Radioemmissioun vum CSV Deputéierte Patrick Santer op 100,7
D’Chamber huet gëschter eng Motioun ugeholl, an däer sie d’Regirung zur Neiverhandlung vun der europäescher Biopatentdirektiv opfuerdert. Dëse Virgank ass absolut bemierkenswäert, an daat an zwou Hisiichten: Eischtens ass et fir t’éischt iwerhaapt, datt eist Land d’Renégotiatioun vun enger europäescher Direktiv ufreet. Zweetens si mir daat eenzegt Land an der Europäescher Unioun, waat gäeren eng Neiverhandlung vun der Biopatentdirektiv hätt. Anerer hunn zwar och hir Problemer mat deem Text, mee si sinn an hirer oflenender Haltung net sou wäit gaange wéi mir.
Lëtzebuerg huet sech mat der Biopatentdirektiv net zuleescht dowéinst sou schwéier gedoen, well et absolut keng Opfanggesetzgebung an deem Beräich zu Lëtzebuerg gëtt. Länner, déi eng bioethesch Legislatioun hunn, kënne mat hiren eegene Gesetzer Situatiounen ofdecken, déi europäesch net oder eben net zefriddestellend gereegelt sinn. Mee Lëtzebuerg ass an der spezieller Situatioun, mat der Transpositioun vun der Biopatentdirektiv daat éischt Gesetz iwwerhaapt um Terrain vun de Biotechnologien kéinte kritt ze hunn – waat jo elo einstweilen och nët de Fall ass, well mer déi Direktiv esou laang net ëmsetzen, bis mer wëssen, op mer mat der Neiverhandlungsufro Erfolleg hunn. Waat iwreg bleiwt, ass e wäit Feld, waat no alle Säiten op steet, a wou gläichzäiteg alles a näischt erlaabt kéint sinn, well et net een eenzegt Gesetz gëtt, waat spezifesch Akten erlaabt oder verbitt.
Dësen Zoustand ass bedenklech. Zwar muss de Gesondheetsminister prinzipiell zu all Forschungsinitiativ seng Zoustëmmung ginn – egal a wéi engem Beräich, also och an der Biotechnologie – mee daat léist de Problem net. Wann den theoretesche Fall sech géif präsentéieren, wou op eemol eng Firma oder een Institut am Kader vun aneren Hapaktivitéiten och biotechnologesch Forschung géif ulaafe loossen, da passéiert d’Informatioun vum Gesondheetsminister wahrscheinlech ze spéid, fir bei deene wirtschaftlechen Enjeuën, déi sech hei präsentéieren, nach glaubwierdeg kënnen e Forschungsverbot ze verhänken. Vill méi wahrscheinlech ass et awer, datt an Ermangelung vun enger uwendbarer Legislatioun kee Mënsch de Standuert Lëtzebuerg fir biotechnologesch Recherche iwerhaapt an d’Ae faasst, well een hei keng Rechtssécherheet huet, waat seng Aktivitéiten ubelaangt. Mir kënnen net dauerhaft d’Biotechnologien zu engem Käersecteur vun der wirtschaftlecher Zukunftsentwécklung deklaréieren, an et parallel ënnerloossen, dësem Secteur e gesetzleche Kader ze ginn, innerhalb vun deem e kann evoluéieren. Waat bräichte mer konkret? D’Debatten an eisen zwee groussen Nopeschlänner beinhalten e puer Schlësselberäicher, an denen eng Gesetzgebung onverzichtbar ass.
Dës Beräicher sinn de prinzipielle Liewensschutz, och dee vum embryonale Liewen, d’Stammzelleforschung, d’Präimplantatiounsdiagnostik, an d’Klonen. Dës Beräicher hunn all nach Verästelungen, op déi ech op dëser Plaz awer net weider wëll agoen. Mir kënnen eis enger fundéierter an op Gesetzgebung ausgeriichter Debatt zu all dësen Themen net méi verschléissen. Mir kënnen se och net méi endlos aussetzen.
Biotechnologie ass e Phänomen, waat vill verschidde Facetten opweist. Et ass eng Spëtzentechnologie, déi immens wëssenschaftlech Erkenntnisser a Kaderaktivitéit viraus setzt. Et ass e Wirtschaftssecteur, deem d’Europäesch Kommissioun bis 2005 honnert Milliarden Euro Ëmsaz virausseet – an daat aleng an der Unioun. Mee et ass awer och deen Intersektiounsberäich vu wëssenschaftlecher Fräiheet an ethesche Considératiounen, deen an eiser Zäit am allerdäitlechste weist, a wéi eng geféierlech Grenzberäicher de Mënsch virgedrongen ass, wann e sech selwer, daat, waat e genetesch ausmécht, kéint ëmprogramméieren – fir et mol provokativ ze formuléieren.
Esou e Secteur däerf net am aussergesetzleche Raum bleiwen, och net zu Lëtzebuerg. D’Chance fir de Mënsch, fir d’Medizin notamment, déi sech aus biotechnologescher Aktivitéit erginn, si potentiell enorm. De Schued, deen der Mënschheet insgesamt aus geneteschen Abenteuerübunge kéint enstoen, ass nach méi enorm. Daat Spannungsfeld gëllt et elo auszeloten, a Weeër ze fannen, déi wëssenschaftleche Fortschrëtt a Respekt virun der Eenzegaartegkeet vum Mënsch a vum mënschleche Liewe kënne verbannen. D’Politik, a speziell d’Parlament, stinn hei an der Pflicht, dës Weeër ze entdecken an ze beschreiwen. Fir datt mer d’Chance kënnen notzen an Abusën vermeiden, brauche mer nei Gesetzer. A wa mer déi ausschaffen, sollte mer e gudd Stéck besser oppassen, wéi deemols, wéi op europäeschem Niveau eng Biopatentdirektiv gestëmmt gouf, däer hir Konsequenze bal kengem, deen dermat befaasst war, fréi genuch kloer waren.
Patrick Santer CSV-Deputéierte 1
1