De Budget 2001 ennert der Lupp
Kürzlich standen im Parlament die Budgetdebatten im Mittelpunkt. Die CSV-Fraktion schickte insgesamt sieben Redner ins Rennen, allen voran ihren Präsidenten Lucien Weiler. Zentrale Themen der Budgetdebatten waren das Steuererleichterungsprogramm 2001/2002, die jüngsten Weichenstellungen auf EU-Ebene sowie die politischen Akzente der Regierung, die im Haushaltsplan für kommendes Jahr ihren Niederschlag finden. Nachfolgend die Hauptaussagen der mandatierten Redner der CSV im Rahmen der Haushaltsdebatten:
? De Fraktiounspresident Lucien Weiler
Gesond öffentlech Finanzen
,,De Budget an och de Rapport vun der Finanzkommissioun sinn e Spigelbild vun dem gesonden Zoustand vun eisen ëffentlechen Finanzen. Déi uerdentlech Recetten decken net nëmmen largement déi laafend Dépensen, mais si erlaben et och, den Total vun den Dépenses en capital ze décken, an och nach substantiel Dotatiounen vun den Investitiounsfongen ze tätegen.
D’Scholdelaascht ass niddreg a mat 28 Milliarde Frang op engen Niveau ukomm, deen internationale sengesgläiche sicht. Dobäi kënnt, datt dee spezielle Fong fir d’Dette publique mat 17 Milliarde Frang dotéiert ass. Daat heescht, datt dem Staat seng Schold zu iwwer 50 Prozent provisionnéiert ass.”
Eng responsabel Politik
,,D’Maîtrise vun den uerdentlechen Ausgaben, déi nëmmen an der Gréissenuerdnung vum mëttelfristegen Wuesstum vun der Economie plus déi viiraussichtlech Infatioun sollen klammen, ass den Haaptpilier vun enger responsabler an net hasardeuser Budgetspolitik”
Steierreduktiounen fir jidfereen
,,Profitéieren vun der Reform deet jiddereen, deen Steieren bezillt. An daat an engem respektabele Moos. Am Joer 2001 läit den Entlaschtungsfakteur géintiwwer dem heutegen Taux tescht 7,8 an 100 Prozent. Zesummen mat de Mesuren fir 2002 muss deen Eenzelnen je no séngem Akommes tescht 17,66 an 100 % manner Steieren bezuelen wéi daat bis elo de Fall war.
Et muss een laang siche goen vir bei eisen europäesche Partner, déi jo praktesch alleguer déi grouss Chance hunn e sozialisteschen Finanzminister ze hunn Steierreduktiounen an deem Ausmoos ze fanne, wéi datt elo hei virgeschloe gett, an da gett een doudsëcher och nach net fündeg.”
Kloer steierpolitesch Zieler
,,Bei dëser Steiereform goufen et 3 Prémissen.
1. Déi substantiell Befréiung vun de kléngen Akommen vun der Steier, wéi ech se lo grad beschriwwen hunn.
2. D’Senkung vum Höchststeiersaz ënner 40 Prozent. Dest aus Grenn vu Visibilitéit géintiwwer dem Ausland. Fir en Zeechen ze setzen.
3. De budgétairen Kader net ze spéngen, deen sech gesat ginn ass.”
Zu den Steiervirschléi vun der LSAP
,,Déi alternativ Tabelle, déi d’Sozialiste proposéieren, ass ganz secher propper a fachmännesch opgestallt ginn.
Mais si entsprecht ganz einfach deenen dräi Prémissen net, déi ech virdrun beschriwwen hunn. En Höchststeiersaaz vu 42 respektiv 40 Prozent huet net déi Signalwiirkung no baussen, déi mir gären hätten, an déi dofir ëmer em 40% muss leien. .
Doriwwer eraus gett mat dem LSAP Virschlag virun allem deen finanzielle Kader gesprengt, dee d’Regierung sech aus budgetäre Grenn gesat haat.”
Daat sozialt Häerz vun der Koalitioun ,,Dës Koalitioun huet mindestens esou een sozialt Häerz huet wéi hier Viergängerin, an eis sozial Phantasie ass grad esou ausgeprägt wéi an där leschter Legislaturperiod.
