Den CSV Deputéierte Lucien Clement zum Remembrement
Aus enger Ried an der Châmber
Här President, Dir Dammen an dir Hären,
de Remembrement get et zënter ronn 37, a seng Bilanz ass duerchaus positiv. Dee Saz sollt ee soen, fir op dëser Tribün eng Ried zu deem Thema unzefänken – schliesslech huet eise Sujet vun haut net nëmmen iwerzeechten Unhänger.
Fir de Kader vun dëser Debatt ofzestiechen, sollt de Bilan nach e bëssen méi ausgedäitscht ginn. Iwer véierzeg gréisser a klenger Remembrementen hu bis haut stattfonnt, respektiv sin amgaang. Dobäi goufe graff gesin zeng Prozent vun eiser Landesfläch nei organiséiert.
Net een eenzege Remembrement gouf an dene 37 Joer, während denen e praktizéiert gouf, gestoppt.
Keen ass fundamental schiefgelaf. Keen huet après-coup zu gréissere Schwieregkete gefouert oder zu Reklamatiounen Ulass ginn. Am Ensembel stelle mer fest, datt, obschon et natiirlech ëmmer rëm Oppositioun virun a während denen eenzelne Remembrementsviirgäng gouf, nom Ofschloss vun den Operatiounen déi betraffe Besëtzer largement zefridde waren. Daat ass eng Bilanz, déi sech weise léisst. Mir hun zum Remembrement vläicht kee perfekt Gesetz – gelldir, Här Mehlen, d’Perfektioun ass eben net vun dëser Welt – mee mir hun eent, waat seng Prouwe bestanen huet. Ënnerhale mer eis also iwer Detailverbesserunge vun engem net grondsätzlech schlechten Text.
(Sektioun BETZDER)
Ennerhale mer eis, hun ech gesot, iwer Verbesserunge vun engem bestoende Gesetz. Gesetzer hun nun emol d’Egenaart, an hirer grousser Majoritéit net fir eenzel Uertschaften oder Persoune gemaach ze sin.
Gesetzer si keng lokalpolitesch Phänomener. Den Interpellant Mehlen deet sech anscheinend mat dëser Tatsaach ganz schwéier.
Et ass onméiglech, Här Mehlen, datt Dir d’Chambersreglement mëssbraucht, fir Äer lokalpolitesch Règlements de compte. Lokalpolitik gehéiert an d’Gemengen, a soll net op der Chamberstribün diskutéiert ginn. Ech wëll duerfir guer net op déi speziell Thematik agoen. Waat an irgendengem präzise Remembrementsviirgank passéiert, daat concernéiert d’Leit op der Plaz. Et ass net der Chamber hir Aufgab, sech domat ze beschäftegen oder sech do anzemëschen.
Wann een eng Interpellatioun esou formuléiert, datt ee wëllt informéiert ginn iwer déi aktuell Applikatioun vun engem Gesetz, an iwer zukünfteg Intentioune vun der Regirung an dem Domän vun deem Gesetz, da soll een sech un dës Orientéirung halen. Et geet hei net em eng Gemeng, et geet hei ëm 41 Remembrementen, déi scho stattfonnt hun, an ëm all déi, déi nach stattfanne wäerten. An zwar iwerall am Land.
De Remembrement dingt virun allem der Wirtschaftlechkeet vu landwirtschaftleche Flächen. Wéi en agefouert gouf, war daat d’Haaptinspiratioun vum Gesetz. Do sin an der Tëschenzäit awer nach wesentlech aner Kriterien derbäi komm. Mir hun eng Bewegung vollzun, déi vun enger reng wirtschaftlecher Finalitéit beim Remembrement ausgaangen ass, an sech vun do aus weiderentwéckelt huet, a Richtung vun Nohaltegkeet, Ëmweltverträglechkeet a Landschaftsgestaltung. Ech wéilt déi verschidden Aspekter vum Remembrement also am Kader vun däer Evolutioun beliichten, a bei denen verschiddene Punkten op eenzel Verbesserungsméiglechketen agoen.
