Ausschnëtter aus der Erklärung vum Statsminister Jean-Claude Juncker Mir wësse, datt mer e Wunnengsbauproblem hunn a mir wëssen och, datt e bei wuessender Bevëlkerung zouhëlt. De Constat ass séier gemaach: Fir de Besoine gerecht ze gin, hätte mer der missen 3500 d’Joer bauen. D’Zuel vun de Baugenehmegunge geet zréck, de Präis fir d’Bauterrainen an d’Lut. Den Terrainpräis ass am Landesduerchschnëtt vun 1994 op 1998 ëm 32 Prozent geklomme, fir 10418 Euro den Ar z’erreechen. Verréckte Präisser fir normal Leit! De Stat huet an deene leeschte Joren d’Bauen an den Zougank zum Wunnen um finanzielle Plang massiv begleet. Kee Land mécht méi. Kee Land besteiert jo de Wunnengsbau mat nëmmen dräi Prozent TVA. Trotz dësem breeden Engagement vum Stat ass d’Situatioun wéi se ass: aus eegener Kraaft kënnen nëmmen nach déi wéinegst bauen, bal jiddferee brauch d’Hëllef vun den Elteren an de Grousselteren. Net op der Säit vun der Demande, vun der Wunnengsnofro läit den Haaptproblem. E läit ganz eendäiteg op der Säit vun der Offer, vum Ubidde vun Terrainen a vu Wunnengen. Et sinn net genuch Terrainen um Maart an net genuch Wunnengen am Verkaf. Hei musse mer frësch usetzen. De Logementsplang fir d’Zukunft De Wunnengsbauminister Fernand Boden huet virun e puer Méint e Logementsplang virgeluecht. E gëtt no an no ëmgesat, och a grad wat d’Reform vum Mietgesetz ubelaangt, dat zum Beispill keen Ënnerscheed méi tëscht de Wunnenge, déi virun an no 1944 gebaut gi si maachen däerf. Iwwer déi ugekënnegt Moossnahmen eraus wëllt d’Regierung de Bau- a Wunnengsmaart duerch eng Panoplie vun déif gräifende Moossnahmen dynamiséieren. Dës Moossnahmen hu virun allem, wann och net nëmme, d’Vergréisserung vun der Offer, vum Ubidde vun Terrainen a vu Wunnengen an den Aen. Déi nei Mesüren Ech hat d’lescht Joer schonn drop higewisen, datt Stat a Gemenge beim Baue musse gemeinsam Verantwortung droen. Mir hate gemengt et wier gutt, wann de Stat de bauwëllege Gemenge besonnesch um infrastrukturelle Plang géif finanziell méi staark ënner d’Äerm gräifen. … Mir sinn zur Aschätzung komm, datt et méi richteg wier, an dësem Matenee vu Stat a Gemenge landeswäit gezilt a regional cibléiert virzegoen. Dofir wäert d’Regierung mat eenzelne Gemenge staatlech-kommunal Wunnentwécklungspläng opstellen, déi an Etappen duerchgefouert ginn an déi den Imperative vun der Landesplanung Rechnung droen, besonnesch dem Transport an de Mobilitéitsaspekter. An dëse Pläng den Innenminister Michel Wolter huet an de vergaangene Méint schonn e puer Gemengen heiriwwer kontaktéiert ginn d’Aufgaben an d’Verflichtunge vum Stat a vun de betreffende Gemenge genau festgeluecht, souwuel wat d’Uleeë vu Baulandreserven wann néideg och ausserhalb vun de Perimetren wéi och déi finanziell Méileeschtung vum Stat ubelaangt. De Stat muss mam gudde Beispil virgoen. Mam Objektiv, d’Ugebuet u Wunnraum ze vergréisseren, huet de Regierungsrot d’lescht Woch de Virschlag vum Wunnengsbauminister gutt geheescht, am Kader vum neie 5-Jores-Wunnengsbauprogramm net nëmme wéi bis elo geplangt de Bau vu 4125, mee vun 9000 Wunnenge virzegesinn. De gesamten Investitiounsvolume geet esou vun 20 Milliarde Lëtzebuerger Frang op 1071 Milliounen Euro, also op 43 Milliarde Lëtzebuerger Frang, erop. De Stat dréit dovun 343,5 Milliounen Euro. … D’Offer un Terrainen a Wunnenge wier méi grouss, wann d’Steieren, déi beim Verkaf vu Bauterrainen ufalen, méi niddreg wieren. Privatleit, déi Terrainen oder Immobilien aus hirem Privatverméigen zu Wunnzwecker verkafen, ginn am Moment op doduerch realiséiert Plus-valuë mat der Halschent vum duerchschnëttleche Steiersaz besteiert. Dat wëlle mer änneren. … Ween also an dësem oder an deene kommenden zwee Joer verkeeft, bezillt op dem Verkaf nëmme méi hallef esou vill Steiere wéi bis elo. Vum 1. Januar 2005 un trëtt dann deen ale Steiersaz nees a Kraaft. Et ass elo, wou mer Terrainen a Wunnenge brauchen. Et ass elo, wou e besonneschen Effort muss gemaach ginn. Dofir huele mer elo eng aussergewéinlech Steiermoossnahm, déi zäitlech begrenzt muss sinn fir datt se déi néideg Bewegung ausléise kann. Am selwechte Geescht a mat deemselwechten Objektiv reduzéiere mer och d’Besteierung vun deene Privatleit, déi bis elo wéi Kommerzante besteiert ginn, wa se Bauterraine