Aus enger fräier Tribün vum CSV Deputéierte Patrick Santer
Leeschte Freideg hun déi iresch Wieler an engem verbindleche Referendum de Vertrag vun Nice ofgelehnt. Dëse Vertrag, deen d’Europäesch Unioun soll erweiderungsfäheg maachen an hir Institutioune reforméieren, as bei den traditionell europafrëndlechen Iren net op déi néideg Akzeptanz gefall. D’Akraafttriede vum Traité vun Nice get domat schwéier, well en dofir am Prinzip muss an alle foffzeng Memberstaate ratifizéiert sin.
D’Iren hun eis lo ze denke gin. Ze denken iwert d’Relatioun vun de Biirger zu den europäesche Verträg, an iwert d’Akzeptanz vun deem haudege komplizéierten Europa bei de Leit.
Virun der Ënnerschrëft vun dësem Traité goufen et laang a schwiereg Diskussiounen iwert daat zukünftegt Gesiicht vun Europa. Och nodeems de Sommet vun Nice eriwer war, sin dës Diskussioune weidergaangen, an europäesch Spëtzepolitiker hun hirem Wonsch Ausdrock gin, virun däer nächster grousser Reform vun der Europäescher Unioun d’Biirger vun Europa méi an déi grouss Debatten iwer Institutioune, Politiken an europäesch Demokrati anzebannen. Mee wou féiert de Wee eis hin?
D’Europa vun de Verträg stéisst, daat hu mer spéidstens rëm um iresche Referendum gesin, un d’Grenze vu senger Akzeptanz bei de Biirger. Europa befënnt sech an engem komplizéierte Spannungsfeld tëschend der Erhalung vun den aktuelle Virdeler fir déi haudeg Memberen an den Erwaardunge vun de Bäitrëttskandidaten. Daat alles as keng reng finanziell Fro. Eigentlech geet et drëms, wéi daat politescht Europa muss organiséiert gin, fir datt d’Biirger a 25 oder 30 Memberstaaten et nach ënnerstëtzen an et demokratesch legitiméieren.
A leschter Zäit goufe vu villen europäesche Regirungschefe Grondsazrieden zu Europa gehalen. Daat, waat all dës Riede verbonnen huet, war de Wëlle vun de Riedner, zu engem méi gräifbaren, méi novollzéibaren, a méi biirgernoen Europa ze kommen. Iwerall gouf och de Sujet vun enger europäescher Verfassung berouert, och wann d’Astellungen dozou nach wäit auserneeleien.
Eng europäesch Verfassung géif d’Unioun op en aneren Niveau hiewen. Mir brauchen no ronn foffzech Joer europäescher Integratioun e qualitative Spronk vun däer wirtschaftlecher an déi politesch Europäesch Unioun. Deen institutionelle Kader, dee mer zënter Jaarzengte benotzen, deen an de Foffzeger Joeren fir sechs Memberen definéiert gouf, as schon haut, mat foffzéng Memberen, ganz enk gin. Déi eventuell 27 Memberen, op déi mer histeieren, passen an deen enke Kader net méi eran. An deen neie Kader, dee mer fir si brauchen, muss eng politesch Dimensioun grad esou beinhalten, wéi eng institutionell.
Aus dëse Grënn as et un der Zäit, datt Europa sech eng Verfassungsperspektiv gët. Also eng Perspektiv vun interner Verfaasstheet am Géigesaz zu internationalen Traitéen, waat déi europäesch Verträg nach ëmmer sin. Mir sollte probéieren, d’Europäer u fundamental Organisatiounsgrondlage vun eiser Unioun ze bannen. Do sin d’Grondrechter, do sin d’Institutiounen, do sin Entschedungsprozeduren, an do as eng Kompetenzopdelung, iwert déi d’Europäer duerch hir national an europäesch gewielte Vertrieder sollte matdiskutéieren a bei den Décisioune Gehéier fonnt hun.
Bei dësem Exercice vu Verfassungsgebung soll kee rigid Dokument rauskommen, un daat ni méi däerf gerouert gin. Mee fir ze vermeiden, datt Europa zousehends un Akzeptanz bei de Biirger verléiert, an d’Leit sech mat Europa net méi kënnen identifizéieren, brauche mer eng nei Dynamik an der europäescher Konstruktioun. Eng konstitutionell Dynamik, déi nëmme kann zustane kommen, wann d’Leit an Europa rëm dru glewen, datt mer Europa fir si, fir eis alleguer, bauen. An datt Europa kee Selbstzweck as, mee déi intressantst politesch Konstruktioun an der Geschicht, déi eis schon iwer foffzech Joer Fridden a Wuelstand erlaabt.
Duerfir lount et sech, eng nei europäesch Dynamik z’entwéckelen.
1