Interventioun vum Laurent Mosar zum Gesetz iwer d’Repéragen

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Mäi Fraktiounspresident huet als Rapporter vum viirleiende Gesetzprojet eng exhaustiv Beliichtung vu sengen Elementer, sengem Fundament a senger Noutwennegkeet gemaach. Ech wëll him fir déi exzellent Aarbecht Merci soen, mat däer en sech duerch dës quokeleg Matière gefräst huet. Och de Kollegen an der Commission juridique, a selbsverständlech dem Minister Luc Frieden, wëll ech meng Unerkennung fir hiren ausgeprägte Wëllen ausdrécken, hei zesummen zu engem equilibréierten an dach effikassen Text ze kommen.

Quokeleg ass dës Matière, menger Meenung no, well se en Deel vun der Gratwanderung tëschend Sëcherheet a Fräiheet ass. Dës Gratwanderung gouf et nach ëmmer – si huet sech allerdings no den Evenementer vum 11. September 2001 an hirer Andringlechkeet verschäerft, well Sëcherheet vun deem Daag un eng konkret Preokkupatioun fir all Mënsch an Amerika, an Europa an op villen anere Plaze gouf. A wou de Ruff no méi Sëcherheet erschaalt, do entsteet ipso facto de Risiko vun enger Aschränkung vun der Fräiheet. Et ass duerfir dee grousse Mérite vun deem Text, dee mer de Mëtteg hei wäerte stëmmen – meng Fraktioun wäert daat op jidde Fall maachen, datt en ausgewogen ass am Spannungsfeld tëschent Sëcherheet a Fräiheet.

De Repérage an d’Lokalisatioun vun Telefonsgespréicher an aneren Telekommunikatioune gin duerch dëst Gesetz op eng zolitt juristesch Basis gestallt. Dës Basis as grad esou néideg, wéi d’Moossnaam selwer – kee ka jo haut méi drun zweiwelen, datt a ville Fäll d’Ortung vu Kommunikatiounen tëschend Delinquenten a Verbriecher ëmsou méi noutwenneg ginn ass, wéi d’Vielfalt vun den Telekommunikatiounsmethoden zougeholl huet. Mee schliesslech geet et drëms, grad dës Figuren ze ermëttelen, an net, Aschnëtter an déi privat Kommunikatioune vu Biirger ze vollzéien, déi sech näischt zu scholde komme gelooss hunn.

Well an dësem Kontext, wann also den Auteur vun enger Stroofdot nach völleg onbekannt ass, muss ëmfaassend ermëttelt ginn, ass et evident, datt eng vum Untersuchungsriichter verfügten Operatioun vu Repérage oder Lokalisatioun sech – op d’mannst an enger éischter Phas – kann op Leit bezéien, déi mat der Dot näischt ze dinn hunn. Ech ënnersträichen un dëser Stell och nach eng Kéier, datt mer hei net mat Ooflauschterungen ze doen hunn – daat ass eng vill méi cibléiert a vill méi aschneidend Ermëttlungsmethod. Beim Repérage a bei der Lokalisatioun fanne mer fir d’éischt mol Apparaten, an dann eréischt Leit.

Well also an enger éischter Phas just en Apparat ermëttelt get, kënnen op dës Manéier Leit mat engem Vergoen oder Verbriechen a Verbindung bruecht ginn, déi an der Realitéit näischt dermatt ze dinn hunn. Do kann ee sech e geklauten oder verluerene GSM viirstellen, d’Notzung vun enger friemer e-mail Adress, an aner technesch Méiglechkeeten – grad déi organiséiert Kriminalitéit schreckt net virdrun zréck, hir Kommunikatioun esou ze tarnen, datt ze zum Beispill iwer Internet kann am Numm vun total onschëllege Leit gefouert ginn. Dann ass et wichteg, datt dës Leit net duerch d’Ermëttlunge belaascht ginn – a genee daat erméiglecht dëst Gesetz.

De Repérage an d’Lokalisatioun si nëmmen een Element vun enger bestëmmter Ermëttlung. Ginn elo Kommunikatiounen vu Leit zréckverfollecht, déi onbescholte Biirger sinn an et och bleiwen, da kréien si net nëmmen – daat ass jo selbstverständlech – Matdeelung bannent Joresfrit driwer gemaach, datt hir Kommunikatioune reperéiert goufen, mee virun allem ginn d’Resultater vun dëse Moossnaamen an deem Fall zerstéiert, wou et net zu enger Uklo géint déi Persoun kënnt, däer hir Kommunikatioune reperéiert goufen.

Repérage heescht also a kengem Fall direkt daat selwecht wéi Uklo. Zu enger Uklo kann et nëmmen da kommen, wann d’Repéragen e bestëmmte Verdacht bestätegt hunn, deen onoofhängeg vun hinne bestoung. Get just zoufälleg am Kader vun esou enger Moossnam enger Persoun hir Kommunikatioun novollzunn, da verschwannen d’Informatiounen heiriwer och nees aus de Policefichiers. Et ass wichteg, datt mer dës Regelung agebaut hunn, well mer sou verhënneren, datt Données iwer Leit éirens gespäichert bleiwen, déi onschëlleg sinn.

Ech wollt op dës Tatsaachen insistéieren, well ech frou driwer sinn, datt et eis hei rëm eng Kéier gelengt, fir Preokkupatiounen, déi d’Sëcherheet betreffen, mat de biirgerleche Fräiheeten am Aklank ze behaalen. Daat gesoot, bleiwt mer just nach eng Kéier den Accord vu menger Fraktioun zu dësem Projet ze bréngen.

1

1