Generalsekretär Jean-Louis Schiltz zum Grundsatzprogramm

Ried vum Generalsekretär Jean-Louis Schiltz um CSV-Kongress als Introductioun a Virstellung zum Grondsazprogramm ? et gëllt dat geschwaate Wuert.

Dir Dammen an Hären, Léif Parteifrënn,

Letzebuerg, den 15. Dezember 1944 ? eng Matdeelung un d?Press: Eng Partei stellt sech fir. – D?Lëtzebuerger Chröschtlech Sozial Vollekspartei. Dës Pressematdeelung vum 15. Dezember 1944 liest sech esou: E Redaktiounskomitee vun der fre?er Rechtspartei huet en neit Statut ausgeschafft. D?Grondprinzipien dovunner.ennerbreeden mer heimatter den Bezirksorganisatiounen an all deenen, déi Member vun der Partei wëlle ginn. Mir hunn der Partei och en neien Numm ginn, wou?ran méi zum Ausdrock kennt, waat d?Rietspartei och emmer wollt sinn: Eng Partei dei d?Interessen vum ganzen Vollek verted, mé dei sozial Verbesserungen energesch ustrieft.?

Eng Partei, déi d?Interessen vum ganzen Vollek vertrëtt, mä déi sozial Verbessereungen energesch ustriewt. Daat waar et also waat – den Nei-grënner hieren Wierder no – d?CSV 1944 ausgemaach huet.

Leif Frendinnen an Frenn, eng Partei, dei d?Interessen vum ganzen Vollek vertrëtt, mé déi sozial Verbessereungen energesch ustriewt. Haut ewéi gëschter, am Joer 2002 genau wéi am Joer 1944, sinn daat d? Prinzipien, déi d?CSV ausmaachen:

Op der enger Säit, eng grouss Vollekspartei, déi d?Interessen vum ganzen Vollek vertrëtt

– eng Partei, wou jiddereen seng Plaaz fennt

– eng Partei, déi Fraen an Männer aus allen Gesellschaftsschichten, Beruffer an Nationalitéiten vereent

– eng Partei ? fir et mat Spautzen Jhang sengen Wierder ze soen – an däer esouwuel den Aarbechter wéi den Banquier hiir Plaaaz fannen ? eng Partei an däer esouwuel d? Botzfra, wéi den Affekoot oder den Professeur hiir Plaaz fannen.

Haut ewéi gëschter, léif Frendinnen an Frënn, mecht daat d?Stäerkt vun der CSV aus. Den neien Grondsazprogramm ass e weidere Beweis dofir. D?Stäerkt vun der CSV mecht awer och aus, datt eis Partei sech onermiddlech an energesch fir sozial Verbesserungen asetzt.

D?CSV ass déi Partei par excellence, déi daat Sozialt an den Mëttelpunkt stellt. Eng Partei fir déi den ?S? net irgend en x-beliebegen bleechen Buchstaarw aus dem Alphabet ass, mä eng Partei, déi sech kloer zum S bekennt.

Eng Partei, déi den S mam decken Tusch-bic schreiwt an dräimol ennerstreicht. Och datt, léif Frëndinnen an Frënn, kënnt am neien Grondsaazprogramm zum Ausdrock. Ech wäert nach d?Gelegenheet hunn spéider an mengen Ausféierungen doropper zréckzekommen.

D?Staerkt vun der CSV mecht awer och den ?C? aus ? an daat ass den drëtten Punkt vun mengen klengen historeschen Exkurs vun haut den Owend.

Den neie Grondsazprogramm weist kloer aus, datt d?CSV eng echt chrëschtdemokratesch Partei ass. Am europäeschen Sënn vum Wuert.

