D’Héichschoulpolitik zu Lëtzebuerg – eng Erausfuerderung mat Chancen Ried vum Nelly Stein, CSV-Deputéierte, am Kader vun de Budgetsdebatten
Här Präsident,Dir Dammen an dir Hären, Mir diskutéieren haut ee Budget, deen eist Land fir déi kommend Joerzengten wëll fit maachen. D’Héichschoulpolitik spillt do eng fundamental Roll. D’Prämisse vun enger moderner an oppener Héichschoulpolitik hunn sech an deenen leeschte Joeren staark verännert. Lëtzebuerg huet sech zu enger Dengschtleeschtungswirtschaft entweckelt. D’Contrainten an d’Chancen vun den Informatiounstechnologien gëllen och fir eist Land. Der Fuerschung kënnt an den nexte Joere een méi groussen Stellenwäert zou, och an den Héichschoulen.
Ech wëll virun allem d’Gewiichtung an d’Roll vun enger Héichschoulpolitik beliichten, déi an d’Zukunft geriicht ass, an déi dësen neie Virgaben Rechnung dréit.
Eist Land wëll sech an den nexte Joeren op der akademescher Kaart vun Europa positionnéieren. Et ass duerchaus gewosst, datt dëst en ambitiéisen Projet ass, deen wuessen muss an gudd iwwerluecht soll sinn. Wann mer den Zuch awer net wëllen verpassen, dann mussen elo d’Weichen gestallt ginn.
Lëtzebuerg muss den traditionnel nationalen Charakter vun senger Héichschoulpolitik am Kontext vun enger wuessender Inernationalisatioun um Niveau vun den Universitéiten an Europa an an der Welt, méi an den Hannergrond stellen, a sech opmaache fir nei Weeër, nei Formatiounen a nei Partneren.
Déi zukünfteg Héichschoulstruktur zu Lëtzebuerg däerf sech net an engem vase clos entwécklen. Méi wéi je, muss d’Héichschoulpolitik de Bols vun der Wirtschaft fillen, an déi ékonomesch Acteurs bei der Gestaltung vun der zukünfteger « Université de Luxembourg » matt abezéien. De Kontakt no baussen, d’Experiencen, déi an aanere Länner gemaacht ginn, mussen matt an d’Diskussioun abezunn ginn.
Lëtzebuerg muess haut nei Uräizer schaafe, fir méi Studenten aus dem Ausland op eis Héichschoulen ze kréien, an d’akademesch Kooperatioun matt den Héichschoulen aus der Groussrégioun muss nach méi intensiv gestalt ginn.
Et ginn haut ëmmer méi Formatiounen gefroot, déi eng Verflechtung en Zesummenschaffen vun der Fuerschung, dem Enseignement Supérieur an den Entreprisen bedéngen. D’Héichschoulen an d’Betriiber mussen openeen duergoen. Et geet awer net duer, periodesch Demanden vun den Entreprisen nozekommen, an dem Zäitgeescht norzerennen, deen kurzfristeg no neien punktuellen Ausbildungen rifft. Daat wär geféierlech.
Et geet vill méi drëm, flexibel an polyvalent Formatiounen ze schafen, déi den Ufuerderungen an den Entwécklungen vun der heiteger Zäit Rechnung droen, an laangfristeg um Aarbechtsmaart vermëttelbar sinn. Der Formation continue, zesummen mat den Héichschoule fällt eng Schlësselroll zou, fir op Entwécklungen vun der Zäit ze reagéieren, an d’Aarbechtskräften um neisten Stand ze halen.
Här Präsident, Dir Dammen an dir Hären, Et kënnt deemno Bewegung an d’Lëtzebuerger Héichschoulpolitik, an d’Zuelen aus dem Budget 2002 schwätzen eng kloer Sprooch. Et ass an der leeschter Zäit vill geschidd an et gëtt och an Zukunft nach vill gewuddert wouvu mer eis all Kéier an der Commissioun vun Enseignement konnten iwerzeegen, wann d’Madam Hennicot eis informéiert huet iwwer Projeeën, déi am Ministär vum Héichschoulwiese a Recherche lafen.
Mir hunn hei zu Lëtzebuerg 4 Héichschoulen : den Centre Universitaire, den IST, den ISERP, an den IESS. En Bléck op daat läscht Joerzéngt mëcht däitlech, datt vill Efforts’en um Niveau vun den Héichschoulen gemaacht goufen. 1990 hun mer ëmgerechent 5,5 Milliounen Euro fir dës Institutiounen ausginn, 1999 waren et der 16.8 an haut gesäit den Budget fir 2002 net manner wéi 22,4 Milliounen Euro vir (emgerechent 904 Milliounen Frang). An 12 Joer hun sech des Investitiounen vervéierfacht, an wann mer déi zwee läscht Joeren zeréckverfollegen, dann hate mer eng Progressioun vun 35%.
