Agenda
MËNSCH & KI. WAT KËNNT OP EIS DUER?
Wou steet Europa vis-à-vis vun den USA a China?
Kënschtlech Intelligenz ass net nëmmen eng technologesch Entwécklung. Si ass och zu enger wirtschaftlecher a strategescher Fro ginn. D’USA a China investéiere massiv an nei KI-Modeller, Chips, Daten a Recheninfrastruktur.
Europa wëll innovativ a kompetitiv bleiwen an dobäi seng eegen Interessen a Reegelen assuréieren. Wou steet Europa haut? Wéi ofhängeg si mir vun Technologien aus anere Weltregiounen? A wéi kënne mir technologesch handlungsfäeg bleiwen?
En Owend iwwer Innovatioun, Kompetitivitéit, Regulatioun an d’Plaz vun Europa an enger Welt, déi ëmmer méi vu KI geprägt gëtt.
Mat dem Viviane Reding, fréier EU-Kommissärin a Presidentin vum TechEU Advisory Council vun der Europäescher Zentralbank
Méi Informatiounen op https://csv.lu/ki
16, Av. De la Faiencerie
1510 Lëtzebuerg
Luxembourg
CSF Racletten-Owend
MËNSCH & KI. WAT KËNNT OP EIS DUER?
Wat musse mir elo konkret maachen? Nom Bléck op d’Technologie, déi ethesch Froen an Europa gëtt et konkret: Wat bedeit KI fir Lëtzebuerg?
Wéi kënne Betriber a PME vun der KI profitéieren? Wéi verännert sech eis Aarbechtswelt? Wéi eng Kompetenze brauche mir muer? A wéi kënnen de Staat, d’Fuerschung an d’Wirtschaft KI verantwortungsvoll an effizient asetzen?
Den Ofschloss vun der Serie kuckt op déi national KI-Strategie, d’Wirtschaft, Aarbechtsplazen, Formatioun, Fuerschung, Infrastruktur an den ëffentleche Secteur.
D’Fro ass net méi nëmmen, wat KI kann, mee wéi eng Zukunft mir mat der KI zu Lëtzebuerg gestalte kënnen.
Mat dem Elisabeth Margue, Delegéiert Ministesch beim Premierminister fir Medien a Connectivitéit.
Méi Informatiounen op https://csv.lu/ki
9, Rue Pierre Claude
4063 Esch-Uelzecht
Luxembourg
CSF Ausfluch, Busrees op de Chrëschtmoart op Metz
Stand vun der CSV Esch - Saint Nicolas
27, Rue de l'Alzette
4011 Esch-sur-Alzette
Luxembourg
After Work 80/90s
🎶🪩 AFTER WORK – 80s & 90s MUSIC! 🕺💃
Loscht op e flotten Owend mat de beschten Hits aus den 80er an 90er Joren? 🎉
Da kommt laanscht a feiert mat eis am Chalet zu Bartreng!
🎧 DJ OLI suergt fir déi richteg Stëmmung mat de legendären Hits aus zwou onvergiessleche Museksdekaden!
Ob Pop, Rock, Disco oder déi grouss Partyklassiker – hei ass fir jiddereen eppes dobäi! 🎵
📅 Donneschdeg, 10. Dezember 2026
🕔 Vu 17:00 bis 23:00 Auer
📍 Am Chalet op der Duerffestplaz zu Bartreng
🎟️ Entrée gratis!
🍷 A fir datt d’Stëmmung och bei kalen Temperaturen waarm bleift, steet e gudde Glühwäin fir just 3 € fir iech prett!
🥂 Fir aner Gedrénks an eng gemittlech Atmosphär ass natierlech och gesuergt!
Kommt nom Schaffen op e Patt laanscht, trefft Frënn a Bekannter, genéisst gutt Musek a loosst zesumme mat eis déi gutt al 80er an 90er Joren nees opliewen! 🥳
👉 Jiddereen ass häerzlech wëllkomm!
Mir freeën eis op iech! 🎉
Organisatioun: CSJ Zentrum | CSV Bartreng
Generalversammlung CSV Stengefort
D'Generalversammlung fënnt den 8. Januar um 19:00 Auer am Centre culturel "Al Schmelz" zu Stengefort statt. Duerno ass den Neijoerschpatt um 20:00 Auer.
Neijoerschpatt
Generalversammlung
https://csv.lu/fr/agenda/ical