Eng Fräi Tribün vum CSV-Generalsekretär Jean-Louis Schiltz op RTL D’CSV ass amgaang sëch intensiv mat de Mobilitéitsfroen ze beschäftegen. Datt, a verschiddene vun hire Gremiën, wéi dem CSV- Nationalkomitee, datt awer och op de Bezierkskongresser. Esou stung d’Gestaltung vun der Mobilitéit am Süden vum Land leeschte Samsden am Mëttelpunkt vun eisem Süd-Bezierkskongress.
D’Politik ass gefuerdert.
Datt weist déi aktuell Verkéierssituatioun. Datt weisen e puer Zuelen, déi am Zesummenhang mat eisem Stroosseverkéier stinn: Hei zu Lëtzebuerg woren am Joër 2000 iwwer 320000 Autoën immatrikuléiert. D’Zuel vun den Immatrikulatiounen ass par rapport zu 1990 ëm ronn 46% an d’Luucht gang. Op eisen Haaptverkéiersachsen huet de Verkéier massiv zougeholl.
Ee Beispill: d’Diddelenger Autobunn ass d’leescht Joër am Durchschnett pro Daag vun 49189 Autoën, Camionën an Motorräder benotzt ginn. Am Verglaach zu 1996 huet de Verkéier op der Diddelinger Autobunn ëm ball 32% zougeholl.
Zum nationalen Trafic kënnt dann nach den Transitverkéier an déi 100.000 Frontalierën, déi all Daag op Lëtzebuerg schaffe kommen.
An engem Land, wou déi grouss Majoritéit vun de Leit nët méi do wunnt, wou se schafft, ass et dofir noutwendeg den öffentlechen Transport méi attraktiv ze maache a konsequent auszebauen.
Awer och an d’Zukunft wäert den Individualverkéier mam Auto ee Groussdeel vum Trafic ausmaachen. Duerfir muss iwwer ee sënnvollen Ausbau vun den Stroosseninfrastrukturen diskutéiert ginn. Dësen Ausbau muss emweltgerecht sinn. Et muss hei och zu enger Entlaaschtung vum Durchgangsverkéier an den Uertschaften kommen.
Datt dat eent ewéi dat aanert méiglech ass, weist sëch gudd op dem neien Deel vun der Nordstrooss. Ee groussen Deel vum daagdeegleche Verkéier aus an an de Norden vum Land geet elo laanscht eng ganz Rei vun Uertschaften am Uelzechtdaal. Duerch Kompensatiounsmesurën ass den Impakt op d’Emwelt esou wäit ewéi nëmme méiglech limitéiert ginn.
Eischt konkret Initiativen a Saache Mobilitéit sinn an der Tëschenzäit an d’Weeër geleet: Den Innenminister Michel Wolter ass amgang een integrativt Verkéiers- a Landesentwécklungskonzept auszeschaffen. Dëst Konzept ass an der Perspektiv vun enger Wirtschaft, déi sëch positiv weiderëntweckelt a vun enger Bevölkerung, déi permanent wiist, ze kukken. Et ass eng Gesamtverkéiersplannung, déi Konditioune festheelt, fir langfristig eng optimal Mobilitéit ze assuréieren. An engem Tëschebericht sinn déi kurz- a mëttelfristig Aktiounen festgehaalen, déi sech aus der aktueller Verkéierssituatioun erginn.
Bei dem integrativen Verkéiers- a Landesplannungskonzept …
… geet et ëm eng iwwergeuerdnet Planung a Koordinatioun, déi vrun allem den Transport- de Bauten-, den Emwelt- an den Inneministär fuerdert. Besonnesch am Sënn vun enger nohalteger Entwecklung ass et wichtig d’Gesamtverkéiersplannung mat der Raumplannung fir dat ganzt Land ze koppelen.
D’CSV huet sëch schon 1999 an hiirem Walprogramm fir d’Schaffung vun enger Mobilitéitszentral ausgeschwaat. Eis Partei gesäit an dëser Zentral dat geegent Instrument fir eng modern an innovativ Verkéiers- an Transportpolitik.
D’Iddii vun der Mobilitéitszentral berout op der Grondlaag vun der Vernetzung vun den verschiddenen Verkéierssystemer, hiire Méiglechkeeten a spezifischen Viirdeeler. Dës Zentral kéint déi verschidde Formen vun Verkéier mateneen koordinéieren. Sie kéint iwwer d’Offer am Beräich vum öffentlichen Transport informéieren. Sie kéint och nei Formen vu Mobilitéit wéi beispielsweis Fahrgemeinschaften promouvéieren.
Méi Mobilitèit op eise Verkeiersweeër bedeit vrun allem awer och méi Mobilitèit an eise Käpp.
Déi beescht Konzepter notze näischt, wann den Auto zu all Moment an op all Wee eist leiiwste Kand bleiwt. Hei ass jidderee gefuerdert fir em ze denken