Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Mir stëmmen haut dee Gehälteraccord, deen an der Fonction publique fir d’Joeren
2002, 2003 an 2004 wäert gëllen. En huet fir manner Opregung gesuergt, wéi dee
leschten, an en ass manner wéi dee leschten derfir genotzt ginn, fir iwer
Atmosphären, Stiler an Ëmgangsformen ze schwadronéieren. Daat ass gutt esou. An
ech wollt daat ganz am Ufank vu menger Interventioun esou soen.
Et sinn zu dësem Accord haaptsächlech zwou Saachen ze soen. Déi éischt betrëfft
de Volume, deen eigentlechen Inhalt dervun. Déi zweet huet méi mat senger
Laafdauer ze doen.
Deen Accord salarial, iwer dee mer elo diskutéieren, gesäit am wesentleche vir,
datt iwer dräi Joeren de Punktwert an domat d’Gehälter an der Fonction publique
ëm 4,8 Prozent klammen. Daat geschitt gläichméisseg iwer d’Laafzäit vum Accord,
mat 1,6 Prozent all Joer. Dës Steigung vun de Gehälter am ëffentlechen Dingscht
ass verstänneg – et ass am Kontext vum aktuellen Accord salarial vill vu
Verantwortung geschwaat ginn. De Begrëff vun der responsabler Verhandlung an
dem responsable Verhandlungsresultat kann hei och roueg benotzt ginn, en ass
duerchaus ubrecht.
Accords salariaux an der Fonction publique mussen ëmmer am Kontext vun der
finanzieller Lag vum Staat gesi ginn, well et ass hien, dee d’Gehälter vu senge
Beamte bezillt, an deen se muss kënne finanzéieren. Sou Oofkomme mussen och an
de Kader vun der wirtschaftlecher Dynamik an eisem Land gestallt ginn. Daat war
iwregens nach ëmmer esou. Och scho virun zeng a méi Joeren. Ech wëll nämlech
och – virun zwee Joer huet de Lucien Weiler daat och scho gemaach, well et huet
misse gemaach ginn – drop hiweisen, datt d’Accords salariaux net eréischt 2000
erfonnt goufen. Alles, waat zum Ëmfeld, zu de Rahmenbedingungen an zu de
Viraussetzunge vun engem Gehälteroofkommes an der Fonction publique gesoot get,
ass net eréischt zënter zwee oder dräi Joer, mee zënter ëmmer wouer.
Wann et dem Staat gutt geet, wann en iwer ausreechend finanziell Ressource
verfügt, da kann en sech eng gewësse Generositéit géigeniwer vu senge Beamte
leeschten an erlaben. Wann daat net esou ass, da gesi Gehälteraccorden och
anescht aus. Daat hu mer zum Beispill Mëtt den achtzeger Joere gesinn, wéi eng
Period vu grousser Zréckhaalung an der Besoldung vun de Staatsbeamten opgrond
vun enger wirtschaftlecher Flaut op en Enn gaangen ass, an en Accord, dee 4
Prozent Augmentatioun iwer zwee Joer virgesinn huet, konnt applizéiert ginn. Vu
deem Moment un hunn all nofolgend Accorden sech op engem méi héigen
Augmentatiounsniveau ugesiddelt, well daat, gesamtwirtschaftlech gekuckt, och
vertrietbar war.
An dene leschte Joeren hu mer en aussergewéinlech héige Wuesstum kannt, mee ob
daat éiweg sou weidergeet wësse mer net. Et kann duerchaus sinn, datt eis
Wirtschaft méi gemelleg weiderwiisst, mat alle Konsequenzen, déi esou en
Zoustand no sech zitt. Et ass awer elo, fir dee virleienden Accord, en héige
Wirtschaftswuesstum, deen zugronn geluecht gouf. D’Abettung vun de
Beamtegehälter an de Kontext vun der wirtschaftlecher Leeschtungsfähegkeet vum
Land an déi doraus resultéirend finanziell Leeschtungsfähegkeet vum Staat as
onverzichtbar : ee Véirel vum Staatsbudget bestinn, op der Dépensesäit, aus
Beamtegehälter. Also muss de Budget insgesamt voluminéis genuch sinn, fir datt
de Staat sech Ofschlëss vu Gehälteraccorden op engem héigen Niveau kann
erlaaben.
Mir haaten tëschent dem Enn vun den nonnzeger Joeren an haut en
ausseruerdentlech héige wirtschaftleche Wuesstum, deen dem Staat et erlaabt
huet, schon 2000, an elo nees eng Kéier, d’Staatsbeamten Deel huelen ze loossen
um Produktivitéitszouwuess vun eisem Land. Am Kontext vun de rezente
Wuesstumszuelen ass deen Accord, deen elo virläit, e korrekten Oofschloss.
