– aus enger Radioemissioun um 100,7 vum Paul Weimerskirch – Lëtzebuerg huet Zukunft – haut fir muer plangen.Enner desem Motto organiséiert d’CSV an dësen Deeg eng Rei vun Diskussiounsowender an deene verschiddene CSV-Sektiounen.
Ministeren an Deputéierten stinn dem Bierger zu aktuellen politeschen Froen Ried an Äentwert. Am Mëttelpunkt vun dëse Gespréicher stinn niewt dem Bilan vun der Regiirungsaarbecht, besonnesch Zukunftsperspektiven vun eisem Land, dëst virum Hannergronn vun der aktueller Diskussioun Lëtzebuerg am Joer 2050, an déi domatter verbonnen déifgreifend Verännerungen um soziologeschen an demographeschen an wirtschaftlechen Niveau.
Ouni Zweifel ass d’Politik hei gefuerdert Verantwortung ze iwwerhuelen.
Awwer nët nëmme sie. Geet et dach em d’Zukunft vun eisem Land.
Am Bléckpunkt vun den Diskussioune mat de Ministeren stinn Froen zur Landesplanung, zum öffentlechen Transport a Strossebau, iwwer den Ausbau vun den sozialen a schouleschen Infrastrukturen, d’Weiderentwecklung vun den ënnerschiddleche wirtschaftlechen Sektoren, d’Zukunft vun der Landwirtschafts- a Wäibaupolitik….
Et sinn dëst alles Froen, déi direkt oder indirekt mat der Zukunft vun eisem Land zesummen hänken. D’Zukunft vun eisem Land läit eis besonnesch um Häerz.
Dëse Grondgedanken huet an der Vergaangenheet a wäert och an Zukunft dat politescht Versteesdemech vun der CSV charakteriséieren.
Eng wäitsiichteg Politik, déi eisem Land Wuelstand, Liewensqualitéit a soziale Fortschrëtt bruecht huet. An genau dat wëlle mer och fir Zukunft vun eisem Land réaliséieren. Haut u muer denken.
Mir wëllen Entscheedungen an Wéer leen, déi eiser Politik vun Liewensqualitéit Gerechtegkeet a Wuelstand Rechnung dréit. Zesummen am Gespréich mam Bierger wëlle mir dofir déi verschidden Aspekter klären a beliichten.
Wichteg sin fir eis dobäi och déi Suggestiounen a Virstellungen vun den Bierger déi un eisen Diskussiounsowender deelhuelen. Hir Doléancen sollen an eisen Entscheedungen mat afléissen.
Eist Land op Zukunft viirbereeden heescht zesummen nodenken iwer eng solidd Finanzpolitik, iwer neier Wéer an der Verkéiers- an Transportpolitik, iwer nei an noutwendeg Infrastrukturen, iwer nei Wéer am Beräich vum Wunnéngsbau, iwer déi noutwendeg Mesuren fir eis Wirtschaft kompetitiv a modern ze halen.
Vill Froen bleiwen an dësem secherlech nët einfachen Dossier ze klären. Wéi gestalte mer déi künfteg Immigratioun, welche Stellenwert huet Lëtzebuerg an der Groussregioun, an der Europäischer Unioun, wéi kënne mer Sozialgerechtegkeet nobannen an nobaussen réaliséieren, verbonnen virun allem mat der Fro wellech Mesuren um internationalen Plang noutwendeg sin fir nach méi konkret an effizient Entwécklungshëllef ze leeschten.Virum Misère an der Welt kënne mer d’Aen nët zoumaachen, d’Entwécklungshëllef muss eng absolut Prioritéit hun.
Hei ass eng sachlech an konstruktiv Diskussioun erwënscht. Mat de Gefiller an den Ängschten vun den Leit ze spekuléieren, as de falsche Wée. Ee strammt a schnellt Wuesstum vun der Populatioun as keng Wonschviirstellung. Fir CSV as et wichteg dat Lëtzebuerg sech ob eng resonabel an kohärent Art an Weis entwëckelt. CSV wärt sech also den Diskussiounen iwert Zukunft vun Lëtzebuerg nët verschléissen. Weder an der CSV nach am Publik, de beschte Beweis sin déi vill Regionalversammlungen déi an dësen Wochen iwert Bühne gin.
Niewt dësen Nodenken iwwer Zukunft vun Lëtzebuerg sinn et grad Budgetsdebatten, déi an den nexten Deeg parlamentareschen Aktualitéit bestëmmen. Dn Budgetsentworf fir Joer 2002 steet besonnesch ënner dem Zeechen vun der Steierreform. Massiv Steiererliichterungen fir Privathaushalter a Betriiber. Manner Steieren ze bezuelen heescht nach méi Gerechtegkeet, heescht nach méi Kaafkraft.
Virum Hannergrond an der weltwäiter Ofschwächung vun der Konjunktur, deelweis verstärkt duerch déi rezent Terrorattacken, gewënnt déi geplangte Steiersenkung fir Betriiber eng nach méi grouss Bedeitung ewéi erwaard.
D’Steierlaascht gët 30 Prozent erofgesaat, verbonnen mam Ziel déi gënschteg Positioun vum Standuert Lëtzebuerg wieder ze garantéieren an och weiderhin eng aktiv an solidd Beschäftigungspolitik ze gestalten. Mat dëser Politik wëllt d’CSV déi öffentlech a privat Investitiounen ukuebelen, besonnesch am Beräich vum Mëttelstand.
Dat ass Politik fir Zukunft. Haut u muer denken.