Fräi Tribün vum Jean-Louis Schiltz op RTL Haut de moien ass an der Chamber eent vun deene wichtegste Gesetzer vun dëser Legislaturperiod déposéiert ginn. De Budget fir d’Joer 2001: 219 Milliarde Recettë stinn 218,8 Milliarden Dépensë géintiwwer. Ouni datt Emprunten opgehollo ginn, steet och dëse Budget, an dach sinn d’Investitiounsaufgaben ëm bâl 16% eropgang.
Lëtzebuerg baut och weiderhin op gesonden öffentlechen Finanzen. Sie sin de Garant fir sozialen Fortschrëtt, Wirtschaftswuestum a Liewensqualitéit.
Si sinn d’Resultat vun enger wäitsiichteger a stabilitétsorientéierter Budgetspolitik, wéi se säit Joëre vun der CSV ëmgesaat gëtt.
Dëse Budget dréit och den Prinzipie vun enger virsichteger Budgetspolitik Rechnung: -déi laafend Recetten decken déi uerdentlech Dépensen; -déi extraordinär Dépensë gi gréisstendeels mat den Iwwerschëss-Recetten aus dem ordinäre Budget finanzéiert; -d’Plus-Valuë ginn net am Budget verbucht, mee ginn ausschliesslëch dem Investitiounsfonds zougefouert. Och dat ass den Ausdrock vun stabile Statsfinanzen.
D’Statsschold bleiwt mat knapp 3,5 % vum Brutto-Inlands-Produkt weiderhi ganz nidereg. Am Verglach mat deenen aneren EU-Staaten ass Lëtzebuerg ëmmer nach Spëtzeréider. Dat ass wichteg mam Bléck op den Euro, och fir zukunfteg Generatiounen.
De Sozialbudget klëmmt ëm 9 % an erreecht domader en néien Hëchststand. Fortgesaat gët och an dësem Budget de konsequenten Ausbau vun leeschtungsfähegen Infrastrukturen a Sozialariichtungen.
Fest ageplangt sin Personalopstockungen am Schoulwiesen, an der Stéierverwaltung a bei der Police.
D’Krediter fir d’öffentlech Forschung gi massiv eropgesaat, dat selwescht gëllt fir d’Mossnahmen um Wee an d’Informatiounsgesellschaft.
Eng spierbar Erhéigung verzeechnen och d’Budgetsposten fir Erzéiung an Héichschoulwiesen.
Solidaritéit no bannen an no baussen bleift e wichtegen Critäre.
Krediter fir d’Entwecklungshëllef entspriechen ronn 0,8%. Domatter erfëllt Lëtzebuerg séng Responsabilitéit fir eng aktiv Kooperatiounshëllef.
Fir friddensschaafend Missiounen ausserhalb vun der EU gin och weiderhin Krediter fräigemach.
Am Intressi vun der innerer Sëcherheet gin d’Finanzmëttelen fir d’Police erhéicht. Ët sin dëst e puer Schwéierpunkten vum Budget 2001.
Am Bléckpunkt vun dësem Budget stin ouni Zweifel awer virun allem déi spierbar an konsequent Steiererliichterungen fir Privatpersounen.
D’Regierung wollt mat dësem Schrëtt Impulser fir d’Zukunft schaafen.
Déi fiskaalesch Entlaaschtungsmoosnahmen sin eng Konsequenz vun der gesonder Finanzlag vum Lëtzebuerger Staat. Si erlaben och Lëtzebuerg sech wirtschaftlech weider gutt, oder esou guer nach besser, ze positionnéieren. De Standuert Lëtzebuerg gët gefestëgt an et bidden sech der ökonomescher Entwécklung nei Perspektiven.
Ët ass zu gudder Lëscht awer e Schrëtt fir méi Steier- a Sozialgerechtegkeet. Déi virgeschloen Steiererliichterungen fir Privatpersounen verbesseren d’Akommes-Situatioun vun villen Haushalter. An allen Steierklassen gin d’Grondfräibeträg substantiell eropgehuewen, d’Zuel vun de Stéierstufen gët reduzéiert, an den Höchststéiersaatz op een historësch nideregen Stand gefouert.
All dëss Mesuren ennersträichen de Wëlle vun der Regierung, d’Friichten vum ekonomëschen Wuestum adäquat ze verdeelen an daat ouni d’Staatsfinanzen ze déstabiliséieren. Dat ganzt ass deemno eng Politik vun der Zukunft a vun der Wäitsiicht, eng Politik fir eis alleguer.
Wichteg ass awer och ze soen, dat eng sozialgerecht Politik weiderhinn am Mëttelpunkt vun den Efforten steet an och nodrécklech duerchgesât gët. Sou féieren zum Beispill déi steierlech Mesuren selwer zu enger Augmentatioun vum Netto-Mindestloun. Am Zesummespill mat den Steierentlaaschtungen klëmmt den Mindestloun, ugepast un déi allgemeng Lounentwécklung op den 1.
Januar 2001, ëm baal 5%. D’Aféierung vun enger Zoulaag fir Energiekäschten als Ënnerstetzung fir akommesschwaach Haushalter as eng weider wichteg sozial Begleedmossnahm. D’Erhéigung vum Kannergeld gët och an absehbarer Zukunft ëmgesât.
Eng sozialgerecht Steierreform, gesond Staatsfinazen, an zukunftsorientéiert Investitiounen charakeriséieren deemno den Staatsbudget. D’CSV wärt sech och weiderhinn dofir asetzen dat, – do wou ët néideg ass, zousätzlech oder erweitert Sozialmossnahmen an d’Wéer geléet ginn.