– De Mindestloun gëtt adaptéiert, – d’Renten an d’Pensiounen ginn ajustéiert, – d’Kannergeld gëtt erhéischt, – aner Familienzoulagen ginn adaptéiert, – den RMG get eropgesat, – an am Bereich vun Renten a Pensiounen am Privatsecteur wäerten mer handelen.”
? Den Ostdeputéierten Lucien Clement
Mossnahmen fir Kleng- a Mettelbetrieber
,,D’Adoptioun vun engem Aktionsplang fir Kleng- a Mëttelbetrieber, d’Schafung vun guichets uniques, Promotiounsaktiounen am Schoulmilieu an d’Schafen vun Centres de formalités sait März 1999 sinn e puer vun deenen Mossnahmen. déi an deenen leschten Méint ëmgesat goufen fir dat wirtschaftlecht Ëmfeld vun den Kleng- a Mëttelbetriiber tse verbesseren’
Steiereduktiounen positiv fir d’Wirtschaft
,,Déi exzellent wirtschaftlich Situatioun vun eisem Land erméiglécht eis steierlich Erliichterungen fir d’Privatpersounen an dem Joër 2001 an steierlich Erliichterungen fir d’Betriiber am Joër 2002 duerch tse zéien.
Duerch d’Reduzéierung vun der Steierlaascht op d’Gehälter vun den Privatpersounen, gëtt een fir eis Wirtschaft Positiven Impuls geschaf, deen sech positiv op eis Betriiber auswierke wäert.”
D’Emfeld muss stemmen D’CSV Politiker wäerten sech och weiderhin dofir asetzen fir d’Ëmfeld vun de Kléng- a Mettelbetrieber nach weider austsebauen, sou zum Beispill duerch een besseren Zougank zum Start- an zum Risikokapital , an duerch eng besser Formatioun vun den Aarbéchtskräften. ? D’Ostdeputéiert Marie-Josée Meyers-Frank
D’Pflegeversëcherung: ee formidabelt Instrument
,,D’Pflegeversëcherung ass ee formidabelt Instrument, dat ville Leit d’Liewe méi einfach mecht, an daat garantéiert, datt jiddereen hei am Land déi Pfleg an déi Hëllef kritt, déi fir hien noutwendeg ass, ouni datt déi finanziell Moyenen zevill géifen strapazéiert ginn.” Opstockung vun de Moyenen
,,Ech hooffen, datt duerch déi substantiell Opstockung am Budget fir d’Frais d’expertise médicales, déi ech hei ausdrécklech begréissen, d’Evaluatioun vun deene betraffene Leit ka méi schnell a realitéitsno gemaach ginn.” D’Roll vun den Hëllefréseau’en
,,D’Hëllefsréseau’en spillen, zesumme mat den Heiser, an deenen déi pflegebedürfteg Leit können ënnerbruecht ginn, eng Haaptroll an der Pflegeversëcherung. Als Haaptakteur missten si dann och konsultéiert ginn, wann ët drëms geet, fir Verbesserungen an der Gesetzgebung oder och nëmmen an der Handhabung vun dëser Gesetzgebung anzeféieren.
Eng enk Zesummenaarbecht tëschend Theoretiker an de Leit aus der Praxis, dee dagdäglech mat de Problemer konfrontéiert sinn, ass dee richtege Wé, fir eng adéquat Léisung op d’Problemer ze fannen.”
? Den Ostdeputéierten Nicolas Strotz
Méi Ausgaben bei den öffentleche Bauten trotz Steierreduktioun
,,Trotz Steiersenkungen, ginn d’Ausgaben fir d’ëffentlech Bauten substantiell an d’Luucht.
Bemierkenswert ass, datt dës Dotatiounen alleguer könne gemaach ginn, ouni een zousätzlechen Emprunt ze maachen. Lëtzebuerg huet eng formidabel Finanzsituatioun. An dovunner soll och profitéiert ginn, fir déi néideg Infrastrukturen, op deene verschiddenste Pläng ze bauen, an domadder ze garantéieren, datt mir ee modernt, zukunftsweisend Land hunn.” Infrastrukturen am Interesse vum Land
,,Ech wëll ënnerstreichen, datt mir frou sinn, datt eng Partie Infrastrukturen am Schoul-, Sozial-, an Kulturbereich, mee awer och am Stroossebau gebaut, respektiv finaliséiert ginn. Domadder kritt eist Land sëcherlech eng Infrastruktur, déi ët fit fir d’Zukunft mescht.” Méi een attraktiven öffentlechen Transport
,,An dësem Szenario muss den öffentlechen Transport an der Zukunft eng gréisser Roll spillen.
