Nei Chance fir de Süden

Rede von Parteipräsidentin Erna Hennicot-Schoepges am Kongress der CSV Bezirk Süden. Im Mittelpunkt standen aktuelle politische Themen; lesen sie die integrale Rede mit Stellungennahmen zur Flüchtlingspolitik, zu den Entwicklungschancen im Süden Luxemburgs und zu europapolitischen Fragen. Es gilt das gesprochene Wort!

Här Präsident,

Fir d’éischt well ech deenen nei gewielte Memberen am Comité méng Gléckwënsch ausdrécken an de Präsident Kennedy paraphraséieren – hinne soen ech: frot nët wat kann dann elo d’Partei fir mech maachen, mee froot wat kann ech fir méng Partei maachen. Déi Zäit, déi elo virun eis läit, léif Frënn, déi freet vu jidderengem vill Asaz vill Idealismus a vill Präsenz fir de Leit eis Politik ze erklären – fir d’Ambitioune vun eiser Politik am Intressi fir eist Land an hirer laangfristeger Ausrichtung duerzestellen.

Mir kommen aus enger Discussioun – engem Katastrophenszenario gewëssermoossen – wat et do géif, wa mer enges Daags 700 000 Leit an eisem Land hätten – an haut mirke mer léif Frënn, wéi kuerzsichteg esou Discussiounen kënne sinn. Keen anere Walbeziiek wéi de Süden huet et nach esou Hautno an Erënnerung wat et konkret geheescht huet, wéi d’Kamäiner vun de Schmelzen nët méi gedämpt hunn a wéi d’Aarbechtsplazen an der Stolindustrie ofgebaut goufen.

De Bezierk Süden huet an der Partei ëmmer massiv gehollef, déi nees mat de Féiss op de Buedem ze kréien, déi sech heiandsdo schwéier mat der Realitéit vum Alldag dinn. An och elo ziele mer op de Süden, dee nei Entwécklungschance kritt mat dem schéine Projet vun der Erschléissung vun den Industriebroochen. An nët vun ongeféier – léif Frënn – huet d’CSV den Projet vun enger Cité des sciences et de l’innovation fir Belval Ouest virgesinn.

Do wou fréier d’Kamäiner an d’Héichuewen gedämpt hunn, solle nun d’Käpp dämpen an eis an der neier Wëssensgesellschaft eis Plaz op der europäescher Landkaart sëcheren.

Dofir heescht et all zesummenzestoen an da musse mer och jiddereen am Stand sinn iwwer seng Gemengegrenz erauszekucken. Et ass enger CSV nët würdeg, wa mer egoistesch a klenglech ginn an bei der Entwécklung vun eisem Land vergiessen, datt et Zesummenhäng ginn, déi iwwer d’Gemengegrenzen an Landesgrenzen eraus ginn. Ech sinn frou, dat mer tëscht de Gemengen Bascharage, Suessem an Dippach eng Eenegung fanne konnten fir een tracé vum Contournement, an ech wir frou, wann d’Gemengen och do méi couragéiert géifen un d’Problemer erugoen wou et hir eege Kompetenz ass – nämlech beim Aklasséieren vun den Terrainen an Industriezonen oder Wunnzonen.

D’Ambitioun vun dëser Regiirung fir aus der Landesplanung eng zesummenhängend démarche ze maachen, déi de Stroossebau – den öffentlechen Transport d’Emwelt an d’Gemengen an eng gemeinsam Strategie ze faassen, déi verlaangt Wäitsiicht – politesche Courage a vill Iwwerzeegungskraaft. Léif Frënn dat verlaangt vun eis all vill Asaz – an ech woen ze behapten, dat nëmmen d’CSV amstand ass deen Asaz ze brengen.

A grad elo ass et dofir wichteg léif Frënn, datt mer de Läit erklären waat fir eng Politik mer maachen a fir waat dat mer se esou maachen wéi mer se maachen.

An dofir wëll ech och hei e Wuert zur Flüchtlingspolitik soen. Et gëtt kaum een Thema iwwer dat esou kontrovers a mat esou ville Wëssenslücken diskutéiert gëtt.

