Nei Impulser fir d’Kulturliewen zu Lëtzbuerg aus der Ried vun de Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges an der Chamber
Virbemierkung: Dës Ried ennersträicht ganz däitlech a kloer de Wëlle vun der Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges an dem Projet Rockhall Neel mat Käpp ze maachen. D’CSV ass a bleiwt fir de Projet Rockhall. All aner Interpretatioun, vun wéi enger Säit och emmer, ass falsch an entsprëcht kéngesfalls den Tatsachen. Dont acte!
Fir d’Kultur zu Lëtzebuerg ass haut e wichtegen Dag. Mat dem Vote vum Projet de loi N° 4685 steet der Realisatioun vun der Salle de Concert Gr.-Duchesse Joséphine Charlotte neischt méi an der Wee. Ech soen dofir dem Rapporter Willy Bourg Merci fir déi rapid Aarbecht an och der Bautekommissioun, der hire Präsident Neckel Strotz zesummen mat der Präsidentin vun der Kulturkommissioun, der Madam Nelly Stein, nach haut de moien hir Commissiounen zesummengeruff hunn, fir datt och den Etablissement public nach an der Kommissioun virgestallt kennt ginn.
Et war de Staatsminister Jean-Claude Juncker, deen a senger Erklärung zur Lag vun der Natioun de 4.Mee 1995 de Bau vun engem Concertssall vun 1500 Platzen annoncéiert huet, an ech zitéieren: “Ech mengen mir wiren de kommende Generatiounen et schëlleg eist Land op déi kulturell Europa Kaart ze bréngen. Mir kennen eis de Rang net vun Saarbrecken, Tréier oder Metz of laafe loossen”.
1995 war Lëtzebuerg europäesch Kulturhaptstad, zanter hir huet d’Kulturscène sech an eisem Land gud entweckelt, an d’Infrastrukturen mussen och matt der Entwecklung Schrëtt halen.
Mäi Virgänger am Bauteministère Robert Goebbels huet d’Décisioun geholl een Architecteconcours
auszeschreiwen, dat war eng richteg Décisioun déi och vum Lëtzebuerger Ordre des Architectes begréisst gouf. Den 11. November 1996 loug d’Reglement vum concours fir, an den 7. März 1997 wor de Concours, deen e grousse Succès hat, ofgeschloss.
De Präsident vum Jury den Gérard Mortier hat keng licht Charge fir enner 15 Projets, déi sechs erauszesichen, déi e Präis kruten. Ennert de Preisträger waren och verschidde Lëtzebuerger Büroen. Den éischte Präis gong un de Projet vun Ch. de Portzamparc, deen och den Architekt vun der Cité de la musique zu Pareis war. Eng Ausstellung vun de Projets hat deemols groussen Interessi beim lëtzebuerger Public fond an et ass erfir ze hiewen, datt mer gesinn hunn, datt déi Lëtzebuerger Architecteburoen durchaus déi international Konkurrenz aushalen.
D’Realisatioun vum Projet huet dës Regierung an hirem Programm fest gehal, matt der Präzisioun, datt de Projet, deen aus dem Concours erfir gang ass, soll réaliséiert ginn. Par rapport zum Programm vum Concours ass eng Uergel am grousse Sall derbäi komm;och ee Sall fir electroaccoustesch Musek. Domat sollt der Entwécklung am Secteur Rechnung gedroen ginn, an och fir d’Musek vun dëser Zäit eng Platz fir gesin gin.
De Bau vun desem Sall ass fir den Orchestre Philharmonique immens wichteg, well fir de Moment d’Aarbechtskonditiounen vum OPL net optimal sinn, a well d’Perspektiven vum Orchester ganz anerer sinn, wann se och a gudden Konditiounen kenne schaffen an e gréisseren Public kennen ophuelen.
De Sall get dem Orchestre Philharmonique seng Adresse, dat héescht awer net datt en exclusiv fir den OPL do wir . D’Ausaarbechtung vum Projet ass an Zesummenaarbecht matt de Musiker geschitt, an den David Shallon wor emmer derbei – seng Idee war et z.B. fir de klenge Sall mobil ze gestalten, sou dass den Orchester awer e Proufsall huet, wann de grousse Sall besaat wir.
