Michel Wolter zum Dossieur vun den Industriebrochen am Süden

Michel Wolter zum Dossieur vun den Industriebrochen am Süden: “D’Emnotzung vun den Industriebrochen ass eng komplex Matière, déi d’Interventioun vun villen Akteuren op verschiddenen Niveauen erfouerdert.”

Aus de fräien politeschen Tribünen op RTL 92,5 an 100,7

“Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

Fir d’CSV huet den Dossier vun den Industriebrochen am Süden vun eisem Land eng absolut Prioritéit. D’Emnotzung vun den Industriebrochen ass eng komplex Matière, déi d’Interventioun vun villen Akteuren op verschiddenen Niveauen erfouerdert.

Eng efficace Gestioun vum Gesamtdossier muss sechs Viraussetzungen erfëllen:

? D’Problematik mat dër mer ze din hun, muss an den Kontext vun der Landesplanung am allgemengen an, an dén vum Regionalplang Süden am speziellen gesat gin.

? D’Verhandlungen mam Propriétair vun den Terraien, also der Arbed, hu mussen ofgeschloss sin, ier konkret Realisatiounen firgefholl kënnen gin.

? Et muss en integreierten Transportschema iwwer d’Regioun eweg entweckelt gin.

? De Staat muss zum Dél direkt intervenéieren. Ech denken do ennert anerem un déi noutwendeg Infrastrukturarbechten fir Terraien ze erschleissen.

? Den Objektif vun der Dezentralisatioun vun Servicer vum Staat muss onbedengt am Aa behalen gin, wann mer un d’Schaafen vun neien Aarbechtsplatzen op dénen Terraien denken, wou virum Ofbau an der Stolindustrie och schons zigdausenden vun Leit geschafft hun.

? Déi betraffen Gemengen mussen an d’Diskussioun an an d’Entwecklung mat intégreiert gin.

D’Emnotzung vun den freieren Industriegebidder am Süden ass eng eemoleg Chance fir dës Regioun. Et ass bis haut nach nët virkomm, dass op ee coup 650 ha, (dat entsprëcht ongeféier 2x dem Kirchbierg) – kennen enger neier Buedemnotzung zougefouert gin . Allen méiglechen Affectatiounen gët Rechnung gedroen:

? nei wirtschaftlech Aktiviteiten ? Usiedlung vun staatlechen an privaten Servicer ? Wunengsbau ? Kultur, Formatioun a Recherche , ? Freizeitaktivitéiten souwéi ? d’Erhalen vun der natierlecher Emwelt.

Déi sougenannten AGIPLAN’s Etüde, op déi d’Planung fir d’Rekonversioun vun de Brochen

opbaut, mecht Virschléi fir d’Emnotzong vun insgesamt 10 Siten, déi deenen 650 ha entspriechen, déi ech vierdrun genannt hun. D’AGIPLAN’s Etüde huet aus dësen 10 Siten 4 Prioritéiten eräusgeschielt, an zwar Belval, Ehlereng, Terre-Rouge an Rodange. Hei schwätzen mer insgesamt nach fun ongeféier 220 ha.

D’Friche vun Arbed-Belval – an dén Site eleng huet 122 ha (also méi wéi 1,2 km2) – ass als Prioritéit vun den Prioritéiten agestuft an d’ass hei wou de Staat wëll dén Projet realiseieren, vun dém én sech e Signaleffekt fir den ganzen Brochendossier versprecht: déi sougenannten “cité des sciences, de la recherche et de l’innovation” an där Synergien tescht Héichschoul, Forschung an Entwëcklung, awer och Wirtschaft an Kultur enstoen sollen.

De Staat an d’Arbed hun gemeinsam decidéiert fir hir Efforen zesummenzeléen an d’Opwertung vun den Terraien enger privatrechtlecher Entwecklungsgesellschaft ze iwerdroen an där die zwee Partner finanziell zu jeweils 50 % bedeelegt sin. De Gemengen ass viergeschloen gin, 2 Délégeiert vum zukünftegen interkommunalen Syndikat Süden an de Verwaltungsrot vun dëser Gesellschaft ze schecken. Ausserdem sin se als Planungsautoritéit an iwer d’Begleedung vun Projëen permanent an direkt an den Entwecklungsprozess agebonnen.

Den Débat iwwert Zukunft vun den Industriebrochen am Süden ass Enn Mé an der Chamber lancéiert gin, a soll intensiv an dénen nächsten Wochen weitergoen. Souwouel d’Politiker, sief et um nationalen oder um lokalen Plang, wéi och déi sougenannten Forces Vives de la Nation an d’Bevölkerung vun der Regioun hun d’Meiglechkeet sech un dësem Débat ze bedeelegen.

Aus dém Gronn gin och den 26. Juni an der Gemeng zu Bieles an den 3. Juli zu Esch öffentlech Informatiounsversammelungen ofgehalen, op déi ech elo schons all interesséiert Bierger härzlech alueden wëll.”

1