E neit Dateschutzgesetz

Mam Vote vum Projet vum neien Dateschutzgesetz gët deen alen Text vun 1979 komplett ersaat. No 23 Joer war et noutwenneg, sech e méi modernt Instrument ze ginn, waat de Schutz vun de Biirger géint Mëssbräich vun hire perséinlechen Date regelt.

Zënter 1979 ass ganz villes geschitt am Beräich vun den Datentraitementer. Déi Evolutioun, déi den Ëmgank mat perséinlechen Donneeën zënterhiir matgemaach huet, ass op d’Generaliséirung vun der Informatik an eisem deegleche Liewen zréckzeféieren. Enn de siwenzeger Joere war e Computer nach eppes, waat e ganze Raum ausgefëllt huet, wann et sollt no den deemolege Moossstiew effikass sinn. Mee vun deemols bis haut goufe weltwäit iwer eng Milliard Computere verkaaft, wéi mer se haut doheem um Bureau stoen hunn. Déi zweet Milliard Computere wäert bannent dene nächste fënnef Joer verkaaft ginn. Dës Zuele weisen, wou déi grouss Erausfuerderung am Dateschutz haut läit. Et geet drëms, de Méiglechkeeten, déi d’Informatik liwwert, en ugepasste gesetzleche Kader ze ginn, deen de Leit déi noutwenneg rechtsstaatlech Garantien fir de Schutz vun hirem Privatliewen offréiert.

Fréier waren Daten iwer e Mënsch eppes schwéierfälleges. Haut net méi. Wann der eng Carte de Fidelité an engem Supermarché hutt, opgrond vun däer e Computer Iech geleëntlech eng Reduktioun op Äeren Akeef berechent, da weess dee selwechte Computer, waat Der kaaft hutt. An aus Äerem Akaafskuerw kënne Réckschlëss geszuge gin iwer Äer Iessgewunnechten, Äer Relioun, Äert Buedzëmmermaterial an esou weider. An zwar gewëssermoossen duerch ee Knappdrock. Fréier hätt een Dosende vu Leit gebraucht, déi all déi Beobachtunge während Joere gemaach an néiergeschriwen hätten, fir daat erauszefannen, waat sech haut aus Äeren Akeef liese léisst.

Well daat esou ass, well op ville Plaazen zousätzleche Confort, zousätzlech Liewesqualitéit an zousätzlech Sëcherheet kann doduerch gewährleescht gin, datt een Donneeë vu perséinlecher Natur informatiséiert, entstinn nei Méiglechkeete vu Mëssbrauch, déi mussen adäquat encadréiert ginn. Selbstverständlech fanne mer et an der Rei, datt Iwerwaachungskameraën a Parkhaiser sinn, déi et kënnen erlaaben, den Täter vun engem Iwerfall ze identifizéieren. Waat dës Kameraën awer soss nach alles gesinn, geet am Fong geholl keen eppes un. Dofir muss de Gebrauch vun dësen Informatioune geregelt ginn, an zwar op eng Manéier, déi den technologesche Méiglechkeete vun haut Rechnung dréit. Fir nämlech derfir ze suergen, datt déi Informatiounen, déi der Äerem Supermarché, Äerem Reesagent, engem Hôtel oder dem Internet bei engem elektroneschen Akaaf uvertraut, just fir deen Zweck genotzt ginn, fir dee se geduecht waren.

Genee daat maache mer mat deem neien Dateschutzgesetz. Mat dësem Gesetz get de sougenannte ” gliesene Mënsch ” zu Lëtzebuerg verhënnert. Dësem Gesetz seng Dispositiounen iwer Vertraulechkeet vun Donneeën, an déi iwer allgemeng Gültegkeet vun de Schutzbestëmmungen si méi streng, wéi a villen aneren europäesche Länner. D’Regirung an d’Chamber wëllen zu Lëtzebuerg sëcherstellen, datt d’Biirger sech wiirklech kënnen drop verloossen, datt Informatiounen iwer sech, déi se an irgendengem Kontext enger anerer Persoun oder eben enger Datebank uvertrauen, a gudden Hänn sinn a kee Mëssbrauch dermat gemaach get.

Mat deem neien Dateschutzgesetz get Lëtzebuerg euopäesche Spëtzereider an dësem Domaine. Mir kréien dann e modernt Dateschutzgesetz fir d’Sëcherheet vun eis alleguer.

1

1