Steng si normalerweis keen Thema

Steng si normalerweis keen Thema, mat deem d’Politik sech iwerméisseg beschäftegt – an déi ëffentlech a verëffentlecht Meenung och net. Ausser an deene Fäll, wou der mussen aus de Féiss geraumt ginn, fir op wichtegen Dossieren weiderzekommen. Oder eben, wann de Probleem genee ëmgedréit ass : dann nämlech, wa bestëmmte Steng net erbäikommen.

Zënter Méint bestëmmen déi Steng, déi sollen am Musée fir modern Konscht um Kiirchbierg, gemengerhand de Pei-Musée genannt, verluecht gin, ee gudden Deel vun eiser Aktualitéit. Zënter e puer Deeg sinn si awer net méi alleng : aus der Affär rondrëm d’Steng get versicht, e regelrecht Monster ze konstruéieren, mat deem de Bauteministère am speziellen an d’Politik vun deene grousse Parteien am allgemengen alt nees eng Kéier sollen zolitt a Mësskredit bruecht ginn. Et geet rieds vu Schmu bei ëffentlechen Ausschreiwungen, vu Korruptioun a Ministerien an an de Parteien, vu Schmiergelder a keefleche politeschen Décisiounen. Domat get vun däer eenzeger Tatsaach oofglenkt, déi an dëser am Fong traureger Affär iwerhaapt kann intressant sinn : d’Steng sinn net do, a si kommen net erbäi.

No deene Méint vu wëlle Behaaptungen an Ënnerstellungen, vu bestëmmten Deeler vun der Press mat Summerlach-Féiwer weider opgekacht an zervéiert, sollt een sech mol nees drop besënnen, ëm waat et an däer onsäglecher Steng-Affär rondrëm de Pei Musée eigentlech geet. Daat kann ee nämlech mat Fakten duerleën.

Fakt ass : de Konsortium rondrëm d’Firma TRACOL huet eng ëffentlech Ausschreiwung gewonnen, an däer se sech verpflicht haat, ee bestëmmte Steen, deen den Architekt besonnesch gäer huet, fir de Musée fir modern Konscht ze liweren. Dës Firma huet also en ëffentlechen Optrag kritt.

Fakt ass : déi selwecht Firma konnt, kann a wäert dëse Steen net kënne liweren. Daat ass de Géigendeel vun deem, zu deem se sech an der Ausschreiwung engagéiert haat.

Fakt ass : well dës Firma net liwere kann, konnt a wäert kënnen, kruut se den Optrag rëm oofgeholl.

Sou einfach sinn d’Fakten, a si ginn am Fong vu kengem a Fro gestallt. Net emol vun der betraffener Firma, déi just eegenaarteg Grënn erfënnt, wuerfir se d’Steng net erbäi kritt. Mee daat ass net dem Bauteministère, an och net dem Staat säi Problem : net de Staat soll Steng organiséieren, mee deen, deen den Optrag kruut. An daat ass e private Konsortium, dee vun enger Lëtzebuerger Firma gefouert get, deen och nach niewebäi Kommunalpolitiker vum ADR ass.

Et ass an et bleiwt wouer : dës Firma kruut vum Staat en Optrag. Si kann en net erfëllen. Daat bedeit, datt se et entweder ni konnt an hätt kënnen – an deem Fall huet se de Staat bedrunn, well se eppes behaapt huet, waat net stëmmt. Oder awer, et ass der Firma ënnerwee onméiglech ginn, dee präzise Steen, ëm deen et geet, ze liweren – an dann däerf se net dem Staat einfach esou, ouni weider Explikatiounen am viraus an ouni Nofro, en Echantillon vun engem ganz anere Steen liweren. Sou oder sou ass d’Firma am Feeler, an net de Staat. Wann ech e Marché hunn an da kann ech ën net erfëllen, dann ass et net legitim, duerfir de Staat verantwortlech ze maachen. Ëffentlech Soumissioune si fir Leit, déi net nëmme kënnen ubidden, mee och liweren.

An der Tëschenzäit ass, wéi scho gesoot, aus dëse puer einfachen Tatsaachen eng immens Affär ginn. Mee eent bleiwt wouer : d’Steng si nach ëmmer net do, an déi genannte Firma konnt se net liweren – obwuel se daat bei der Ausschreiwung behaapt haat. TRACOL huet de Staat belunn.