Aus enger Radioemmissioun vum Deputéierte Norbert Haupert
Eng nei Steierreform steet an d’Haus. Vum 1. Januar 2002 un, sollen d’Steieren vun alle lëtzebuerger Steierzueler drastesch eroofgesat ginn.
An deene leschte 15 Joer goufen bei eis zu Lëtzebuerg eng Rei vu Steierreformen duerchgefouert. All dës Reformen droe ganz kloer de Stempel vun der C.S.V. Si sinn ënner der Responsabilitéit vun CSV Minsiteren an Deputéierten, a besonnesch vun eisem Finanzminister Jean-Claude Juncker zu Stane komm.
All déi Reformen hunn e stoarken sozialen Aschlag, an droen doniewt zur Verbesserung vun der Dynamik an der Compétitivitéit vun eiser Wirtschaft bäi. Dëst gëtt besonneg duerch d’Schaafe vu villen neien Aarbechtsplaatzen an dem Zouwues vun de Steiereinnahmen, trotz de villen Steiererliichterungen, däitlech dokumentéiert.
Den sozialen Aschlag vun deene verschidde Reformen läit doran, datt engersäits dat steierfräi Mindestakommes eropgesaat, an anersäits den Astiigssteiersaatz eroofgesat gouf.
Zënter 1990 huet sech dat steierfräit Mindestakommes méi wéi verduebelt. Vun 170.444 F am Joer 1990 soll et ab 1. Januar 2002 op 393.314 Fr eropgesat ginn.
Doniewt sin déi verschidde Fräibeträg fir Werbungskäschten a Spezialausgaben an d’Luucht gesat ginn. Den Astiigssteiersaatz gëtt vum 1.Januar 2002 un vu 14% op 8% eroofgesat.
All déi Moossnahmen bewierken, datt vum nächste Joer un, e Jonggesell deen 454.000 Fr d’Joer verdingt, keng Steiere méi bezillt. 1990 huet hie nach 46.848 Fr Steiere bezuelt.
Eng bestuete Koppel mat 2 Kanner fängt eréischt bei engem Joresakommes vun iwwer 1.400.000 Fr un, Steieren ze bezuelen. Déi selwecht Koppel bezillt bei engem besteierbare Gehalt vun 2,5 Milliounen d’Joer 123.055 Fr Steieren, am Joer 2000 waren et nach 253.160 Fr also méi wéi dat Duebelt.
De wirtschaftlechen Impakt vun de Steierreformen fënnt een am Spëtzesteiersaatz bei de physesche Persounen awer och am globale Steiersaatz vun de Gesellschaften erëm.
Duerch e niddrege Spëtzesteiersaatz op dem Akommes vun de physesche Persounen ginn déi fräischaffend Leit encouragéiert méi ze leeschten, an doniewt zit eist Land héichqualifizéiert Aarbechter mat héige Gehälter un, déi erëm zum Wuessen an der Compétitivitéit vun eiser Economie bäidroen. 1990 war de Spëtzesteiersaatz nach 56%, vum 1.Januar 2002 un ass e nëmme méi 38%.
Ab 1.Januar 2002 gëtt de Basissteiersaatz vun der Gewerbesteier vu 4% op 3% an den Taux fir d’Kollektivitéitssteier vun 30% op 22% eroofgesat. Mam Taux vun 22% läit Lëtzebuerg am Vergläich mat sénge Partner aus der Europäescher Unioun ganz kloer hannert Irland op zweeter Plaatz. Seng Nopeschlänner Däitschland, Frankräisch a Belgien applizéieren en Taux vu respektiv 25%, 33,33% an 39%. Niewt dem Eroofsetze vum Steiersaatz si nach eng Rei vun anere Moosnahme virgesin, déi d’Steierlaascht vun de Betriber reduzéieren an doduerch hir Compétitivitéit am internationalen Ëmfeld verbesseren.
Am grousse ganzen, eng Steierreform déi d’Kaafkraft vun eis all verbessert an domat de Konsum awer och d’Tendenz zum Spueren favoriséiert. Doduerch gi nei Investissementer iwwer de Wee vum Autofinanzement an dem Credit getätegt, déi e wesentleche Bäitrag zur Stärkung vun eiser Economie an zur Erhalung vun der Competitivitéit vun eise Betriber leeschten.
Aus enger Radioemmissioun vum Deputéierte Norbert Haupert