CSV-Politik ass Politik, fir déi den Mensch daat wichtegst ass. Ennert dem Motto ?jidder eenzelen zielt?. CSV-Politik ass Politik, déi sech um chreschtlechen Menschenbild orientéiert. CSV-Politik ass Politik, däer hiir Ausriichtung als Basis den chreschtlechen Humanismus huet. Alles daat, léif Frëndinnen an Frënn, steet am neien Grondsaazprogramm. Wäerter wéi Solidaritéit,

Wäerter wéi sozial Gerechtegkeet,

Wäerter wéi Toleranz,

Wäerter wéi Respekt virun dem aaneren,

Wäerter wéi Nächsteléift,

an esou weider an esou fort,

Alles daat, léif Frëndinnen an Frënn sinn Wäerter, déi eis Gesellschaft haut weitgehend prägen.

Mä alles daat ? an daat ass mäin Punkt hei- sinn am Endeffekt Wäerter, déi vum C hierkommen. Vum Basis-C. An daat ass daat, waat wichteg ass. An daat ass daat waat d?Eegenaart vun onser Partei ausmecht.

An dann ?léif Frëndinnen an Frënn- doropshinner froën ech Iech: Sollen mir eis wirklech ? wéi verschiddener nët midd ginn, daat ze verlangen- wéint dem C schummen? Sollen mir eis permanent dofir entschëllegen an justifizéieren? Mussen mir eis dann eiwech lästeg Remarquën iwwert deen C do gefaalen loossen? D?Äentwert op déi Froen ? léif Frëndinnen an Frënn- ass en onmissverständlechen an kloren dräifachen NEE, NEE an nach eng Kéier NEE.

C-Wäerter sinn haut méi aktuell ewéi je. Mir mussen se jhust an eis Zäit eriwwerféieren an précisément, daat mecht den neien Grondsaazprogramm.

Fakt ass an bleiwt, datt déi Wäerter, déi eis Gesellschaft vun haut ausmaachen vum C hirkommen. An daat mecht, mengen ech, d?Eegenart an daat Speziellt vun dëser Partei aus. An doropper – léif Frëndinnen an Frënn- können, sollen an mussen mer weiderhinn houfreg sinn.

An dann, dir Damen an dir Hären, erlaabt mer eng lescht Remarque zum C. D?Fro, déi an deenen leeschten Wochen oft gestallt ginn ass, op d?CSV dann elo méi ?C? wäer wéi virdrunn oder d?Fro – déi nach méi oft gestallt gët – ass op d?CSV dann elo am Joer 2002 manner ?C? wäer wéi virdrunn. Oder awer et gëtt gefroot op d?CSV dann haut méi wéi gëschter op wier fir Leit vun aaneren Iwerzeegungen ? waat ëmmer deen Term aaner Iwerzeegungen och bedeite soll.

Ech muss Iech soen, datt ech ufänken, déi Fro als lästeg ze empfannen.

Et ginn einfach Pauschalurteeler hei gefällt ? meeschtens vun Leit déi nët vill vun der Saach kennen, an déi virun allem näischt oder baal näischt vun der Geschicht vun der CSV kennen. Dir erlaabt mer dofir, léif Frëndinnen an Frënn, zwee ? dräi zousätzlech historesch Elementer an Erennerung ze ruffen ? si erlaaben et déi Remarken an Commentairen, déi haut an deem Zesummenhang gemaacht ginn an den Kontext ze setzen an, wann net ganz ze widderleeën, dann awer op d?mannst ganz staark ze relativéieren an a Fro ze stellen :

Eischtens:

Am neien Grondsazprogramm steet, datt d?CSV keng kirchlech oder konfessionnnel gebonnen Partei ass ? an daat ass gutt esou.

Et steet och do, datt d?CSV virum Hannergrond vum chrëschtlechen Humanismus op ass fir all Leit, déi sech keinten zu engem humanisteschen Weltbild bekennen ? egal waat par ailleurs hir philosophesch an reliös Iwwerzeegungen sinn ? An och daat ass gutt esou.

Mat esou Aussoen reiht den neien Grondsaazprogramm sech exakt genau an d?Linn vun den Grennungspäpp vun der CSV ? deemols ënnert dem Numm Rechtspartei- vun 1914 an.

