CSJ-News

NEI ENERGIE NOM CSJ-KONGRESS ZU ZOLVER

Eisen Nationalkongress zu Zolver, den 24. Januar huet den Erneierungsprozess agelaut. Méi ewéi je spiire mier d’Opbrochstëmmung an den Wëllen vun den Leit sech ze engagéieren a matzeschaffen.

Iwwer 30 nei Memberen huet d’CSJ säit dem Kongress kritt. D’CSJ profitéiert vun dem positiven Trend, vun der “Frëscher Loft” déi duerch hier Reihen zitt.

D’CSJ verpasst et nët sech fier déi Jonk anzesetzen an sech zu Wuerd ze mëllen wann et néideg ass: ? D’CSJ huet konkreet Ideen zur Ännerung vum Wahlgesetz ausgeschafft an dës un den Minister Michel Wolter weidergeleet.

? D’CSJ huet an engem Pressecommuniqué no engem Informatiounsgespréich an Meenungaustausch mam Deputéierten Marcel Glesener iwwert d’Thema PAN, den nationalen Beschäftigungsplang op déi aktuell Situatioun réagéiert.

? D’CSJ huet sech fier een méi zügegt Ausbezuehlen vun der Prime d’Apprentissage vun den Léierbouwen an -meedercher agesaat.

? Den CSJ-Fachgrupp Landwirtschaft-Gréngen Zentrum ass gegrënnt gin, wou interesséiert CSJ’ler sech mat der aktueller Landwirtschaftsproblematik auserneensëtzen.

? Um CSJ-Get Started Weekend an der Pafenmillen zu Fünfbrunnen, sëtzt d’CSJ hier Haaptakzenter fier déi nächst 2 Joer fest.

? D’CSJ helt um 3. Sommet vun den Jonken aus der Groussrégioun Saar-Lor-Lux deel, wou eng Charta fier déi Jonk ausgeschafft gët.

D’CSJ um Internet

Wéi um Nationalkongress versprach an ugekennegt, gët den Internet als Kommunikatiounsmedium an Informatiounsfloss tëschent dem Nationalcomité an den Memberen, den Beziirker an den Sektiounen agesaat. Et ass net nemmen eng CSJ-Mailinglist entstaanen, och hun mier eng deeglech Permanence um Internet via e-mail an ICQ. Eis Homepage kritt een neien Look an gët duerch Chatforum a Politbarometer ergänzt.

Permanencen

Nët nemmen deeglecher via Internet, awer och all Samsdes mueres vun 10.00 bis 12.00 Auer am Generalsekretariat vun der CSJ ass eng Permanence, wou all CSJ’ler laanscht kommen kann!

Neises aus den Beziirker

CSJ-Norden: D’CSJ-Norden bedeelegt sech prioritär un der Jugendemfro bei der Caravane 2000. Zu Woltz gët eng nei CSJ Sektioun gegrënnt.

CSJ-Osten: Ennert dem Jean-Luc Schleich als neien Beziirkspresident huet den Osten neien Opdrift kritt. D’Sektioun Iechternach präparéiert eng Kontaktaktioun tëschent den gewielten CSV-Mandatären an den Awunner (Komm a schwätz mat!).

CSJ-Süden: Am Süden gët vill Wert op d’Sektiounsaarbecht geluecht. D’CSJ Käerjeng haat en groussen Succès mat hierer Visite vun der Chamber.

CSJ-Zentrum: Den Maurice Bauer ass Generalsekretär-Adjoint vun der CSV gin.