Flüchtlingen huet et zu allen Zäiten ginn, an eist Land huet an de 70zeger an 80zeger Joeren e puer mol gréisser Gruppen opgeholl – Vietnamesen, Iraner, Chilenen – nie ass och emol d’Fro opgeworf ginn, ob mer déi Läit da kënnten heihaalen – si hunn sech all integréiere können an wa mer d’Evolutioun kukken dann versti mer och vläit besser fir waat mer haut esou eng kromm Discussioun zu dem Thema hunn.

All déi Flüchtlingen vun deenen ech elo geschwat hunn, waren politesch Flüchtlinge. Leit, déi verfollegt gi sinn an bei eis och politeschen Asyl kritt hunn.

Zueleméisseg huet d‘Situatioun sech an den 90zeger Joeren zougespëtzt: 114 waren et am Joër 1991, dunn 238 am Joër 93 a vun 1995 un sinn et gréisser Stréimungen aus dem fréieren Yougoslawien ginn. Tëscht dem 1. Januar 1996 an dem 31. Dezember 2001 hunn 6.638 Persounen politeschen Asyl hei zu Lëtzebuerg gefroot. Bei deene groussen Zuelen hunn déi administrativ Prozeduren fir Dossierën ofzewéckelen entspriechend laang gedauert. Et goufen an der Tëschenzäit eng 2000 Leit regulariséiert – déi Pabeieren an eng Aarbecht kritt hunn. 1800 Leit hunn all Prozeduren duerchlaaf an de Flüchtlingsstatut nët unerkannt kritt. Si mussen zréck an hir Heemecht, wou kee Krich méi ass.

Léif Frënn et ass evident, datt et sech hei besser liewe léisst, wéi an engem Land wou Krich war – et geet awer nët duer, datt mer nëmmen no deene kukken, déi eis hei virun Ae stinn – mä musse mer nët och un déi denken, déi nokommen.

2001 – an de Krich ass jo eriwer – sinn der nees 686 komm, virrangeg aus dem fréiere Yougoslawien – an dëst Joer waren et der bis elo schons nees 815.

All Flüchtling, deem séng Prozedur ofgelaaf ass muss elo wëssen, datt en deem dee virun der Dir steet – an dee vläit de Statut unerkannt kritt, well en aus engem richtege Krichsgebitt könnt seng Plaz hëllt.

Ass et dofir richteg, datt mer deene Leit, déi mer jo solle léieren bei sech doheem e Rechtsstaat opzebauen – elo emol virmaache, wéi een dann dem Rechtsstaat den Aarem béie kann, wéi ee Gerichtsurteeler emgoë kann, a wéi een sech iwwer d’Gesetz einfach ewech setzt. Ech froe mech firwat nët all déi Leit, déi sech esou oneegennëtzeg fir d’Flüchtlingen asetzen keng Convoien organiséieren a mat hinnen zreck an hir Heemecht fueren an do hëllefen erem eppes opzebauen. Bei der Revolutioun a Rumänien huet eist Land do eng beispillhaft Leeschtung vollbruecht – mat Transporter vu Kleeder, Iesswueren a Baumaterialien hu mer vun hei ausgehollef déi gréisste Nout ze behiewen, a mer hunn et fäerdeg bruecht mat enger grousser Generositéit wiirksam ze hëllefen.

An de Joëren 1999 – 2001 huet déi Lëtzebuerger Regierung 56 Milliounen Euro fir d’Flüchtlingen ausginn – 3694 sinn der Ennerdach bruecht vum Familljeministär a fir déi, déi nei ukommen ass schons nees keng Plaz méi.

Léif Frënn, et geet hei drëm duerfir ze suergen, datt och fir déi, déi aus deenen nexte Krisegebitter – Nigeria, Iran oder Irak vläit bei eis kommen nach Plaz ass. A mer sollen dofir nët mengen, datt mer de Problem domatter geléisst hätten, wa mer all déi, déi elo nët als politesche Flüchtling unerkannt gouwen och nach géifen beihaalen.

