Wéi bewäert d’Regierung méiglech Gesondheetsrisike vun Tattooen am Zesummenhang mat Hautkriibs?

Nancy ARENDT

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet weider ze leeden.

Eng schwedesch Etüd, déi rezent am European Journal of Epidemiology publizéiert gouf, huet den Zesummenhang tëscht Tätowéierungen an dem Risiko fir Hautkriibs analyséiert. Op Basis vun enger Prouf vun e puer dausend Persounen weist dës Etüd op e méi héije Risiko fir Hautkriibs bei tätowéierte Persounen am Verglach zu net tätowéierte Persounen hin, och wann d’Sonnenexpositioun an aner bekannt Facteure mat berécksiichtegt goufen. No Upassung un déi wichtegst Risikofacteure konnten d’Auteure vun der Etüd bei tätowéierte Persounen e 29 % méi héije Risiko fir e Melanom feststellen. Dës Etüd schléisst sech un eng bestoend wëssenschaftlech Literatur un, déi sech mat de Gesondheetsrisike befaasst, deenen tätowéiert Persounen ausgesat kënne sinn.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet stellen:

  • Huet d’Madame Ministesch Kenntnis vun dëser Etüd?
  • Wéi interpretéiert d’Madame Ministesch hir Conclusiounen?
  • Gesäit d’Madame Ministesch vir, d’Bevëlkerung iwwer d’Risikofacteure fir Hautkriibs ze sensibiliséieren?
  • Gesäit d’Madame Ministesch vir, d’Bevëlkerung iwwer d’Risike vu Gesondheetsproblemer am Zesummenhang mat Tattooen ze sensibiliséieren?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt
Deputéiert