Den Pierre Dupong schreiwt 1917 an sengem Buch iwwert ?Die Partei der Rechten? datt am Ufank en Numm Kathoulesch Vollekspartei als Numm fir déi nei Partei an der Diskussioun woer, mä datt hien an annerer ?wou se d?Partei gegrënnt hunn – bewosst deen Numm nët zréckbehaalen hunn. Eben fir zum Ausdrock ze brengen datt d?Partei och un Net-Katholiken en Appell lancéiert, datt ze matschaffen sollen an Member ginn. An d?Statuten an den Programm ?esou den Pierre Dupong weider deemools – sinn esou ausgeluegt an geschriwen, datt och Net-Katholiken hir Plaaz an der Partei fannen.

D?CSV ? léif Frëndinnen an Frënn- huet ni an hirer Geschicht – KSV geheescht. Nët haut. Nët geschter an och net muer. An och daat ass gutt esou.

Dësen klengen historeschen Exkurs stellt weider enner Beweis, datt daat vun Ufank un esou gewollt woer, an datt säit jeher all Humanisten an onser Partei hiir Plaaz fannen. An och doropper ? léif Frëndinnen an Frënn- kënne mer haut no baal 90 Joer Parteigeschicht houfreg sinn.

Diir erlaabt mer eng zweet an leescht Remark an dësem Kontext:

1973 ass et eng grouss Diskussioun ginn ?am Kader vum deemolegen Grondsaazprogramm – op d?CSV dann elo am Gang wäer ? deemols 1973- den C iwwer Bord ze geheien. Déi leescht 28 Joer- vun 1974 bis 2002- beweisen ? mengen ech – zur Genüge datt daat deemols nët de Fall wor. An ?fir et mam Woltesch Jhang sengen Wierder vum 22.Dezember 1973 ze soen- datt et deemools keen ?Abrücken vom grossen C? ginn ass.

Am 1974-er Grondsazprogramm steet: ?Am Mëttelpunkt vun der Politik steet de Mënsch. Daat Bild waat sech d?CSV vum Mensch mecht ass chrëschtlech geprägt.?

Den Grondsazprogramm aus dem Joër 2002 heescht ?Jidder Eenzelen zielt? an den Text vum Programm beseet datt CSV-Politik sech um chrëschtlechen Mënschenbild an un chreschtlechen Wäerter orientéiert.

Grad ewéi 1974 dréit d?CSV deemno 2002 dem C nët den Reck. Den C ass a bleiwt Bestanddeel vun eiser Politik. Ohne Wenn und Aber. Déi zwee Zitater vun elo graad beléën daat.

D?CSV ?léif Frëndinnen an Frënn- kann op eng zolid an houfreg Traditioun opbauen.

Ech mengen, daat waat ech bis elo haut den Owend gesoot hunn, stellt daat beandrockend enner Beweis.

Den Jacques Santer huet 1989 zum Ulass vum 75.ten Anniversaire vun der CSV gesoot datt, ?besonnesch déi heiteg Generatioun no enger neier Gesellschaft rifft, no enger Gesellschaft, déi op Wäerter wéi Fräeheet an Solidaritéit opbaut ? an, an enger Gesellschaft, déi mer méi mënschlech gestalten wëllen, bleiwen dëst Wäerter un deenen d?CSV och an Zukunft wäert festhaalen ?. Esou den Jacques Santer 1989.

An deem Sënn ass och de neien Grondsazprogramm ausgeschafft ginn.

Et geet am neien Grondsazprogramm nët dorëmmer ganz nei Biller vu Mënsch an Gesellschaft ze erfannen. Et geet nët drëm all Prinzipier iwwer Bord ze geheeien an nees bei Null unzefänken.

Et geet vill méi drëm d?Grondoptiounen ?déi sech bewährt hunn- ze iwwerdenken, se ze hannerfroen, se nei ze beliichten, se ze iwwerpréifen an se dann och, ?do wou daat néideg ass- nei auszeleen.