Här Präsident, ech well op deser Platz all dene Merci soen, déi matt gehollef hunn plangen, an déi mer och moralesch de Réck gestäippt hun. De Bau vun engem Concertssall gett vu ville Leit begréisst an ech sin iwerzeegt, datt mer heimatt och zur Image de marque vun eisem Land e positive Beitrag leeschten.
Op de Fonctionnement ginn ech an bei der Diskussioun vum Projet iwer den Etablissement Public.
D’Implantatioun vum Projet op der Place de l’Europe um Kirchbierg ass esou wéi fir gesinn am Plang vum Réc. Bofil deen fir den Aménagement vun deser Platz am Zesummenhang matt den Debatten em de Musée Grand-Duc Jean gemach gouf. Den Aménagement vun der Platz wor deemols op enger Maquette firgestallt ginn, an dat war och eng vun de Conditioune vum Concours, datt de projet sech misst op d’Place de l’Europe upassen sou wéi dat festgehal gi war.
De Staatsrot huet d’Fro vum Parking opgeworf. Déi zwee Parkingen, déi op der Place de l’Europe firgesi sin, sin ausgeschriwen, deen en fir 1330 Plazen an deen aneren fir 400 Platzen . Allebéid hu se eng Ubannung un der Concertssall an de Comité Directeur vum Fong Kirchbierg well nach am Februar-März 2001 mam Chantier ukommen.
Bei enger Bauzeit vun ronn 22 Méint kennt da matt den Terrassementsaarbechten fir den Concertssall am Laf vun 2002 ugefange ginn. D’Strooss, déi jo do réaménagéiert get geseit och e Couloir fir den öffentlechen Transport – Tram oder Bus fir. Här Präsident, d’Ubannung un den öffentlechen Transport ass e wichtegt Marketingsinstrument – d’Philharmonie vu Köln huet z.B. an hirem Programmheft d’Horairen vum öffentlechen Transport aus der Emgéigend matt of gedreckt. De Concertsbillet gellt och fir den Zuch oder den Tram an d’Horairen sin openeen ofgestëmmt, sou dass net nom Concert de leschte Bus schons fort ass.
de Public vum neie Sall an d’Rockhal.
Bei enger Etude, déi de Kulturministère mache gelooss huet iwer de Public, hunn 40,7% vun de Männer a 36,3% vun de Fraen gesot, siei wiren 1999 op d’mannst eemol an engem Concert gewiescht. Mir gesinn deemno, datt e groussen Deel vun eiser Bevölkerung nët an de Concert ginn. Et besteet bei sou villen nach déi sougenannten Schwellenangscht. Et ass awer och dacks esou, datt vu datt d’Concert bal all Abonnementsconcertse sinn, keng Plazen am fräie Verkaaf méi sinn. Mir mussen also do eng Sensibiliséierung vun engem neie Public maachen an och de System vum Verkaaf vun de Billjeen verbesseren. Et leit op der Hand datt och eng besser Coordinatioun vun de Programmer neideg ass an de Kulturministère huet am Regierungsprogramm den Optrag kritt fir en nationalen Service de la programmation ze schaafen. An Zesummenaarbecht matt de Gemengen, an virun allem och matt der Stad Lëtzebuerg.
Mat dem Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg sinn mer eis eens ginn, datt de Staater Theater de Beräich Ballet an Oper ofdeckt, de Bauprogramm vum Concertssall gesäit dat net fir – eng Synergie, déi mer op ville Gebitter nach kompletéieren kennen.
Zur Rockhal: Här Präsident, ech war dropp gefasst, datt déi Fro haut kéim an et ass och net esou datt, ech net aktiv gewiescht wir. Dee vun der Chamber gestëmmte Projet war kee Projet vum Bauteminister, mee vum Jugendminister. Ech hunn nodeems verschidde Kritiken vum Projet mer zougedroen gi woren, d’Commission d’analyse critique aus de Bautegebieden, de Projet nozekucken an ech hat de Regierungsrot iwer den zousätzleche Käschtepunkt informéiert. Domat wärt ech dann och eng Kéier an d’Konten an an d’Kommissioun vum Travaux publics kommen. Mir brauchen esou eng Hal, an esou een Equipement, an Här Präsident, d’Chamber huet hei jo eng eestemmeg Décisioun geholl.
….