Déi Chrëschtlech-Sozial Gemengeréit si wuel déi manst bekannten Ënner-Organisatioun vun eiser Partei – op jidde Fall no baussen. Dat läit do drun, datt sech eis Gemengepolitiker wuel intern koordinéieren, mee wéineg vun där Aarbecht iwwert d’Gremien eraus verbreet gëtt. Am Norden ass dat net méi einfach ze änneren, wéi an deenen anere Bezierker och – mee mir hunn eis et op jidde Fall virgeholl.
Eng vun de Manéieren, fir eng Organisatioun intern ze konsolidéieren an se no bausse bekannt ze maachen, si Kongresser an déi si bei der CSG net sichtbar genuch. Duerfir gëllt et, den normale Kongressrhythmus vun der CSV anzehalen an dobäi verstäerkt Gewiicht op d’Aussewirkung ze leeën. Am Freijoer 2001 fënnt e Kongress vun der CSG-Norde statt, un deem sengem politesche Programm mer amgaang sinn, ze schaffen. Do wäerte mer duerleeën, wéi d’Gemengen hir Roll an der Gesamtentwécklung vun eisem Bezierk optimal könne spillen, a wat fir al an nei Mëttele mussen agesat ginn, fir datt d’Gemengen hir Plaz am institutionelle Gefüg könne festegen.
Datselwecht maache mer 2003 an 2005, e puer Méint virun deene nächste Gemengewalen, fir mat enger staarker an “nordspezifescher” gemengepolitescher Identitéit unzetrieden. Dat ersetzt jo ni de lokalen Asaz an d’Politik op der Plaz – mee mir mussen no bausse weisen, datt et eng Leitlinn, eng Grondiddi vu Kommunalpolitik gëtt, déi CSV-Mandatären a Kandidate vertrieden.
Den Norden huet vun alle Bezierker déi gréissten Zuel vu Gemengen, an déi meescht vun hinne si klenger. Dat bedeit – an enger Zäit, wou de finanziellen Handlungsspillraum vun de Gemengen ëmmer méi a Fro steet – datt d’CSG am Norden sech fundamental Gedanken iwert d’Aufgabe vun de Gemenge muss maachen.
Iwwert Syndikater an interkommunal Zesummenaarbecht eraus heescht dat, datt mer iwwer Zuel a Gréisst vun de Gemenge sollen nodenken. Dës Thematik passt gutt an de Kader vun de steierpoliteschen Initiative vun der Regierung eran, déi jo net ouni Inzidenzen op déi kommunal Finanze könne bleiwen. Et geet ëm méi wéi d’Gewerbesteier an hir méiglech Ersatz- oder Kompensatiounsmechanismen. Et geet ëm d’Iwwerliewensfähegkeet vun de Gemengen, sou wéi mer se haut kennen, mat deenen Aufgaben, déi si haut hunn.
Do soll et keng virgefaasste Meenunge a keng Tabue gin.
D’CSG-Norde wäert hir Virschléi maachen – op Däitsch géif ee lo soen: “Da müssen wir ran!”.
CSG-Norden