Den Héichschoulen gin am Budget 2002 och méi, vill méi Gelder 489.506 Euro zur Verfügung gestallt, fir Fuerschung ze bedreiwen. D’Fuerschung an den Enseignement mussen komplementär sinn an der Héichschoulpolitik vun eisem Land, well d’Recherche kann an muss verstärkt vun den Héichschoulen ausgoen. An europäeschen Fuerschungskonsortien, an projets’en sinn niewent Entreprises de pointe, emmer méi Universitéiten bedeelegt. Dohier muss och d’Fuerschung zu Lëtzebuerg an den Héichschoulen intensivéiert ginn.
Den Budget vun IEES ass eropgaangen, well beispillsweis zu Léiwéng 17 nei Posten geschafen goufen an domadden elo 32 Leit en contrat à durée indéterminée kruten. Och am Joer 2002 läit der Regiirung d’Schicksal vun den Leit uewen. Am Centre Universitaire kréien 67 Leit eng fest Ustellung, a verdeelen sech op 4 Catégorien. Et sinn dëst un éischter Stell Universitéitsprofessoren, déi an der Regel zwee Doctorats’en hun an Duerschung bedreiwen. D’Assistants-Professeurs hun een Doctorat, an halen kèng Schoul, mä schaffen aktiv an der Fuerschung matt. Doriwwer eraus organiséieren an halen si Travaux pratiques an Travaux dirigés. D’Chargés d’éducation sinn ganz jonk Mattaarbechter, déi ausschliesslech matt den Travaux dirigés an Travaux pratiques chargéiert sinn.
Dann gëtt den IST moderniséiert. Den Conseil d’administration huet proposéiert, datt d’Laboratoiren vun den Départementer «Electromécanique» an «Mécanique» erneiert solle ginn. Daat allèng schléit schon matt 425.000 Euro zu Buch. Des Somme ass elo an der Dotation globale fir den IST ageschriwwen ginn. Den Budget fir den Institut Supérieur de Technique belefft sech domadden op 8,9 Milliounen Euro, waat par rapport zum Budget 2002 eng Progressioun vun 21%, an par rapport zum Budget 2000 eng Hausse vun 39% duerstellt.
Den Héichschoulbudget 2002 mëcht awer och verstärkt eppes fir eis Studenten. Säit dem Juli 2000 hun mer en neit Gesetz, daat d’Finanzhëllefen fir Studenten nei régelt. Doduerch kënnen elo méi Studenten vun der Hëllef profitéieren. Op der enger Säit sinn et niewent de Studenten an den läschten Cyclen op der Uni, déi sëch an en drëtten Cycle ageschriween hun, déi also an d’Aen faassen, en Doctorat ze maachen. Op der anerer Säit sinn et awer och déi Studenten, déi hei zu Lëtzebuerg op den ISERP, IEES oder den IST ginn, an och déi, déi méi kuerz Formatiounen maachen wéi beispillsweis den BTS. Dann existéiert säit dem Juli 2000 en System vun Primes d’encouragement, déi virun allem un déi Studenten ausbezuelt ginn, déi hier Studiencyclen an der virgeschriwwener Zäit zu Enn féieren.
Et siew des weideren bemierkt, datt den Remboursement vun den « Droits d’inscription » op den Héichschoulen am Ausland nach eng Kéier eropgesat gouf.
Et all also en Gesetz, daat ganz encouragéierend wirken soll. Daat « Rheinisch- Westfälisches Institut für Wirtschaftsforschung » ass 1998 am Cader vun enger Etude iwert d’Studienhëllef zu Lëtzebuerg zur Conclusioun komm, datt den lëtzebuerger System déi finanziell Viraussetzungen fir en Studium schaaft, ouni datt den Remboursement vum Prêt d’Studenten herno am Beruffsliewen iwwerméisseg belaascht.
D’Regiirung huet des Conditiounen nach eng Kéier verbessert, an hällt och un deser Politik fest. D’Neierungen schloen sech natiirlech och am Budget 2002 nidder. Sinn am Joer 2000 nach 4,5 Milliounen Euro fir Bourses d’études ausbezuelt ginn, dann maachen datt fir 2002, 7.7 Milliounen Euro aus.
Och bei den Zënsen, déi den Staat subventionnéiert geet den Budget 2002 erop.
