Respekt fir all Mensch

Respekt fir all Mensch Aus enger Radioemmissioun vun der CSV-Deputéierte Ferny Nicklaus-Faber Léif Nolauschterer, zënter e puer Deeg wësse mer, datt Fraen anscheinend net gläich Frae sinn.

D’Aussoe vun enger pensionéierter Riichterin, déi gemengt huet – ech benotzen elo hier Wierder – datt sie kee Respekt viru Frae kann hunn, déi liddereg doheem bleiwen, amplaz schaffen ze goen. Déi Ausso muss een sech op der Zong zergoe loossen. Hei verweigert eng Fra deene villen anere Fraen all Zort vu Respekt, déi sech op hiere Stot konzentréiert an hier Kanner groussgezunn hunn. An domatter net genuch: si behaapt och nach ouni all Zort vun Nuance, Hausfraën wire liddereg.

Dës Aussoen hu vill Fraen – an net nëmme Fraen – déif getraff. Wat hei eng Eenzelpersoun sech eraushëllt, andeems sie pauschal all Hausfraen als liddereg bezeechent, déi kee Respekt verdingt hunn, well se kenger bezuelter Aarbecht nogaange sinn, ass e staarkt Steck. Respekt huet nämlech all Mënsch verdingt.

Well een e Mënsch ass, an net, well en eng besonnesch gutt bezuelte Plaz huet.

Respekt hunn also och déi vill Hausfrae verdingt, déi sech ausschliesslech ëm hiere Stot an hier Kanner gekëmmert hunn. Dobäi ass et och net wichteg, ob se daat aus fräie Stécker sou gemaach hunn, oder eventuell guer keng Méiglechkeet haten, fir schaffen ze goen.

Wann et ëm de Respekt virun hierer Leeschtung geet, da spillt och daat keng Roll.

Well si hu geschafft. Am Dingscht vun hirer Famill, an am Dingscht vun der Gesellschaft, ouni dofir eng Pai ze kréien. Sou eng Aarbecht huet héige Respekt verdingt. An zwar vun all Mënsch. Wien sech umoosst, deen ze verweigeren, deen huet eng gelungen Opfaassung vun deem, wat e Mënsch ausmécht, a wéi mer ënner Mënsche mateneen sollen ëmgoen.

D’Fraepolitik vun der CSV ass genee op deem Respekt opgebaut, deen d’Entscheedung vun all Fra verdingt, wéi se hiirt Liewen – daat beruflecht an daat familiärt – wëll gestalten. Wéi och ëmmer dës Entscheedung ausfällt. Wann eng Fra décidéiert, si géif sech ganz hierer Famill widmen, dann hu mer déi Entscheedung net a Fro ze stellen. A scho guer net mat Wertuurteler ze beleeën.

D’Aarbecht am Stot verdingt an deem Sënn Unerkennung. D’CSV huet derfir gesuergt, datt dës Unerkennung lo och eng konkret Form unhëllt: déi 3.000 Frang pro Kand a pro Mount, déi an Zukunft all Mamm zoustinn, déi hir Kanner groussgezunn huet, ouni ze froen, waat se duerfir kritt, sinn an éischter Linn den Ausdrock vun eisem Respekt virun den Hausfraen. Waat fir e Profit eis ganz Gesellschaft vun hirer Liewesleeschtung huet, léisst sech souwisou net an Zuelen ausdrécken.

Eent ass fir eis ganz kloer: kee Mënsch huet engem aneren de Respekt virun deem sengem Liewen ze verweigeren. D’Entscheedunge vu Männer a Fraen, déi domatter ze doen hunn, wéi se hiirt Liewe wëlle gestalten, ass net nëmme fräi, mee dës Fräiheet ass virun allem e fundamentalt Recht vun all Mënsch, daat vu kengem däerf kontestéiert ginn. An et ass der CSV hir Politik, d’Recht op dës fräi Entscheedung ze verteidegen an ofzesécheren. Well dëst ass eng Politik, déi all Fra garantéiert, datt hir Leeschtung Unerkennung fënnt – ob se am Beruff oder doheem, oder ob béide Plazen erbruecht gouf.

(Ried op RTL radio Lëtzebuerg vun der CSV Deputéiert Ferny Nicklaus-Faber)