La politique

De Pierre Werner ass doud. Dee Mann, deen d’Nokrichspolitik zu Lëtzebuerg wéi keen anere geprägt huet, as e Méindeg vun eis gaang. An dësem Moment vun Trauer besënne mir eis op säi Wierk a seng Liewensleeschtung…
De Pierre Werner ass doud. Dee Mann, deen d’Nokrichspolitik zu Lëtzebuerg wéi keen anere geprägt huet, as e Méindeg vun eis gaang. An dësem Moment vun Trauer besënne mir eis op säi Wierk a seng Liewensleeschtung, seng mënschlech a politesch Inspiratioun, fir doraus Iddiën a Leitlinie fir eist eegent politescht Schaffen ze schöpfen.

De Pierre Werner war e Mann vu Prinzipien. Vu chrëschtleche Prinzipien, déi säi ganzt Liewen am Dingscht vun eisem Land markéiert hun. Hie war e Mann vun Dignitéit, vu Frëndlechkeet, vu groussem Courage, mee och a virun allem e Mënsch a Staatsmann vu grousser Bescheidenheet. Seng gréissten Ambitioun war et, dem Land op déi beschtméiglech Manéier ze dingen. Duerfir huet en sech ganz hierginn, säi ganzen Asaz, seng ganz Kraaft a säi ganze Wëllen. Vun dëser Astellung solle mer eis all leede loossen: vum Usproch a vum Wëllen, daat Bescht fir Lëtzebuerg ze ginn.

De Pierre Werner war ee Staatsmann, dee Politik am noble Sënn gemaach huet, dee nie liichtfankeg ëmgaangen ass mat den Hoffnungen, den Dreem an den Ängscht vun de Lëtzebuerger. Hien huet an enger Zäit déi héchste Chargen am Staat iwerholl, wou Lëtzebuerg nach net daat war, waat et haut ass, a wou nach villes opzebauen, a nach wéineg ze konsolidéiere war. Déi Politik, déi vun him inspiréiert gouf, huet daat erhaalen, waat gutt war, an Neies geschaaf, wou daat noutwenneg war, am Intérêt vun eisem Land an de Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen.

Wéi de Pierre Werner 1959 fir d’éischt Staatsminister gouf, haat Lëtzebuerg keng Finanzplaz, kee Satellit, keng Dingschtleeschtungsekonomi. Alles daat, waat eist Land haut charakteriséiert, war nach opzeriichten. Enner der Fiederféirung vum Pierre Werner ass daat modernt Lëtzebuerg opgebaut ginn, um Fundament vun der Stoolindustri, déi hien 1982 am leschte Moment mat enormer Ustrengung vun der Katastroph gerett huet. An deem Moment, wou d’ARBED huet misse vum Staat gestäipt ginn, louch am Pierre Werner sengem Saaz ? “D’ARBED geet net faillite!” ? all déi Determinatioun, dee Wëllen, an dee Courage dran, déi dem Här Werner säi politescht Wierken zënter deem Moment bestëmmt hunn, wou hien 1953 vum Staatsminister Joseph Bech fir d’éischt als Finanzminister an d’Regirung geholl gouf.

De Pierre Werner war e Staatsmann am ganze Sënn vum Wuert. Hien haat ëmmer an zu all Moment de Gesamtintérêt vum Land virun Aen. Nie huet eng Politik akzeptéiert, déi versicht, et all Mënsch eenzel gutt ze maachen, an duerfir de Mënschen alleguer et net gutt genuch ka maachen. Fir hie war Politik en dauernden a stännegen Usproch, d’Liewe vun de Leit ze verbesseren, vun alle Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen a schaffen.

De Staatsminister Werner war och e groussen, ee ganz groussen Europäer. Ëmmer dervun iwerzeecht, datt nëmmen e wirtschaftlech a politesch gëeentent Europa kéint senge Bierger dauerhaft all daat Schrecklecht erspueren, waat se an der éischter Halschent vum 20. Joerhonnert zwee Mol hu missen duerchmaachen, huet de Pierre Werner Lëtzebuerg och ëmmer am Kontext vun Europa gefouert. Hien ass den eigentleche Papp vum Euro, deen deem Plang entsprongen ass, deen hien 1969 schon de Regirungschefe vun den deemolege sechs Memberstaate vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft ënnerbreet huet. An Europa war de Pierre Werner ee vun de grousse Visionären, deem seng Zäitgenossen a ville Länner sech mat Dankbarkeet a Respekt un all déi Inspiratioun erënneren, déi hien der Politik fir eise Kontinent ginn guet.

De Pierre Werner huet seng Zäit markéiert. Hien huet Spuren hannerlooss, déi déif sinn, Spuren, déi bleiwen, u senger Epoch an dene Leit, denen et gi war, u senger Säit ze schaffen. De Pierre Werner ass doud. Mee Politik no sengem Virbild a sengem Beispill ze gestalten, eng couragéiert, visionär an zukunftsorientéiert Politik fir d’Mënschen alleguer, zu Lëtzebuerg an an Europa, ass den Usproch, deen déi mussen hunn, déi sech un hien erënneren.