déi Gelder net ausginn hunn. An den Här Frieden, dee jo als Knéckjang ëmmer erëm dohinner gestallt ginn ass, deen dat dapert Vollek dobaussen net wëllt deelhuele loossen un där gudder finanzieller Situatioun.

Mä ech denke jo mol, datt d’Sozialiste sech gäre beléiere loosse vu Leit, déi eppes richteg maachen. Musse se dann och dat, wat emol eng Kéier ee falsch gemaach huet, haut imitéieren? Ech hat geduecht, datt mir awer hei géifen en Toun fannen, dee bei aller Schärft vun enger Sträitkultur sech géif op Niveauë bewegen, déi fir jiddfereen akzeptabel wären.

Här President, elo kommen ech zum Fong vun der Sträitkultur, den Alternativen an de Propositioune vun de Lëtzebuerger Sozialisten.

D’Regierung huet gesot: Et geet méi lues, mir mussen adaptéieren. Wa mer d’Dépensen erofsetzen, da musse mer iergendwou Aschneidunge maachen, an et goufen der gemaach. Et gouf gesot, mir ginn hin an d’Investitiounsfongen, dat ass eppes, wat de Moment net fuerchtbar wéi géif dinn, ech ginn dat gär zou, mir speisen déi an engem manner héije Grad. D’Sozialisten, hunn ech an engem Communiqué gelies, kritiséieren dee Fait, datt op deem Niveau sollt gespuert ginn, grad wéi se kritiséieren, datt am Beräich vun der Fuerschung, well déi jo automatesch par rapport zum PIB fixéiert gëtt, soll gespuert ginn.

Här President, ech hunn näischt dogéint, et kann een doriwwer wierklech streiden, wou een dann elo soll usetze goen a wou ee soll déi liicht Coupuren, déi mer de Moment sollen a musse maachen, maachen, ob een déi am Beräich mécht, deen d’Regierung proposéiert huet oder ob ee se an anere Beräicher mécht.

Mä d’Sozialisten, Här President, hunn de Mond gespëtzt. Elo muss gepaff ginn. Mir erwaarden eis, datt an dësen Debatte klipp a kloer gesot gëtt, wann ee net d’accord ass mat deenen Usätz, déi d’Regierung presentéiert, wou dann déi aner Niveaue sinn, op deenen een da wëllt spueren, well datt mer op iergend engem Niveau musse spueren, dat schéngt mer evident ze sinn. D’Majoritéitskoalitioun huet gesot, wou si dat wëllt maachen. Haut si mer gespaant, wat d’Oppositioun eis presentéiert, fir datt mer kënnen ofweien, ween dann elo do déi richteg Tournure fonnt huet, fir op deem richtege Moment ze spueren.

Mir wëssen allerdéngs an der Zwëschenzäit, datt op deem engen oder aneren Niveau, well d’Sozialisten eis am Virfeld matgedeelt hunn an Artikelen, op Pressekonferenzen, Communiquéen, och an der Finanzkommissioun, et déi eng oder aner Iddi bei hinne gëtt, wou ee kënnt spueren. Do ass eng éischt Iddi: d’Verteidegungsausgaben, de Militärbudget – wann een deen Term wëllt huelen -, d’Schëff an de Fliger, wou mer finanziell sollen dru participéieren, déi sollen elo mol op e Minimum an op spéider verréckelt ginn.

Här President, ech well heizou dräi Saache soen: Éischtens fannen ech et bedauerlech bei esou enger Partei, wéi der sozialistescher Partei, déi ech als eng grouss an eng seriö Partei aschätzen, an hir e bëssen onwierdeg, als alleréischte Beräich, wou soll gespuert ginn, dee Beräich erauszesichen, dee selbstverständlech an esou Zäite wéi dësen, wou et wirtschaftlech méi schlecht geet, op de Stammdëscher am Beschte floréiert. E Schëff géint e puer Fleegebetter, e Fliger géint e puer Klassesäll. Här President, dat si Saachen, déi ware mer gewinnt vun enger anerer Partei bis elo.

