Nei Aufgaben fir d’Politik zu Lëtzebuerg

Aus enger Radioemmissioun op RTL Radio Lëtzebuerg vum Deputéierte an CSV-Vizepräsident Lucien Clement.

Léiw Nolauschterer

2004 sinn Wahlen fir ee neit Parlament. Nach eng laang Zäit bis dohinner. An dach hunn vill Leit den Androck éwei wann dis Wahlen schons muer wieren. Virun allem d’Oppositiounsparteien versichen ¨emmer erem, der Politik, ee Stempel vun Virwahlkampf op ze drécken.

Et ass sëcher richteg, datt d’Politik sech fir de Moment mat enger neier Situatioun offannne muss. Déi aktuell weltwäit wirtschaftlech Entwecklung stellt d’Politik, och hei zu Lëtzeborg, virun nei Aufgaben. Daat waat gëschter nach goud a richteg woar, muss haut, op Grond vun enger neier Situatioun, hannerfrot ginn.

D’CSV stellt sech disen verännerten Aufgaben. Wat hei zielt ass nët ee kurzfristegt Agéieren, mä eng Politik, déi och nach fir muer, korrekt Léisungen parat huet.

Datt Letzeborg, déi méi schwierig economesch Situatioun besser meeschteren kann, ewéi aaner Länner, ass virun allem op déi säit Joaren wäitsichteg Politik vun der CSV zeréck ze féieren.

D’CSV mecht eng Politik nom Motto “haut u muer denken”. Déi wirtschaftlech a finanziell Entwécklung ass sëcherlech eescht a sie muss och mat deem néidege Sérieux behandelt ginn.

Mee mir hunn eng ganz Partie Trëmp an der Hand. Dat sinn e.a. de Niveau vun de Reserven, dee ganz beachtlech ass. Déi verschidde Fongen konnten an deene leschte Joëre zolidd gespeist ginn. Hei gung et nom Motto, an deene goude Joaren, déi manner goud Joaren virbereeden. Een treffenden Beweis dofir, datt d’Politik vum Tandem Juncker a Frieden richteg an zukunftsorientéiert ass a woar.

Déi rezent Steierreform, déi de Betriber hëlleft, nach méi kompetitiv ze sinn, an déi d’Kaafkraaft vun all eenzelnen zolidd augmentéiert huet, esou ewéi eng Rëtsch vun soziale Mesüren erweisen sech, haut méi ewéi je, als richteg , fir d’Economie ze dynamiséieren.

All Daag huet d’Politik sech neien Aufgaben ze stellen. National a virun allem och europäesch Entscheedungen verlaangen emmer erem nei Äentwerten op nei Momenter.

Lëtzeborg ass Dank eener vernünfteger Wirtschafts- a Finanzpolitik goud virbereed, fir nei Erausfuederungen unzehollen.

Mir mussen d’Diversifikatioun vun eiser Ekonomie weiderféieren. Produktpalette vun der Finanzplaaz muss nach weider ausgebaut ginn. D’Landesplanung, d’Transport- a d’Verkéierspolitik mussen enger neier Situatioun ugepasst ginn.

D’CSV mecht Politik fir d’Zukunft. Nei Aufgaben, gi mat däer néideger Konsequenz ugepaakt.

Dofir ass et goud a richteg, datt de Finanzministerrot vun der EU eng Decisioun iwwert eng europawäit Zinsbesteierung fonnt huet. Als CSV begréisse mer, datt de Premier- a Finanzminister Jean-Claude Juncker zesumme mat dem Budgetsminister Luc Frieden eng responsabel Politik duerchsetzen konnt. Eng Léisung, déi goud fir Europa a goud fir Lëtzeborg ass.

D’Bankplaatz Lëtzeborg gëtt gestäerkt. D’Bankgeheimnis gëtt nët oofgeschaaft. Wéi Lëtzebuerg ët ëmmer verlaangt huet kënnt ët zum Koexistenzmodell. Déi progressiv Aféierung vun enger Quellesteier ab 2004, wäert d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Finanzplaatz nët a Fro stellen. Op däer aanerer Säit erméiglecht se awer méi Steiergerechtegkeet innerhalb der Europäescher Unioun.

Dës Aufgab huet d’Politik mat Responsabilitéit a mat neie Méiglechkeeten fir Europa a fir Lëtzebuerg geléist. Dis Politik dréit d’Handschreft vun der CSV.

Ech soen Merci fir d’Nolauschteren.

(Aus enger Radioemmissioun op RTL Radio Lëtzebuerg mam Deputéierte an CSV-Vizepräsident Lucien Clement)