Wann eist Land wëllt fir déi opbleiwen, déi politesch verfollegt ginn dann léif Frënn solle mer eis organiséieren fir déi Leit, déi fortgelaaf sinn – nët aus Grënn vun politescher Verfolgung – mä aus aneren wirtschaftlechen, mënschlechen an hir Heemecht zréckzebegleeden an hinnen beim Opbau vun hirer Heemecht am fräie Yougoslawien erem hëllefen. Falsch verstanent Matleed – an leeschten Enns déi ënnerschwelleg Absicht dem Rechtsstaat dach den Arem ze béien hu verheerend Konsequenzen op eis Flüchtlingspolitik vun dem nexte Joërzingt.

Léif Frënn, Äere Kongress fënnt statt virun dem wichtege Sommet vu Kopenhagen. D’EU Staats- a Regierungschäffen setzen d’Marschroute fest fir d’Erweiderung vun der Unioun. Mat deenen zeng neie Länner gëtt et och eng kulturell Erweiderung – eng Beräicherung, déi mer mat Begeeschterung sollen ugoen. An och do huet CSV eng Aufgab fir d’Mënsche virzebereeden op all déi positiv Aspekter fir eis Zäit.

Den historeschen Moment vu Copenhagen solle mer eis nët zerriede loossen an deems mer elo Diskussiounen iwwer Türkei an de Viirdergrond setzen. Dat léif Frënn heescht awer, datt mer eis waat Türkei ugeet iwwer e puer Prinzipien mussen éens ginn. Eng oflehnend Haltung vis à vis vun der Türkei, déi mat der Kultur begrënnt gëtt, musse mer kategoresch oflehnen – well léif Frënn, mer sollen nët mengen, wann Türkei nët an Europa kéim, dann hätte mer och mam Islam näischt ze dinn.

Dat ass eng falsch Analys. Den Islam ass do an eiser Mëtt, an et ass Zäit, datt mer eis domatter beschäftegen an auserneen sëtze, wat et dann heescht datt Leit sech nach offen zu Gott bekennen an sech nët scheien, daat och an hirem Alldag ze weisen.

Ass nët der Relioun hiren Statut am öffentleche Liewen erofgespillt ginn vun deenen, déi besonnesch d’Chrëschten domat viséiert hunn? An domat hu mer d’Selbstbewosstsinn vum chrëschtlechen Europa ënnergruewen. Grad aus kulturelle Grënn geet et dofir drëm op ze sinn fir de Pluralismus an doduerch och déi eegen kulturell Zougehéirechkeet ze stärken. (….)

Türkei ass e laizistesche Staat, den de reliéise Gesetzer vum fundamentalisteschen Islam seng Grenze gesaat huet. An deem Staat sinn zur Zäit d’Bedingungen nach nët an der Rei fir Europa bäizetrieden – mee léif Frënn mer solle bedenken, datt an enger Welt, déi d’Mënscherechter als ierweschte Prinzip akzeptéiert huet en zréck an de Mëttelalter nët akzeptabel ass, och nët am Numm vun enger Relioun.

An do huet Europa eng Gewëssenserfuerschung ze maachen. D’Mëssuechten vun de Regelen, déi de Staat organiséieren, kann dach nët einfach esou higeholl ginn. (…)

Léif Frënn looss mer dofir bei all dëse Froen nët klenggleeweg sinn, awer mat Vertrauen op déi chrëschtlecher Wäerter, déi eis Demokratie an de Sozialstaat geprägt hunn d’Zukunft ugoen.

Ech soen Iech Merci fir Äert Vertrauen wärend de siewe Joer, wou ech Parteipräsidentin war. An ech soen hei a sengem Beziirk besonnesch dem Staatsminister Merci fir alles datt, wat en nët nëmmen fir d’Land mä och fir séng Partei gemaach huet.

Ried vun der Parteipräsidentin Erna Hennicot-Schoepges um CSV Kongress Bezierk Süden – et gëllt dat geschwaate Wuert – 7.12.02