Här President, mir fannen et bedauerlech, datt deen alleréischte Beräich, wou d’Sozialiste wëllen een Aschnëtt maachen, grad just deen dote Beräich ass. An dann, wat dat witzegst bei der Affär ass, Här President, mir schwätze jo hei iwwert de Budget vum Joer 2003, och am Budget vum Joer 2003 steet kee Frang, dee grad fir deen hei Zweck virgesi wir.

Här President, et geet drëm ze wëssen, ob Aschnëtter beim Budget vum Joer 2003 musse virgeholl ginn. Ech géif éischter soen, mer musse Korrekture virhuelen. Mir wéissten awer gären, wéi eng Korrekture virgeholl solle ginn. D’Majoritéit huet Korrekture proposéiert. D’Sozialisten hunn och éischt Elementer vu Korrekture proposéiert a proposéieren eis anzespueren op engem Punkt, deen iwwerhaapt net am Budget present ass. Do soll elo ee mir erklären, wou d’Logik ass? Et ass dach do kee Punkt, wou mir fir d’Joer 2003 och nëmmen ee Frang kënnen aspueren, well en net am Budget present ass.

An dann, Här President, wëll ech an deem do Beräich op ee Leitartikel hiweisen, well den Artikel mer extra gutt gefall huet, deen de Christian Reuter am Lëtzebuerger Journal geschriwwen huet a wou en den Nol op de Kapp getraff huet, wou e gesot huet, Här President: “Nur wenn Luxemburg sich aktiv an der Friedenserhaltung, an der Verteidigung der Grundwerte und an den internationalen Solidaritätsbemühungen beteiligt, verfügen wir auf der internationalen Bühne über den nötigen Vertrauensvorschuss, um auch nationale Interessen glaubhaft vertreten zu können.” An e seet derbäi, deen éischte Moment, wou eis finanziell Situatioun e klenge Schnapp kritt, d’Signal un eis Partner ze ginn, datt mer da géifen aus der internationaler Solidaritéit ausbriechen, eis international Engagementer net méi matmaachen.

Dat ass déidlech, Här President. Dat ass op jiddfer Fall net déi Politik, déi dës Majoritéit, dës Koalitioun wäert droen, well dat doten einfach net korrekt ass. Den Här Eichel, dee kee Su a kee Frang vir an hannen huet, dee ka 60 Fligere kafe goen. Lëtzebuerg, wat dat räichste Land ass, wat dee klengste verteidegungspoliteschen Effort mat 0,8% an der ganzer NATO mécht; mir, déi Räichsten, déi dee klengsten Effort maachen, mir sollen déi alleréischt sinn, déi Raute wénken an déi net méi d’accord sinn.

Här President, esou versti mir international Solidaritéit net!

(Interruptions)

An dann, Här Bodry, well Der mech ënnerbriecht, Dir hutt jo gesot, wa mer schonn dat dote géife maachen, da kënnte mer och nach Helikoptere kafen. Ech froe mech, wéi et mat den Helikopteren ass, ob déi och elo vun der Lëscht gestrach sinn, oder ob mer déi nach solle bäibehalen? Dozou hu mer bis elo vun de Sozialisten nach näischt héieren.

Also, Här President, beim éischte Punkt, wou soll am Budget fir 2003 gespuert ginn, maachen d’Sozialisten eng Propos, wou näischt ze spueren ass, well do, wou näischt ausgi gëtt, kann och näischt agespuert ginn.

Déi zweet Propos, Här President, vun de Sozialisten ass déi bei de Privatschoulen: Et gëtt näischt fir d’Privatschoulen. déi ze ënnerstëtzen ass eng Katastroph. Dat sollt Der sträichen.

Ech si gär d’accord, datt ee sech hei iwwerhält iwwert de Fong öffentlech Schoul – privat Schoul. Et ass eng Diskussioun, déi mer am Kader vun deem Projet, deen eis nach virläit, féiere wäerten. Mä finanziell gesinn, wann et drëm geet fir ze spueren, wëll ech Iech just soen, ënnert dem Stréch gëtt eng Schoulplaz an der öffentlecher Schoul de Lëtzebuerger Stat méi deier, wéi dat eng Schoulplaz am private Beräich kascht.

