Rede von Parteipräsidentin Erna Hennicot-Schoepges am Kongress der CSV Bezirk Zentrum

Im Mittelpunkt standen aktuelle politische Themen; lesen sie die integrale Rede mit Stellungennahmen zur Flüchtlingspolitik und zu europapolitischen Fragen. Es gilt das gesprochene Wort!

Här Präsident,

Fir d’éischt wëll ech dem neie Comité häerzlech félicitéieren. Si droen eng grouss Responsabilitéit – well bei der Viirbereedung op d’Walen vun 2004 d’Aarbecht vun dem Beziirkskomitee eng wichteg Roll spillt. Un hir Address wëll ech de Präsident Kennedy paraphraséieren an hinnen un d’Häerz leeën, datt déi éischt Fro, déi eéch ze stellen ass, déi ass: Wat kann ech fir meng Partei maachen, an nët déi, wat kann d’Partei fir mech maachen.

Jidder eenzelnen zielt.

Ze maache gët et jiddefalls genuug an ech wënsche mer datt mer nees déi Begeeschterung an eis Aarbecht kréien, déi der CSV hir Attraktivitéit soll sinn – eng Begeeschterung, déi jidderengem ze spiire gëtt hei geet et em d’Saach – Jidder eenzelnen zielt.

Et geet dofir och drëm besonnesch hei am Zentrum fir d’Gläichgewiicht vun der Vollekspartei ze suergen. D’Politik stellt eis an dësen Zäiten virun grouss Erausfuerderungen an et gëtt ëmmer méi schwéier de Leit dobaussen ze erklären ëm wat et da schlussendlech geet. Do duerfe mer nët de Populisten d’Feld iwwerloossen – well si hunn an nach nie d’Welt verbessert an hanneno wees emol keen méi sou richteg wéi et gaang ass, datt se sou vill Stëmme kruten. Loosse mer dofir viirbauen, well et ass elo wou et gëllt.

Et ass elo wou et gëllt fir de Leit déi Politik, déi d’CSV vertrëtt ze erklären an bei ville Problemen gëtt et Erkläerungsbedarf. Esou ee Problem ass deen vun der Flüchtlingspolitik hei zu Lëtzebuerg. Et vergeet keen Daag, wou nët offensichtlech gëtt, datt déi déi der Regirung den Arem wollte béien an all Flüchtlingen hei regulariséieren d’öffentlech Meenung gleewen doen hei géif de Mënschen fuurchtbar Onrecht geschéien.

Ech wollt dofir emol e bësse méi wäit aushuelen an d’Evolutioun zënter den 90ger Joeren weist, datt mer et mat engem Problem ze dinn hunn, deen nët zäitbefrist ass mä deen eis och nach an Zukunft wäert beschäftegen. Déi international politisch Situatioun ass nët esou, datt mer hoffe könnten enges Daags géif et keng Verfollegt méi, an de Fridden op der Welt ass fir déi next Joeren nët geséchert au contraire.

An Zuele gesi mer déi Evolutioun esou! Ufanks den 90ger Joeren waren et 114, am Joer 91 waren et 238 an du 94 165 an 1995 95 155 Flüchtlingen, déi ëm Asyl hei zu Lëtzebuerg gefroot hunn. Zu jidder Zäit huet d’Lëtzebuerger Regiirung en oppent Ouer gehat. Denke mer un Flüchtlingen aus dem Iran, aus Chile an aus aanere Länner, déi bei eis opgeholl goufen. Tëschent dem 1.Januar 1996 an dem 31.Dezember 2001 hunn 6.638 Leit hei de Flüchtlingsstatut beantragt. An dëst Joer sinn et bis elo schons nees 780 Leit, déi eng Demande gemaach hunn. D’Lëtzebuerger Regierung huet fir de Moment 3.694 Leit behergéiert. Vu datt déi 1800 Leit, déi um Enn vun der Prozedur ukomm sinn an zréck an hiirt Land mussen iwwert déi pénibel Prozedur vun der Zwangsreckféierung laafen an évident, datt fir Flüchtlingen aus neie Krisegebitter hei zu Lëtzebuerg op emol keng Plaz méi ass.