Mir wëllen nët dem Zäitgeescht nolaafen. Mir wëllen vill méi den Geescht vun der Zäit markéieren. Mir wëllen mat eiser Politik d?Bild vun der Gesellschaft gestalten

Dobäi ass den Zäitgeescht ?wéi den Laurenz Meyer et virun enger Woch um CDU Kongress zu Hannover gesoot huet- en schlechten Conseiller.Et geet hei drëm d?Wuurzelen vun der Partei ze festegen.

Nëmmmen esou kënnen mer -all zesummen- den Défiën vu muer begéinen an se och meeschteren.

Den Jean-Pierre Raffarin, franzéischen Premier, seet an séngem Buch ? l?humanisme en action? folgendes:

?La politique doit trouver sa ?Nouvelle Frontière? ?am amerikaneschen Sënn vum Wuert-?.il est urgent pour la politique (et) ses acteurs de revenir aux sources de leur engagement et de les expliquer??.

An weider:

? La politique gagnera à remonter vers sa souce ? la pensée, la réflexion- plûtot que des se laisser tirer vers le discours technique.?

Exakt genau deen Wee ?léif Frëndinnen an Frënn- huet d?CSV décidéiert ze goen am Joer 2000 wou mer décidéiert hunn eis e neie Grondsazprogramm ze ginn.

Exakt genau daat ? léif Frëndinnen an Frënn- ass waat den elo ausgeschafften neien Text mecht.

Den neie Grondsazprogramm ass eng Besënnung op d?Quellen vun eiser Politik.

Op eng zolidd Traditioun opbauend – mam kloeren Bleck no fir ? soll en der Partei hirem Häerz an hirer Séil erëm neien Glanz verschaafen. 28 Joër ?daat ass d?Zäit säit deem leschten Grondsazprogramm- ass iwregens näischt ze fréi fir sech emol erem mat Grondsäz ze beschäftegen. An aaneren Wierder -an e bessen provokativ, ausgedréckt-: et ass héich Zäit ginn, datt mer eis emol erem eng Kéier mat eisen Grondsäz ausenaaner gesaat hunn.

An deenen 28 Joer ?säit dem 74er Programm- ass vill geschitt. D? Gesellschaft huet sech geännert. D?Mënschen liewen haut aanescht wéi 1974 an si liewen och aanescht zesummen. Den Ost/West Konflikt gouf bäigeluecht. D?Berliner Mauer ass gefall. D? Welt ass méi eng global ginn. Stechwierder sinn hei Dereguléierung an wirtschaftlech Globalisatioun. Et ass zu engem neien Emweltbewosstsinn komm, bei den Leit. D?Kulturen begéinen sech ? besonnesch den Islam an den Westen ? waat eng grouss Erausfuerderung ass. International Krisen sinn méi global ginn. Den Terrorismus ass och zu engem baal globalen Phänomeen ginn ? déi lescht Wochen an Méint hunn daat leider bestätegt..

Wëssenschaft an Technik hunn sech rasant weiderdeveloppéiert. Kleng Kanner vun dräi Joër sëtzen schons um Computer. Vill Haushalten hunn nët nëmmen een Telephon, mä x Telefonen, Handyen an esou weider. D?Medezin huet rasant Fortschrëtter gemaach. An net zuleescht mussen mer eis mat den Errungenschaften vun den Biotechnologien ausenaanersetzen: datt en Mënsch reng theoretesch soll kënnt geklont ginn, ass haut näischt total Onméigleches méi ? vum Klonen vun Déieren iwwerhaapt nët ze schwätzen.

Mat all dësen Punkten an villen mei beschäftegt sech eisen neien Grondsazprogramm. Den Grondsazprogramm ? deen mer den Owend hei diskutéieren – setzt sech konsequent mat all dësen neien Froën an Situatiounen ausernaaner.

Léif Frëndinnnen an Frënn,

Den neien CSV-Grondsazprogramm ass keng Revolutioun, mä eng Evolutioun.

