An dene leschten Deeg gouf vill iwer d’Zukunft vun eisem Land geschwaat. Dacks genuch an engem éischter polemeschem Toun. Et geet bei den Diskussiounen, déi am politesche Raum lafen, ëm d’Aart a Weis, wéi mer d’Zukunft vum Lëtzebuerger Land wëlle virbereden. Wëlle mir net an e puer Joer desagreabel iwerrascht gin, da musse mer haut de Grondsteen fir d’Zukunft leën.
Et get jo vill Leit, déi mengen, et sollt een sech net sou vill mat der Zukunft beschäftegen, mee villméi mat den Erausfuerderunge vun haut. Dës Leit verkennen – an zwar bewosst, fir sech méiglechst vill Beléiftheet bei all Mënsch ze erhalen – datt déi wiirklech Erausfuerderung vun haut ebe genee ass, eis Zukunft mat Wäitbléck an op eng responsabel Manéier virzebereden. Ech wëll daat un engem konkrete Beispill verdäitlechen.
Mir hun HAUT kee Pensiounsproblem. De Géigendeel ass esouguer de Fall. Wa vu muer u keen Euro méi géif kotiséiert ginn, da géingen déi aktuell Reserven an de Keesen duer, fir während gutt zwee an engem halwem Joer trotzdeem d’Pensiounen auszebezuelen. Eis Nopeschlänner géifen deen Exercice beschtefalls e puer Woche laang packen. Mee ouni zolitten Zouwuess op eisem Aarbechtsmaart, an deemno och vun eiser Populatioun kréie mer awer an e puer Joer e Probleem. Deen haut net wëllen ze erkennen, ass liichtfankeg a geféierlech.
D’Rechnung ass einfach: fréier huet e Mënsch vu sengem Liewen zwee Drëttel geschafft a kotiséiert. Haut ass déi Relatioun ëmgedréit. Nach gutt een Drëttel vum Liewe get aktiv verbruecht, a baal zwee Drëttel, de Statistiken no, net méi. D’Leit léieren haut méi laang, se liewe vill méi laang, a se schaffe manner laang wéi fréier. Daat ass näischt schlechtes, mee et bréngt Problemer fir d’Pensiounskeese mat sech, déi et fréier an däer Form net gouf.
Op Dauer ass et mam aktuelle System a mat mëttelméissegem Wirtschaftswuesstum net ze finanzéieren, datt Leit bis 25 Joer léieren, dann 30 Joer schaffen, mat Enn foffzech a Pensioun gin, an duerchschnëttlech iwer achtzech Joer aal ginn. A wien behaapt, an de Leit am Land seet, daat géif trotzdem goen, dee kann entweder net rechnen, oder en denkt just un déi nächst Waalen. Daat mécht d’CSV net.
Mir hun d’Rentendëschdécisioune matgeholl, well se néideg waren, a well se mëttelfristeg och finanzéierbar sinn. Mir hunn Décisioune geholl fir Leit, déi HAUT an der Pensioun sinn, oder geschwënn hir Pensioun huelen. Mat dene ganz jonke Leit um Aarbechtsmaart an denen, déi haut an der Mëtt vun hirer aktiver Laafbunn stinn, musse mer awer sou éierlech sinn, datt mer hinne soen, datt den aktuelle Pensiounssystem an déi aktuell Pensiounsleeschtungen, ouni e véierprozentege Wirtschaftswuesstum pro Joer, op Dauer net kënnen erhaale bleiwen. Fir déi méi jonk Generatioun get et haut aner Mechanismen, waat d’Pensiounen ubelaangt, déi et fréier net gouf, an déi nach ausbaufäheg sinn. Ech denken hei virun allem u betriiblech a privat Zousazpensiounen. Mee mir mussen HAUT soen, datt MUER um Terrain vun de Pensioune wuel en Deel méi Egeverantwortung wäert erfuerdert sinn, wéi daat bis haut de Fall wor. A wa mir déi eenzeg sinn, déi daat soen, da mécht daat eis Ausso net manner wouer.
D’Erausfuerderung vun HAUT ass et, d’Problemer vu muer beim Numm ze nennen.