Ennert der Lupp
Reaktiounen vun de mandatéierten CSV-Riedner zum ,,état de la nation”
de Marcel Glesener
iwer d’Roll vun der Tripartite D’Tripartite ass an den Aen vun der CSV onverzichtbar, virun allem bei der Bekämpfung vu méiglechen Krisen a bei zukünftegen Problemléisungen. Dofir as alles ze ënnerhuelen an alles esou ze gestalten, dat de Modell Lëtzebuerg mat der Tripartite liewensfäheg bleift, an och daat bleiwe kann, wat de Staatsminister als Konsensfabrik bezeechent huet.
Iwer d’Représentativitéit vun de Gewerkschaften
Mir mussen am Dossier vun der Représentativitiét ganz virsiichteg operéieren, well je no dem wat fir eng Léisungen mir treffen, gët d’sozialt Klima an och de soziale Fridden a Fro gestallt.
Et as noutwendeg a wichteg, dat mir kéng vireileg Schrëtt ënnerhuelen, mais dat een alles versicht, fir déi Problematik am Konsens ze léisen.
Iwer d’Zieler vum Renten-Desch
Et geet net méi, fir populistesch, demagogesch Fuerderungen ze stellen an domat opzetrieden. hei geet et effektiv dorem, fir d’Zukunft déi richteg Optiounen ze treffen, wou eis Responsabilitéit als Politiker vun alle Parteien gefuerdert an onverzichtbar ass.
de Claude Wiseler
iwer de Stellewert vun Famill
Wann een décidéiert, dat d’Famill hir eege Liewensgestaltung soll kënne bis zum Schluss executéieren, dann heescht daat, dat een och déi fräi Décisioun begleede muss, an zwar an all deene Konsequenzen déi se huet. D’Angebot wat een an der Politik mache kann, soll een och esou villfälteg halen, dat dene verschiddenste Weër an Décisioune Rechnung dréit.
iwer d’Schoulrhythmen Ech wëll just soen, dat ët an der Diskussioun ëm d’Schoulrhythmen selbstverständlech nët nëmmen ëm de schoulfräie Samsdeg geet, mee ëm dat ganzt pedagogescht a familjepolitescht Emfeld. (…) Ee gudd Familjeliewen, e gudd Schoulliewen an domat eng Harmoniséierung mat der Berufswelt, dat ass den Emsemble deen ee schaafe muss.
iwer d’Informatiounsgesellschaft
De Computer ass en Aarbechtsinstrument, mais d’Nët-Beherrschung vun dësem Instrument kann haut ganz séier zu enger absoluter sozialer Isolatioun féieren. Et kann zu engem gesellschaftlechen Analphabetismus kommen.
iwer d’Uni Lëzebuerg?
Mir wëlle keng ganz Uni an alle Fächer, well daat eis dee ganz grousse Virfeld vun der Internationalisitioun, vun der Ouverture no bausse kéint a Fro stellen.
de Jean-Marie Halsdorf
iwer d’Landesplanung
Lëtzebuerg muss een als Ganzt kucken, a grad sou wéi een aus engem Monolithismus nët därf an een aanere schlidderen, muss een och landesplaneresch équitabel virgoen. Mir brauchen ee Konzept fir daat ganz Land an därfen kengefalls déi eenzel Géigenden géinteneen ausspillen. Ët kann een d’Landesplanung och nët lanscht d’Leit maachen, mee ët muss een d’Leit matabezéien. D’Landesplanung kann ee nëmme partnerschaftlech maachen.
Iwer den Engagement vum Staat an der Dezentralisatioun
Eng zolitt an effikass Landesplanung am Sënn vun der Nohaltegkeet verlaangt awer och den Engagement vum Staat. Hie muss hei mam gudde Beispill virgoen. Hie soll Servicer an Administratiounen dezentral usidelen. Mir kréien da manner Traffik, manner Transport a manner Energieverbrauch. Daat ass ganz kloer eng nohalteg Politik.
Iwer d’Roll vun de Geméngen
Mir können an Zukunft nët laanscht d’Geménge fueren. Mir mussen d’Geménge mat abannen.
Ët geet nët anescht. Dofir soll och am Dossier vun der Revalorisatioun vun den Industriebroochen, dee vun nationaler Bedeitung ass kéng kléngkaréiert Kierchtumspolitik gemaach gin, ët soll villméi versicht gin, fir eng Sproch ze schwätzen an ee gemeinsame Nenner ze sichen, wou Dialog a Kreatioun sech begéinen.