Här President,
De Gehälteraccord, dee mer hei stëmmen, beinhalt eng Dispositioun, déi beseet,
datt bei enger spiirbarer an dauerhafter Besserung vun de wirtschaftleche
Rahmenbedingunge während senger Laafzäit och eng Noverhandlung vum Accord
méiglech ass. Dës Dispositioun ass engersäits eng Konsequenz aus der Tatsaach,
datt den Accord ee Joer méi Laafdauer huet, wéi daat üblech ass, an anerersäits
eng weider Konsekratioun vum Prinzip vun enger de wirtschaftleche Kontext
berücksichtegender Lounpolitik am ëffentlechen Dingscht. Dëse Prinzip ass
iwregens schon am Koalitiounsaccord zréckbehaale ginn, wou och dra steet, datt
eng weider Referenz d’Evolutioun vun de Gehälter am Privatsecteur wir. Et geet
ee jo dervun aus, datt bei enger globaler Verbesserung vun eiser
wirtschaftlecher Situatioun och eng Evolutioun vun de Paien no uewen géif
stattfannen – déi zwou Referenze sinn also enk matenee verbonnen a bezeechnen
eigentlech daat selwecht : d’Onméiglechkeet vun enger staatlecher Lounpolitik,
déi fundamental anescht wir, wéi déi am private Secteur.
Et ass evident, datt mer de Moment net méi an enger Boomlogik an der Ekonomi
sinn. D’Wuesstumszuele vum leschten a vun dësem Joer soen daat kloer an
däitlech aus, an d’Faillitenzuelen eigentlech och. Mir leie fir d’lescht Joer a
fir dëst Joer ënner véier Prozent Wuesstum – am Boomjoer 2000 waren et der 8,5.
Am Privatsecteur get zur Zäit viirsichteg verhandelt, well de
Verhandlungskontext dacks e kriddlegen ass.
(Perspektiv opgrond vun de Budgetszuele fir 2003)
Här President,
Déi zweet wichteg Saach, déi muss zu dësem Accord gesoot ginn, ass, datt en och
korrekt – am eigentleche Sënn vum Wuert – ass opgrond vu senger Laafzäit.
D’Waaljoer 2004 ass nach an der Laafzäit vum Accord abegraff. Ech wëll hei
soen, datt ech selwer a meng Fraktioun der representativer Gewerschaft am
ëffentlechen Dingscht et héich urechnen, datt si drop verzicht huet, aus dem
Waaljoer 2004 och ee Joer ze maachen, an deem en héigen Drock kann duerch
Gehälterverhandlungen an der Fonction publique kann entstoen. Eigentlech ginn
d’Gehälteraccorden am ëffentlechen Dingscht jo op 2 Joer oofgeschloss, a wann
daat an dësem Fall esou wir, da géif den Accord Enn 2003 auslaafen a misst
neiverhandelt ginn. Mir begréissen absolut, datt hei net versicht ginn ass, de
nächste Gehälteraccord zu engem akute Waalkampfthema ze maachen.
Daat soll ee nämlech och net maachen. Opgrond vun deem, waat ech virdru gesoot
hun iwer den ekonomesche Kontext vun enger Gehältererhéijhung am ëffentlechen
Dingscht mengen ech, datt et all Mënsch misst kloer sinn, datt nom bekannte
Lëtzebuerger Verhandlungsmodell ëmmer dann, wann d’Situatioun et erlaabt,
zefriddestelleng Accordë fir déi Beschäftegt fonnt ginn. Wann d’Situatioun awer
net erlaabt – well mer vun de Suë vum Staat schwätzen – da kann et mol
virkommen, datt déi Betraffe vun engem Accord net terribel begeeschtert sinn.
An engem Betrib, deem et schlecht geet, ass daat net anescht. Kee Mënsch freet
sech driwer, datt e net regelméisseg substantiell Gehaltserhéijhunge kritt. Mee
grad den ëffentlechen Dingscht ass hei an enger spezieller Lag : wéi de
Generalsekretär vun der CGFP et och dacks zu Recht seet, hun d’Staatsbeamten
eng Relatioun zum Staat, déi net nëmmen déi vun engem Lounoofhängegen ass.
Staatsbeamte sinn d’Träger vum Staat, hinnen ass u sengem Wuelbefannen a senger
Leeschtungsfähegkeet och objektiv geleeën. Duerfir muss vun der Säit vun de
Beamten ëmmer dann, wann d’Wuel vum Staatswiesen um Spill steet, Versteesdemech
fir dem Staat säin Intressi opbruecht ginn – och wann daat bedeit, datt eng
Kéier an der Zukunft erëm e Gehälteraccord oofgeschloss géif, dee net all hir
Erwaardunge géif befriddegen. Esou en Ëmstand ass nämlech dann eng objektiv
Realitéit, déi sech als Waalkampfthema – well een se net kann änneren – guer
net eegent. Wéi gesoot, d’CGFP huet hei op déi vun hir bekannte
verantwortungsbewosst Manéier drop verzicht, sech d’Méiglechkeet vun der
staatlecher Lounpolitik als Waalkampfthema opzehaalen, an duerfir verdingt se
eis Unerkennung.
Här President,
Alles an allem as den Accord, dee mer elo diskutéieren, ee gudden Accord. E
berücksichtegt déi wirtschaftlech Gesamtsituatioun vum Land, an e gouf vu
kenger Säit op falsch Manéier instrumentaliséiert. E gouf souwuel vun der
Regirung wéi och vun der CGFP als en zefriddestellenden Accord beschriwen, waat
jo beleet, datt de Patron Staat mat de Vetrieder vu senge Beschäftegten eens
ginn ass. Well daat esou ass, sollt d’Chamber sech der Eenegkeet uschléissen an
dëse Projet guttheeschen. Meng Fraktioun wäert e selbstverständlech stëmmen.
1