Här President, d’LSAP huet en 21 Punkte-Programm zur Bildung virgeluegt. Ech muss soen, ënnert dem Stréch kann ee sech net allze vill domat kafen, mä ech hunn eng Fuerderung gelies, d’Fuerderung betreffend de Mëttelstand, dee weiderhi muss ënnerstëtzt ginn, wou muss gekuckt ginn, datt méi Driff dodra kënnt. Zur selwechter Zäit ginn d’Sozialisten e Communiqué eraus, wou se soen, datt bei dem Mindestloun déi 3,5% Augmentatioun, déi d’Regierung proposéiert, net duer geet, datt mer minimum 7% beim Mindestloun brauchen.

Ech muss Iech soen, Här President, 7% Augmentatioun vum Mindestloun an där Situatioun, an där mer haut dra sinn, dat ass onerträglech fir de Mëttelstand. A wa mer dann nach eng Kéier erëm am Kontext vum Budget a vum Spuere sinn, muss een och gesinn, datt 7% Augmentatioun vum Mindestloun eng substantiell Dépense supplémentaire fir de Statsbudget mat sech bréngen an net eng Aspuerung.

Ech wëll soen, Här President, bei deenen dräi Punkten, déi ech elo opgezielt hunn, an déi eis bis haut bekannt sinn u Propositioune vu Säite vun de Kolleege Sozialisten, do ass nach net eng eenzeg Aspuerung gemaach ginn, mä ënnert dem Stréch hu mer nëmmen nach méi ausginn. Or, d’Zäit ass net déi vum Méi ausginn, d’Zäit ass déi vum Aspueren, wann net dramatesch, mä dach awer a gewësse Proportiounen. Mir wäre frou, wa mer elo mol endlech net nëmme Propositiounen op den Dësch kriten, déi eis méi Sue kaschten, mä datt mer emol Propositiounen op den Dësch kréischen, wou a bei weem an a wéi enger Gréissenuerdnung kënnt a sollt agespuert ginn?

Am Kontext vun där neier Situatioun huet den Här Bodry een Artikel geschriwwen, wou hien iwwert déi Schönwetterkoalition sech lëschteg gemaach huet a wou en där virwerft: “?diffuses Geldverteilen, freudige Ausgabenpolitik”.

An den Här Asselborn huet an engem ähnlechen Toun e bëssche méi spéit an engem Interview gesot: D’Regierung geet net selektiv genuch vir. Wa mir do gewiescht wären, mir hätte besser opgepasst bei Ausgaben, déi “jedes Jahr wiederkehren”.

Ech wëll Iech, Här President, dräi Wierder dozou soen. Éischtens, zum “diffusen Geld verteilen”: Ech weess net, wat dat ass. Ech hätt emol gären, wann den Här Bodry eis hei géif soen- am Laf vun deenen nächste Stonnen an Deeg, wäert hie jo d’Méiglechkeet hunn -, wou dës Regierung diffus Geld verdeelt huet? Ech ka mech bis elo just drun erënneren, datt eng Kéier Geld diffus verdeelt ginn ass. Dat war an der leschter Koalitioun, an dat huet iergendwann zum Récktrëtt vun iergendengem Minister gefouert.

(Hilarité)

Do war esou en diffust Geldverteilen, wat een net richteg matkritt huet. Bei dëser Koalitioun hunn ech et nach net gesinn, mä ech sinn awer gäre bereet et unzehuelen, wann et esou ass. Mä da soll ee mir konkret soe bei wéi engem Punkt, datt dat de Fall ass.

Här President, wéi d’Koalitioun vun de Sozialisten an der CSV 1999 opgehalen huet, hat se ronn 70 Milliarde Reserven an de Fongen. Mir hunn haut praktesch 120 Milliarden al Frangen. Wa mir déi “freudige Ausgabenpolitik” getätegt hätten, vun där den Här Bodry geschriwwen huet, Här President, da wier déi Situatioun net déi, déi mir haut hunn. Mir hu keng “freudige Ausgabenpolitik” gemaach. Mir hätte villes kënne maache mat deene 40 Milliarden oder méi wéi 40 Milliarden, déi mir an der Zwëschenzäit supplémentaire an de Reserven hunn. Mir hunn et net gemaach, well mir dat gemaach hunnn, wat de Budgetsminister ëmmer ugemahnt huet: Et gëtt hei en anstännegen Apel fir déi Zäite vum Duuscht ugeluegt. Elo kommen d’Zäite vum Duuscht an elo gebrauche mir dem Här Frieden säin Apel.

