– Aus enger Radioemmissioun mat dem Generalsekretär Jean-Louis Schiltz –
D’Erklärung zur Laag vun der Natioun vum Premierminister Jean-Claude Juncker stong zu engem groussen Deel ënner dem Zeeche vun der Gesellschaftspolitik: Eng ganz Rëtsch vun gesellschatspoliteschen Aspekter sinn an der Deklaratioun ugeschwat ginn. An daat mat Recht! Och wann den Emgang mateneen oft als eng Privatsaach ugesinn get, esou ass de Staat a de Gesetzgeber dach och am Beräich vun der Gesellschaftspolitik gefuerdert. Et geet eben einfach nët duer a Sonndesrieden ee Plädoyer fir méi Respekt, méi Toleranz, méi Versteesdemech oder fir méi Mënschlechkeet ze haalen. Och konkret Mossnahmen mussen an d’Wee geleet ginn.
D’CSV wäert sech mat Nodrock dofir asetzen, datt déi nei Liewensgemeinschafte gesetzlich verankert ginn. Et soll an Zukunft zu enger rechtlecher Beschreiwung vun de Rechter an de Flichte vun de Persounen kommen, déi sech dofir entscheed hunn, op Dauer ouni Trauschäin zesummen ze liewen. Entweder well se sech net wëllen oder nach nët wëllen bestueden, oder awer well se dat nët können.
Dat neit Gesetz waat an Virbereedung ass, stellt nët nëmmen eng konsequent Emsetzung vum Koalitiounsofkomme duer, mä et ass och déi logesch Suite vun den CSV-Propositiounen aus dem Joer 97 iwwer déi nei Formen vum Zesummenliewen. Deemols schon huet d’CSV sech resolut mat dem Thema beschäftegt, déi Ideeën vun deemols hunn dunn am Walprogramm vum Joer 99 hire Niderschlag fond.
Et geet elo ganz konkret dorëm, datt rechtlech a faktesch Diskriminéierungen aus dem Wee geraumt ginn. Mir wäerten eis awer bei der ustehender Diskussioun géint all populistesch Rechthaberei ze wieren wëssen. Et geet hei wirklech em eng Fro vu Respekt an der Toleranz vis à vis vun dem aneren. Et kann einfach nët sinn, datt an deem Zesummenhang hei, nach méi wéi an aneren Dossierën, eng Partei oder déi aner vu sech kënnt behaapte, si hätt eenzeg an aleng d’ganz Wourecht an deem Dossier gepacht.
Elo zur Stierwhëllef. Vläit oder esougueren ee vun deene seriösten an sensibelsten Themen iwwerhaapt. Et geet hei ëm daat ganz intimt, nämlech, em déi lëscht Phas vum Liewen. Et geet drëm hei Äntwerten ze fannen op déi Fro, wéi deem eenzelnen an der leschter Phase vun séngem Liewen gehollef ka ginn. Dat ass eng ganz seriös Fro, op déi ët keng einfach Äntwert gët.
Et geet nët duer fir einfach Jo oder Nee zur Euthanasie ze soen, an dann einfach zur Dagesuerdnung iwwerzegoen. Et geet drëm ze erreechen, datt de Betraffenen manner leit, datt sech nët therapeutesch op him acharnéiert gëtt, an datt säi Liewen a mënschenwierdegen Emstënn en Enn fennt.
Och dës Diskussioun fänkt u mam Respekt vun deem aneren senger Meenung. Ouni Polemik. Ouni Sloganen. Ouni Populismus. Op alle Fall, eppes ass kloer: d’Diskussioun hei zu Lëtzebuerg iwwer d’Stierwhëllef ka nët domat ufänken an domat ophalen, datt hei zu Lëtzebuerg einfach dat hollänescht Gesetz ofgeschriwwen gëtt.
Verschidde Parteien, éischter rouder Couleur, maachen sech e Spass draus ze behaapten, datt op deene wichtege gesellschaftspolitischen Dossierën schons eng Rei “Propositions de loi” vun hinnen an der Chamber géifen leien. Dat ass sech d’Saach e bëssen einfach gemaach. Et geet nët duer fir de Koalitiounsaccord ze léisen an da séier e puer “Propositions de loi” zu Themen, déi doranner behandelt ginn, ze déponéieren fir herno können ze behaapten et hätt een d’Nues viir.
Fiir richteg Gesellschaftspolitik ze maachen, muss een daat Ganzt schons e bëssen méi eescht an mat Nodrock ugoen. Déi next Méint wäerte beweisen, ween daat mecht.