Solidaritéit, Subsidiaritéit, sozial Gerechtegkeet a Gemengwuel sinn weiderhinn d?Fundamenter vun eiser Politik. Et sinn daat eminent chrëschtlech sozial Prinzipien. Si sinn nei beliicht ginn an an nees op-poléiert ginn.

De neie Programm ass keng Revolutioun, mä eng Evolutioun.

An deem Sënn setzt dee neie Programm sech och mat neien Froen an Phänoméner ausernaaner. En geet drëm Äentwerten op d?Froen vun onser Zäit.

Beispiller sinn hei:

– déi wirtschaftlech Globaliséierung,

– mä awer och déi sozial Globaliséierung,

– d? Nohaltegkeet,

– déi aktiv Biergergesellschaft,

– den Dialog vun den Kulturen,

– d?Biotechnologien.

Dir erlaabt mer, léif Frëndinnen an Frënn, an engem zweeten Deel vun mengen Ausféierungen op dräi vun dësen méi neien Themenkomplexer anzegoen:

De neien Grondsazprogramm setzt sech an fir en erneierten Sozialpakt.

Daat ass eentt vun sengen wichtegsten Elementer.

Datt an der CSV dat Sozialt grouss geschriwwen gëtt, ass näischt Neies.

Mir ginn, léif Frëndinnen an Frënn, méi schwieregen Zäiten entgéint. Oh, et ass gewëss keen Grond zur Panik, mä déi Zäiten déi virun eis leisen wäerten ganz wahrscheinlech nët esou einfach ginn wéi déi, déi elo direkt hannert eis leien.

An ? dir Damen an dir Hären- an méi schwieregen Zäiten ass et em esou méi wichteg datt eng Partei op hiiren Grondsäz gefestegt ass. Deen neien Sozialpakt ?fir deen mir stinn- ass haut nach méi wichteg wéi gëschter.

D?CSV verschreiwt sech weiderhinn -am Kader vun dësem ereneierten Sozialpakt- dem sozialen Fortschrëtt. ?Jidder enzelen zielt? ? den Titel seet et schon. Et soll keen um Rand vum Wee stoe gelooss ginn.

Waat heescht daat elo alles konkrét ? froot Dier Iech?

Ech well nëmmen e Beispill ginn: Wann ech soen, datt d?CSV den S grouss schreiwt, dann -léif Frëndinnen an Frënn- ass et ganz konkret och nëmmen normal, datt an méi schwieregen Zäiten den Mindestloun fir d?éischt emool no uewen hinn ugepasst gëtt.

Et kann nämlech nët sinn, datt graad an méi schwieregen Zäiten déi déi manner verdéngen als éischt ënnert der méi schwiereger Zäit mussen leiden. Et kann nët sinn, datt et graad déi sinn déi d?Paann mussen klaacken.

Mat der CSV kennt daat op jidden Fall net a Fro.

An dofiir gët och elo vun der Regirung enner Impuls vun CSV-Ministeren den Mindestloun op den 1. Januar 2003 gehéicht.

Daat ? dir Damen an dir Hären – sinn Grondsäz wéi se konkret um Terrain ugewandt ginn.

Daat ? dir Damen an die Hären – sinn Grondsäz wéi se am Buch stinn. Mä daat sinn awer virun allem Grondsäz konkret – wéi se Daach fir Daach praktizéiert ginn.

An iwregens beweist daat d?Ganzt, datt den CSV-Grondsazprogramm keen Schönwetterprogramm ass, mä datt en och a manner einfachen Zäiten duerhällt – an säin Mann oder seng Fra wees ze stellen.

Deen erneierten Sozialpakt kuckt awer och iwwert d? Grenzen vun Lëtzebuerg eraus.

Et geet eis drëm déi wirtschaftlech Globaliséierung duerch eng sozial Globaliséierung ze steieren. Nëmmen esou kann de Mënsch sech an enger méi globaler Welt erëmfannen. Nëmmen esou kënnen mer eist Ziel ?Jidder Enzelen zielt? erreechen.