Eent muss awer och nach gesot ginn, well et dem Remembrement weidere Sënn get, an de Kader, innerhalb vun deem e stattfënnt, kompletéiert. Daat ass, datt mer um Flouer zënter laanger Zäit eng zimlech Anarchie hun, waat Terrainen, Maarken, Bewirtschaftung an Egentums- a Pachtverhältnisser ubelaangt.
Mir hun nach ëmmer, daat ass eben esou, e Kadaster, an deem wesentlech Vermiessunge virun 180 Joer gemaach goufen – dunn nämlech, wéi de Kadaster agefouert ginn ass. Déi Mëttelen an Instrumenter, déi 1820 zur Verfügung stounge, sin natierlech mat dene vun haut net ze vergläichen – an d’Resultater vun den deemolege Moossunge mussen dann och mat däer néideger Virsiicht genoss ginn.
Well den Office National du Remembrement an all Projet eng komplett Neivermoossung vun den Terraine viirhëllt, komme mer op dene Plazen duerch d’Aarbecht vum ONR fir d’éischt an der Geschicht vun deem Bann, dee betraff ass, zu enger präziser Moossung. Eigentlech e sënnvollen Dingscht, deen do geleescht gët – zum Virdeel vun all Mënsch, deen eng Kéier soll mat Präzisioun erausfannen, wéi grouss wéi eng Terraine sin a wiem also waat gehéiert. Mee daat ass net den Haaptproblem.
Déi eigentlech Anarchie um Flouer huet mat den Ofgrenzungen ze doen. D’Maarke si ganz dacks, gewollt oder ongewollt, verschwonnen, an zwar zënter laanger Zäit. Daat féiert derzou, datt haut grouss Onkloerheet op ville Plazen herrscht, iwer Besëtzverhältnisser, Grenzen, Servituden, Zougäng zu Stécker an sou weider. Am Kader vu Remembrementsprozedure ginn net nëmmen Neivermoossunge virgeholl, mee et gët och erëm méiglech, Grenzen ze stiechen an déi eigentlech Realitéit vu bestëmmte Floueren nees ze erfaassen. Dëst dingt dem Intérêt général, am Géigesaz zu e puer Partikularintressen, déi duerch Onsécherheet besser zervéiert wiren. Iwer dës Tatsaachen huet och nach kee Mënsch sech opgereegt.
Desweidere ginn, fir déi aktiv Baueren ze protegéieren, am Kader vum Remembrement gülteg Pachtverträg matiwerholl.
Här President, ech soe bewosst, gülteg Pachtverträg. Et schéngt mer nämlech sou ze sin, datt fir eng grouss Zuel vu Stécker keng formell Pachtverträg existéieren. A fir den aktive Baueren sënnvoll kënnen ze hëllefen, andeems hir Pachtverträg Bestand zougeséchert kréien, ass et wichteg, datt déi Landwiirt, déi keng formell Pachtverträg hun, der ofschléissen.
De Remembrement huet, ech sot et schon, an éischter Linn eng wirtschaftlech Finalitéit. Urspronk vum Remembrement war d’Iwwerleeung, aus der Zerstéckelung vun de Flouere keng Fatalitéit ginn ze loossen. Um Wee vun enger gesetzlech geregelter Reorganisatioun vun de Stécker sollen d’Besëtzer vun den Terraine – an hirer Majoritéit waren daat deemols, an och haut nach, Baueren oder Wënzer – méi produktiounsfäheg gemaach ginn. Et goung an et geet drëm, hinnen d’Méiglechkeet vun zesummenhänger Bewirtschaftung ze ginnn, waat virun allem am Wäibau plazeweis absolut noutwenneg war, a laascht d’Musel zu enger spiirbarer Verbesserung vun der wirtschaftlecher Situatioun vu ville Betriber gefouert huet. Déi aus dem Remembrement entstanen Aarbechtsvereinfachung oder Erliichterung huet hirersäits derzou gefouert, datt souwuel an der Landwirtschaft wéi am Wäibau Betriber konnte flächeméisseg zolitt wuessen.
