Eng aktiv Wunnengsbaupolitik zu Letzebuerg

Eng aktiv Wunnengsbaupolitik zu Letzebuerg Eng fräi Tribün vum CSV-Generalsekretär adjoint Maurice Bauer

Gudden Metten, Eng Wunneng hunn ass enn elementärt Menschenrecht. Dest ass et schons ee puer Mool vun den vereenten Natiounen festgehaal ginn. D’CSV setzt sech zenter laangen Joren fiir eng aktiv Wunnengsbaupolitik hei am Land an. An et ass an desem Zesummenhang ganz interessant ee kuurzen Bleck no hannen ze geheien fiir ze kucken waat bis elo op desem Plang gelescht ginn ass.

Esou wor et d’CSV, déi sech Enn den 80’er Joren fiir d’Schaafung vun engem speziellen Departement agesaat huet, waat dun och 1989 vun der Regiirung realiséiert ginn ass.

Zenter dem sinn eng ganz Rei vun Mossahmen ergraff ginn, déiën eng aktiv Roll am Wunnengsbau spillen.

Esou sinn ennert anerem eng Bauprime, Uschaffungsprime, Zenssubventiounen, een niedregen TVA’ssaatz, steierlech oofsetzbar Scholdzensen agefouert ginn; alles Moosnahmen dei’en et erlaaben den Leit finanziell ennert d’Aerm ze greifen. D’CSV huet sech an all hiiren Wahlprogrammen emmer dofir agesaat, dass dei finanziell Mettel vun desem Ministär sollten erheicht ginn. Sinn 1990 ronn 40 Milliounen Euro fiir dei direkt an indirekt öffentlech Hellefen zu Verfügung gestallt ginn, esou steet den Montant haut bei 150 Milliounen Euro, daat sinn ronn 5 Milliarden Frang, un Finanzhellefen, also baal dem 4-fachen Betrag.

Des aktiv Wunnengsbaupolitik, dei ennert dem Impuls vun der CSV an denen leschten 15 Joer gemaach gouf huet et esou 70% vun den Familjen erlaabt an hiirem eegenen Heem ze wunnen, esou vill ewei soss bal nirends an Europa.

Wann een dei aktuell Situatioun vum Wunnengsbau zu Letzebuerg kuckt, kennt een zur Konklusioun dass des Situatioun hiir Grenn huet. Durch eist excellent economescht Emfeld an eng seriös Aarbechtsmaartpolitik, klemmt hei am Land d’Awunnerzuel an der Moyenne em 1,4% pro Joer esou dass, zenter 1991 bis 2001 eis Populatioun eem iwert 56.000 Leit gewues ass. Vu daat des Evolutioun an den naichsten Joren warscheinlech waert ähnlech verlaafen, geet et elo dreems dei noutwendeg Akzenter ze setzen, fiir d’Zukunft vun dem Wunnengsbau zu Letzebuerg och weiderhin aktiv matzegestalten.

Fiir d’CSV ass et hei wichteg drai Zieler ze verfollgen: 1) d’Präissspiral am Wunnengsbau muss gestoppt ginn durch eng Vergreisserung vun den Wunnengsbaumeiglechkeeten. Hei sinn speziell och d’Gemengen gefuedert, well momentan hun Sie schons eng Rei legislativ Texter dei’en et erlaaben missten neien Wunnengsraum ze erschleissen. Waat hei meiglech Infrastrukturell Niewenkäschten ugeet esou huet hei denWunnengsbauminister Fernand Boden seng Gespreichsbereetschaaft schons ugebueden.

2) et soll och den verännerten Gegebenheeten vun der akueller Situatioun um Letzbuerger Wunnengsbaumaart Rechnung gedroen ginn 3) d’Wunnengsbaupolitik soll esou orienteiert sinn, dass Sie hiir Roll ka spillen am Kader vun enger kohärenter an globaler Landesentwecklung an Verkeiersplanung hei am Land.

D’Diskussiounen iwert dei zukünfteg Wunnengsbaupolitik zu Letzebuerg gouf vun der Regiirung seriö prepareiert. Am Dezember huet den Wunnengsbauminister Fernand Boden een Aktiounsplang viirgestallt, den net manner ewei 23 Punkten emfasst. En Rei vun Viirschléi dei d’CSV an hiirem Wahlprogramm gemach huet fannen sech och an desen Aktiounsplang zereck.

Ennert den eenzelnen Punkten fennt een zum Beispill eng Reform vum Mietsgesetz, d’Verbesserung vun steierlechen Avantagen, den Kampf geint dei reng Bauland Spekulatioun oder awer d’Ausschaffen vun engem plan sectoriel logement an.

Mat desem ganzen Paak vun Moosnahmen waert eist Land och weiderhin kennen dei aktiv Wunnengsbaupolitik vun den leschten Joren weiderfeieren kennen.

Mir wellen awer och vun deser Geleenheet profiteieren fiir Iech alleguer haerzlech op d’Internet-Chaten vun der CSV ze inviteiren an zwar all eischten Meinden am Mount um hallwer 8.

Wann Dir elo nach Froen, Idde’en oder Bemierkungen zum aktiven Wunnengsbau zu Letzebuerg hutt; einfach op eis Internetsait www.csv.lu; goen an matmachen .

Ech soen Iech villmols Merci fiir aeren Interessi.