Lëtzebuerg huet Zukunft – Kommt mat eis diskutéieren

– aus enger Radioemissioun vu Maurice Bauer, CSV-Generalsekretär adjoint – Déi weider Entwécklung vu Lëtzebuerg, wéi geséit Lëtzebuerg an 10, an 20, an 30 Joër aus, dat sinn am Ablack d’Froën, déi ee groussen Déel vun der politischer Dagesuerdnung anhuelen.

Dës öffentlech Diskussioun ass gudd. Sie ass begréissenswert. Sie weist, dat d’Menschen zu Lëtzebuerg sech mat der Gesellschaft an der sie liewen auserneensetzen. Sie fillen sech an der Responsabilitéit fir dat Ganzt. De Léit zu Lëtzebuerg ass d’Weiderentwëcklung vun eisem Land net egal.

Sie wëssen dat Lëtzebuerg virun Verännerungen steet. D’Welt ännert an eist d’Land ännert sech mat. An et ass haut, wou et gellt, sech dëse Verännerungen op sozialem, wirtschaftlechem a kulturellem Plang ze stellen.

De But ass dobei kloer: Verännerungen haut matzegestalten, se, am Moss vum Méiglechen, un déi spezifisch Situatioun vun eisem Land unzepassen, aplaaz muer Verännerungen hinzehuelen, ouni irgendeen Afloss op hir Form ze hunn.

Dës Regierung geet déi grouss Verännerungen, déi mam neie Joërhonnert nach u Vitesse gewonn hunn, offensiv un. Dat weist sech op ville Pläng: Am Budgetsentworf fir 2002 beispielsweis.

De proposéierte Budget fir 2002 behält den héichen öffentlechen Investitiounsniveau bei. D’Opträg, déi de Staat awer och d’Gemenge verginn, fir dat eng adàquat a modern Offer vun Schoulen, Créchen, Spidolsinfrastrukturen an Altershéemer konsequent weiderentweckelt gett, kënnt villen lëtzebuerger Entreprisën zegudd.

E weideren zukunftsorientéierten Akzent vum Budgetsentworf 2002 ass de Fait, dat an d’Fuerschung an an den Ausbau vun den Heichschoulinfrastrukturen investéiert gett.

Fuerschung an universitär Léier si kéen Selbstzweck. Sie sinn e wesentlecht Element fir dei harmonisch Wéiderentwëcklung vun eiser Identitéit a sie sinn ee wesentlechen Bestanddéel vun enger moderner Standuertpolitik. Net vun ongeféier solle sech Fuerschung a Léier an deene Beräicher lokaliséieren, wou eist Land schon Kompetenzen huet. Dat héescht ënner annerem am Medieberäich an am Beräich vum Banken- a Finanzwesen.

Eng modern an zukunftsorientéiert Standuertpolitik ass awer och d’Stéierpolitik vun dëser Regierung. D’Belaaschtung vun de Betrieber gët vun 37,5% op 30% erofgesaat.

Dat stärkt d’Kompétitivitéit vun de Betrieber, déi schon do sinn. Dat erhéicht d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg fir Betrieber, déi no engem Standuert kucken.

An grad dës néi Betriiber sinn ze dacks Betriiber, déi mat néien Technologiën schaffen an qualifizéiert a modern Aarbechtsplaatzen op néie Marchéen créeieren.

Mat de Stéiererliichterungen fir Betriiber trëtt zum ëschten Januar 2002 och déi zweet Etape vun den Stéiererliichterungen fir Privatpersounen a Kraaft. A sengem Avis fir d’Joër 2001 huet de Wirtschafts- a Sozialrot dës Erliichterungen als sozial ausgeglaach an als leschtungsfrëndlech bezeechnet. De Premier Jean-Claude Juncker huet et an der Ried zur Laag vun der Natioun op de Punkt bruecht: “De Steiertarif fir d’Joër 2002 ass sozial. E schount déi niddreg Gehälter. E léisst de jonke Famillje Souen an deem Moment wou se d’Soue brauchen. En ass leeschtungsfrëndlech. E wierkt sech a staarkem Mooss akommessteigernd aus.” E weidert Beispill, datt d’Politik zu Lëtzebuerg Verännerungen offensiv a resolut ugeet, ass d’Initiativ E-Lëtzebuerg, déi vum François Biltgen als delegéierten Kommunikatiounsminister pilotéiert get. E-Lëtzebuerg ass och eng vun den Prioritéiten vun der CSV.

Esou wéi de François Biltgen léet d’CSV den Akzent dorop, datt et an der Informatiouns- a Kommunikatiounsgesellschaft zu kénger sozialer Ausgrenzung kënnt. Der CSV hiire Motto ass kloer: Jo zu E-Lëtzebuerg – E-Lëtzebuerg fir jidfereen.

Datt d’Benotze vum Computer a vum Internet fir verschidden Bevölkerungsgruppen net esou evident ass ewéi fir annerer duerf kéng Excuse sinn, datt déi politisch a sozial Responsabel nët op des Léit duergin. Gerad de Géegendéel muss de Fall sinn. Via eng Offer vun Courën a via d’Installatioun vun Computerën mat Internetzougang op Plaatzen wéi an Foyers du Jour, Kultur- a Jugendzentren an an Altershéimer muss ee gerad op déi Léit duergoën, déi mat de neien Technologien nach net oder nach net esou familiariséiert sinn.

Et huet een dobài jo ëmmer de Virdeel, datt den Internet ee praktischt Medium ass, datt jidferengem eppes bit. De François Biltgen ass op alle Fall fir dei entspriechend Mesürën ze félicitéieren.

Léif Nolauschterer, Un dëse puer Beispiller weist sech, datt d’Regierung d’Land aktiv op d’Zukunft virbereed. Am Cadre vun den CSV-Regionalversammlungen sinn d’CSV-Ministeren amgaang d’Zukunftsvirbereedungen mat den interesséierten Biierger ze diskutéieren.

Ennert dem Motto “Lëtzebuerg huet Zukunft” féieren d’CSV- Minister den Dialog mat de Léit. Sie explizéieren déi grouss politisch Chantierën wei beispielsweis dei noutwendig landesplanerisch Mesurën fir ee Lëtzebuerg, datt och weiderhin éng gudd Liewensqualitéit an enger intakter Emwelt bitt.

Op am ganzen 19 Versammlungen lifferen d’Minister an d’Deputéiert vun der CSV déi néidig Informatiounen. Sie stinn de Biirger mat hiiren Erwardungen, Hoffnungen an hennsto och Suergen Ried an Äntwert.

Kommt mat eis diskutéieren. Datumën vun de nächsten Regionalversammlungen fannt dir ënner annerem um Internet-Site vun der CSV www.csv.lu, oder schellt d’CSV- Generalsekretariat un, um 22 57 31.

Lëtzebuerg huet Zukunft an dës Zukunft ass déi vun eis alleguer.

1