Am Joer 2000 war des Ligne matt 2.6 Milliounen Euro dotéiert ; fir den Budget 2002 sinn et nët manner wéi 4.05 Milliounen Euro, déi zu Buch schloen. Dës Zuelen weisen, datt grouss Eforts’en gemaach sin, fir den Studenten en Studium ze erméiglechen.
Här Präsident, Dir Dammen an dir Hären, Ech wëll nach op een Artikel am Budget 2002 angoen, deen esou libelléiert as : « Mise en place de nouvelles structures dans le cadre de l’enseignement supérieur ». Dësen Crédit ass an dësem Budget matt engem Montant vun 1.3 Milliounen Euro dotéiert, waat par rapport zu 151.080 Euro am leeschte Budget, eng immens Steigerung bedeit. Hei dréit et sëch ëm nei Implantatiounen, wou et déi juristesch Form nach ze bestëmmen gëllt, oder nei Implantatiounen, déi eventuell ee schons bestehend Instituts’en ugeschloss gin. Dës Zomme sinn noutwendeg, fir elo Weichen ze stellen fir d’Conceptioun vun neien Programmen, Cours’en an Studienzyklen. D’Madame Ministesch vun der Héichschoul huet eis mattgedeelt, eng « Université de Luxembourg » ze schaafen. Mir brauchen Recherche an Formatiounen an Beräicher, wou et ëm d’Liewensfähegkeet vun eisem Land geet. Et soll haut net drëm goen, fir iwert déi zukünfteg, konkret Gestaltung vun der Uni Lëtzebuerg ze débattéieren. Wourops et awer ukënnt, dat as, datt mer haut schon drun schaffen, fir nei Elementer an der Héichschoulpolitik op d’Been ze stellen.
Folgend nei Implantatiounen si virgesinn: – Euro Uni – université virtuelle – Luxembourg Institute of Advance Studies in Information Technology – Créatioun vun engem 3. Cycle am Beräich «Direction d’Entreprise» – D’Luxembourg School of Finance, déi schon konkret Formen ugeholl huet.
Dëst ass fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg esouwuel ee wichtege, wéi och en ambitiéisen Projet.
Den Finanzsecteur kritt doduerch héich qualifizéiert Aarbechtskräften an Experten a mer wëssen alleguer, datt der ëmmer méi gebraucht ginn an datt adequat Formatiounen um Niveau vun den sciences bancaires et financières musse ugebuede ginn. Dësen Projet illustréiert och op eng exemplaresch Aart an Weis, datt et wichteg fir Lëtzebuerg ass, mat aneren ausländeschen Partnerhéichschoulen zesummenzeschaffen, an den Kontakt mat der lëtzebuerger Wirtschaftswelt gesichten Kontakter si schon opgeholl fir d’Luxembourg School of Finance : z.B. mat der London City University an mat der Uni vu Léck. Doriwer eraus gëtt den Projet duerch d’ABBL, där hier Initiativ et war gestaipt an gefördert. Den Projet ass konkret an der Maach, d’Préparativen sin esou weit fortgeschratt, datt am Hierscht 2002 hei kann ugefaang gin. Dëse Projet stellt e wichtege Schrëtt duer a Richtung vu méi Kompetitivéit vum Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg.
Här Präsident, Dir Dammen an dir Hären, Et waarden grouss Erausfuerderungen op d’Héichschoulpolitik vun eisem Land.
Den Budget 2002 ass dorobber ausgeriicht, fir déi Weichen ze stellen, déi fir eng modern an dynamesch Héichschoulpolitik wichteg sinn. Den Enseignement Supérieur ass nët méi den Elfenbeinturm, mä en steet haut am Déngscht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft an der Gesellschaft. Eis Matière grise ass eng vun den «natiirlechen Ressourcen» vun eisem Land, déi et gëllt ze ënnerstëtzen an auszebauen.
D’Regiirung, am speziellen d’Madame Hennicots Ministère vum Enseignement Supérieur steet nët do mat eidlen Hänn, au contraire, vill geschafft gët a vill opzeweisen, villäicht ze bescheiden fir alles grouss unzekënnegen. Mer wënschen weider eng gudd Hand, fir ambitiéis Projetsën, déi sech de Ministère op de Leescht geholl huet, elo resolut unzepaken.
Merci dem Rapporteur Claude Wiseler, datt en a séngem excellente Rapport, den Enseignement Supérieur esou e grousse Stellenwert ageraumt huet.
(Ried vun der CSV-Deputéierte Nelly Stein iwwer d’Héichschoulpolitik am Kader vum Budget – et gëllt dat geschwaate Wuert)