Rendez-vous um Familjefest mat dem Olio Galante

Invitatioun op d’CSV Familjefest Donneschdes, den 1. Juni 2000 zu Ettelbréck an den Däichhalen :

um 11.00 Auer Mass, gehalen vom Professer Georges Hellinghausen a musikalesch begleet vun engem Jugendchouer

géint 12.00 Auer Apéritif a Mëttegiessen

um 14.00 Auer Haaptprogramm:

Thé Dansant zesummengestallt vum Jang Linster mat kléngen a groussen Iwerraschungen Musikaleschen Optrëtt vum Olio Galante

géint 18.00 Auer as d’Fest eriwwer

Um Menu fir d’Mettegiessen steet: ? Assiette de Jambon aux Crudités ? Escalope crème champignons ? Glace

Umeldung fir op d’Mëttegiessen zum Präis vun 500.-Frang as um Telefon vum CSV-Generalsekretariat : 22 57 311 oder per Fax iwer den 47 27 16

Nei am Programm

? géint 14.00 Auer: Footballmatch “CSJ All Stars Team” géint “CSV Old Stars Team” ? mam Velo vu Walfer op Ettelbréck: mat Départ um 8.30 Auer zu Walfer virum Haus vun der Parteipräsidentin (1, rue de Luxembourg Béreldange) – Mir fueren vun Walfer op Miersch iwer Cruchten op Schieren an dann op Ettelbréck. De Peleton gët geleet vun der Maillot Jaune Equipe aus dem Generalsekretariat. Et as dëst ee Parcours, dee mir an zwou Stonnen zréckleen! Wiichteg as hei awer eng Umeldung iwer den Telephon : 22 57 311 ? fir d’Kanner: et gët gebastelt a gespillt