Laangfristeg gekuckt komme mir nët dolaanscht, fir mat engem attraktiven öffentlechen Transport – an deen ass nach ëmmer nët attraktiv genuch – de Verkéiersproblemer entgéintzewiirken.” Dezentralisatioun fir eng besser Verkéierssituatioun
,,Eng effektiv Dézentralisatioun mat enger Auslagerung vum Verkéier muss eis Politik an deenen nächste Joer leeden. Dozou gehéiert eng Ouverture a Punkto Aménagement du territoire. Een éischte Schratt an déi richteg Richtung ass den Opbau vun de Friches industrielles am Süde vum Land. De positiven Impakt op d’Verkéierssituatioun am Zentrum wärt sëcherlech nët ausbleiwen.”
? De Süddeputéierten Fred Sunnen
Staark Gemengen am Dengscht vun de Bierger
,,D’Regierung ass drun interesséiert an zit Notzen drauss, datt staark a kompetent Gemengen an de verschidde Regiounen eng Politik emsetzen, déi mat den Awunner a fir Awunner gemaat a réaliséiert gëtt, an de Räichtum, vun deem eist Land de Moment profitéiert, à mesure égale all eise Leit zegutt kënnt.” E besseren Enkadrement vun eisen Kanner
,,Wat ganz erfreelech ass, an den Aen vun den Gemengevertrieder, daat ass, datt d’Regierung net gezeckt huet, fir zousätzlech finanziell Efforen ze maachen am Kader vum encadrement péri- et parascolaire um Gemengeterritoire.
Eng wichteg Mesure an desem Kontext ass de Beräich vun der prise en charge vun de Schüler ausserhalb vun de Schoulstonnen. Dat ass de Fall fir d’Schoulkantinnen, d’Iwwerwaachen vun den Hausaufgaben an firt Organiséieren vun sportlechen oder kulturellen Loisiren.”
D’Revitaliséierung vun den Industriebroochen
,,Am Kader vun engem Développement durable, hunn mir hei d’Méiglechkeet eng Symbios ze fannen, zwëschent Kultur, ekonomischen Aktivitéiten, Dezentralisatioun vun Verwaltungen, Fräizait, Wunnraum an Naturschutzgebieten.”
? Den Zentrumsdeputéierten Laurent Mosar Op Multimedia setzen
,,Lëtzebuerg hut groussen Interessi dorunner, déi Aktivitéiten am Multimediaëmfeld, Ëmwelt – an Héichtechnologieberaich als zousätzlich Standbeen vun sénger wirtschaftlicher Aktivitéit weider auszebauen, dësst am Sënn vun enger gréisserer Diversifikatioun vun eiser Wirtschaft.”
Sech an der New Economy behaapten ,,Fir eis an de Beräicher vun der New Economy (Internet, E-commerce, Informatiounstechnologie, nai medien asw) kënnen ze behaapten, brauchen mir qualifizéiert Personal an eng héichwerteg Aus- a Weiderbildung an dëse Beräicher. Zum Beispill: d’Schafen vun “cycles de formation de haut niveau” am Medien- an am Informatikberäich.
D’Implantatioun vu Betriiber am Beraich vun der Informatiounsgesellschafft hei am Land ass een aanert zentralt Element vun der Entwécklung vun Létzebuerg als Standuert vun der Informatiouns-a Kommunikatiounstechnologie. Hei get et drëms méi eent attraktivt steierlécht an infrastrukturellt Ëmfeld tse schafen fir dat zum Beispill Entreprisen aus dem Mediensektor sech zu Létzebuerg implantéieren.”
Doriwer eraus muss dat gesetzlicht Ëmfeld permanent den Erausfuerderungen vun der Informatiounsgesellschaft ugepasst ginn.