D’Erausfuerderungen elo erkennen!

An dene leschten Deeg gouf vill iwer d’Zukunft vun eisem Land geschwaat. Dacks genuch an éischter polemeschem Toun. Et geet bei den Diskussiounen, déi am politesche Raum lafen, ëm d’Aart a Weis, wéi mer dem Land seng Zukunft…
An dene leschten Deeg gouf vill iwer d’Zukunft vun eisem Land geschwaat. Dacks genuch an éischter polemeschem Toun. Et geet bei den Diskussiounen, déi am politesche Raum lafen, ëm d’Aart a Weis, wéi mer dem Land seng Zukunft wëlle virbereden. Well wien net wëllt an e puer Joer desagreabel iwerrascht gin, dee muss haut d’Grondsteng fir déi zukünfteg Entwécklung vu Lëtzebuerg leën.

Et get jo vill Leit, déi mengen, et sollt een sech net sou vill mat der Zukunft beschäftegen, mee villméi mat den Erausfuerderunge vun haut. Dës Leit verkennen ? an zwar bewosst, fir sech méiglechst vill Beléiftheet bei all Mënsch ze erhalen ? datt déi wiirklech Erausfuerderung vun haut ebe genee ass, eis Zukunft mat Wäitbléck an op responsabel Manéier virzebereden. Ech wëll daat un engem konkrete Beispill verdäitlechen.

Mir hun HAUT kee Pensiounsproblem. De Géigendeel ass de Fall. Wa mar keen Euro u Kotisatioune méi erakéim, da géingen déi aktuell Reserven an de Keesen duer, fir gutt zwee an en halleft Joer trotzdeem Pensiounen auszebezuelen. Eis Nopeschlänner géifen deen Exercice beschtefalls e puer Woche laang packen. Mee bei der Entwécklung vun eisem Aarbéchtsmaart an eiser Populatioun kréie mer awer an e puer Joer e Probleem. Deen haut net wëllen ze nennen, ass liichtfankeg a geféierlech.

D’Rechnung ass einfach: fréier huet e Mënsch vu sengem Liewen zwee Drëttel geschafft a kotiséiert. Haut ass déi Relatioun ëmgedréit. Nach gutt een Drëttel vum Liewe vun engem lëtzebuergeschen Duerchschnëttsmënsch get aktiv verbruecht, a baal zwee Drëttel, de Statistiken no, net méi. D’Leit léieren haut méi laang, se liewe vill méi laang, a se schaffe manner laang wéi fréier. Daat ass näischt schlechtes, mee et bréngt Problemer fir d’Pensiounskeese mat sech, déi et fréier net gouf. Sou einfach ass daat.

Op Dauer ass et net ze finanzéieren, datt Leit bis 25 Joer léieren, dann 30 Joer schaffen, mat Enn foffzech a Pensioun gin, an duerchschnëttlech iwer achtzech Joer aal ginn. A wie behaapt, daat géing nawell, dee kann entweder net rechnen, oder en denkt just un déi nächst Waalen. Daat mécht d’CSV net.

Mir hun d’Rentendëschdécisioune matgeholl, well mer dervunn iwerzeecht waren a sin, datt HAUT Verbesserunge fir vill Pensionéierter am Privatsecteur néideg sinn, a mer déi och kënne finanzéieren. Mir hunn Décisioune geholl fir Leit, déi HAUT an der Pensioun sinn, oder geschwënn hir Pensioun huelen. Mat dene ganz jonke Leit um Aarbechtsmaart an denen, déi haut an der Mëtt vun hirer aktiver Laafbunn stinn, musse mer awer sou éierlech sinn, datt mer e soen, datt se déi Mechanismen, déi et zur Pensiounserhéigung get, virun allem betrieblech a privat Zousazpensiounen, an Zukunft verstäerkt musse notzen. Mee mir mussen HAUT soen, datt MUER um Terrain vun de Pensioune méi Egeverantwortung wäert erfuerdert sinn, wéi daat bis haut de Fall wor. A wa mir déi eenzeg sinn, déi daat soen, da mécht daat eis Ausso net manner wouer.

D’Erausfuerderung vun HAUT ass et, d’Problemer vu muer beim Numm ze nennen