Ech soen Iech, wann et freudige Ausgabenpolitik gewiescht wär, loosse mir emol nach dovunner ausgoen et wier esou gewiescht, Här President, ma do waren d’Sozialisten awer ëmmer dobäi. Déi hunn dach hei all Gesetz mat gestëmmt, wou mir Ausgabe virgesinn haten. Bei all Projet, dee mir hei gestëmmt hunn a wou et drëm gaang ass, fir Geld, sief et iwwert de Wee vum Kannergeld oder iwwer aner Weeër, ze verdeelen, hunn d’Sozialiste mat gestëmmt. Et ware Punkten dobäi, wou déi “freudige Ausgabenpolitik” vun dëser Regierung de Sozialisten iwwerhaapt net duergaangen ass, wou si vill méi wäit gaange sinn a wollte goen, wéi mir. Mir kënnen dat jo alles noliesen. Mir kennen et aus de Motiounen, de Rieden an den Interventioune vun de Sozialisten, Här President. Dofir kann een awer net higoen, an dëser Regierung “freudige Ausgabenpolitik” virwerfen, wann een zur selwechter Zäit hei Fuerderunge stellt, déi de loin méi wäit ginn.

Ech wëll emol soen, Här President: Wa mir, wéi mir d’Steierreformen an d’Steierreduktioune gemaach hunn, déi Proposë gemaach hätten, déi d’Sozialisten gemaach hunn, dann hätte mir vill méi Begléckungspolitik gemaach, well hir Propose vill méi wäit gaange sinn.

Mir maachen de Bilan ënnert dem Stréch: op där enger Säit d’Privatpersounen an op där anerer Säit d’Betriber. Dat, wat d’Koalitioun proposéiert huet a wat d’Koalitioun gestëmmt huet. An da kucke mir op där anerer Säit dat vun de Sozialisten. Da wäert Dir gesinn, datt mir eng Milliardendifferenz an al Lëtzebuerger Frangen an deene Propose fannen.

Dann huelen ech d’Wunnéngsbaupolitik, d’Unterrichtspolitik, den Environnement, d’Ënnerstëtzung fir d’Gemengen an d’Personalfuerderunge vun de Sozialisten an deene leschten dräi Joer, wéi se hei virbruecht gi sinn. Wann Dir dat zesummerechent, Här President, kommt Dir op e Milliarde-Chiffer. Eis Problemer, déi mir haut hätten, budgetsméisseg a finanziell gesinn, wären de loin méi grav wéi déi, déi mir haut kennen, wa mir an deene leschten dräi Joer alles dat gemaach hätten, wat ëmmer erëm vu Säite vun de Sozialiste gefuerdert ginn ass, mat Ausnahm wéi den Här Asselborn ugemahnt huet, mir wäre méi selektiv virgaangen.

Selektiv, dat ass ganz schéin, mä ech géif gäre Beispiller do wëssen. Ech kennen een eenzegt Beispill, Här President, wou d’Sozialisten effektiv méi eng selektiv Propos maachen, an dat ass déi bei der Steierbonifikatioun fir Kanner. Do huet dës Koalitioun opgehale mat dem Ofbaue vun där par rapport zu deem, wat mir an der leschter Koalitioun gemaach hunn. Dat ass awer déi eenzeg selektiv Mesure. Bei allen anere Mesuren kennen ech keng eenzeg vun deenen, déi d’Sozialisten a Form vu Propositions de loi an deene leschte Joren hei am Parlament abruecht hunn, wou eng Selektivitéit an dem Sënn, wéi den Här Asselborn se ugemahnt huet, dra gewiescht wär.