D’Zuele schwätzen hei eng däitlech Sprooch: no 37 Joer Remembrement huet sech de Volume vun der zesummenhängender Proprietéit vu landwirtschaftlecher Fläch verdräifacht. Et gët haut dräi mol méi kohärent bewirtschaftbar Terrainen wéi 1964. A wann een sech d’Kadasterpläng vun enger Gemeng virun an no engem Remembrement ukuckt, da stellt ee séier bemierkenswäert optesch Ennerscheder fest. Waat virdrun ausgesin huet wéi e schrecklech faarwege Mosaik, haat nom Remembrement méi den Uschäin vun Dallen – waat jo bekanntlech méi grouss Stécker si wéi Plättercher.
Sou hu mer also mat der Zäit eng positiv Entwécklung vun der Flächenandelung an der Landwirtschaft an am Wäibau erliewt. D’Remembrementen ware sënnvoll, a sin après coup och generell vun dene Betraffenen akzeptéiert ginnn. Do, wou sech Problemer stellen, kann d’Gesetz och nëmme begrenzt hëllefen. Problemer get et nämlech do, wou grouss emotionell Attache mat Stécker existéieren, a wou Nopeschpropriétaire Schwieregketen mateneen hun. Sou Problemer, déi emotioneller Aart sin, kann daat beschtent Gesetz net aus der Welt schafen. Et ass onméiglech, um Wee vum Remembrement zwee Besëtzer, déi sech net kënne leiden, mateneen ze verséinen. Un der Richtegkeet vum Remembrement ännert daat alles awer näischt, a wéi gesot, 37 Joer Remembrement sin an d’Land gaangen, ouni datt et irgendwou, wou remembréiert gi war, zu dramateschen Szenen komm wir.
D’Evolutioun vum Remembrement huet sech vollzun a Richtung vun engem bewosste Beitrag zur nohalteger Entwécklung. Iwer déi wirtschaftlech Considératiounen eraus ginnn haut bei engem Remembrement d’Renaturéierung, d’Erschléissung vu Lännereien an d’Be- an Entwässerung vu Flächen an d’Planung matabezunn. Sou get duerch de Remembrement e wäertvolle Beitrag zur Erhalung an der Erëmhierstellung vun eise Kulturlandschafte geleescht. Wichteg ass do zum Beispill ervirzesträichen, datt zënter 1996 Renaturéirung vu Baache kann e Grond sin, fir e Remembrement ouni Ofstëmmung am öffentlechen Intresse unzekuerbelen. Net nëmme Stroossebau kann also fir déi ofgeännert Remembrementsprozedur e Grond sin. Daat war am Kader vum Bau vun der Saarstrooss sécher déi éischt Ursaach, mee ëmweltrelevant Iwerleeunge kënnen haut gläichermoossen eng Roll spillen.
En insgesamt zefriddestellende Bilan vum Remembrement zu Lëtzebuerg, kann ee behaapten. Mir hun e global gutt Gesetz a valabel Prozeduren. A mir hu mëttlerweil eng laang Erfarung mat alle méigleche Remembrementsrealitéiten, sou datt den ONR ëmstand ass, fir nei Projeten op dëser Erfarung opzebauen.
Haut gesäit d’Situatioun esou ass, datt wa remembréiert gët, keng iwerméisseg grouss Fläche méi betraff sin, sou wéi daat viru Joren nach de Fall war. Typesch ginnn an der Landwirtschaft Parzellen tëschend 6 an 8 Hektar, an am Wäibau 50 bis 80 Ar ugestriewt – also eng Fläch, déi grosso modo dem Dagesopwand entsprëcht. Dës Projeten sin méi opwenneg wéi déi grouss Remembrementen viru Joeren. Si sin opgrond vun der Villschichtegkeet vun de Virgäng méi komplizéiert ginnn. D’Eraspille vun alle méigleche Begleetmoossnamen ënner Berücksichtegung vun Ëmweltkriterien huet aus der renger Parzellenneiuerdnung eng komplex Operatioun gemaach, déi am Dingscht vun de Leit an de Landschafte stattfënnt.