Et kann einfach nët sinn datt beim Match vun der Globaliséierung hei zu Lëtzebuerg honnerten vun Leit hannert der Cloture stinn no ze kucken wéi um Terrain iwwert si décidéiert gëtt. Et kann graat esou wéineg sinn datt bei deem nämlechten Match an Afrika oder Asien Dausenden an nees Dausenden vun Leit nokucken mussen oder ?nach méi schlëmm- zum Spillball vun der Globaliseierung ginn.

Den Mënsch kann seng Plaaz an der globaler Welt nëmmen fannen wann en een nët als méi oder manner bedeelegten Zuschauer nokuckt. Neen, den Mënsch muss en Acteur vun däer globaler Welt sinn.

Daat geet konkret iwwert den Wee vun sozialen Mindeststandards an Europa.

Daat geet konkret iwwer den Wee vun enger konsequenter Entwecklunghëllef ? woubäi Lëtzebuerg ?dir wësst et- sech iweregens nët ze verstoppen braucht.

Daat geet konkret iwwer den Wee vun engem fairen Handelssystém ? Stechwuert: fäir Präiser fir Drëtt-Welt-Produiën

Daat geet konkret iwwer den Wee vun der Ennerstëtzung vun demokrateschen Prozesser, d?Stäerkung vun den Rechter vun Fraen an Kanner, d?Protectioun vun den natiirlechen Ressourcen ??an esou weider an esou fort.

D? Globaliseierung vum sozialen Fortschrëtt ?léif Frëndinnen an Frënn- soll an deenen nexte Joeren eent vun eisen Haapt-uleies sinn.

Niewent dem globalen sozialen Fortschrett bekennt den neien Grondsazprogramm sech och zum Dialog vun den Kulturen:

Daat ass deen zweeten, méi neien Aspekt vum Programm op deen ech wëll agoen. Virun kurzem ass am Iran en musulmaneschen Intellektuellen an Unisprofessor zu Doud verurteelt ginn. Waat haat hien verbrach? Säin ?crime? war et an enger Ried gesoot ze hunn, d?Moslemen wäeren keng Aaffen, déi op eng blann Mannéier engem relieisen Chef ze follegen hätten.

Natiirlech -oder glécklecherweis- huet dëst Urteel -vun der allgemeng als fundamentalistesch bekannter iranescher Justiz- zu groussen Protester am Land gefouert. Besonnesch an Studenten-milieuen. Daat Ganzt huet dann an deenen leschten Deeg zu violenten Affrontementer tëschent engersäits méi progressisteschen an aanerersäits méi fundamantalisteschen Organisatiounen ? hapsächlech Studentenorganisatiounen – gefouert.

Et bleiwt oofzewaarden ween sech dann elo duerchsetzt. D?Reformer oder d?Fundamentalisten?

Daat ass e Prozess wou den Westen sech nët kann erlaaben einfach no-ze-kucken. Wéi wann daat Ganzt ons näischt géif ugoen. Well wou d?Indifferenz par rapport zum Islam hinféieren kann, daat hunn mir leider nach vill ze vill kloer an deem leschten Joer an och dëst Joer erliewt.

Et bleiwt derbäi: den Westen kann mat décideieren ween sech duerchsetzt. D?Fundamentalisten vum Islam oder déi progressiv Kräften? Den Westen muss sech jhust fir den Islam interesséieren an sech domatter ausenaanersetzen. An do gëtt et nëmmen een Wee – an daat ass den Dialog vun den Kulturen, d?Gespréich tëschent den Kulturen.

Et geet drëm datt d?Sprochlosegkeet vun den Kulturen dem Dialog vun den Kulturen Plaz mecht.

Fir datt et net awer am Endeffekt zum clash vun den Kulturen kennt.

Ech muss elo en groussen Sprong maachen fir zu mengem drëtten Beispill vun deenen méi neien Elementer vum Grondsazprogramm ze kommen ? an daat ass déi Aktiv Biergergesellschaft :

Zu enger aktiver Biergergesellschaft gehéiert fir d?éischt eng institutionaliséiert Sozialpartnerschaft: An deem Zesummenhang wollt ech hei déi vill LCGB-Memberen an Responsabel, déi haut bei eis sinn ?mat un hiirer Spëtzt dem fréiere Präsident Marcel Glesener, extra begréissen.