An der leschter Koalitioun hate mir eng Rei vu Méiglechkeeten, wou mir an der Sozialpolitik hätte ganz einfach kënne méi selektiv virgoen, wéi d’Sozialisten am Sozialministère d’Responsabilitéit gedroen hunn, a wou d’Wuert Selektivitéit ëmmer ganz kleng geschriwwe ginn ass. Ech muss soen: Mir hunn dat ëmmer mat gedroen, an ech gesinn et haut nach als ganz schwiereg un, fir an de Froe vun notamment der Sozialpolitik, selektiv Mesuren ze ergräifen, obschonns se ganz oft méi gerecht wären. Mä et ass ganz schwiereg am politesche Beräich dat duerchzesetzen. Dofir wier ech frou, Här President, wann een net op där enger Säit en offizielle Sproochgebrauch huet an Argumenter an d’Feld féiert, an op där anerer Säit net deementspriechend handelt.

Här President, dës Koalitioun huet, denken ech, mat dësem Budget Faarf bekannt. Mir hu méi wéi kosmetesch Korrekture gemaach. Mir gi kritiséiert. Elo wéisste mir gäre vun deenen, déi eis kritiséieren, firwat datt dat, wat mir proposéieren, falsch ass a wat dann hätt sollen a missten op wéi enger Plaz, wéi vill a bei wiem anescht gemaach ginn? Mir wäerte mat vill Freed eis an deenen nächsten Deeg déi Proposen hei unhéieren. Mir si jo eng tolerant Majoritéit, déi ëmmer bereet ass, fir gutt Proposen unzehuelen, a mir wäerten eis dofir dat, wou effikass gespuert gi kann, ganz genee ukucken a gegebenenfalls le moment venu dorobber zréckkommen.

Här President, et wär elo nach villes ze soen, zum Beispill un d’Kolleegen vum ADR, déi jo och eng Rei Propose gemaach hunn, mä ech wëll mir dat emol fir haut erspueren.

Ech wëll just soen, Här President, datt d’Wirtschafts- an d’Finanzschwieregkeeten, déi mir de Moment hunn, Reaktioune bedéngt hunn. Reaktioune si komm. Et ass net, wéi eis den Här Bausch am Lëtzebuerger Land an engem Artikel ënnerstallt huet, datt d’Regierung d’Enkpäss op spéider géif verschieben. Budgetär gesinn, Här President, si mir sécher, datt d’Äntwert, déi d’Regierung an dësem Budget ginn huet, déi richteg Äntwert ass op d’Situatioun, esou wéi mir se am Hierscht 2002 kennen. Ob um Enn vum nächste Joer sech weider Äntwerten an aner Äntwerten opdränge wéi déi, déi d’Regierung elo opgrond vun dëser Situatioun ginn huet, musse mir da gesinn. Alles zu senger Zäit.

Eent steet fest: All Regierung, déi konfrontéiert ass mat enger wirtschaftlecher Réckbildung wéi déi, déi mir de Moment kennen, huet eng Rei vu Méiglechkeeten. Et sinn déi klassesch Méiglechkeeten, déi ëmmer bei Situatioune geholl ginn, wann et an der Wirtschaft schlecht geet: D’Steiere fir d’Privatleit erof, dat reegt de Konsum un. D’Steiere fir d’Betriber erop, dat reegt d’Investitiounen un. Öffentlech Investitiounen an d’Luucht, dat ass, fir der Wirtschaft ënnert d’Äerm ze gräifen.

Mä, Här President, all déi doten dräi Politikberäicher si geschitt. Dës Regierung huet déi am Virfeld gemaach, vläicht well si et gesinn hat, net ëmmer well si et gesinn hat, mä ëmmerhin si se gemaach ginn. D’wirtschaftlech Effikassitéit ass an d’Weeër geleet ginn. Déi sozial Sensibilitéit, Här President, bleift: Mindestloun, RMG a Renten. Alles dat, wat mir eis virgeholl haten, gëtt duerchgezunn. Et kann net sinn an enger Zäit, wou mir Steierreforme maachen a wou déi Leit, déi Steieren bezuelen dovunner kënne profitéieren, an datt dann, wann et méi schlecht geet, déi Leit, déi net esou vill hunn, net sollten an de Genoss komme vun deem, wat hinnen zousteet. Dat maache mir.

