Den “état de la nation” ënnert der Lupp

Den ,,état de la nation” ënnert der Lupp:

Reaktiounen vum CSV-Fraktiounschef Lucien Weiler a sénger Ried um Krautmaart

? A propos Immobilismus vun der Regierung: D’Erklärung iwwer d’Lag vun der Natioun beweist, dat all déi nët Rescht haten, déi an deene leschten Wochen esou vill vun Immobilismus a Lethargie vun der Majoritéit geschwat hun a déi geméngt hun, d’Regierung kéim nët aus dem Rodage eraus.

? Zum Thema Wirtschaft an nei Ekonomi: Déi Lëtzebuerger Ekonomi wiist weider. Si mëcht daat zanter laange Joeren, an d’Kroun vun deem Baam, deen do schéngt an den Himmel ze wuesen, ass nach ëm,mer nët ze gesin. Ënnert der Kroun awer fänken Äscht un ofzestierwen. An daat ass geféierlech.

Pionéier kënnen haut am Secteur vun der Informatioun an den Telekommunikatiounen hirt Wëssen ënner Beweis stellen. (…) Fir eist alt Erfollegskonzept ze komplétéieren brauche mer nei Elementer, déi d’Pilieren vun der lëtzebuerger Ekonomi kënnen komplémentéieren.

D’Politik ass gefuerdert. Si muss dofir suergen, datt di nei Technologien nët zu méi soziale Problemer féieren an d’Zuel vun den Aussesäiter um Aarbechtsmaart méi grouss gëtt.

? Stëchwuert Nohaltegkeet: Et gët och eng soziologesch Komponent vun der der Nohaltegkeet. Do geet et ëm éng Gesellschaft, déi mat sech selwer eens gët, an där déi gréisst méiglech Zuel vun hire Memberen sech gudd spiren.

? D’Rentefro: Mir hun eis deene Virschléi, déi d’Altersvirsuerg langfristeg finanziell ofsëcheren sollten, net verschloss (…). Ausschlaggebend därf awer nët d’Fro vun der Héijht vun de Pensiounen sin. Et geet an éichter Linn dorëm d’Renten ofzesëcheren an och eppes fir déi Leit ze machen, déi um déifsten Niveau vum Pensiounsystem liewen (…).

Mir begréissen d’Propositioun vum Premierminister breed a parte-iiwwergräifend Gespréicher iwwer d’Zukunft vum Rentewiesen ze féieren. D’CSV wëll am Kader vun esou enger Plattform matschaffen a Verantwortung iwwerhuelen.

? D’Steierharmoniséierung an der EU: Et as nët eis Schold, wann ët an der Fro vun der europäescher Steierharmoniséierung esou ausgesäit ewéi an der Sprangprozessioun.

? Bankgeheimnis: D’Bankgeheimnis ass kéng kriminell Institutioun. Ët déngt nët per se illegale Machenschaften, an ët ass och nët onethesch. D’Bankgeheimnis ass éng Institutioun, déi sech logesch aus de biirgerlechen Grondfräiheeten ergëtt. Den däitschen Finanzminister Eichel gesäit daat iwregens d’selwecht.

? Europa a séng Verfassung: D’Staatekoalition funktionéiert mat internationale Verträg. Mënschne, zesummeféieren ka nëmmen éng konstitutionell Uerdnung, an där d’Leit sech erëm erkennen.