Léif Frënndinnen an Frënn vum LCGB,

Dir sidd an bleiwt en indispensabelen Partner. Vill vun ären Memberen sinn an bleiwen ee wichtegen Deel vun eis selwer. Zu enger aktiver Biergergesellschaft gehéiert och d?Méiglechkeet vun engem Referendum bei essentiel wichtegen Froen.

Zu enger aktiver Biergergesellschaft gehéieren och effizient funktionéierend Kommissiounen an den Gemengen.

Zu enger aktiver Biergergesellschaft gehéiert och een konkret Abannen vun der Zivilgesellschaft an den politeschen Décisiounsprozess.

Zu enger aktiver Biergergesellschaft gehéiert awer och, an virun allem datt deem eenzelen Bierger seng Suergen seriö geholl ginn. Datt den Bierger en mëndegen Bierger ass – an datt en nët permanent assistéiert oder iwwergaangen gëtt.

Léif Frëndinnen an Frënn,

Déi eng schwätzen an braddelen vum Dialog mam Bierger. Déi aaner maachen eppes an kucken, datt konkret eppes geschitt. Dir hutt et verstaan, déi eng, daat sinn d?Delphinen an déi aaner, daat sinn mir. Bei der DP, dir Dammen an dir Hären, muss een sech iweregens froen op si en Grondsazprogramm brauchen. Geet den Zäitgeescht nët duer als Programm? Ass den Zäitgeescht bei der DP nët gläich Programm? Op allen Fall ennerscheed déi Offer -déi politesch Offer- déi mir dem Bierger vun dësem Land maachen eis kloer vun der DP.

D?DP ass d?Partei vum Liberalismus, d?Partei vum fräien Maort – däer hiirt primärt Ziel et nët ass bestehend Ongerechtegkeeten aus der Welt ze schaaffen! An domatter grenzen mir eis kloer vun hinnen of.

D?DP ? wann se dann iwwerhaapt en Grondsazprogramm mecht- wäert et op jidder Fall nët fäerdeg bréngen d?politesch Mëtt esou ze treffen wéi d?CSV daat mat dësem Programm mecht.

D?DP ?wann se dann iwwerhaapt en Grondsazprogramm mecht- wäert sécherlech en Buch schreiwen, daat esou déck ass wéi d?Bibel. Et mussen schliesslech all Gruppen vun Partikularinteressen, déi si vertrieden wëllen, doranner zervéiert ginn. Do geet et mat 20 oder 30 Säiten nët duer. Do muss ee Buch geschriwen ginn, daat esou déck ass wéi d?Bibel. Nët nëmmen daat neit Testament, mä daat neit an daat aalt Testament zesummen. Et ass eben ?léif Frëndinnen an Frënn- nët einfach eng Partikularinteressenvertriederpartei ze sinn.

D?Sozialisten soen neierdéngs si wäeren eng Vollekspartei. Eng lenks Vollekspartei. Daat ass jo alles schéin an gudd ? wann et dann och wouer wäer, mä daat wäerten mer dann jo nach gesinn. Ech hunn ?ier si hiiren Programmm firgestallt hunn- gesoot datt si Schwieregkeeten wäerten kréien séch méi sozial ze positionéieren wéi d?CSV.

An hei kuck do ? et brauch een hiire Programm nëmmen ze liesen fir festzestellen, datt daat waat si dem Land an den Leit ze bidden hunn op jidden Fall nët schrecklech sozial an zukunftsweisend ass: den Marsch soll anscheinend zréck an Richtung Kollektivismus goen.

