Fräi Tribün um 100,7 vum Generalsekretär adjoint Maurice Bauer
Gudde Mëtten, léiw Nolauschterinnen an Nolauschterer,
E-Lëtzebuerg steet fir déi nei Informatiounsgesellschaft hei zu Lëtzebuerg.
A ville Situatiounen vum Liewen ginn mir mat deenen neien Informatiounstechnologien konfrontéiert. Op Handy, E-Mail,WAP oder Internet fir der nemmen ee puer ze nennen; sie alleguer bidden haut eng grouss Chance fir d’Menschen, déi een onbedengt notze soll.
An der Zukunft wäerde engem esou munech Wee’er erspuert bleiwen, well een vill Affairen mat Hellef vun deenen neien Informatiounstechnologien erleedegen kann. Dest geet vun E-Banking iwert Akaafen op Internet bis bei d’Online-Steiererklärung oder Télé-Aarbecht; esouguer déi meschten Administratiounen sinn dobäi online ze goen.
Hei gesäit een och déi sozial Komponent vun den neien Informatiounstechnologien, dei’en manner mobilen Mënsche villes erliichteren kennen.
Dës nei Technologien wäerten eis Gesellschaft déifgräifend veränneren a vill Positives bewirken; mee all dëst Positivt ass näischt wäert, wann mer et nët fäerdeg bréngen op der anerer Säit eng sozial Ausgrenzung vun deenen Leit ze verhënneren, déi’en als sougenannt Internet-Analphabeten den Uschloss verpasst hunn.
Dofir fuedert hei den Kommunikatiounsminister François Biltgen och, datt d’Politik hiir Responsabilitéit hëllt a mat enger Rei Initiativen dofir suergt, datt et nët zu enger Diskriminatioun vu verschiedenen Leit kennt.
Et geet drems ze verhënneren, datt et an der Zukunft zwou Kategorien Leit gett, déi, déi mam Computer kennen emgoen an déi, déi daat net kennen.
Den Asaz vun den neien Technologien huet natiirlech och seng Auswirkungen op den eis Aarbechtswelt. Et muss een sech och bewosst sinn, datt dëse Secteur eng ganz Rei nei Berufsméiglechkeeten fir déi jonk Leit op der Sich no Aarbecht bidden kann.
An Zäiten, wou an eisen Nopeschlänner grouss Diskussiounen opflammen, well een chroneschen Mangel un Spezialisten an den Beräicher Informatik an Telecommunicatioun festgestallt gëtt, mussen och hei zu Letzebuerg Zeechen vun der Zäit erkannt ginn a Léisungen mat Zäit gesicht ginn fiir datt eisen Enseignement och deser Entwécklung Rechnung droe kann.
Mee eppes ass kloer; wann den Terrain hei zu Lëtzebuerg uerdentlech préparéiert ass, dann kann eist Land vun E-Letzebuerg eigentlech nemmen profitéieren.
E-Lëtzebuerg wäert och dozou bäidroen, datt eist Land weiderhin als kompetitiv an wirtschaftlech erfollegräich, seng Roll an Europa spillen kann.
Ee ganz wichtegen Schrett an desem Zesummenhang ass de vun der Regiirung ennert dem Impuls vum Innenminister Michel Wolter geplangtenen Technologiezentrum op Esch-Belval an den Industriebrochen, de ganz däitlech d’Determinatioun vun der Regierung weist fiir an eiser Informationsgesellschaft Néel mat Käpp ze machen an esou Initiativen ergräift an engem Domain den Lëtzebuerg erlaabe wäert, säin Potential weider auszebauen.
Mee, leiw Nolauschterinnen an Nolauschterer, den Zougang zou deenen neien Technologien muss awer sennvoll sinn an net zu egalwat firengem Präis.
Déi rezent skandalös Versteigerungen vun Nazi-Materiel iwwert Internet an aller Öffentlechkeet hunn déi aktuell Limiten vum System ennerstrach an zougläich gewiesen, datt nach ganz vill Ustrengungen mussen ennerholl ginn, fir esou Abus’en ze ennerbannen.
Och muss drop geuecht ginn fiir déi ganz jonk Leit kennen virun den Geforen vum Internet ze schützen.
Hei ass d’Regierung gewëllt mat enger Rei Gesetzestexter dofir ze suergen, datt den legalen Kader geschaafen gett, fir datt d’Chancen, déi’en sech eis bidden mat denen neien Technologien voll a ganz genotzt kënne ginn.
D’CSV wäert an deenen nexte Méint eng ganz Rei Initiativen huelen fir mat konkreten Iddien hiren Déel zu der neier Informatiouns- an Kommunikatiounsgesellschaft bäizedroen.
Op eiser Internetsäit www.csv.lu; kennt Diir Iech elo schons iwerzeegen datt d’CSV et eecht mengt, waat hiir Bedeelegung un däer neier Informatiounsgesellschaft ugeet.
Leiw Nolauschterinnen, leiw Nolauschterer, ech soen Iech villmols Merci fiir aeren Interessi