2000 Persounen konnten régulariséiert ginn – hu Pabeieren an eng Aarbecht.

56 Milliounen Euro sinn an de Budgeën 99-2001 fir dës Leit opbruecht ginn. An 11 Milliounen Euro Entwécklungshëllef sinn an déi Krisegebitter vum fréieren Jugoslawien gaang. Et ass also nët esou, datt hei ouni Häerz gehandelt gi wäer.

Dobäi froen ech awer wat fir een Déngscht, datt mer deene Leit leeschten wou mer hinnen weismaache wëllen, datt de Rechtsstaat nët eescht ze huelen ass, an datt de Sozialstaat onbegrenzt belaaschtbar ass.

Ech froe mech och fir wat sech nët, wéi zur Zäit vun der Kris a Rumänien Hëllefsconvoiën organiséiert hunn fir deene Leit op der Plaaz ze hëllefen. Et ass ee falscht Matleed wa mer nëmmen deen e gesinn, deen eis virun Aaën ass an déi Tausende nët, déi nët fortlaafe konnten an de Kriich doheem hunn missen erdroen.

Léif Parteifrënn et geet hei drëm d’Weichen ze stellen fir eis Flüchtlingspolitik vun den nächsten 10 Joer. Dofir kënnt et vill méi drop un, wéi mer mathëllefen, datt et och am fréiere Jugoslawien nees Rou gëtt, datt den Eenzelen nees bei sech doheem kann seng Geschäfter maachen, an datt mer eis Plaaz haalen fir déi, déi nach komme wäerten aus Tchetschenien a Nigeria a vun esou villen aanere Plazen.

A Punkto Logement huet d’Familljeministesch méi wéi emol Appeller un d’Gemenge gemaach fir Wunnengen zur Dispositioun gestallt ze kréien – och do erliewen mer keng grouss Begeeschterung a mer mussen eis dach och do d’Froe stellen wa mer gesinn wéivill Häiser eidel stinn – wéi och esou guer wann et nëmmen fir eng Iwwergangszäit kee méi séng Diir opmecht.

De Flüchtlingsproblem zu Lëtzebuerg ass e Problem, deen eis all ugeet – nët nëmmen d’Regirung an déi Organisatiounen, déi sech zu Wuert mellen fir d’Regierung ze kritiséieren – et geet och d’Gemengen un vun deenen der vill eng ganz generéis Roll gespillt hunn. An ech sinn houfreg op eis Buurgermeeschtere Marcel Erpelding vun Tënten a Marie-Thérèse Gantenbein vun Hesper, déi honnerte vu Flüchtlingen een Opdaach bei sech ginn hunn. Esou grouss wor den Undrang op ville aanere Plaaze nët fir Flüchtlingen opzehuelen.

Looss mer dofir gudd oppassen – léif Frënn, datt mer eis Guddheet nët op déi falsch verwenden. All Flüchtling, deen um Enn vun der Prozedur ukomm ass – deen also wees, datt et goe muss an deen séch weigert, muss wëssen, datt een engem aneren eng Opnahm ënner éierbare Konditiounen verspäert.

D’Politik ass nun emol méi wéi d’Gestioun vun deenen Eenzelnen hirem Egoismus. Egoismen spigelen sech am eenzelnen daagdeegleche Liewen, an der Famill – tëschent de Generatiounen grad esou wéi am kollektiven Zesummenliewen, an de Parteien, an de Bezierker.

Ass et elo der Politik hir éischt Missioun sech domatter ofzeginn, wéi déi eenzel Egoën ze befriddege sinn oder muss d’Politik sech nët nees méi domatt beschäftegen d’Problemer vun der Zukunft unzegoen?

