En neie Parteipresident fir d’CSV

Ee Kommentar vum Jay Schiltz op Radio Socio Culturelle.

Zënter dem Weekend heescht den neien CSV-President François Biltgen. Hien iwwerhëlt d’Successioun vum Erna Hennicot-Schoeppges, déi de Statuten no hir Plaz no 8 Joer huet misste fräi maachen. De Kongress e Samschdeg am Centre Culturel zu Walfer war deemno fir déi Chrëschtlech-Sozial, wann och net onbedéngt historesch, dann awer wuel den Optakt an eng nei Ära. De Kommentar vum Jay Schiltz.

De Kommentar vum Jay Schiltz:

D’CSV ass nach ëmmer déi stärkst Partei am Land. Ma dat d’Äis mëttlerweil dënn ginn ass, ass kee Geheimnis méi. Et ass net méi vill Plaz fir politesch Kür, Pflichtprogramm ass ugesot. Et war duerfir wuel e glécklechen Zoufall, datt sech déi Chrëschtlech-Sozial grad elo statutaresch bedéngt en neie President hu kënnen, hu misse ginn. Datt bei dene Schwaarzen doriwwer am Virfeld net vill Gedeessems gemaach gëtt an déi wichteg Personalentscheedungen net op der Place publique geholl ginn, ass net nei, ma an desem Fall efficace.

D’Parteileitung konnt dem Kongress e Samsdeg een eenzege Kandidat fir dee sou wichtege Posten vum Parteipresident presentéieren. Gewielt gouf de François Biltgen mat 311 vun 327 méiglege Stëmmen, diskussiounslos. Eng éischt Demonstratioun vun interner Geschlossenheet an dem Mooss, datt esouguer de Jean-Claude Juncker sech drop beschränkt huet, den aktuellen CSV-Motto ” Jidder Eenzelnen zielt” nach emol ze erklären. Fir de Rescht huet en dem neie President den Terrain iwwerlooss.

D’Partei wier net déi déi se ass ouni de Jean-Claude, ma de Jean-Claude wier och ouni d’Partei net den den en ass, sot de François Biltgen a senger Ried. Ugekënnegt Démystifizéierung?

Nee, System.

D’CSV, sou schéngt et, huet d’Péiss an der nationaler politescher Landschaft manifestement lauden héieren. An dem Sënn war och dem François Biltgen seng éischt Ried als neie President keng politesch. Éischter gouf jidderengem den zielt, déi parteigebonne Wertskala op en Neits an d’Stammbuch geschriwwen, Grondsätz an Erënnerung geruf a virun allem festgehalen, wat d’CSV net ass:

eng Wahlkampfmaschinn, déi sech eenzeg an alleng op Perséinlechkeete verléisst fir Politik ze maachen. Um Kongress gouf sech virun allem mat der Partei beschäftegt, wéineg mat Persounen, gesäit ee vun de sëllege Mercien a Blumebouqueten of an nach manner bis iwwerhaapt net mam politesche Géigner.

D’Grondwäerter vun der Partei änneren net, sot de François Biltgen, ma d’Manéier wéi sech an Zukunft soll domat auserneegesat ginn. Dat schéngt sech den äerdege Minister ganz uewen op d’Prioritéitelëscht gesat ze hunn a wéi déi Werter un de Wieler solle bruecht ginn.

Mat deem President wäerte mir déi nächst Wahle gewannen, sot de Jean-Claude Juncker a senger knapps 5 Minute laanger Ried. Domat kënnt hien Recht behale, virun allem well hei zu Lëtzebuerg jo Wahlen manifestement net gewonne ginn, well ee selwer staark ass, mä well de Géigner sech sou schwaach weisst. Zu där déifsënneger Erklärung koum e Sonndeg den Owend op der Televisioun den DP-Fraktiounspresident Jean-Paul Rippinger, den domadder da wuel och ongewollt zouginn huet, datt d’Mériter vu senger Partei 1999 net onbedengt um inhaltleche Plang louchen, ma éischter beim schwaache Géigner.

An dem Sënn brauch sech de Fränz Biltgen da villäicht och guer net sou midd ze maachen, well als déi manner schwächste Partei geet et wuel ëmmer nach duer fir déi stärkst ze bleiwen.

(Ee Kommentar vum Jay Schiltz op Radio Socio Culturelle. Quelle SIP/21.01.2003