Den CSV Deputéierte Jean-Marie Halsdorf zur Reform vum Artikel 27 vum Telekommunikatiounsgesetz
Aus enger Ried an der Châmber
Här President, Dir Dammen an dir Hären,
d’Reform vum Artikel 27 vum Telekommunikatiounsgesetz ass e Virgank, dee mer souzesoe vun der communautairer Gesetzgebung warem un d’Häerz geluecht kruten.
D’Direktiv iwer den Zougank zu engem oppene Réseau fir Standleitunge vun 1992 huet d’Schafung vun enger onofhängeger nationaler Instanz beinhalt, déi reglementär an dem Beräich sollt agéieren. Wéi d’Telekommunikatiounsgesetz vum 21. Mäerz 1997 an der Maach war, huet de Staatsrot gemengt – iwregens an enger Logik vu renger verfassungsrechtlecher Terminologi völleg zu Recht – datt dës Instanz keng eigentlech reglementär Autoritéit kéint sinn, well zu Lëtzebuerg de reglementäre Pouvoir beim Grand Duc alleng ugesiddelt ass. Dës terminologesch Schwieregkeet, verbonne mat den deemolege Retizenze vum Staatsrot, fir enger net konstituéierter staatlecher Autoritéit verbindlech Entschedungs- kompetenzen ze ginn, huet derzou gefouert, datt daat, wat haut den Institut luxembourgeois de Régulation ass, nach keng Décisiounsbefugnis am eigentleche Sënn huet.
Daat ass iwregens an alle Beräicher wouer, wou dëst Institut eng Roll ze spillen huet – also an all denen, wou op communautair Initiativ hin liberaliséiert ginn ass, an zwar bei den Telekommunikatiounen, bei der Post, beim Elektresch a beim Gas.
Bei der Kompetenz vun der nationaler Reguléirungsautoritéit geet et net ëm de pouvoir réglementaire, mee et geet drëms, liberaliséiert Mäert ze reguléieren. Daat bedeit, datt d’Acteuren op dëse Mäert bestëmmte Prozedure musse respektéieren, fir op ee Maart zougelooss ze ginn, a fir sech do konkurentiell korrekt ze verhalen. Dës Konzeptioun stoung am Fong ni a Fro – et war just esou, datt d’Terminologi vun den europäeschen Texter eng war, déi däer lëtzebuergescher entgéint stoung, a well mir hei och net d’Championen vun enger alles ëmfaassender Liberaliséierung waren a sin, gouf et duerch onëmsetzbar Formuléirungen zousätzlech Argumenter fir Lëtzebuerg, fir dem ILR keng contraignant Entschedungskompetenzen ze ginn. Bis haut.
Nom Vote nämlech vum Reglement iwer den degroupéierten Accès zum lokalen Netz vun Telekommunikatiounen ënnerleie mer nämlech engem neien Zwang vun europäescher Säit. D’Direktiv vun 1992 konnte mer laang net transposéieren, a wéi mer et gemaach hun, hate mer e gewësse Spillraum, deen esou genotzt gouf, datt eng Konziliatiounsprozedur déi vun der Direktiv virgesin Entschedungsbefugnis beim ILR ersaat huet. De Reglement iwert d’Boucle locale, och zu Lëtzebuerg direkt applikabel vum éischte Januar 2001 un, gesäit awer elo vir, datt den ILR eng Entschedungskompetenz an deem Beräich huet. En huet duerch europäesch Bestëmmungen elo eng Kompetenz, mee et existéiert keng national Prozedur, no däer en dës Kompetenz ka wouer huelen, well mer ëm jo bis elo prinzipiell e pouvoir décisionnel verweigert hun. A genee dorëms geet et bei der Reform vum Artikel 27 vum Telekommunikatiounsgesetz.
Den Institut luxembourgeois de Régulation kritt elo verbindlech Entschedungskompetenzen, wann et ëm den Accès vun engem Opérateur um Maart vun den Telekommunikatiounen zu den Netzer geet. De Projet de loi gesäit vir, datt den Institut ka Prozedure festleën, no denen dësen Accès ausgehandelt gët.
Den Institut leet zukünfteg och d’Konditioune vun dësem Accès fest. E kann zousätzlech och bestoend Accorden modifizéieren.
De Projet de loi gesäit och Prozedure vir, no denen den ILR saiséiert get, wann tëschend de Parteie Menungsverschiddenhete bestinn, an datt den ILR bei esou Konflikter déi ofschléissend Décisioun hëllt.
Daat betrëfft alles de neien Artikel 27.
Da gët awer och en Artikel 27 bis an d’Telekommunikatiounsgesetz agefügt, dee mat nët-contentiéisen Accorden ze din huet. Wann Opérateuren um Telekommunikatiounsmaart sech ouni Interventioun vum ILR eens ginn respektiv goufen, da mussen se dem Institut bannent deem éischte Mount vun der Wiirksamkeet vun hirem Accord dëse matdelen, an den Institut kann intresséierte Parteien dës Accorden zougänglech maachen. Hei geet et also ëm d’Transparenz vum Telekommunikatiounsmarché.
Dës Transparenz applizéiert natiirlech net op déi Passage vun Accorden, an denen déi kommerziell Strategi vun de Vertragspartner duergeluecht get. Dës bleiwe beim Institut ënner Verschloss.
D’Vertragspartner kënnen dem ILR selbstverständlech hir Appréciatioun zu deem matdelen, waat an hiren Aen muss confidentiell behandelt ginn – an dës Appréciatioun gët och vum Institut berücksichtegt.
E Wuert zum ILR sengen Décisiounen. Dës kënnen nëmmen als administrativ Décisioune betruecht ginn, déi individuelle Charakter hun an deemno e Recours en annulation virun de Verwaltungsgeriichtsbarketen no sech zéien. D’Institut ass jo zu allgemengen administrativen Décisiounen aus Prinzip net befugt.
Schlussendlech wëll ech och op dëser Plaz daat widderhuelen, waat an der Kommissioun schon diskutéiert ginn ass, a waat liicht iwert de Kader vu mengem Rapport erausgeet. Tatsächlech ass et jo esou, datt den ILR, nodeems e lo um Wee vun dësem Gesetz Décisiounskompetenze kritt, sech eng Linn vu Prozeduren an Entschedunge muss erschaffen. Déi sollen dann onbedéngt, am Sënn vun der Kohärenz an der Novollzéibarkeet vum ILR senger Tätegkeet, op allen Terrainen, wou en Zoustännegketen huet, déi selwecht sin. Et mécht kee Sënn, datt mer eng bestëmmten Zprt vu Kompetenz a bestëmmte Prozeduren an den Telekommunikatiounen hun, anerer beim Elektresch a rëm anerer beim Gas. Well d’Philosophie, fir mol e grousst Wuert ze benotzen, bei alle liberaliséierte Marchéën déi selwecht ass – et geet ëm d’Ofschafung vun engem Monopol op kontrolléiert Manéier an ouni de Verbraucher virun eng Verschlechterung vun de Servicer ze stellen – mussen och déi selwecht Regelen op d’Verhale vun den Opérateuren op dëse Marchéën applizéieren.
Ech géif Iech ofschléissend bieden, dëse Projet ze stëmmen – en ass nämlech wiirklech dringend – a bei däer selwechter Geleënheet och den Accord vu menger Fraktioun zum Projet bréngen.
1