Ech hu virdru gesot, Här President, datt wann d’nächst Joer ëm dës Zäit d’Situatioun sech stabiliséiert huet, mir deementspriechend e Budget presentéiere wäerten. Wann dat net de Fall sollt sinn, da wäerte mir wëssen ze reagéieren. D’Europäesch Kommissioun, d’OECD an de Statec soen eng Reprise fir d’zweet Semester vum nächste Joer viraus, mä déi Prognose si keng Garantie. Dat hu mir elo geléiert. 2001 an 2002 haten si et och gesot. Mir hu keng Garantie, datt et 2003 sollt dann esou goen. A wann nach aner Elementer dobäi kommen, wann déi wirtschaftlech Réckbildung sech sollt virusetzen, wann et Krich, zum Beispill, am Irak géif ginn, wann et e Pëtrolsschock géif ginn, da stelle sech ganz aner Froen, an dann ass et ganz sécher, datt et net onbedéngt zu där Reprise kann a soll kommen, oder muss kommen, déi eis virausgesot gëtt.

Wann et dann esou sollt kommen, Här President, d’nächst Joer, datt dat alles sech net sollt astellen, a wann et dann esou wäit sollt sinn, datt méi drastesch Aschnëtter am Budget musse virgeholl ginn, Här President, da steet villes zur Diskussioun. Da wäerten et vill Beräicher ginn, iwwert déi mir hei diskutéiere wäerten. Ech denken emol, datt mir da bei eis selwer, bei der Chamber, bei den Deputéierten ufänke wäerten ze iwwerleeën, wat mir maache sollen, an net emol fir d’éischt erëm bei déi aner kucke goen, mä emol bei eis selwer ufänken.

Mir hunn als Chamber e Budget presentéiert, dat wëssen d’Kolleegen heibanne ganz genau, mat deem ech streckeweis, notamment wat e ganze Koup vun Acquisitiounen am Beräich vun der Informatik ugeet, déi ganz vill Geld kaschten, net d’accord war. Ech kann dat och öffentlech soen. Dat ass esou, well ech einfach fannen, datt et och Zäite gëtt, wou mir musse wëssen, wat mer kënnen, wat mer sollen an net däerfen.

Dës Koalitioun, Här President, wäert net, esou wéi et hir schonn ënnerstallt ginn ass, mat alle Mëttele versichen iwwert de Wahltermin eraus ze kommen. Mir wäerte virun de Wahlen, Här President, d’Kaarten op den Dësch leeën, esou wéi mer se kennen. Mir wäerte virun de Wahlen déi Mesuren huelen, déi noutwendeg sinn op Grond vun der Situatioun, déi mer d’nächst Joer den Hierscht kennen. A wann dat sollten och onpopulär Moossname sinn, da gi se geholl.

Et kënnt ganz sécher keng Steiererhéijung, an dat aus gudden Ursaachen. Mä et kommen awer déi Mesuren, déi noutwendeg sinn, wa mer wëssen, wéi d’Situatioun um Enn vum nächste Joer wäert sinn.

Ech well Iech soen, Här President, d’Leit dobausse wëssen ze appréciéieren. Déi kënne ganz gutt gesinn, an déi appréciéieren och de Moment, datt d’Land finanziell esou preparéiert ass op déi Schwieregkeeten, déi mer de Moment hunn, wéi et effektiv preparéiert ass. An et wonnert mech, Här President, datt den Här Lux elo laaacht, well bei där Preparatioun, déi gemaach ginn ass op dës Situatioun, waren d’Sozialisten jo laang Zäit dobäi. Dofir froen ech mech, firwat datt den Här Lux dat esou lächerlech fënnt.

Op där anerer Säit hunn d’Leit och ganz vill Versteesdemech, wann et méi lues geet, Här President, wann et méi rau a méi spatz gëtt, datt da muss méi lues getrëppelt ginn.

Kee vun eis wënscht, datt et soll esou kommen. Villes deit drop hin, datt et net esou kënnt, mä egal wéi et kënnt, wa mer zesumme stinn, wa mer solidaresch an dëser Gesellschaft mateneen ëmginn, da wäerte mer och dat packen.

Ech soen Iech merci.