Kann een elo, Här President, duerch Verbesserungen um Gesetz de Remembrement weider vereinfachen, a fir déi betraffe Propriétaire méi attraktiv maachen? Ech kéint mer e puer Saache virstellen, an ech mengen de Landwirtschaftsminister och, déi als punktuell Amelioratioune vum Gesetz a Fro kéimen. Ech ka mer awer och Saachen iwerhaat net virstellen.
Net virstellen, zum Beispill, kann ech mer eng Berücksichtegung vun dene Fuerderungen, déi den Här Mehlen schon an der Agrarkommissioun formuléiert huet, an déi d’Ofstëmmunge betreffen. Et kënnt net a Fro, sou laang daat Gesetz sou heescht, wéi et heescht, nëmmen aktiv Bauere respektiv aktiv Wënzer mat ofstëmmen ze loossen, oder hinnen e spezielle Vote zouzegestoen, deen op irgendeng Manéier méi relevant wir a méi Gewiicht hätt, wéi de Gesamtvote vun alle Propriétairen.
D’Gesetz betrëfft de Remembrement des bien ruraux. Also betrëfft et och all déi Leit, déi Propriétaire si vun engem “bien rural” am Sënn vum Gesetz, am Kloertext also Propriétaire vun engem Feld, enger Wiss, engem Bësch oder waat och ëmmer. De Gläichheetsprinzip, deen zu Lëtzebuerg wéi och soss op dene meeschte Plaze Verfassungsrang huet, bréngt mat sech, datt ënner denen Ëmstänn och all Propriétaire gläich Rechter hun – an dozou gehéiert selbstverständlech de gläichberechte Vote.
Schlussendlech ass et nämlech, fir eng Menung ze hun iwer den Zweck vun engem Remembrement, egal, op een aktive Bauer oder Wënzer ass oder net.
Viirstelle kann een sech awer aner Saachen. Zum Beispill a Saache Prélèvement, deen de Moment de Propriétairen ofverlaangt gët, an zwar op enger Héicht vun 3% op der Valeur de productivité vun de Flächen, déi remembréiert ginn. Dee Prélèvement gët geholl, fir Weër ze bauen oder ze verbesseren, fir Kompensatiounsmoossnamen op de Felder virzehuelen, a fir kadastral Imprécisiounen auszegläichen.
Déi éischt zwou Moossname falen an de Kompetenzberäich vu de Gemengen; de Kadaster ënnerläit natiirlech der Verantwortung vum Staat. Also sollt een drun denken, dee Prélèvement ofzeschafen, an d’Gemengen an de Staat selwer déi Chargen droen ze loossen, déi sech aus hirer Verantwortung am Kader vum Remembrement erginn. Dëst entlaascht d’Propriétairen, an et dréit der Tatsaach Rechnung, datt e Remembrement meeschtens vun der öffentlecher Hand initiéiert gët.
Zweetens muss een sech iwerleën, wéi et steet mat de Plus-Valuen, déi Terrainen no engem Remembrement kënne kréien. Wann do nämlech, zum Beispill, e Perimeter erweidert get, oder eng Industrizon geschafe get, da kréien Terrainen an neiem Besëtz e Méiwäert, vun deem haut de Propriétaire vu virum Remembrement glaat näischt huet. Do misst een sech iwerleën, e Schlëssel ze entwéckelen, no deem d’Plus-Valuen, déi no engem Remembrement op verschiddene Fläche realiséiert ginn, op equitabel Manéier tëschend den aktuellen an de fréiere Besëtzer kënnen opgedeelt ginn.
Dann ass driwer nozedenken, d’Prozedur vum Remembrement do, wou et méiglech wir, ze beschleunegen. Zum Beispill, andeems ee géif an enger an däerselwechter Enquête d’Taxatioun an de Lotissement vun engem Remembrementsvirgank iwert d’Bühn bréngen. Daat géif un der demokratescher Prozedur näischt änneren, mee d’Délaie verkiirzen, waat am Intresse souwuel vum Remembrement selwer wéi och vun de Propriétairen an hirer rechtlecher Situatioun ka sinn.