Neen, dir Damen an Hären Sozialisten, dir sidd nët fräi genuch opgestaan fir eis sozial ze iwwerhuelen. Neen, dir Damen an Hären Sozialisten, mir ginn nët mat zreck an Richtung Kollektivismus. An dann nach eppes leeschtes zu den Sozialisten: Anstatt topech Attacken -zesummen mam OGBL- op d?Privatschoulen ze reiden ?et ass grad daat waat mer no Pisa brauchen- hätt der besser eis emol ze soen wéi Dier dann géift mat der schwiereger wirtschaftlecher Laag géift emgoen an waat Äer konkrét Virschléi sinn. Mä och do kommt der iwwert den Stadium vun bëllegen Scholdzouweisungen nët eraus.

Ween, dir Damen an dir Hären, huet dann duerfir gesuergt datt mer haut en Aapel fir den Duuscht hunn ? Ween huet duerfir gesuergt datt mer Reserven haut hunn, wou et esou ausgesäit, datt mer se gutt kennen gebrauchen?

Et waren daat CSV-Politiker ënnert dem Impuls vum Jean-Claude Juncker an Luc Frieden – an och daat soll émool hei eng Kéier kloer gesot ginn.

Ween, dir Damen an dir Hären, huet dann an deenen leeschten Joeren ëmmer erëm gejaut et misst méi ausgedeelt ginn?

Et war daat keen aaneren wéi d?Sozialisten, déi verlaangt hunn et soll einfach mat der Strenz ausgedeelt ginn.

Datt daat nët geschitt ass, ass den Verdéngscht vun der CSV an et beweist sech haut, datt daat och richteg esou war.

Déi ganz Politik war iwwregens iwert all déi Joeren eng Politik no chrëschtlech sozialen Grondsäz. Eng Politik déi ? wéi den Weiler Luss et treffend am Profil en Samschdech geschriwwen huet – sech kloer zur Solidaritéit bekennt, mä déi gläichzäiteg ouni permanent staatlecht Ameschen hiir Leeschtungsfähegkeet ënner Beweis stellt, ganz am Geescht vun dem Prinzip vun der Subsidiaritéit. Echt chrëschtlech sozial Politik eben.

?Jidder Eenzelen zielt? ass eisen Motto. An domatter kommen ech schons baal zum Schluss vun mengen Ausféierungen.

?Jidder Eenzelen zielt? ? daat heescht, datt mer den Mënsch als Eenzelen kucken ? datt et jidderengem ?jidder eenzelem- gutt géét.

?Jidder Eenzelen zielt? ? daat heescht awer och datt mer den Mënsch kucken mat deenen aaneren Mënschen zesummen.

?Jidder Eenzelen zielt? ? daat heescht, datt daat Sozialt eng grouss Roll spillt.

?Jidder Eenzelen zielt? ? daat heescht och Solidaritéit an Subsidiaritéit.

Alles daat an villes méi mécht chrëschtlech sozial Politik am 21. Joerhonnert aus.

Léif Frëndinnen an Frënn,

D?CSV ass ? fir nach eng Kéier aus dem Profil vun en Samschden ze zitéieren, dës Kéier den Jean-Claude Juncker – ass keng Allerweltspartei.

Si ass eng Partei mat Ecken an Kanten. D?CSV ass 1914 als Partei vun der Mëtt entstaan. Als Entwert op engersäits den Liberalismus an aanerersäits den Sozialismus an Marxismus. Och am Joer 2002 steet d?CSV weiderhinn an der Mëtt. An der sozialer Mëtt. An der fortschrëttlecher Mëtt. Ennert dem Motto ?Jidder Eenzelen zielt?.

Ofschléissend well ech mat engem Zitat vum Pierre Dupong. Déi meescht vun Iech kennen et. 1917 huet den Pierre Dupong folgendes geschriwwen: ?Perséinlechkeeten kommen an ginn. Et bleiwt déi alles emfaassend Organisatioun an de Programm, deen esouwuel eenegt wéi och verpflicht.?

An deem Sënn, léif Frëndinnen an Frënn, wënschen ech eisem neien Grondsazprogramm en laangt Liewen. Vläicht keent vun 28 Joer wéi deen viregten. Mä trotzdeem en laangt Liewen.

Ech soen iech merci.