Erna Hennicot-Schoepges zum Grundsatzprogramm

Ried vun der CSV Parteipräsidentin Erna Hennicot-Schoepges um Kongress zu Eiter den 18 November 2002 ? et gëllt dat geschwaate Wuert.

Léif Parteifrënn,

En neie Grondsatzprogramm bedeit fir eis Partei d?Nodenken iwwer Sënn an Zweck vum politeschen Engagement, d?Formuléieren vun eise Grondsätz an der Sproch vun eiser Zäit fir d?Mënschen vun eisem Joerhonnert.

Den ?C? an eisem Numm huet grad elo seng ganz Bedeitung: keng aaner Ideologie huet et am leeschte Joerhonnert fäerdeg bruecht d?Zesummeliewen vun de Menschen no de Prinzipien vun Respekt an Toleranz mat de Mëttel vu Léift a Gerechtegkeet an an der Suerg em déi Schwach an déi Arem esou z?organiséieren, datt mer och souguer no 50 Joër Fridden an Europa nët kënnen op eng Welt kucken, déi an der Rei ass.

Och a grad den ?C? fuerdert eis eraus op ee Neits driwwer nozedenken, wat mer kenne besser machen ? wou mer gefeelt hunn, wien mer ongläich gedoen hunn.
Urteelen a verurteele sollen mer nët a mir sollen dofir och nët zu Gericht setzen iwwer anerer, déi eis Opfassung net deelen.

Chrëschtlech Parteien hunn virun 50 Joer no dëse Prinzipien d?Europäesch Unioun geschaf. Mir sinn haut besuergt em déi vill sozial Defiziten, déi et an deem Europa gëtt.

Mir sinn eis bewosst, datt déi weltwäit ongerecht Verdeelung vum Räichtum eng Kéier en Enn muss fannen. Mir mussen eis asetzen fir datt et tëschent liberalem Kapitalismus an totalitärem Kommunismus en aanere Mechanismus gëtt fir Eegenintitiativ an Eegentum mat engem soziale Gewëssen ze verbannen.

D?kathoulesch Sozialléier définéiert d?Recht op Egentum mat der ausdrecklecher Obligatioun fir och aneren de perséinleche Reichtum ze gudd kommen ze lossen.
Den idealen ökonomesche Modell fir zu dem ze kommen ass nach laang nët erreecht ? de Sozialstaat gëtt nëmmen deelweis eng Aentwert drop. Grad an dësen Zäiten stousse mer eis dach un de Lacune vun engem System, deen d?Héicht vun den Aktiecoursen iwwer de Wäert vun Aarbechtsplaze setzt. Generell ass eis Zäit geprägt vun Egoismus an Egozentrik.

D?Ideologie vum Vergläich ? féiert dozou, datt kaum nach een zefridden ass matt dem wat en huet.

Eis geeschteg a moralesch Wäerter muss d?Politik och kämpfen eis a grad an enger golobaliséierter Welt sinn d?Grondwäerter vum Chrëschtentum eng wertvoll Basis. Mir sinn eis bei den Aarbechten um Grondsatzprogramm bewosst ginn, wat fir ee grousse Fächer vu Meenungen an Iwwerzeegungen et an eiser Partei gëtt ? sou wéi datt fir eng Vollekspartei normal ass.

E Grondsatzprogramm, deen d?Politik fir Zukunft soll beaflossen muss d?Gesellschaft do ophuelen wou se haut steet ? mat hiren Defiziter a matt hire Mängel ? awer och matt hiren neie Perspektiven.

Fir datt déi aal déi jonk verstinn, a fir datt déi jonk déi aal respektéieren, brauch et Versteestemech vu béiden.

Am gesellschaftspolitesche Beräich kënne mer nët ignoréieren, datt haut d?Welt net méi esou ass ewéi se fréier war. 40% vun de Kanner an eisem Land liewen a Stéit, déi nët bestuedt oder Allengerzéier sinn. Mëttlerweil ass déi 68er Generatioun och bei de Senioren ? verwitwet Leit sichen sech en neie Partner ouni dofir en neie Mariage wëllen anzegoen, dat fuerdert vun eis, datt mer eis Vue vun der Famill erweideren.

A wann et an eisem Land gleich geschlechtlech Koppele gin fir déi gesetzlech Regelungen gebraucht gin, dann huet CSV dat net ignoréiert ? mee mer hunn eis schon 1998 an engem Grondsatzpabeier deen vum François Biltgen ausgeschafft gouf domat beschäftegt. 1997 hat eis Partei eng ausgiebeg Diskussioun iwwer Stierfbegleedung acharnement thérapeutique an Palliativmedizin.

Et ass nët esou, datt CSV an all deene Froen nët diskutéiert hätt an nët évoluéiert wär. Dat soen déi, déi eis gäer ewech hätten. An dofir, léif Parteifrënn, ass et emsou méi wiichteg, datt mer all zesummen déi grouss Prinzipien verdeedegen, déi mer an eise Grondsäz nei gefaasst hunn, datt deen en sech beméit fir dem anere seng Positioun ze verstoen.

Eng Politik fir Zukunft vun eisem Land verlangt vun eis datt mer nach un eis selwer glewen, datt mer Vertrauen hunn an d?Bereetschaft vun alle Leit, déi hei wunnen mat neiem Dynamismus un d?Problemer erunzegoen.

Eis Grondsätz sollen eiser Politik déi Dimensioun ginn, déi och fir déi nächst Generatiounen gëllt.