Schlussendlech wéilt ech dann och nach drop opmierksam maachen, datt d’Entschiedegung vun de Wënzer am Kader vun de Remembrementen virun zwee Joer verduebelt ginn ass, an zwar vun 140.000 op 280.000 Frang den Hektar. Och dëst war sécherlech eng Moossnam, déi d’Akzeptanz vum Remembrement bei dene Betraffene verstäerkt huet.
E Wuert awer nach zu der Interaktioun vum ONR mat der Ëmweltverwaltung. Ëmwelt, ech hun et gesot an et steet am Fong am Gesetz, stellt eng wichteg Komponent an de Remembrementsviirgäng statt.
Mee puristesch Opfaassunge vun Eenzelne sollen awer Viirgäng, déi eigentlech sënnvoll an onkomplizéiert sin, net onbedéngt nokomplizéieren. Wann zum Beispill an engem Wéngert keng Maueren opgeriicht ginn – wou der iwregens och ni stoungen – dann ass daat kee Verbriechen un der Ëmwelt, mee d’Resultat vu rationellen Iwerleeungen am Bezuch op d’Wirtschaftlechkeet an d’Bewirtschaftbarkeet vun deem Wéngert. Ech mengen, tëschend dem ONR an der Ëmweltverwaltung muss punktuell nach ofgeklärt ginn, wéi absolut ëmwelttechnesch oder ëmwelterhiewlech Considératiounen ze sin hun – am Fall, wou keng zwéngend Grënn fir zousätzlech Infrastrukturelementer virleien. Zweck vum Remembrement kann et net sin, d’Aarbécht op remembréierten Terraine méi schwéier ze maachen, an d’Ëmwelt verlaangt daat objektiv och net.
Un de Prozedure vum Remembrement sollt ee menger Menung net fréckelen. Iwerhaat muss ee mol eng Kéier soen, datt Lëtzebuerg daat eenzegt Land ass, wou d’Participatioun, d’Matsproochrecht, vun dene Betraffenen nach garantéiert ass am Kader vu Remembrementen. Déi Voten, déi bei eis d’Assemblée vun de Propriétairen hëllt, a fir déi eng duebel Majoritéit, souwuel vun der Zuel vun de Besëtzer wéi och vun der ze remembréirender Fläch, noutwenneg ass, sin déi demokrateschst Regel wäit a breet. Mee daat ass gutt esou, an et ass och dës demokratesch Participatioun vun de Betraffenen, déi dem Remembrement zu Lëtzebuerg eng wäitgoend grouss Akzeptanz gët. Ausser natiirlech am Fall vun de Prozedure vu Remembrement am öffentlechen Intresse nom Artikel 19bis vum Gesetz, wou de Vote wechfällt, mee dës Prozedur get jo net am Regelfall ugewannt.
Här President,
De Remembrement ass haut zu Lëtzebuerg e villschichtegt Phänomen, waat sech an den Intérêt général vun engem Flouer aschreiwt. Remembrement fënnt statt, fir d’Wirtschaftlechkeet vu Stécker ze vergréisseren, an eis Kulturlandschaften am selwechten Otemzuch ze beräicheren oder einfach ze erhalen, andeems se zougängeg bleiwen a kënne gepflegt ginn. De Remembrement spillt eng wesentlech Roll am Kader vun alle Gesamtkonzepter vun nohalteger Entwécklung am ländleche Raum.
Neierdéngs dréit de Remembrement och dem Bredesport Rechnung. Domat mengen ech, datt am Kader vu Remembrementen Weër fir déi verschiddensten Notzunge virgesi ginn, zum Beispill nei Velos- oder Spadséierweër, vun denen all d’Leit bei hirer Fräizäitgestaltung eppes kënnen hun.
Mat engem punktuell nach verbesserte Gesetz fënnt de Remembrement dann ënner optimale Bedingunge statt. An domat kënne mer rouege Gewëssens behaapten, denen aktive Baueren a Wënzer, de Propriétairen, all dene Leit, déi sech an der Natur wuelfillen, an net zuletzt der Landschaft, ze dingen.
Ech soen Iech Merci.
1