An déi Problemer wäerten sech an den nächsten Joeren op d’Ausernanersetzung tëscht de Kulturen konzentréieren. Mer sollen nët mengen, datt wa mer Türkei nët an d’Europäesch Unioun ophuelen, datt mer eis dann nët mam Islam brauchen ausserneen ze setzen. Grad d’Europäesch Unioun kann dem moderéierten Islam derzou verhëllefen d’Iwwrhand ze gewannen iwwert Fundamentalismus an Integrismus. Et ass een Armutszeugnis fir dat Chrëschtlecht Europa, wann et aus Aangscht virun enger anerer Kultur de Reflex vun der Ofschattung spille léisst – oder ass et ieren erëm déi Théorie vun der sougenannter besserer Kultur a vum weisen Iwwermënsch?

Et feelt um néidege Selbstbewosstsin wa mer aaner Kulture musse fäerten. An léif Frënn do huet d’Politik eng wiichteg an eng nobel Funktioun ze erfëllen.

Mat oder ouni Türkei an der europäescher Unioun ass den Islam als zueleméisseg eng vun de gréissten Reliounen präsent – an all sénge Facetten an mat der ganzer Vielfalt vun den Interpretatiounen vum Koran. Kënnt eis Onsecherheet vis à vis vun deene Leit, déi sech offen zu hirer Relioun bekennen – déi séch nët scheien hiir Aarbecht ze ënnerbriechen fir sech op hirem Gebietsteppich no Mekka ze verneigen – déi aus reliöse Grënn op Alkohol verzichten – déi streng Familljeregelen beuechten an sexuell Relatiounen virum mariage nët toleréieren, kënnt déi Onsécherheet nët dohir, datt mer elo op emol entdecken, datt Relioun – och am öffentleche Liewen nach eppes gëllt. An dat nodeem mer am sougenannten modernen Zäitalter vun der onbegrenzter Fräiheet alles gemaach hunn fir der Relioun hire Status ze huelen, fir se aus dem öffentlechen Liewen ze verdrängen.

Bei der Analyse vun dem 9. September ass kloer festgestallt ginn, datt de Rekrutement fir d’Selbstmordkommandoën vun Al Quaida bei den jugendlechen Aarbechtsloose vun den europäesche Groussstied am gréisste wor. Den Armut huet déi jonk Leit an den Extremismus gedriwwen, an eng mangelhaft Integratioun déi se an den integristeschen Koranschoulen op hir Missioun viirbereet huet.

Faitën aus der Aktualitéit vun de leeschte Deeg muss eis ze denke ginn. Beim Prozess vum Kalif vu Köln, deen zu enger Prisongsstrof veruerteelt gi war an deem séng Organisatioun den däitschen Innenminister verbueden huet ,sinn d’Unhänger vum Kalif eréischt era komm wéi de Prozess schon am gaang war. Dat hunn si domat begrënnt, datt si géifen refuséieren virum däitsche Riichter opzestoen, wann se an de Sall kéimen.

Et geet also drëm wéi wäit de laizistesche Staat als ierwescht Instanz unerkannt a respektéiert gëtt. A mir mussen, datt an eise Relatiounen mam Islam och akloen.

Matt der Erweiderung op déi aner osteuropäesch Staaten kënnt en aneren Défi op eis duer! An och do gëllt et Ängschten ofzebauen an den Entwécklungschancen, déi sech eis opmaachen mat Zouversicht entgéint ze kukken. E kulturelle Räichtum an eng Vielfalt kënnt mat deene Länner bei, esou datt mer d’Erweiderung éischter als eng Beräicherung wéi och eng Belaaschtung sollen ugesinn.

Och do hunn d’Politiker eng wichteg Missioun fir de Leit ze erklären, wéi dat ganzt an den nexte Joeren geet.

Dem neie Comité wäert et deemno nët feelen un Themen fir bei d’Leit ze goen.

Ech wënschen hinnen an hirem Präsident domat vill Chance.

Alle Frënn Merci fir hir Vertrauen.

Ried vun der Parteipräsidentin Erna Hennicot-Schoepges um CSV Kongress Bezierk Zentrum – et gëllt dat geschwaate Wuert – 1.12.02