Perspektivesches fir 2002

– Fräi Tribün vum Jean-Louis Schiltz op RTL 14. Januar 2002 – Zu de Perspektiven vun 2002 gehéieren eng Rei Saachen, déi schons 2001 an der Chamber votéiert gi sinn, an deenen hier positiv Konsequenzen mir eréischt am Joer 2002 mierken. Aaner Projeeën sinn 2001 an d’Weeër geleet ginn an dës sollen dann 2002 emgesaat ginn. Weider Projeeën wäerten 2002 an den Mëttelpunkt réckelen an d’Diskussiounen dominéieren.

Zu der éischter Kategorie – also deene Projeeën, déi 2001 gestëmmt gi sinn an wou mer 2002 déi positiv Konsequenzen wäerten mierken, gehéiert sëcherlech d’Steierreform. D’Steiersät fir Privatleit sinn esou niddreg wéi nach ni an sie gehéieren zu deene niddregsten an Europa. Daat wäert jidderee vun eis mierken wann Enn Januar de Peiziedel oder den éischten Steierbescheed kënnt.

Et hunn an desem Land nach ni esou vill Leit keng Steieren bezuelt ewei elo. Net well se manner géife verdengen. Mé, well daat steierfreit Akommes mat der Reform mei grouss ginn ass.

Och daat oder virun allem daat ass Sozialpolitik.

D’Steiersäz fir d’Betrieber sinn och esou niddreg wéi nach ni an och dës gehéieren zu deene niddregsten an Europa.

Et ass daat eng Politik am Interet vum Standuert Letzebuerg an net zulescht och eng Politik am Interet vun der Beschäftegung am Land.

Des Steierreform ass net nëmmen d’Resultat vun der Politik aus deene leeschte sechs Méint oder esouguer deene leeschten zwee bis dräi Joer. Et waer d’ailleurs guer net dran esou eppes an zwee oder dräi Joer ze konzipéiren an emzesetzen.

Neen, des Steierreform ass vu laanger Hand, iwwer d’Joeren an d’Wee geleet ginn. Des Steierreform war nemmen meiglech dank der wäitsichteger a konsequenter Finanzpolitik, déi säit Joeren an Jorzengten vun CSV Politiker bedriwwe gëtt.

Wann d’CSV net während Joeren eng virsechteg an wäitsichteg Finanzpolitik bedriwwen hätt, da wären elo keng Suen do, an dann géif et och keng Steierreform ginn.

2001 sinn awer och eng Rei Sachen an d’Wee geleet ginn, déi elo 2002 an der Chamber emgesaat ginn.

Ech well hei an deem Zesummenhang nemmen un de Rentendossier erenneren a méi speziell un d’Erzéiungzoulag – besser bekannt ennert dem Slogan”3000 Frang”.

D’3000 Frang kommen.

De projet de loi läit säit dem Dezember um Dësch an d’Erzéiungszoulag soll ab Juli ausbezuelt ginn.

Och an deem Dossier huet d’CSV sech duerchgasaat. Géint all déi aaner. Well et soll dach keen behaapten, um Rentendesch oder duerno hätt irgendeen aaneren ewéi d’CSV sech seriös fir des Mësure agesaat.

Fir déi Frae, déi am Berufsliewen dobaussen täteg sinn, ginn d’Babyjoeren verallgemengert an fir déi Fraen, déi keng eege Rentenusprech hunn, – déi déi doheem schaffen – an och fir déi Fraen, déi schon an der Pensioun sinn, ginn et 3000 Frang. Daat Ganzt an engem sozialgerechte Kader.

Dëse Projee wäert – wéi gesoot – an der éischter Hallschent vum Joer an der Chamber gestëmmt ginn.

Niewt deene ugesprachenen Themen, niewt dem Euro an der Eurpoapolitk am generellen wäerte nach eng Rei aner Themen am Joer 2002 d’politesch Aktualitéit dominéieren. Ech well se net all hei opzielen.

Ech well der jhust zwee erausgräifen. Fir d’eischt d’Gesellschaftspolitik. Ennert dem Impuls vun der CSV ass den Projet iwert den Numm vum Kand ausgeschafft ginn an och schons op den Instanzenwéé gescheckt ginn.

D’CSV huet och d’Thema vum Zesummenliewen ausserhalb vum Mariage opgegraff fir an deem Beräich Texter auszeschaffen. Dës Texter sollen zu méi Gerechtegkeet féieren a sie sollen dee schwache Partner besser protégeieren.

En aanert d’Théma, daat 2002 wäert am Mettelpunkt vun der nationalpolitescher Diskussioun stoen ass d’Thema vun der Mobilitéit. Déi eng mengen den Verkéiersinfarkt wäer schons do. Déi aaner soen alt nemmen e wäer geschwënn do.

Lëtzeburg ass ganz secher 2002 an doriwwer eraus am Dossier vun der Mobilitéit gefuerdert a mir wäerten eis als CSV do och resolut zu Wuert mellen. Et mussen nei Strossen oder nei Spuren gebaut ginn an aaner Infrastrukturen ewéi beispillsweis Opfangparkingen. Mir mussen Weeër fannen fir méi séier ze bauen. Et kann dach nët sinn, datt beschten Falls tëschent plangen an bauen dräi bis véier Joer verginn.

Mä virun allem mussen nei a méi modern Transportkonzepter emgesaat ginn. An deem Zesummenhang reckt jo elo d’Konzept vum BTB erem an den Mëttelpunkt an daat ass gudd esou. Neen, de BTB ass nët doud an och daat ass gudd esou. Awer domatter geet et nët duer. Et muss elo eppes Konkretes an deeem Dossier geschéien.

Desen an aaner Projeeën wäerten d’ Aktualitöit 2002 dominéieren. Et bleiwt mer zum Schluss vun desem Beitrag- ze hoffen, datts all des Diskussiounen mat enger gewësser Serenitéit an an engem konstruktiven Klima gefeiert kënne ginn.

1

1