verkafen, déi an engem Lotissement leien. Si ginn haut zum volle Steiersaz besteiert. Fir d’Joren 2002, 2003 an 2004 gi se nëmme méi zu engem Véirel, dat heescht zu engem Véirel vum globale Steiersaz, imposéiert. Och d’Promoteure gi steierlech entlaascht, wa se Terraine verkafen. … (Fortsetzung nächste Seite) Nei Weeër, nei Iddien a Projete fir de Wunnengsbau (Fortsetzung der vorhergehenden Seite) Grouss Besoinen hu mer och um Plang vun de Mietwunnengen. Fir d’Offer hei ze vergréisseren, setze mer den akzeleréierten Amortissementssaz vun den Immobilien am Privatbesëtz, déi zu Mietzwecker gebraucht ginn, erop. De Saz klëmmt vu 4 op 6 Prozent. Dës Regelung trëtt réckwierkend op den 1. Januar 2002 a Kraaft. Mee mir proposéieren net nëmme Steiererliichterungen, déi d’Bauoffer sollen encouragéieren. Och op der Säit vun der Demande wëlle mer nach eng Kéier ee Worf maachen, fir esou de Schrëtt zum Eegenheem méi bëlleg ze maachen. An Zukunft, a réckwierkend op den Dag vun haut, kënnt et zu enger substantieller Neiausriichtung vun den Dispositiounen iwwert d’Enregistrements- an d’Hypothéikentaxen. Mir mengen, datt de Stat fir dat e bëssen ze vill salopp ze formuléieren net soll op der Acquisitioun vun engem Eegenheem verdingen. D’Bezuele vun den Enregistrementstaxe vu 7 Prozent beim Kaf vun engem Eegenheem oder engem Terrain zu eegene Wunnzwecker ass haut de Prinzip. E gëtt elo d’Ausnahm. An Zukunft brauch een nëmmen Enregistrementstaxe beim Kaf vun engem Bauterrain oder engem Haus ze bezuelen, wa se méi héich leien, wéi déi Fräigrenz, déi elo soll agefouert ginn. … Dës Moossnahm déi, Dir wësst dat, hiresgläichen an deenen aneren europäesche Länner sicht muss d’Acquisitioun vu Bauland a Wunnenge staark verbëllegen. De Steiergewënn, deen de Keefer virun allem jonk Leit esou realiséiert, däerf net an d’Verkafspräisser integréiert ginn. Mir wëllen d’Kafen duerch d’Ofschafe an d’quasi Ofschafe vun den indirekte Steiertaxe méi bëlleg maachen. Mir wëllen d’Verkafen duerch eng massiv Senkung vun der Besteierung vun de Plus-valuë méi gënschteg maachen. Dës Rechnung muss opgoen. Geet se net op, dann trëtt am Joer 2005 eng zolidd Baulandzréckhalungssteier a Kraaft, déi selbstverständlech Rücksicht op d’Tatsaach wäert huelen, datt ee Steierzueler pro Kand eng Bauplaz kann halen, déi awer soss d’Baulandzréckhalung an d’Baulandspekulatioun streng besteiert. Kee soll sech Illusioune maachen: d’Erofsetze vun der Plus-values-Besteierung ass zäitlech limitéiert. En fait proposéiert d’Regierung de Leit en Deal. … Eng aner Saach: Mir besteieren ech hunn et gesot zanter 1992 de Bau mat nëmmen 3 Prozent TVA. Bis haut huet nach kee gesot, dat wier eng gutt Saach: dat ass schued. Mee jiddferee seet, d’Réckerstattung vu 15 op 3 Prozent TVA géif mat ze vill Verspéidung geschéien: dat ass verständlech. Ech wëll als Finanzminister hei eng traureg Feststellung maachen: Déi strikt Kontrollen, déi d’Enregistrementsverwaltung haut mécht, ier se de Remboursement vu 15 op 3 Prozent TVA akkordéiert, weisen, datt vill Schmu gemaach gëtt. Déi éierlech Leit hunn an deene vergaangene Joren op hir Sue mussen waarde well déi onéierlech hu musse gestoppt ginn. Et ass en Aarmutszeechnis, datt déi fiskal Demokratie ausgenotzt gëtt, well de Stat d’sozial Demokratie dat ass déi fir déi méi Schwaach wollt walte loossen. Eppes geet awer net: Déi éierlech an déi anstänneg Leit däerfen net ënner dem Feelverhale vun de rücksichtslosen Onéierleche leiden. Mir schloe vir, beim aktuelle Prinzip ze bleiwen, dee wëllt, datt 15 Prozent TVA vum Handel verrechent ginn an datt se bis op 3 Prozent TVA vun der Enregistrementsverwaltung un de Klient zréckbezuelt ginn. Mee bei Ëmbau, Ausbau a Renovatioun ginn direkt 3 Prozent vum Handwierker, deen d’Aarbecht ausféiert, un de Klient verrechent. Hie brauch wann der esou wëllt net op säi Remboursement ze waarden. Hie kritt en direkt. Well Ëmbau, Ausbau a Renovatioun de Gros vun den administrativen Aarbechte vun der Verwaltung ausmaachen, an dës elo entfalen, gëtt de Remboursement vun der TVA an deenen anere Fäll schlësselfäerdeg bauen; fräie Wuerekaf fir selwer Aarbechten auszeféieren wiesentlech akzeleréiert. An 8 Méint menge mer esou, d’Waardezäite fir de Remboursement ganz substantiell kënnen erofzeschrauwen.